
Erklär&Laach
- Episodios
- 155
- Se publica
- cada dos semanas
- Último episodio
- 9 Nov 2026
Sobre el podcast
Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.
Episodios 155
Ep.143: Si mir Frënn?
An dëser Folg geet et nees zréck bei eis Wuerzelen: keng Gäscht, just dräi al Männer, déi semi-gutt informéiert, meenungstechnesch gelueden, an onverständlecherweis befrënnt sinn. Aktuell Themen, onnëtzt …
Notas del episodio
An dëser Folg geet et nees zréck bei eis Wuerzelen: keng Gäscht, just dräi al Männer, déi semi-gutt informéiert, meenungstechnesch gelueden, an onverständlecherweis befrënnt sinn. Aktuell Themen, onnëtzt Wëssen, an och emol eng gekonnt schlecht platzéiert Pointe. Eis old-school-Fësch hu sech et gewënscht, a mir kommen deem gär no. Bussi fir iech
Ep.142: Duck Féiss Revival mam Argent Difficile
De bis elo réischt 3. Gaascht an der joerdausenden aler Geschicht vun eisem Podcast ass e Mann wéi e Molotov-Cocktail - den Argent Difficile. Bekannt als Tiktok-Geess huet hie mat sengem Stream viru kuerzem …
Notas del episodio
De bis elo réischt 3. Gaascht an der joerdausenden aler Geschicht vun eisem Podcast ass e Mann wéi e Molotov-Cocktail - den Argent Difficile. Bekannt als Tiktok-Geess huet hie mat sengem Stream viru kuerzem ugefaang, Duck-Féiss-Watchparties ze feieren an sou dat aalt Comedy-Wëssen un déi kommend Generatioune virunzeginn. Bei deem Bildungsoptrag hëllefe mir natierlech gär aus a qualifizéieren eis a sengen Aen ganz kloer als Uncs. Wann dat hei net eis Pisa-Resultater no uewen dreiwt, wat soll dann nach hëllefen...
Ep.141: Methadon fir RTL-Kommentarer
Wien den däischtere Sumpf vun den RTL-Kommentarer vermësst, deen ass hei op der richteger Plaz: Mat populistesche Schenkelklopfer wéi "Souguer dat huelen se eis fort!", oder dee beim Kolleg Max Feller beléifte …
Notas del episodio
Wien den däischtere Sumpf vun den RTL-Kommentarer vermësst, deen ass hei op der richteger Plaz: Mat populistesche Schenkelklopfer wéi "Souguer dat huelen se eis fort!", oder dee beim Kolleg Max Feller beléifte Sproch "Dat war bestëmmt e Franzous!" (Quell vun dëser Info: D'Zeitung "Land", mir iwwerhuele keng Responsabilitéit) kritt hei de rosenen an/oder verzweifelte Volleksmember dat, wat an den RTL-Kommentarspalten verluer gaang ass: dämlech an oniwwerluechten Aussoen, Hallewwëssen a schlecht Witzer.
Ep.140: Vum falsche Wee ofkomm
Et ass Erklär&Rentrée. Mir hunn eis am Fong bedeckt gehalen, fir net mat de PISA-Resultater a Verbindung bruecht ze ginn, mee lo si mir wéi e schwéire Fall vun Herpes awer nees ongewollt zréckkomm. Kommt mir …
Notas del episodio
Et ass Erklär&Rentrée. Mir hunn eis am Fong bedeckt gehalen, fir net mat de PISA-Resultater a Verbindung bruecht ze ginn, mee lo si mir wéi e schwéire Fall vun Herpes awer nees ongewollt zréckkomm. Kommt mir maachen dat bescht draus...
Ep.139: End of Season Party
Fir den Ofschloss vun der Saison an den Ofschoss vum Summer ze feieren, stierze mir eis an d'Vakanzentipps, déi dir onbedéngt nach fir déi kommend Woche braucht.An no der Fold stierze mir eis direkt an de …
Notas del episodio
Fir den Ofschloss vun der Saison an den Ofschoss vum Summer ze feieren, stierze mir eis an d'Vakanzentipps, déi dir onbedéngt nach fir déi kommend Woche braucht.
An no der Fold stierze mir eis direkt an de Summerschlof, dee mat Dom Pérignon a Wachteleeër standesgemäss erbäigefouert gëtt.
Vill Spaass, a bis am Hierscht!
DK HMDL, är 3 Idiote vun der Tankstell
Ep.138: Schwaarzt Summerlach
Canicule? Technesch Problemer? Politesch sensibel Themen?Ass eis alles egal. Mir maachen et sou, wéi eisen Här, den T the Boss, et schonn ëmmer gepriedegt huet: Mir bleiwe staark, mir ginn eise Wee.Mat Themen …
Notas del episodio
Canicule? Technesch Problemer? Politesch sensibel Themen?
Ass eis alles egal. Mir maachen et sou, wéi eisen Här, den T the Boss, et schonn ëmmer gepriedegt huet: Mir bleiwe staark, mir ginn eise Wee.
Mat Themen vun A wéi Fifa-Skandal bis Z wéi Zäppchen ass nees fir vill onnëtzt Hallewwësse gesuergt. Dofir sti mir mat eisem Numm.
Ep.137: Noutfallbetrib wéinst Iwwerhëtzung
Lëtzebuerg schweesst sech duerch d'Hëtzt, a mir leeën nach e puer déck Stécker Holz op d'Feier: De Pippo zielt vu sengem Aura Farming um Nationalfeierdag, de Joe seet der ganzer Welt Merci (?!) an de Baschti …
Notas del episodio
Lëtzebuerg schweesst sech duerch d'Hëtzt, a mir leeën nach e puer déck Stécker Holz op d'Feier: De Pippo zielt vu sengem Aura Farming um Nationalfeierdag, de Joe seet der ganzer Welt Merci (?!) an de Baschti ass weiderhinn keen nationale Fussballheld. Dozou geselle sech weider Themen, déi fir en Hëtzschlag suerge kënnen.
Ep.136: Weltmeeschterschaft vun den Abseitsfalen
Zu Éiere vun der Fussballweltmeeschterschaft gëtt iech d'Erklär&Orakel eng 100% zouverlässeg Ausso, wien d'Coupe gewënnt. Genee sou héich ginn och dem Baschti seng Chancen ageschat, fir sech um Gala-Derby mat …
Notas del episodio
Zu Éiere vun der Fussballweltmeeschterschaft gëtt iech d'Erklär&Orakel eng 100% zouverlässeg Ausso, wien d'Coupe gewënnt. Genee sou héich ginn och dem Baschti seng Chancen ageschat, fir sech um Gala-Derby mat de Lëtzebuerger Allstars ze blaméieren. De Pippo setzt sech vehement fir eng permanent Abseitsfal an & versuergt eis mat enger Prise Informatioun. An de Joe ass wéi gewinnt och do.
Ep.135: Blanne Jang Grindset
Eng Péngschtmass to go - mat Grillrankings, Muskbashing an dem Joe senger vertrauter "Jérémy!"-Routine. De Summer kënnt mat Vollgas op de Grand-Duché duer a mir probéieren nach emol all déi wichteg Saachen …
Notas del episodio
Eng Péngschtmass to go - mat Grillrankings, Muskbashing an dem Joe senger vertrauter "Jérémy!"-Routine.
De Summer kënnt mat Vollgas op de Grand-Duché duer a mir probéieren nach emol all déi wichteg Saachen unzeschwätzen, déi ee wësse muss, befier et lassgeet mat den Open-Air-Festivals, Grillfester a Bukkakeorgien.
Ep.134: Kollektiv kulturelle Komedyworkshop
Direkt no engem sportlechen Exploit (en Tournage, de vollen Ausmooss vun dëser Peinlechkeet gesitt dir geschwënn) setze mir eis zesummen, fir Drock ofzeloossen. Tëscht Robofësch a Summerpläng fanne mir net esou …
Notas del episodio
Direkt no engem sportlechen Exploit (en Tournage, de vollen Ausmooss vun dëser Peinlechkeet gesitt dir geschwënn) setze mir eis zesummen, fir Drock ofzeloossen. Tëscht Robofësch a Summerpläng fanne mir net esou richteg e Ventil - bis sech déi wuel bescht Plattform fir Diskussiounen opmécht: modern Konscht. Mir vertrieden all Meenungen, vum Konschthistoriker bis bei een, dee Konscht héchstens aus Pornoe kennt.
A mir liwweren, Vollprofien di mer jo awer sinn, scho Cliffhangeren op déi nächst Fold. Vläicht gëtt déi besser wi di hei. Mee warscheinlech net.
Ep.133: Hamster am Goldfëschglas
An enger Welt, déi ze vill Tempo huet, suerge mir mat Léift fir Entschleunegung.De Joe weist seng Allüren als Schauspiller, déi hie konsequent duerchgezunn huet.Mir droppen eng wëssenschaftlech Etude iwwer …
Notas del episodio
An enger Welt, déi ze vill Tempo huet, suerge mir mat Léift fir Entschleunegung.
De Joe weist seng Allüren als Schauspiller, déi hie konsequent duerchgezunn huet.
Mir droppen eng wëssenschaftlech Etude iwwer Begrëffer fir de Genoss vun alkoholesche Liewensmëttes. An de Pippo test seng nei Rubrik an hëlt eis bei der Hand, fir den alldeegleche Wahnsinn ze verschaffen.
Ep.132: Tankstellen-Talk op der Récksäit vum Mound
Léif Fësch, iech erwaart nees eng gutt gemengten, awer schlecht ëmgesate Mëschung aus lokale Kuriositéiten an internationale Geschichten:Wéi eng Uertschaft zu Lëtzebuerg bitt déi beschte Liewensqualitéit – a …
Notas del episodio
Léif Fësch, iech erwaart nees eng gutt gemengten, awer schlecht ëmgesate Mëschung aus lokale Kuriositéiten an internationale Geschichten:
Wéi eng Uertschaft zu Lëtzebuerg bitt déi beschte Liewensqualitéit – a wéi eng kann een an d'Poubelle trëppelen? Dat suergt bei eis 3 Lokalmatadoren fir hëtzeg Diskussiounen...
Donieft geet et ëm eng zimlech absurd Affär: ronn 12 Tonne KitKat, déi op eemol verschwonne sinn.
A fir e bëssen méi wäit ze kucken: Mir schwätzen och iwwer d’Artemis-Missioun an d’Fro, firwat d’Mënschheet erëm op de Mound wëll – a firwat eng Tankstell do Sënn maache géif.
Eng Episod mat Humor, Fakten an e bësse Chaos. Du weess habib
Ep.131: Domm gelaf
Eng Podcastfolg wi e Marathon fir d'Oueren: Et geet motivéiert un, mee et mierkt ee séier, dass et sech an d'Längt zitt. An de Schluss ass richteg haart (Insert Joe Joke here).Mir schwéngen eis wi den Tarzan …
Notas del episodio
Eng Podcastfolg wi e Marathon fir d'Oueren: Et geet motivéiert un, mee et mierkt ee séier, dass et sech an d'Längt zitt. An de Schluss ass richteg haart (Insert Joe Joke here).
Mir schwéngen eis wi den Tarzan mat eise rethoresche Lianen duerch den Themen-Dschungel, vun der geopolitescher Weltlag, iwwer Laf-Kontroversen rondrëm de Bobfit, bis bei - jo tatsächlech - e puer faktesch korrekt Fun Facts. Jo, an dëser Folg kann een eppes léieren, sorry dofir.
Ep.130: Aaschbomm mam Raphael Stacchiotti
An dëser Folg sprange mir mat iech vum Beckerand per Bauchklatscher an dat kaalt Waasser: Fir d'zweete Kéier an der Geschicht vun eisem Podcast hu mir e Gaascht an eis Gruppendusch invitéiert. An et ass een …
Notas del episodio
An dëser Folg sprange mir mat iech vum Beckerand per Bauchklatscher an dat kaalt Waasser: Fir d'zweete Kéier an der Geschicht vun eisem Podcast hu mir e Gaascht an eis Gruppendusch invitéiert. An et ass een, dee mir säit eisen Ufäng (mir hunn eist Podcast-Séipäerdchen 2019 gemaach) schonn ëmmer wollten dobäi hunn:
Riets geet natierlech vum Pool-Philosoph, Welleflüsterer an net ze vergiessen 4-fachen Olympionik fir Lëtzebuerg, de Raphael Stachiotti!
Zesumme mat eisem Gaascht huele mir iech mat op eng Rees mat (plazeweis) Déifgang an enger gudder Schlupp Chlor.
Ep.129: Awer nees an d'Suckel kritt
Obwuel eise spirituelle Guide, de Mischo-San, eis mat senger onedlecher Weisheet gewarnt huet ("Genuch an d'Suckel kritt", huet hie geschwat), hu mir net gelauschtert. Mir zielen eis Klepperei-Geschichten, déi …
Notas del episodio
Obwuel eise spirituelle Guide, de Mischo-San, eis mat senger onedlecher Weisheet gewarnt huet ("Genuch an d'Suckel kritt", huet hie geschwat), hu mir net gelauschtert. Mir zielen eis Klepperei-Geschichten, déi net vu gloräichen Zäite bezeien, mee eng Metapher sinn fir d'Vegänglechkeet vum Liewen. Genau sou wéi e puer aner wouer Geschichten, déi mir iech an dëser Episode verzielen. Plus natierlech vill Blödsinn. Praise the lord.
Ep.128: Genuch an d'Suckel kritt
Zwou Wochen. Dat ass anscheinend genuch Zäit am Joer 2026 fir d'Welt komplett op d'Kopp ze stellen. Vu Venezuela iwwer Grönland bis an den Iran gouf am neie Joer direkt mat der geopolitescher Bazooka geschoss …
Notas del episodio
Zwou Wochen. Dat ass anscheinend genuch Zäit am Joer 2026 fir d'Welt komplett op d'Kopp ze stellen. Vu Venezuela iwwer Grönland bis an den Iran gouf am neie Joer direkt mat der geopolitescher Bazooka geschoss, wärend mir 3 nach am wuelege Wanterschlof waren.
Mee de Podcast mat Primärschoulniveau ass lo nees do an dréit zum Chaos™️ bäi. Kommt mat eis an en auditiivt Wonnerland, wat alles bitt: Vun Aktualitéitssujeten iwwer Chinaphobie an Existenzängscht bis bei déi meeschtgenotzten Nimm zu Lëtzebuerg. Happy new year?
Ep.127: Äddi 2025
- Guerilla sponsored by Luxlait (dat heescht si wëssen nach näischt vun hirem Gléck -Fir den Ofschloss vum Joer fir jiddereen e bëssi manner ronn ze maachen, melle mir eis nach eng leschte Kéier, direkt virun …
Notas del episodio
- Guerilla sponsored by Luxlait (dat heescht si wëssen nach näischt vun hirem Gléck -
Fir den Ofschloss vum Joer fir jiddereen e bëssi manner ronn ze maachen, melle mir eis nach eng leschte Kéier, direkt virun de Feierdeeg. Wann dir also an den nächsten Deeg bei äre "Léifsten" um Dësch sëtzt, dem Food-Koma schonn no, a keng Loscht méi hutt op e besënnlecht Mateneen, dann ass hei är Chance.
Schläicht iech fort a lauschtert verstoppt ären dräi beschte Monnien no. Mat enger gewinnter Mëschung aus schlechte Witzer, politesche Fake News an Hallewwourechten, plus dem éiwege Je-ne-sais-quoi vun eisem Dräiergespan, kréie mir d'Feierdeeg ouni Problem fir jidderee versaut. hdgl
Ep.126: TAUMEL Awards 2025
Et ass nees Zäit fir de grousse Joresréckbléck an d'Verdeelung vun de prestigeträchtegsten Awards an der Groussregioun. D'TAUMEL Gala bitt dëst Joer nees déi albekannt Kategorien wéi de Vull vum Joer, awer och …
Notas del episodio
Et ass nees Zäit fir de grousse Joresréckbléck an d'Verdeelung vun de prestigeträchtegsten Awards an der Groussregioun. D'TAUMEL Gala bitt dëst Joer nees déi albekannt Kategorien wéi de Vull vum Joer, awer och Neies, wéi de beschte Fetish.
Ditt äre feinsten Zwirn un a kuckt mat eis zréck op e méi wéi duerchwuessent Joer!
Ep.125: Synapsekierfecht
Pünktlech fir d'Adventszäit kënnt Neies vun den dräi Bouwen, deenen hir Schaukel als Kanner ze no un der Mauer stoung. Mir maachen de Rapport d'activité vum Joer 2025 a kucken an engems no vir: Wat gëtt et dëse …
Notas del episodio
Pünktlech fir d'Adventszäit kënnt Neies vun den dräi Bouwen, deenen hir Schaukel als Kanner ze no un der Mauer stoung. Mir maachen de Rapport d'activité vum Joer 2025 a kucken an engems no vir: Wat gëtt et dëse Wanter zu Lëtzebuerg ze dinn, wéi kann een an der Belle Etoile vun deene beschte Präisser profitéieren (oder net), a virun allem: Wat huet et mam Ben Olinger Phänomen op sech?
Ep.124: Wat ass déi beschte Stad am Land?
Häerzlech Wëllkomm zréck bei den Haupeschbléiser ënnert de Lëtzebuerger Podcasts. Mir hunn eng ganz speziell Folleg fir iech, frësch aus dem Schäffchen an nach gutt waarm: Tëscht Haftbefehl-Mania an neien New …
Notas del episodio
Häerzlech Wëllkomm zréck bei den Haupeschbléiser ënnert de Lëtzebuerger Podcasts. Mir hunn eng ganz speziell Folleg fir iech, frësch aus dem Schäffchen an nach gutt waarm: Tëscht Haftbefehl-Mania an neien New Yorker Buergermeeschteren hu mir och eng Prise vun deene wierklech wichtege Sujete mat an d'Mëschung gebak: Wat ass eigentlech déi beschte Stad vum Land?
Ep.123: How do you do, fellow kids?
Iergendwéi si mir duerch eis altersbedéngt Ersatzgebësser net méi um Zannt vun der Zäit. Wat ass geschitt? Wéini hu mir opgehal, jonk an domm ze sinn, an ugefaang, al an domm ze sinn?Wéi bei enger zolitter …
Notas del episodio
Iergendwéi si mir duerch eis altersbedéngt Ersatzgebësser net méi um Zannt vun der Zäit. Wat ass geschitt? Wéini hu mir opgehal, jonk an domm ze sinn, an ugefaang, al an domm ze sinn?
Wéi bei enger zolitter Quarter Life Crisis loosse mir eis dat net soen a probéiere verbass, fir nees Uschloss un d'Jugend ze fannen. Dir kënnt dat lo cringe fannen, mee wann dir dat Wuert nach benotzt, sidd dir och scho laang net méi Deel vun der hipper Jugend.
Schach. Matt.
Ep.122: Ass de Guillaume de GOAT Lëtzebuerger?
Den Durex ënnert de Lëtzebuerger Podcasten ass wi ëmmer der Zäit viraus a bitt perfekte Schutz: Mir halen eis un dat neit Mediegesetz, éier et iwwerhaapt a Kraaft getrueden ass. Dofir schwätze mir an dësem …
Notas del episodio
Den Durex ënnert de Lëtzebuerger Podcasten ass wi ëmmer der Zäit viraus a bitt perfekte Schutz: Mir halen eis un dat neit Mediegesetz, éier et iwwerhaapt a Kraaft getrueden ass.
Dofir schwätze mir an dësem Podcast nëmmen iwwer rechtlech konform Themen: Alles, wat d'Regierung richteg mécht, firwat de Grand-Duc esou fantastesch ass, a wat mir un eiser Lëtzebuerger Grammaire gutt fannen.
Ooooder mir bleiwe bei eisem jorhonnerten ale Mix aus Brach, Blödsinn a Bullshit. Lauschtert eran fir rauszefannen, ob mir eis fir déi hell oder déi däischter Säit vun der Muecht entscheed hunn.
Klenge musikalesche Plug: Parity - ID.
Ep.121: Good Vibes Only
Mir probéiere vum Trounwiessel bis Tonga just positiv Neiegkeeten zouzeloossen, fir dem groen Alldag vun eiser Zäit ze entgoen. Wéi sou vill Projete vun eis, vun der Schoulkarriär, iwwer Duck Féiss, bis bei eis …
Notas del episodio
Mir probéiere vum Trounwiessel bis Tonga just positiv Neiegkeeten zouzeloossen, fir dem groen Alldag vun eiser Zäit ze entgoen. Wéi sou vill Projete vun eis, vun der Schoulkarriär, iwwer Duck Féiss, bis bei eis Liewensziler, geléngt dat awer net sou richteg...
Mee ëmmerhin: Dës Folg ass vun eisem Inklusiounsbeoptraagte validéiert ginn!
Ep.120: Erklär&Rentrée
De Cirque du soleil ass nees am Land, a mir hunn iech eppes aus der Vakanz matbruecht: ee Cancel-Culture-resistente Cocktail aus Réckbléck an Zukunftsmusek, mat vill Äis a wéineg Inhalt.Häerzlech Wëllkomm fir …
Notas del episodio
De Cirque du soleil ass nees am Land, a mir hunn iech eppes aus der Vakanz matbruecht: ee Cancel-Culture-resistente Cocktail aus Réckbléck an Zukunftsmusek, mat vill Äis a wéineg Inhalt.
Häerzlech Wëllkomm fir eng nei Staffel vun "Wéi laang kënnen se um Rand vum Vulkan danzen, bis se drafalen?" mat ären dräi Hosts, dem Gast Vogel jr., Raoul Roos a Joseph Bech.
Ep.119: Lescht Limoncello Lounge
Ee leschte groussen Hurrah virum Summer an eng lescht Dosis Anti-Histamin fir all eis Intelligenzallergiker. Mir gesinn eis eng final Kéier fir dës Saison, éier mir eis kreativ Batterien (di kleng ronn, di net …
Notas del episodio
Ee leschte groussen Hurrah virum Summer an eng lescht Dosis Anti-Histamin fir all eis Intelligenzallergiker.
Mir gesinn eis eng final Kéier fir dës Saison, éier mir eis kreativ Batterien (di kleng ronn, di net laang halen) nees oplueden.
Éier de Philippe also seng gefillt 10. Weltrees start, de Joe de ganze Summer iwwer Kazen aus Beem rett, an de Baschti sech op Menorca a sengen Hedge-Fonds-Suen wänzelt, kënnt hei nach emol de gewinnte Cocktail: Wéineg Inhalt, domm Witzer, onsécher Informatiounen, vill Léift.
Edit: No der Verëffentlechung vun dëser Folg hu mir Feedback vu verschiddenen Nolauschter*inne kritt – et goung ëm Aussoen, déi fir déi eng oder aner Persoun net ganz onproblematesch waren. Dës Aussoen goufen dofir an der neier Versioun vun der Folg 119 erausgeholl.
Fir et awer nach emol ganz kloer ze soen: Mir sti fir en oppenen, inklusiven Humor - et ka jiddereen eemol treffen, mee et ass och jidderee bei eis wëllkomm, ouni Ausnam.
Schéine Summer, a bis geschwënn.
Ep.118: EU SPECIAL ⎸ 3 Idioten am EU-Parlament
Den Zirkus reest op Bréissel!De Büro vum Europa-Parlament zu Lëtzebuerg huet eis agelueden, fir an déi helleg Halen vun der Demokratie ze pilgeren, an eise Podcast am Häerz vun eiser Unioun opzehuelen. Do hu …
Notas del episodio
Den Zirkus reest op Bréissel!
De Büro vum Europa-Parlament zu Lëtzebuerg huet eis agelueden, fir an déi helleg Halen vun der Demokratie ze pilgeren, an eise Podcast am Häerz vun eiser Unioun opzehuelen. Do hu mer natierlech direkt zougesot, eis kontrovers Meenungen an eng Valiss gepaak a si mam décke V12 op Bréissel gedüst.
Niewt eisem üblechen Gefasel hu sech och dräi EU-Deputéiert an eis Ronn gesellt: d'Tilly Metz, de Charles Goerens an d'Isabel Wiseler-Lima. Merci, dass dir eise Blödsinn mat enger Portioun Intelligenz an Inhalt beräichert hutt!
Disclaimer: Dëse Podcast ass d'Resultat vun intensiver Lobbyaarbecht vum Joe Dennenwald.
Ep.117: Summer, Sonn & Shitstorm
Mir lauden offiziell de Lëtzebuerger Summer an - denkt u Stauséi, Terrassen & laang Nuechten mat den Homies an Queens ënner fräiem Himmel. Fir den Optakt vun den dräi eenzege Méint mat genuch Sonnenastrahlung …
Notas del episodio
Mir lauden offiziell de Lëtzebuerger Summer an - denkt u Stauséi, Terrassen & laang Nuechten mat den Homies an Queens ënner fräiem Himmel. Fir den Optakt vun den dräi eenzege Méint mat genuch Sonnenastrahlung fir Depressiounen ze vermeiden ze feieren, zerwéiere mir eng frësch Mëschung aus héchst schwieregen Aussoen, domme Witzer an inhaltslosem Gesabbels. Mir empfehlen, dëse Podcast beim Aschlofen, FLF-Bashing oder wärend Orgien ze lauschteren.
Ep.116: Alternativen Zeenewiessel
Wanns de op der Sich no enger Podcast-Alternativ zum Zeenewiessel bass, an du fënns einfach näischt, wat dat Lach fëllt... Tronkil Bre, hei bass de richteg: Vum ING Night Marathon iwwer d'Gëlle Palm fir …
Notas del episodio
Wanns de op der Sich no enger Podcast-Alternativ zum Zeenewiessel bass, an du fënns einfach näischt, wat dat Lach fëllt... Tronkil Bre, hei bass de richteg: Vum ING Night Marathon iwwer d'Gëlle Palm fir Lëtzebuerg bis bei dem Joe seng rezent Entdeckunge vum Massesport decke mir alles of, wat dës Woch zu Lëtzebuerg geschitt ass. Als klenge Schmankerl fir eis Wëssensfanatiker zielt de Pippo eppes iwwer Frituren, fir de kurzweilegen Nolauschterer spille mir Entweder/Oder a mir maachen natierlech lauter domm Witzer op Käschte vu Minoréiten, Majoritéiten an eis selwer.
Ep.115: Vulnerabel am Baumaart
Chat GPT, wourëms geet et beim Podcast Erklär&Laach?Äntwert: De Podcast Erklär&Laach ass nach ëmmer aktiv a gëtt reegelméisseg aktualiséiert. Den Trio Baschti, Philippe a Joe, bekannt als déi "dräi Idioten vun …
Notas del episodio
Chat GPT, wourëms geet et beim Podcast Erklär&Laach?
Äntwert: De Podcast Erklär&Laach ass nach ëmmer aktiv a gëtt reegelméisseg aktualiséiert.
Den Trio Baschti, Philippe a Joe, bekannt als déi "dräi Idioten vun Duck Féiss", liwwert zanter 2019 eng Mëschung aus Satir, Humor a lëtzebuergescher Kultur. Bis elo hu si 127 Episoden produzéiert.
D'Themen si variéiert: vun aktueller Gesellschaftskritik a politeschen Iwwerleeungen bis zu fiktiven True-Crime-Serien wéi "Tatort: Lëtzebuerg – D'Waldbëlleger Band". D'Hosts kombinéieren dacks Ironie mat engem kriteschen Bléck op d'Lëtzebuerger Gesellschaft.
Dir kënnt Erklär&Laach op Spotify, Apple Podcasts, Podtail an TuneIn lauschteren.
Fir méi Informatiounen a fir um Lafenden ze bleiwen, kënnt Dir hinnen op Instagram follegen.
Wann Dir Fan sidd, kënnt Dir och hire Merch-Shop besichen.
Mir hätten et net kéinte besser soen.
Ep.114: Mir si Poopst
Wäissen Damp um Podcasthimmel, well mir hunn e Géigepoopst fonnt. Mam Poopst Cholesterol II. bidde mir eng éierlech down-to-earth Alternativ zu der kathoulescher Kierch an hire Versäumnisser. Dir kënnt iech …
Notas del episodio
Wäissen Damp um Podcasthimmel, well mir hunn e Géigepoopst fonnt. Mam Poopst Cholesterol II. bidde mir eng éierlech down-to-earth Alternativ zu der kathoulescher Kierch an hire Versäumnisser. Dir kënnt iech eisem Kult ab elo uschléissen, maacht eis einfach en Digi mat op mannst engem dräistellege Betrag.
An aneren News: Bee Secure huet eis gefrot, fir nach emol kloerzestellen, dass Pornoen net d'Realitéit duerstellen (hu mir je de Géigendeel behaapt??). Hire Message ass wichteg a richteg: Dat wat een op Pornosäite gesäit, huet wéineg bis näischt mat richtegem Sex ze dinn...
Aquí están los 40 episodios más recientes de 155. Los anteriores están en el feed del podcast.
Podcasts similares
Más podcasts de Comedia¿Es tu podcast?
Confírmalo con una entrada en tu feed: aquí recibes un código, lo añades como podcast:txt en el canal de tu feed y nosotros lo comprobamos. Después tu podcast aparecerá como «verificado» en SoundNode.


