
Mäin Element
- Episodios
- 41
- Se publica
- cada mes
- Último episodio
- 10 Nov 2026
Sobre el podcast
E Podcast vum Luxembourg National Research Fund (FNR) an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.
Episodios 41
Mäin Element - Constance Uyttebrouck
- Comprendre la dimension structurelle de la crise du logement au Luxembourg, au-delà des difficultés conjoncturelles. - Distinguer le coliving commercial de la colocation choisie : publics visés, services …
Notas del episodio
- Comprendre la dimension structurelle de la crise du logement au Luxembourg, au-delà des difficultés conjoncturelles. - Distinguer le coliving commercial de la colocation choisie : publics visés, services, coûts et sécurité d’occupation. - Examiner comment un habitat partagé peut passer d’un choix à une contrainte qui se prolonge. - Penser la densification avec les écoles, les équipements collectifs, les espaces publics et la végétation nécessaires à la vie de quartier. - Découvrir un parcours de l’architecture à la recherche en urbanisme, ainsi que le travail d’observation et d’analyse mené autour du logement. - Explorer ce qui rend une ville attirante, sans oublier que les besoins varient selon les personnes et les moments de la vie.Capítulos (10)
Mäin Element - Christina Gathmann
Schaffen – dat mécht bal jidderee vun eis.D'Invitée vun dëser Episod hëlt den Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg méi genee ënnert d'Lupp. D'Christina Gathmann ass Direktesch vum Labor Market Department vum LISER an …
Notas del episodio
Schaffen – dat mécht bal jidderee vun eis.
D'Invitée vun dëser Episod hëlt den Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg méi genee ënnert d'Lupp. D'Christina Gathmann ass Direktesch vum Labor Market Department vum LISER an hire PHD ënnert der Leedung vun Nobelpräisgewënner gemaach.
An der aktueller Episod vun Mäin Element schwätze si an de Max iwwert d'Besonneschkeet vum Aarbechtsmarché a Lëtzebuerg, de Prestige vun Elite-Unien a wat Yoga mat der Recherche ze dinn huet.
Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? www.fnr.lu
Mäin Element - Jan Lagerwall
An der Schoul léiert een, dass et dräi oder véier Aggregatzoustänn ginn. De Gaascht vun dëser Episod fuerscht awer un engem aneren, manner bekannten Aggregatzoustand a seet: Et ginn der vill méi, wéi mir der …
Notas del episodio
An der Schoul léiert een, dass et dräi oder véier Aggregatzoustänn ginn.
De Gaascht vun dëser Episod fuerscht awer un engem aneren, manner bekannten Aggregatzoustand a seet: Et ginn der vill méi, wéi mir der léieren.
De Jan Lagerwall ass Physiksfuerscher a Proff an huet sech op Crystal Liquids spezialiséiert. Hien zielt dem Max doriwwer, an iwwert seng Approche un d'Léier. Iwwerdeems thematiséiere si Schweeden, säin Heemechtsland, an all déi aner onzieleg Länner, an deenen hien duerch säin Job scho konnt liewen.
Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? www.fnr.lu
Mäin Element - Christine Schiltz
Wat heescht et Dyskalkulie ze hunn a wéi geet en domadden ëm? Déi Fro stellt sech d’Christine Schiltz. Si ass Dozentin op der Uni.lu a fuerscht als Neurowëssenschaftlerin ronderëm Theema vun der Dyskalkulie. An …
Notas del episodio
Wat heescht et Dyskalkulie ze hunn a wéi geet en domadden ëm? Déi Fro stellt sech d’Christine Schiltz. Si ass Dozentin op der Uni.lu a fuerscht als Neurowëssenschaftlerin ronderëm Theema vun der Dyskalkulie. An der neister Episod vu Mäin Element schwätze mir virun allem doriwwer wat déi Diagnos an der Praxis bedeit a wéi d’Christine Schiltz dorobber komm ass vum Sportstudium an d’Neurowëssenschaft ze goen.
Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? www.fnr.lu
Mäin Element - Sophie Pilleron
Kriibs als Diagnos verbannen déi meescht mat engem héijen Alter. An awer gëtt an der Fuerschung net genuch iwwert Kriibs am héijen Alter gefuerscht, esou d’Sophie Pilleron. D’Epidemiologin fuerscht mat hirem …
Notas del episodio
Kriibs als Diagnos verbannen déi meescht mat engem héijen Alter. An awer gëtt an der Fuerschung net genuch iwwert Kriibs am héijen Alter gefuerscht, esou d’Sophie Pilleron.
D’Epidemiologin fuerscht mat hirem Team op der Uni Lëtzebuerg zu der Diagnos am Alter a well konkret rausfannen: Wat bréngt Dokteren dozou den diagnostesche Prozess bei eelere Leit an d’Liewen ze ruffen. Ëm dat, hiert Liewen a Neuseeland a villes méi geet et an der neister Episod vum Podcast Mäin Element.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Axel Hochkirch
Déi meescht Leit denke beim Geräisch vun Heesprénger un eng waarm Summernuecht. Eisen Invité denkt dobäi u seng Fuerschung. Den Axel Hochkirch fuerscht nämlech am Beräich vun den Heesprénger. Den däitsche …
Notas del episodio
Déi meescht Leit denke beim Geräisch vun Heesprénger un eng waarm Summernuecht. Eisen Invité denkt dobäi u seng Fuerschung.
Den Axel Hochkirch fuerscht nämlech am Beräich vun den Heesprénger. Den däitsche Biolog, deen sech op Naturschutz a Biodiversitéit spezialiséiert huet, erzielt dem Max, wéi en dozou komm ass. Zousätzlech schwätzt hien och iwwert aner Sujeten, wéi zum Beispill, ob et den Axel jeemools an d’Politik kéint zéien.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Benoît Majerus
Wann ee mam Benoît Majerus schwätzt, ginn engem d'Gespréichstheemen net aus. De Fuerscher erzielt eis iwwert säi Letterbox-Projet, bei deem hien iwwert d'Geschicht vun de Bréifboîte-Firme fuerscht an iwwert den …
Notas del episodio
Wann ee mam Benoît Majerus schwätzt, ginn engem d'Gespréichstheemen net aus.
De Fuerscher erzielt eis iwwert säi Letterbox-Projet, bei deem hien iwwert d'Geschicht vun de Bréifboîte-Firme fuerscht an iwwert den historesche Kontext, deen een aus den Tintin-Comics erausliese kann. Zousätzlech erzielt de Benoît wéi et ass, wann een als Kand vun engem Sexolog opwiisst.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Ann Kiefer
Wat huet de Graf Zahl mam Manneke Pis ze dinn? Op den éischte Bléck net vill – an awer spille béid eng wichteg Roll am Liewe vun eiser Invitée aus dëser Episod „Mäin Element“. D’Ann Kiefer hëlt eis mat an …
Notas del episodio
Wat huet de Graf Zahl mam Manneke Pis ze dinn? Op den éischte Bléck net vill – an awer spille béid eng wichteg Roll am Liewe vun eiser Invitée aus dëser Episod „Mäin Element“.
D’Ann Kiefer hëlt eis mat an d’Welt vun der Mathematik a schwätzt mat eis iwwer hire Parcours: vun der Schoul an d’Fuerschung a vun do aus erëm zréck an de Klassesall - just eben net als „typesch Mathésprof“, wat dat genau heescht, héiert Dir an der neier Episod. Vill Spaass!
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Jordi Cabot
KI, Katalounien a Cabot - Dat kéint den Titel vun dëser Episode "Mäin Element" sinn. Zesumme mam Jordi Cabot maache mir ee Rant iwwert d'Recherche, blécken hannert d'kënschtlech Intelligenz a reesen op Plazen …
Notas del episodio
KI, Katalounien a Cabot - Dat kéint den Titel vun dëser Episode "Mäin Element" sinn. Zesumme mam Jordi Cabot maache mir ee Rant iwwert d'Recherche, blécken hannert d'kënschtlech Intelligenz a reesen op Plazen, déi bis ewell onberéiert vum Massentourismus bliwwe sinn. Vill Spaass mat der neier Episode vu Mäin Element!
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Christophe Ley
Stellt Iech fir, dir wéisst virun all Sportevent schonn am viraus d‘Resultat? Onwarscheinlech, oder? Dobäi mécht eisen Invitée vun haut genau dat, wat soss just en Oktopus wärend der WM kann - e rechent …
Notas del episodio
Stellt Iech fir, dir wéisst virun all Sportevent schonn am viraus d‘Resultat? Onwarscheinlech, oder?
Dobäi mécht eisen Invitée vun haut genau dat, wat soss just en Oktopus wärend der WM kann - e rechent d‘Gewënner vun der EM a WM am Fussball aus. De Christophe Ley huet zu Bréissel studéiert an huet sech do net nëmmen eng Expertise mä huet do nach eng weider Passioun vun sech kennen ausliewen: d'Léift zu Comics a Bandes-Dessinés. Freet Iech op eng léierräich Episode mat spannenden Insights, informative Geschichten an en Abléck an d'Formel mat där een all Tippspill gewanne kann!
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Dominique Santana
Wann Film op Geschicht trëfft, dann denkt ee meeschtens un den Indiana Jones… Schued u sech. Fir dësen Episod hate mir d'Dominique Santana als Gaascht. Si verbënnt dës zwou Saachen – Film a Geschicht – a ganz …
Notas del episodio
Wann Film op Geschicht trëfft, dann denkt ee meeschtens un den Indiana Jones… Schued u sech.
Fir dësen Episod hate mir d'Dominique Santana als Gaascht. Si verbënnt dës zwou Saachen – Film a Geschicht – a ganz spannend Projeten. Daucht mat hir a mam Max an dat "brasilianescht Esch", d'Success-Story vun RTL Radio an natierlech och an dem Dominique säi Wee vun der lokaler Tëlee bis zum multimediale Fuerschungsprojet.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Lindsay Flynn
Uni fäerdeg, en Auto an dann eng eege Wunneng. Dat ass den Dram vu villen. Leider ass dat esou net ëmmer ganz méiglech. Firwat dat esou ass, dat seet eis d'Lindsay Flynn. Déi gebierteg Amerikanerin fuerscht …
Notas del episodio
Uni fäerdeg, en Auto an dann eng eege Wunneng.
Dat ass den Dram vu villen. Leider ass dat esou net ëmmer ganz méiglech.
Firwat dat esou ass, dat seet eis d'Lindsay Flynn. Déi gebierteg Amerikanerin fuerscht nämlech am Beräich vum Logement. Mä wéi erfuerscht een dat eigentlech? Donieft geet et och ëm amerikanesch Traditiounen, den Tom Cruise an international ënnerschiddlech Gréisste vu Panen.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Johannes Meiser
Wéi verbënnt ee Skate mat der Kriibsfuerschung? D'Äntwert dodrop kennt de Johannes Meiser, eisen neie Gaascht am Podcast Mäin Element. De Gewënner vum FNR Award 2024 schwätzt mam Max iwwert den aktuelle …
Notas del episodio
Wéi verbënnt ee Skate mat der Kriibsfuerschung?
D'Äntwert dodrop kennt de Johannes Meiser, eisen neie Gaascht am Podcast Mäin Element. De Gewënner vum FNR Award 2024 schwätzt mam Max iwwert den aktuelle Fuerschungsstand, wat den Ënnerscheed tëscht engem Kriibsfuerscher an engem Dokter ass, a wéi et ass op ee Mol een Team ze leeden.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Alexander Skupin
Dës Episod vu Mäin Element dréit sech ëm ee vun de bekanntste Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg – an zwar den Alexander Skupin. Hie war nämlech Deel vun der deemoleger "Corona Task Force", déi d'Politik beroden …
Notas del episodio
Dës Episod vu Mäin Element dréit sech ëm ee vun de bekanntste Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg – an zwar den Alexander Skupin. Hie war nämlech Deel vun der deemoleger "Corona Task Force", déi d'Politik beroden huet.
Bekanntheet schéngt allgemeng ee Sujet fir den Alexander gewiescht ze sinn… Wann hien net Wëssenschaftler gi wier, dann hat hien nach d'Optioun fir… Rockstar ze ginn. Hien erzielt eis, wéi et dozou komm ass a wat geschéie géing, wa mir 100 Prozent vun eisem Gehier notze géingen.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Nesryne Mejri
Deepfakes gehéiere mëttlerweil zum Internet, esou wéi Streaming, Memes a Kazen. Mee wéi erkennt een Deepfakes? Dat ass déi grouss Fro, déi d'Nesryne Mejri a senger Fuerschung rëmdreift. An dëser Episod erzielt …
Notas del episodio
Deepfakes gehéiere mëttlerweil zum Internet, esou wéi Streaming, Memes a Kazen.
Mee wéi erkennt een Deepfakes? Dat ass déi grouss Fro, déi d'Nesryne Mejri a senger Fuerschung rëmdreift. An dëser Episod erzielt d'Nesryne vun deene gudden a schlechte Säite vun Deepfakes a kläert eis iwwert Red Flags an der Fuerschung op. Ausserdeem schwätzt et iwwert säi Faibel fir déi japanesch Sprooch a Kultur, a verréit eis, wee säi léifste Game of Thrones-Personnage ass.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Sean Takats
Digital History: Ween elo mengt, an dëser Episode geet et ëm Memes an Internettrends, dee läit falsch! Eisen Invitée, de Sean Takats, bréngt d'Geschichtsfuerschung an dat neit Joerhonnert, an dat mat eegene …
Notas del episodio
Digital History: Ween elo mengt, an dëser Episode geet et ëm Memes an Internettrends, dee läit falsch!
Eisen Invitée, de Sean Takats, bréngt d'Geschichtsfuerschung an dat neit Joerhonnert, an dat mat eegene Start-Ups a coole Projete. Donieft schwätzt hie mam Max iwwert seng ambivalent Bezéiung zum Tom Brady, den Ënnerscheed tëscht Realitéit a verschéinerte Liewensleef an d'Fro mat wéi engem Emoji hien am beschten säin eegene Beruff beschreift?
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Christiane Hilger
Gesondheet. Ee Wuert, dat d'Pollenallergiker*innen de ganze Summer begleet. A genee dorëms geet et och an dëse Episod : Allergien. De Max schwätzt nämlech mam Christiane Hilger, enger Koryphee am Beräich vun …
Notas del episodio
Gesondheet. Ee Wuert, dat d'Pollenallergiker*innen de ganze Summer begleet.
A genee dorëms geet et och an dëse Episod : Allergien. De Max schwätzt nämlech mam Christiane Hilger, enger Koryphee am Beräich vun der Allergie-Fuerschung. Zesumme froen se sech, wat aus dem Christiane sengem Wonsch Ranger ze gi geschitt ass, wat an eisem Kierper bei Allergië geschitt a wéi een ee Buch doriwwer schreift.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Emmanuel Defay
Wéi grouss ass eigentlech "Nano"? Wéi gesäit de Frigo vun der Zukunft aus? A firwat spillt een an enger Band ausgerechent „Bass“? De Max hat dës Kéier erëm eng Rëtsch Froen u säin Invité, den Emmanuel Defay …
Notas del episodio
Wéi grouss ass eigentlech "Nano"? Wéi gesäit de Frigo vun der Zukunft aus? A firwat spillt een an enger Band ausgerechent „Bass“?
De Max hat dës Kéier erëm eng Rëtsch Froen u säin Invité, den Emmanuel Defay. Vum Lektiounen aus den Zivildéngscht bis hin zu de franséische Red Hot Chili Peppers geet et an dëser Episode hin an hier!
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Ines Chihi
Hätt dir léiwer een Nobelpräis, oder géingt Dir léiwer anere Leit dozou verhëllefen een ze kréien? Fir d'Invitée vun dësem Episod ass d'Äntwert op alle Fall kloer! D'Inès Chihi erzielt dem Max vu sengem Beruff …
Notas del episodio
Hätt dir léiwer een Nobelpräis, oder géingt Dir léiwer anere Leit dozou verhëllefen een ze kréien? Fir d'Invitée vun dësem Episod ass d'Äntwert op alle Fall kloer!
D'Inès Chihi erzielt dem Max vu sengem Beruff als Ingenieure an taucht mat eis an d'Welt vu senger Konscht an. Mä net nëmmen dat: Si schwätzen och iwwert d'Virurteeler vun nordafrikaneschen Universitéiten an d'Ënnerscheeder par Rapport zu de Student*innen aus Lëtzebuerg.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Gilbert Fridgen
NFT, Blockchain a Bitcoin : keng Angscht, aus „Mäin Element“ gëtt elo kee Crypto-Bro Podcast, mä dat sinn d'Theme vun eisem Invité vun haut, dem Gilbert Fridgen. De Gilbert ass eng Korypheeë a sengem Beräich …
Notas del episodio
NFT, Blockchain a Bitcoin : keng Angscht, aus „Mäin Element“ gëtt elo kee Crypto-Bro Podcast, mä dat sinn d'Theme vun eisem Invité vun haut, dem Gilbert Fridgen.
De Gilbert ass eng Korypheeë a sengem Beräich, deen sech em näischt aneschters dréint wéi, ganz einfach, d‘Zukunft. Hien erkläert eis, firwat Blockchain esouwuel fir Geldtransfers ewéi fir Mountroboter kënne gebraucht ginn, erzielt eis wéi heen zu sengem Beruffschoix komm ass a mir tauchen an eng Zäit vu sengem Liewen an, an der heen eemol alles iwwerduecht huet.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Constanze Weth
An dësem Episod dréit sech alles ronderëm d'Sprooch. Mä wéi fuerscht een eigentlech Sprooch? Wéi kann ee mat der Sprooch Experimenter maachen? A si Memes eigentlech ee Sujet an der Linguistik? Dës Froe …
Notas del episodio
An dësem Episod dréit sech alles ronderëm d'Sprooch. Mä wéi fuerscht een eigentlech Sprooch? Wéi kann ee mat der Sprooch Experimenter maachen? A si Memes eigentlech ee Sujet an der Linguistik?
Dës Froe beäntwerte mir zesumme mam Constanze Weth. D'Constanze erfuerscht d'Méisproochegkeet vu Kanner zu Lëtzebuerg. Dobäi huet hatt viru sengem Studium eigentlech ee ganz anere Wee ageschloen : Dee vun enger Léier als Huttmaacherin.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Maria Rita Palattella
Wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëschent dem "Internet of things" an dem "Internet of… people"? An dësem Episod erzielt d'Maria Rita Palattella dem Max, wéi hat mat senger Fuerschung d'Landwirtschaft prett …
Notas del episodio
Wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëschent dem "Internet of things" an dem "Internet of… people"? An dësem Episod erzielt d'Maria Rita Palattella dem Max, wéi hat mat senger Fuerschung d'Landwirtschaft prett fir d'Zukunft mécht. Dat mécht et awer net mat neie Mädrescher oder Trakteren, mee mat dem Internet of Things a Sensorik. Esou fënnt hatt ganz genee eraus, wéi een d'Aarbecht op de Felder optiméiere kann, fir de Maximum u Resultat eraushuelen ze kënnen. D'Maria Rita kläert eis op, ob dat alt Spréchwuert: "Wat de Bauer net kennt" nach aktuell ass, oder ob déi lëtzebuergesch Landwirtschaft schonn esou wäit ass, fir sech mat Zukunftstechnik auserneen ze setzen.
Mee net nëmmen dat: Hatt gëtt eis een Abléck a seng Kichen a gëtt eis Tipps, wat een am beschte fir een éischt Date kacht.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Emma Schymanski
An dësem Episod as de Max op engem Tatort. Wéi kann et och anescht sinn, ëmmerhin heescht d' Invitée vun dëser Episode änlech wéi e berüümten Tatort-Kommissär: Schymanski, Emma Schymanski fir genee ze sinn …
Notas del episodio
An dësem Episod as de Max op engem Tatort. Wéi kann et och anescht sinn, ëmmerhin heescht d' Invitée vun dëser Episode änlech wéi e berüümten Tatort-Kommissär: Schymanski, Emma Schymanski fir genee ze sinn. D'Emma ass gebierteg Australierin a schafft zu Esch am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB). Hei ënnersicht d'Fuerscherin Prouwen aus der Natur op (on)bekannt Chemikalien a fënnt zum Beispill eraus, ob dës schiedlech sinn oder net. Dofir huet si souguer eng eege Methode erfonnt: Mëttlerweil ass d'Schymanski-Methode an hirem Domaine weltwäit unerkannt.
Mam Emma schwätze mir iwwert Chemikalien an der Natur, Publikatiounen an der Schivakanz an iwwert de Jean-Claude Juncker als Dirigent.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Arianna Rossi
Firwat zirkuléieren hautdesdaags esouvill sensibel Donneeën online? An dësem Episod vun "Mäin Element" kréie mir d'Äntwert vum Arianna Rossi vum Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust …
Notas del episodio
Firwat zirkuléieren hautdesdaags esouvill sensibel Donneeën online? An dësem Episod vun "Mäin Element" kréie mir d'Äntwert vum Arianna Rossi vum Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT) vun der Uni Lëtzebuerg. Als Member vum IRISC Grupp fuerscht si a Beräicher wéi Droit, Design an Ethik, an interesséiert sech besonnesch fir den Dateschutz. D'Wëssenschaftlerin verréit dem Max, ob si selwer d'Privacy Policy ëmmer iwwerall duerchliest, wéi et ëm Fraen an der Fuerschung steet a wou hir Léift fir d'Stad Bologna an de Museksgenre Roots Reggae hier kënnt. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Ben Thuy
Mam Bléck op d'Welt vu fréier probéieren, déi vun haut besser ze verstoen. Dat ass den Job vum Paläontolog Ben Thuy am Naturmusée. An dësem Episod zielt hien eis vun senger Begeeschterung fir ausgestuerwen …
Notas del episodio
Mam Bléck op d'Welt vu fréier probéieren, déi vun haut besser ze verstoen. Dat ass den Job vum Paläontolog Ben Thuy am Naturmusée. An dësem Episod zielt hien eis vun senger Begeeschterung fir ausgestuerwen Déieren a verréit, wéi ee sech fillt, wann een Iwwerreschter vun engem Dinosaurier fënnt. Hien erkläert och, firwat hien als Fuerscher vum Mier faszinéiert ass a wat et mat der ausgläichender Wierkung vun haarder Musek op sech huet. De Ben ass nämlech och e leidenschaftlechen Drummer. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu Entdeck dem Ben Thuy seng Band Sleepers' Guilt: https://www.sleepersguilt.com Méi iwwert 'Melusinaster alissawhitegluzae', benannt nom Sänger vun der Band Arch Enemy: https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/science-meets-rocknroll-palaeontologist
Mäin Element - Sébastien Faye
An dësem Episod dréint sech alles ronderëm de 5G. Mee firwat steet eigentlech de „G“? Déi Fro kann eis de Sébastien Faye beäntwerten. De franséische Fuerscher schafft aktuell um Belval am LIST u …
Notas del episodio
An dësem Episod dréint sech alles ronderëm de 5G. Mee firwat steet eigentlech de „G“? Déi Fro kann eis de Sébastien Faye beäntwerten. De franséische Fuerscher schafft aktuell um Belval am LIST u Verkéierskonzepter, digitale Klonen an och schonn um 6G. Ugefaangen huet beim Sébastien alles mam Windows95 bis et du weider gaangen ass mat eegene Websitten, déi di franséisch Videospill-Branche eruewert hunn.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Audioquellen: https://www.youtube.com/watch?v=lusN0Z5GC-g
Mäin Element - Leslie Ogorzaly
Am Podcast mam Leslie Ogorzaly hale mir d'Loft un an tauchen an d'Lëtzebuerger Kläranlagen. Hei kritt eis Invitée nämlech d'Prouwe fir hir Fuerschung an de Beräicher Virologie an Epidemiologie. D'Fuerscherin …
Notas del episodio
Am Podcast mam Leslie Ogorzaly hale mir d'Loft un an tauchen an d'Lëtzebuerger Kläranlagen. Hei kritt eis Invitée nämlech d'Prouwe fir hir Fuerschung an de Beräicher Virologie an Epidemiologie. D'Fuerscherin huet beispillsweis am "Corona-Step"-Projet kontrolléiert, wéi vill Spuere vum Coronavirus an de Kläranlagen ze fanne sinn. Ausserdeem gi mer gewuer, wéi sech d'Element Waasser duerch säi ganzt Liewen zitt.
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Audioquellen: https://100komma7.lu/article/aktualiteit/coronastep-ofwaasserwaerter-ginn-an-d-luucht https://100komma7.lu/article/aktualiteit/analys-vum-ofwaasser-zweet-well-schengt-nees-e-klammen
Mäin Element - Claudine Backes
An dëser Episod trëfft sech de Max mam Claudine Backes. D'Fuerscherin beim Luxembourg Institute of Health (LIH) a Scientific Director an Epidemiologin beim nationale Kriibsregister (Registre National du Cancer …
Notas del episodio
An dëser Episod trëfft sech de Max mam Claudine Backes. D'Fuerscherin beim Luxembourg Institute of Health (LIH) a Scientific Director an Epidemiologin beim nationale Kriibsregister (Registre National du Cancer du Grand-Duché du Luxembourg, RNC) ass ëmmer da motivéiert, wann si anere Leit hëllefe kann. Zesumme mam Max kläre mir d'Fro, ob e Summerteint gesond ass, wéi et hannert de Kulisse bei der Weltgesondheetsorganisatioun ausgesäit a wéi eng Zort Smalltalk ee mam Greta Thunberg soll féieren. Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Mäin Element - Raphaël Kies
Dës Kéier sprange mir an den Themen hin an hier: Et geet ëm Politik, Medien, Citatioune vu Politiker an d'italienesch Moud. De Max begréisst de Raphaël Kies. De Fuerscher seet vu sech selwer, dass hien a villen …
Notas del episodio
Dës Kéier sprange mir an den Themen hin an hier: Et geet ëm Politik, Medien, Citatioune vu Politiker an d'italienesch Moud. De Max begréisst de Raphaël Kies. De Fuerscher seet vu sech selwer, dass hien a villen Disziplinnen ënnerwee ass. Hie vergläicht ënnert anerem international Medielandschaften a beschäftegt sech zum groussen Deel mam Thema "E-Democracy". Mä wat ass dat iwwerhaapt? Wiele mir an Zukunft bei de Chamberwale just nach per Emoji, oder stécht do eppes ganz anescht derhannert?
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Audioquellen: ZDF Logo: https://www.zdf.de/kinder/logo
Mäin Element - Guy Fagherazzi
An dësem Episod vun „Mäin Element“ léiert de Max de geléierten Epidemiolog a Statistiker Guy Fagherazzi kennen. Hie wëll déi nei digital Technologien am sougenannten „Deep Digital Phenotyping“ notzen, fir de …
Notas del episodio
An dësem Episod vun „Mäin Element“ léiert de Max de geléierten Epidemiolog a Statistiker Guy Fagherazzi kennen. Hie wëll déi nei digital Technologien am sougenannten „Deep Digital Phenotyping“ notzen, fir de Patienten d'Liewen ze vereinfachen. Hien erkläert ë.a. wéi et ass, als relativ jonke Fuerscher eng ganz Equipe am Luxembourg Institute of Health ze leeden a wéi d'Pandemie seng Pläng op d'Kopp geheit huet. Mir ginn ausserdeem gewuer, wat een aus der Stëmm vun engem Mënsch alles erausliese kann, wéi eng Gemeinsamkeeten et tëscht der Recherche an dem Sport gëtt, a wéi en NBA-Star hien a senger Jugend faszinéiert huet. Du wëlls méi iwwert de Guy Fagherazzi a seng Fuerschung wëssen? https://www.lih.lu/en/research-scope/research-department/department-of-precision-health/deep-digital-phenotyping-research-unit/ Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken? https://journal.lu/de Audioquellen 100komma7 Panorama, 01.03.2020: https://100komma7.lu/program/episode/290090/202003011200-202003011208 Pressebriefing nom Regierungsrot, 18.03.2020: https://www.youtube.com/watch?v=ARPuyRyDCbw „Space Jam - The tune squad introduction“ vum Alon Bezinian: https://www.youtube.com/watch?v=oJbOLMvKk1E
Aquí están los 40 episodios más recientes de 41. Los anteriores están en el feed del podcast.
Podcasts similares
Más podcasts de Educación¿Es tu podcast?
Confírmalo con una entrada en tu feed: aquí recibes un código, lo añades como podcast:txt en el canal de tu feed y nosotros lo comprobamos. Después tu podcast aparecerá como «verificado» en SoundNode.


