
Schüler-Protester a Frankräich gii weider
Notas del episodio
A Frankräich ruffen d'Schüler a Schülerinnen haut nees dozou op ze streiken an géint d'Spuermoossname vun der Regierung ze protestéieren. Och soll et nees zu Blockagen an de Lycéeë kommen. Zanter mëttlerweil bal zwee Méint ginn déi Jonk fir hir Revendicatiounen op d'Stroossen. En Enn vun dëser Mobilisatioun ass net a Siicht. Gëschter hat de Premier Sébastien Lecornu Schüler- a Studenteverbänn op eng Reunioun invitéiert. Dës haten d'Entrevue aus Protest awer fréizäiteg verlooss. D'Situatioun spëtzt sech also zou. Wat fir Optioune bleiwen der Regierung a wéi eng Problemer stellen sech fir déi Jonk? Doriwwer schwätzen ech elo mat eisem Paräisser Korrespondent Max Tholl.