
Paus.
- Episodios
- 245
- Se publica
- cada dos semanas
- Último episodio
- 1 Nov 2026
Sobre el podcast
¿Te gusta este podcast? Entonces, ¡déjanos algunas estrellas en Spotify! :) Encuentra más Paus. en: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Para preguntas o comentarios, también puedes contactarnos en [email protected]. ¿Quieres una playlist con los mayores éxitos de Paus.? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Advertencia: puede contener rastros de Däitschrap en los Flippers.)
Episodios 245
#195 Dee mat den domme Lambrusco-Millennials
An eisen Headquarters gëtt haut realiséiert, dass d'Zäit e fuerchtbaart Konzept ass. Dofir schwiewen ärt Lindsay Lohan an Dorit Kemsley tëscht LuxExpo a Belval a liwweren e Posche-Krimi, Groe Star an den Hoer …
Notas del episodio
An eisen Headquarters gëtt haut realiséiert, dass d'Zäit e fuerchtbaart Konzept ass. Dofir schwiewen ärt Lindsay Lohan an Dorit Kemsley tëscht LuxExpo a Belval a liwweren e Posche-Krimi, Groe Star an den Hoer, an eng Analys vum "Indie Sleaze" a vum grousse Club-Stierwen. Ee vun eis ass a senger cleaner politics old money 60 Euro Aanpatches-Ära, deen aneren hëlt d'Gamer of a verteidegt problematesch Männer. Mir sinn a gudder Gesellschaft, well mat dobäi si "Glee" a "Girls", den Jason Delulo, Pisspoppen am Kino a gutt Jongen aus Krichsfilmer. Observativ ewéi ëmmer gëtt och Folgendes thematiséiert: Ass et geschwenn aus am "Kitkat"? Si mir manner wichteg ewéi heterosexuell uncs? A wär den Hermann Hesse eigentlech op "Bumble"?#194 Dee mat der Syphilis am A
Toc toc, qui frappe à votre porte? Et sinn d'Jennifer Aniston an d'Reese Witherspoon aus der Podcastwelt! Nodeems déi läscht Episod verschlof gouf, gëtt et haut en "Dopamine Cocktail" mat allem vu Festivitéite …
Notas del episodio
Toc toc, qui frappe à votre porte? Et sinn d'Jennifer Aniston an d'Reese Witherspoon aus der Podcastwelt! Nodeems déi läscht Episod verschlof gouf, gëtt et haut en "Dopamine Cocktail" mat allem vu Festivitéite bis Flirterkennungsprobleemer a vu Postleitzuele bis Pansexuals. Mir ware mam Carrie um Nëssmaart, d'Vicky war mam Margot beim Céline, ee vun eis gouf vum Beyoncé vu Butschebuerg erkannt an een huet Hammbier getest. Mat dobäi sinn an dëser Episod de Berto, d'Julia vun Juilliard, äre Liblingsrapper hiere Liblingsrapper an de Podcast vum Merle a Farid. Verschidde Froe gi gekläert, anerer net: Wéi kléngt d'Mrs. Doubtfire als Geescht? Packe mir de "Bravo"-Freundschaftstest? A gëtt et "haunten" op Lëtzebuergesch?#192 Dee mam Teachermemes
An der leschter Summerpaus. gëtt et – passend zu der Rentrée – education.lu-core mam Batman vum Lëtzebuerger Léierpersonal: dem Teachermemes. Mir maachen d'Klammer an der Klammer a widmen eis verhalenskreative …
Notas del episodio
An der leschter Summerpaus. gëtt et – passend zu der Rentrée – education.lu-core mam Batman vum Lëtzebuerger Léierpersonal: dem Teachermemes. Mir maachen d'Klammer an der Klammer a widmen eis verhalenskreative Kanner, Traumata aus der Schoulzäit, engem ausgeléistenen Alarm an der eegener Vakanze-Bucketlist. Et gëtt zeréckgeruddert, iwwer d'Paie vun den Enseignanten diskutéiert a Liblings-memes beschwat. Mat dobäi sinn d'Carla an de Marco, "Wir sind Helden" a natierlech de Jeremy-Pascal. Mir froen eis ënner anerem: Huet den Teachermemes säi Beruff gär? Wéini ginn eigentlech Fräizäitparken op? A wéi schlëmm gëtt d'Rentrée 6-7?#191 Dee mam Cat
Nues zou an Oueren op – an enger olfaktoresch erausfuerderender Kuliss ass d'Catherine Nothum haut an der Summerpaus! Äre Liblingspodcast brennt drop, mat him iwwer seng Erfarung an der ESC-Jury, real life …
Notas del episodio
Nues zou an Oueren op – an enger olfaktoresch erausfuerderender Kuliss ass d'Catherine Nothum haut an der Summerpaus! Äre Liblingspodcast brennt drop, mat him iwwer seng Erfarung an der ESC-Jury, real life "TikTok"-Kommentarer a Bichertipps aus dem Bookclub ze schwätzen. Et gëtt seriöen Hochzäitsgossip, déi Lénksradikal vun Neustadt, Wuessen mat iwwer 30, Fouer-Iessen an e bësse "Meh". Mat dobäi sinn de Jang1985_Lëtzebuerg, de Feierstengstoni an och nees d' Fra vum Séi. Mir fuerschen ewéi ëmmer no, ënner anerem zu follgenden Themen: Ass d'Cat schwiereg? Gëtt et deemnächst e neien Throuple? A wéi leeft et mat der abstrakter Molerei?#190 Dee mam Philippe
An dëser Summerpaus.-Episod ass de "Monster"-Sommelier an Nr.1-"TikTok"-Hustler Philippe a.k.a. Argent Difficile zu Gaascht. Mir geheien den Hometrainer an d'Waasser, hänken eis un d'Paart a schwätze mat him …
Notas del episodio
An dëser Summerpaus.-Episod ass de "Monster"-Sommelier an Nr.1-"TikTok"-Hustler Philippe a.k.a. Argent Difficile zu Gaascht. Mir geheien den Hometrainer an d'Waasser, hänken eis un d'Paart a schwätze mat him iwwer dutch memes, de Kreativitéit-Endboss a seng Vue op d'Marie Curie. Donieft geet et och ëm Dram-Sponsorings, onerwaarte Film-Favoritten a Gossip aus der Gaming-bubble. Mat dobäi si Bieren, Otteren a Wëllef an och ugeknabbert Miwwelen, en aunt assault am "Atelier" an d'ënnerschätzt Hobby Frisbee. Investigativ ewéi ëmmer gëtt journalistesch nees alles erausgeholl: Huet d'oppe Schwemm vision? Ass bei engem Veganer eigentlech all Beef fake? A wéi een Instagram life hack gëtt et, fir red flags ze erkennen?#189 Dee mam Julie
Am "Pitcher" vun der Stad gëtt et e "Summerpaus."-Get-Together vun ärem Liblingspodcast mam Julie vu "Luxembourg does it best" – wat fir eis direkt hannert dem Beyoncé an dem Guillaume kënnt! Et gëtt net nëmmen …
Notas del episodio
Am "Pitcher" vun der Stad gëtt et e "Summerpaus."-Get-Together vun ärem Liblingspodcast mam Julie vu "Luxembourg does it best" – wat fir eis direkt hannert dem Beyoncé an dem Guillaume kënnt! Et gëtt net nëmmen iwwer Lëtzebuerger Musik-gems geschwat, "Fann de Portugis" gespillt a Content-Grauzonen diskutéiert, mee mir ginn och illegal an droppen déi bescht Summer Hits (vu K-Pop bis Monrose). Mat dobäi si Reestipps tëscht Süd-Korea an Useldeng, Gebuertsdagszwillingen a Musikstars, déi zu Lëtzebuerg wunnen. An och hei gi nees vill Froe gestallt: Léiwer Congé oder Kranksinn? Fir wéi vill Euro gëtt et en Augenaufschlag? A wéi ee Bus fiert eigentlech op Seoul?#188 Dee mam Yannick (Nummer Zwee)
Haut an der "Summerpaus." geet et breetgefächert quer durch den Garten mat enger Instanz, enger Ikon, enger gudder Maus: De Yannick kläert zesumme mat ärem Liblingspodcast net just d'Ierfschaftsreihefolg an …
Notas del episodio
Haut an der "Summerpaus." geet et breetgefächert quer durch den Garten mat enger Instanz, enger Ikon, enger gudder Maus: De Yannick kläert zesumme mat ärem Liblingspodcast net just d'Ierfschaftsreihefolg an analyséiert (méi oder manner) berüümte Wunnengen, mee liwwert och den "hot priest II" a beschwätzt popkulturell Polemiken (en Hënner, e Rack, e Schung). Tëscht "Scary Movie"-Enttäuschungen, der "Golden City" an almond moms bleift nach genuch Zäit, fir iwwer d'Immobilieblos, zukünfteg national Fernseh-Konzepter a Medien-Desensibiliséierung ze schwätzen. Wéi ëmmer kommen natierlech ganz vill Froen op – zum Beispill: Ass en Elektrovelo dat Selwecht ewéi eng Vespa? Wat leeft am September op der Costa Brava? A wat sinn Tapas fir ze lauschteren?#187 Dee mam Jordi
Hey hey! An der éischter "Summerpaus." kënnt de Springinsfeld an "Early Bird" Jordi Wagner (méi oder manner) zu Wuert: Dem Yannick säin Jet Set-Reespartner verréit eis, ob et him am Äishockey-Stadion wierklech …
Notas del episodio
Hey hey! An der éischter "Summerpaus." kënnt de Springinsfeld an "Early Bird" Jordi Wagner (méi oder manner) zu Wuert: Dem Yannick säin Jet Set-Reespartner verréit eis, ob et him am Äishockey-Stadion wierklech net kal war, ob hien d'"No Angels" kennt a wien d'Urgestein vum cinematic content zu Lëtzebuerg ass. Ausserdeem gi mir gewuer, wat et mat der "Dubai Sekte" op sech huet, wéi eng Serien seng Favoritte sinn a wéi däitsch ze däitsch ass. Wéi ass et, wann een a méi ewéi enger Sportaart gutt ass? Ass d'Liewen als fräiberuffleche Content-Creator zu Lëtzebuerg e Seegen oder sëtzt een am gëllene Käfeg? A wéi ass d'Liewen als personifizéiert Green Flag? All dat a méi – elo bei Paus.#186 Dee mam melancholeschen Tennis
Dës Episod ass fir d'Küken, déi d'Nascht verloossen a fir all d'Lackéierer a Lisas! Mir waren eenzel zesummen op engem Concert, erënneren eis un d'eege Schoulzäit a léien emol net am Noutfall. Et gëtt iwwer …
Notas del episodio
Dës Episod ass fir d'Küken, déi d'Nascht verloossen a fir all d'Lackéierer a Lisas! Mir waren eenzel zesummen op engem Concert, erënneren eis un d'eege Schoulzäit a léien emol net am Noutfall. Et gëtt iwwer "Confessions II" an "Heated Rivalry II", den "Toxic Seventy-one" a pedagogesch (In-)Kompetenz geschwat. Haut ginn et och hot priests a sexy Mäerder, de Baby Reindeer-Mann an de Billy Elliott-Bouf esou wéi den eelsten Teenager vun der Welt. Och eng jett Froe kommen nees op d'Tapéit: Wéi eng Molerin ass d'Sofia Loren als Hex? Wee sinn d'Reebou-Ritter? Wat ass eng LOCKS CAP? A net ze vergiessen: Tax the Richie Rich!#185 Dee mat de Stitzercher
Haut fille mir eis, ewéi wa mir an e Fön eragetrëppelt wären, ruffe "Vive de Guy" a sangen de komplette "Body Talk"-Album – lowkey vision. Ee vun eis kritt vläicht eng Kaz oder gëtt bestuet, deen aneren ass eng …
Notas del episodio
Haut fille mir eis, ewéi wa mir an e Fön eragetrëppelt wären, ruffe "Vive de Guy" a sangen de komplette "Body Talk"-Album – lowkey vision. Ee vun eis kritt vläicht eng Kaz oder gëtt bestuet, deen aneren ass eng Seriefigur aus den 2000er. Nieft ale Mediemänner a séisse Marketingmausis geet et haut nach ëm en Exhibitionist am Bësch, Police-Probleemer wéinst de "Francopholies" an ein Orakel namens Carlo. Mat dobäi sinn och Leit an der Vakanz mat Réckblenden, eng Doku fir net-Schwangerer,an déi bescht Serie aus dem 21. Joerhonnert. Ewéi all Kéier bleiwen och nees e puer Froen: Ass d'Sprangpressessioun am Fong "Ces soirées-là"? Gëtt et de Klimawandel vläicht wierklech? An hues du se nach all?#184 Dee mat de Lëtzebuergays
Et ass Pride Month an dofir gëtt haut Scheet/d zerwéiert. Mir sinn NRW fir iech mat an d'Boot vum Puls der Zeit ze huelen! Et geet haut zwar net em Leni Riefenstahl-Remakes oder "Muriel's Wedding", dofir awer …
Notas del episodio
Et ass Pride Month an dofir gëtt haut Scheet/d zerwéiert. Mir sinn NRW fir iech mat an d'Boot vum Puls der Zeit ze huelen! Et geet haut zwar net em Leni Riefenstahl-Remakes oder "Muriel's Wedding", dofir awer ëm eng Pressekonferenz fir Millennials (Thema: vocal stims), onreguléiert Emotioune bei der Männer-Fussball-WM a MyGuichet.lu-hate. Tëscht Gebuertsdagskaddoen, Generatiounskonflikter a gehumbleden Egos gëtt vill "gelar" an eng "Obsession" mat "Backrooms" beschwat. Mat dobäi sinn och: Tattoos, memories, Schoethe, kongoleesesch Outfits, de Rucolino, de Colman Domingo an eng nei TikTok-Serie. Et bleift ze klären: Ass d'Rue am Sonnenënnergang oder an der Hell? Wien sinn d'Ënner Tittel an d'Miss Chievous? A wéi hydratéiert sinn d'Geschlechtsdeeler zu Lëtzebuerg?#183 Dee mam Mord vum Cédric
Zeréck aus dem prollegen Zürich an aus der Privatklinik sinn d'Heidi an d'Clara aus der Podcastwelt nees fir iech do – natierlech audio only! Ee vun eis war am "Boy Aquarium", deen aneren am Video vum …
Notas del episodio
Zeréck aus dem prollegen Zürich an aus der Privatklinik sinn d'Heidi an d'Clara aus der Podcastwelt nees fir iech do – natierlech audio only! Ee vun eis war am "Boy Aquarium", deen aneren am Video vum ING-Marathon. Tëscht häerzege Serie-Pappen an underrated 90's Girlgroups geet et an dëser Folg ëm den 2. Agenda, de Lavalott an Empörung an der oppener Schwemm. Vläicht schreiwe mir haut e klengen Text, vläicht léiere mir endlech Bio fäerdeg, mee vläicht recaste mir och einfach d'Sarah Engels als Samantha Jones. Mir beschwätzen d'Paus.-Kritik vum 100,7, d'"Chicago Bulls" an hirer Prime a Methadon fir "Ted Lasso"-Fans, awer och Frëndschaftstrennungen, Gay Business zu Marrakesch a Mammen, déi hier Kanner am Stach loossen. Froe ginn och nees gestallt: Ass "Un aller simple" am Fong "L'étranger"? Sinn "11 Freunde" am Fong d'"Kickers"? A stëmmt iwwerhaapt eppes, wat mir zielen?#182 Dee mat der Botox-Fee
Berouegt iech emol alleguer! Haut gëtt vun ënnen erop geschwat an am selwechte Boot bis zum Muskelkater geruddert. Tëscht Aluhut-Fashion a gekréngeltem Graffiti spille mir Polo an Argentinien, hunn eng …
Notas del episodio
Berouegt iech emol alleguer! Haut gëtt vun ënnen erop geschwat an am selwechte Boot bis zum Muskelkater geruddert. Tëscht Aluhut-Fashion a gekréngeltem Graffiti spille mir Polo an Argentinien, hunn eng faszinéierend Maschinn op eis Wonschlëscht geschriwwen a liesen aus eisem geheime Journal vir. Et dierf een zwar näischt méi soen, mee Plaz fir psychologesch Studie bleift ëmmer – haut ënner anerem zu den Theme "kleng Veloskapen", "Déifferdeng", "Timmy" an "underrated Spice Girls Lidder". Et ginn och nees Froe gestallt, ewéi zum Beispill: Wou ass d'Disco hin? Wéi laang kann ee Bio léieren? A wat der Däiwel ass eng Schmëtz?#181 Dee mam maale Rosalía
Ugestach an opgestëppelt gëtt et haut eng Episod, déi zweemol opgeholl gouf. Den Hangryman an d'Fra ouni Zäitmanagement hunn hiert Häerz an déi richteg Bunn gelenkt a liwwere one sided beef mam nationale Radio …
Notas del episodio
Ugestach an opgestëppelt gëtt et haut eng Episod, déi zweemol opgeholl gouf. Den Hangryman an d'Fra ouni Zäitmanagement hunn hiert Häerz an déi richteg Bunn gelenkt a liwwere one sided beef mam nationale Radio, Kölner (méi oder manner) Promis, e mäerderesche Buchtipp an e Powernap op der Wildwasserbahn. Den Dresscode ass "Kommioun", mee och "Nuesschnappech an Zwier", d'Theme schwanken tëschent Ragebait a Meenungsfräiheet, mee virun allem geet et ëm Concerten a (Safe)Spaces. On top ginn et Ehrenfelder Entdeckungen, d'Rettung vun der Lëtzebuerger Kulturzeen an en Touch Diddelenger Rondpoint! Wat huet d'Fran Fine mat "Der Besuch der alten Dame" gemeinsam? Wisou hu mir kee Meebam kritt? An huet d'Rosalía am Fong en Album iwwer Saumon geschriwwen? All dëst a méi... haut bei Paus.#180 Dee mam (feelende) Schummen
Et ass net all Dag Kiermes, och wa Kuch gebak gëtt – är "Witches of Eastwick" sinn haut vreckt am Fréijoer, mee trotzdeem fir iech do! Wann dës Episod e Film wär, géing en zimmlech sécher "The Fast and the …
Notas del episodio
Et ass net all Dag Kiermes, och wa Kuch gebak gëtt – är "Witches of Eastwick" sinn haut vreckt am Fréijoer, mee trotzdeem fir iech do! Wann dës Episod e Film wär, géing en zimmlech sécher "The Fast and the Furious – Tokyo Ofdrift" heeschen. Maacht iech also prett fir Themespréng vu "Coachella" bis Militärmusik. Ënner anerem geet et ëm d'Weltrettung duerch d'Zara Larsson, d'Reallife-"Kimmy Schmidt", gudde College-Schäiss, e super Comeback an unexpected crushes. Mat dobäi sinn och e skandaléise Vëloswee, Neies vum Epiphanie a ganz vill Choixen: Dekan oder Rektor? "Iron Man" oder "Cuntnbury"-Festival? Kou oder Auto? Dir sidd net prett!#179 Dee mat der Clientskaart am "RITUALS"
At the end of the day... ass dëse Podcast eng gemeinsam Evolutioun – dat hunn d'lëtzebuergescht Winona Ryder a Julia Roberts an der Ouschter-Episod erausfonnt a ginn dofir eppes un d'Gesellschaft zeréck: déi …
Notas del episodio
At the end of the day... ass dëse Podcast eng gemeinsam Evolutioun – dat hunn d'lëtzebuergescht Winona Ryder a Julia Roberts an der Ouschter-Episod erausfonnt a ginn dofir eppes un d'Gesellschaft zeréck: déi beschten Hondsnimm, eng sënnvoll Petitioun an Hëllef bei engem laang iwwerfällege Rebranding: Männer! E puer Gudder hu mir och scho mat am Gepäck: den Tino Marino, de Jean Jujarin, den Hugo Gernsback, den Daddy Lilah an de Ryan Gosling (am Weltraum). Tëscht feelender Selbstreflexioun am Eenzelhandel an engem grandiose Serienfinale gëtt em Liicht am Donkel vum Musiksschoul-Gossip gebueden an iwwer eng skandaléis "Drag Race"-Decisioun geschwat, mee et bleift nach genuch Zäit fir Grondkenntnisser an der Eeërsich (zu Berlin a Folsom) ze vermëttelen an national TikTok-Crushes ze analyséieren. Wéi ëmmer gëtt och villes hannerfrot: Wat ass "Pacing"? Wat wär an der kierzter Slideshow vun der Welt ze gesinn? Haasst den Timothée Chalamet d'Jill? A wisou geet et hei esou vill em Insekten?#178 Dee mam Filmfest-Féiwerdram
Et ass 5 vir 12 (fir dem Yannick seng Nerven)! De séisse Poetiker Paco an d'obnoxious Fra am Fliger sinn zwar dout vu bannen, mee trotzdeem do, fir mat iech alles Wichteges aus de leschten zwou Wochen ze …
Notas del episodio
Et ass 5 vir 12 (fir dem Yannick seng Nerven)! De séisse Poetiker Paco an d'obnoxious Fra am Fliger sinn zwar dout vu bannen, mee trotzdeem do, fir mat iech alles Wichteges aus de leschten zwou Wochen ze beschwätzen – ënner anerem geet et ëm en onproblematesche "Royal Court", e problematesche Promi-Fall, d'Menopause bei de Sopranos an dem Ricky Martin säi Chihuahua. Et werfen sech nees pertinent Froen op, ewéi zum Beispill: Kënnen Englänner*innen automatesch Franséisch? Wien ass d'Rosalia vu Lëtzebuerg? A wisou si ganz vill Männer op eemol juristesch Experten (UNSCHULDSVERMUTUNG!!1!!!11!!!)?#177 Dee mam Organhandel am Spa
Är relatable Hustlers – a.k.a. d'lëtzebuergescht Gina-Lisa an den Thanos vun de Männerentschëllegungen – sinn endlech nees do an hunn eng Folg an Iwwerlängt mat dobäi! Tëscht Fatima-änleche Visiounen, engem …
Notas del episodio
Är relatable Hustlers – a.k.a. d'lëtzebuergescht Gina-Lisa an den Thanos vun de Männerentschëllegungen – sinn endlech nees do an hunn eng Folg an Iwwerlängt mat dobäi! Tëscht Fatima-änleche Visiounen, engem wichtege Lipödem-Opruff an dem taktloseste Lidd um Sat.1 enthülle mir dem Christine säi "Lieblingsplatz", berichten déi explosiivst Geschichten (Net laachen!) an David Lynch-änlech Erzielungen. Endlech gëtt och "Heated Rivalry" beschwat, decidéiert, wat ee mat ganz ville Suen maache kann an opgekläert, wou d'Discokugel erfonnt gouf. Mat on air sinn eng Sekten-Influencerin, d'Bitch vun Halloween, d'Désirée vun Esch an d'Isabelle vun Thionville, ausserdeem eng witzeg Barbe à papa, den "Airbud", eng literaresch wäertvoll Berliner WG, "T42" an d'"ARBED". Et gëtt och nees vill gefrot: Wéi ass dem Ilya Rozanov seng Squat-Routine? Ass den Tony Soprano en Opernsänger? A wat hunn d'Nina Hagen an d'"Foo Fighters"(leider) gemeinsam?#176 Dee mat der Hepatite am Heizungskeller
Et ass Zäit fir Deel 2 vun eiser Episod! Mat dobäi sinn d'Rita an de Rafael, d'Anna Delvey vu Lëtzebuerg an de vulgäerste vocal stim. Et geet ëm nerveg Leit zu LA, Buddhismus op engem Been, Kräische mam …
Notas del episodio
Et ass Zäit fir Deel 2 vun eiser Episod! Mat dobäi sinn d'Rita an de Rafael, d'Anna Delvey vu Lëtzebuerg an de vulgäerste vocal stim. Et geet ëm nerveg Leit zu LA, Buddhismus op engem Been, Kräische mam Shakespeare an "The Jills have eyes". Alt erëm gi vill Froen opgeworf, ewéi zum Beispill: Gëtt et eng nei "Sunlicht"-Affär? Wéi grouss ass den Ënnerscheed tëscht Freigeist a Luftikus? A natierlech: Can I quiz you on some ocean facts?#175 Dee mam Familienzwist & der Zwietracht
Hochzäitssträit! 17-järeg Mammen! Geschlechtskrankheeten (duerch Zopp)! UNISEX-TOILETTEN! Déi hei Episod huet alles. D'Susan Sarandon an d'Goldie Hawn aus der Lëtzebuerger Podcastwelt spieren d'Fréijoer an …
Notas del episodio
Hochzäitssträit! 17-järeg Mammen! Geschlechtskrankheeten (duerch Zopp)! UNISEX-TOILETTEN! Déi hei Episod huet alles. D'Susan Sarandon an d'Goldie Hawn aus der Lëtzebuerger Podcastwelt spieren d'Fréijoer an zerwéieren iech haut comédiséiert Vulgaritéit, Geröllheimer Gays an en Touch "Chicago". Dierf een säin Therapeut emaarmen? Ass d'North West d'Erika Mann vu senger Zäit? An ass d'Zahide de Mozart? All dat a villes méi gitt dir an der kierzter Folleg säit laangem gewuer. An de Grond dofir natierlech och.#174 Dee mam Gebrachginn vum Erich Kästner
Haut gëtt et Eskapismus vum Feinsten mat antiker Housewives-Konscht, Beckham-Meme-Gold an Tradwife-Mentalitéit aus der Lëtzebuerger "TikTok"-Szeen. Tëscht Anefuerschung a BDSM-Storyen gi kënschtleresch Kéip …
Notas del episodio
Haut gëtt et Eskapismus vum Feinsten mat antiker Housewives-Konscht, Beckham-Meme-Gold an Tradwife-Mentalitéit aus der Lëtzebuerger "TikTok"-Szeen. Tëscht Anefuerschung a BDSM-Storyen gi kënschtleresch Kéip gemoolt, sech vill geräuspert a Leit geblockt. Mat dobäi sinn ënner aanerem d'OG-Barbara, d'Fatima vum "Alima", eng besonnesch delusional Drag Queen an "Die 20 Wildesten". Mir froen eis: Si mir vläicht an der "Truman Show"? Wou läit de "Mount Rashomon"? Wee vun eis ass "It's a small world" an enger Persoun a ween ass Famill mam Michel Sardou?#173 Dee mam singenden Telegramm
Am neie Joer ass bei ärem Liblingspodcast alles beim Alen: Et gëtt sech ënnerbrach, dass d'Fatze fléien, mat 300 Dezibel gelaacht an d'Thema am Sekonnentakt gewiesselt – haut ganz nom Motto: "Nach müd' kommt …
Notas del episodio
Am neie Joer ass bei ärem Liblingspodcast alles beim Alen: Et gëtt sech ënnerbrach, dass d'Fatze fléien, mat 300 Dezibel gelaacht an d'Thema am Sekonnentakt gewiesselt – haut ganz nom Motto: "Nach müd' kommt blöd". Spontan ewéi e Stëppche starte mir an d'Joer Nummer 7 (!) a mat dobäi sinn zum Beispill d'Kim aus Amerika (a seng Regime-Pokemons), d'"Rocky Horror Picture Paus" an e nationale Podcast-Orbituary. D'Deeg no Silvester ware stresseg: Mir ware mam Tommy Schlesser beim James Bond, um Enn am Theater a mam Remi Malek zu Mondorf. Do bleift just nach ze froen: Who puts the "boff" in "Bofferding"? Steet den T an "LGBTQ" fir "terrorist"? An hu mir vläicht aus Versinn d'"Rockhal" kaf?#172 Dee mam putegen Outfit
Wëllkomm bei der "Rocky Horror Uptight Show" mat äre Sisters aus der "Orangerie"! Am grousse Réck- a Viirausbléck 2025/26 ginn et esou hallef informativ News fir d'neit Joer, de Yåkz am "Alpha Male"-Modus …
Notas del episodio
Wëllkomm bei der "Rocky Horror Uptight Show" mat äre Sisters aus der "Orangerie"! Am grousse Réck- a Viirausbléck 2025/26 ginn et esou hallef informativ News fir d'neit Joer, de Yåkz am "Alpha Male"-Modus (lusch an der Dusch) an eng ruinéiert Welttour (Tortikolli). Tëscht Chaos a Comfort Zones berichte mir och iwwer Böller-Budgets, den Doud vum Museksvideo an e rietsen Aarm, deen no lénks weist. Natierlech sinn d'obligatoresch "Stranger Things"-Mutmaßungen mat dobäi, plus e Projet fir "Spotify" an "ZLS" an e klenge Fësch zu Gran Canaria. An op de leschte Meter vum ale Joer gi selbstverständlech nees wichteg Froe gestallt: Wou sinn d'Husbands? Kréie mir eng Plaquette an der "Belle Etoile"? Wei ee geheime Virsaz gouf heemlech ëmgesat? A wéi funktionéiert eigentlech Recycling? Happy new year!#171 Dee mam Twerken am Asia Market
Surprise a god jul! D'indirekt Chrëschtdagsbeliichtung ënnert de Podcasts guidéiert iech duerch dem little baby Jesus säi grousse Moment an huet net Weirauch, Gold a Myrrhe mat dobäi, mee suspicious silence …
Notas del episodio
Surprise a god jul! D'indirekt Chrëschtdagsbeliichtung ënnert de Podcasts guidéiert iech duerch dem little baby Jesus säi grousse Moment an huet net Weirauch, Gold a Myrrhe mat dobäi, mee suspicious silence, Tattoo tea an d' wicked witch (flip it around). Et geet haut ëm "Spotify"-Ageshaming, penibel Ufroen un de Bréifdréier, random acts of kindness an (in-)kompetent Mënschen an an ausserhalb der Chamber. Mir trotzen dem drohende Weltënnergang mat "Dangerous Minds" am Prisong, verroden eis Hochzäitspläng, Iddien zu "Richtung 22" an déi bescht Jugendwierder vun de Millennials. Oflenkung vun ze vill Iessen, ustrengende Familljememberen an enttäuschende Kaddoe gëtt et mat wichtegen Themen ewéi Pumpen beim Baken, dem kierzte "Stephen King"-Film an Appartementer zu Oz. Mat um feierlech gedeckten Dësch sëtze wichteg Leit ewéi de Brice de Nice, de Yoshi, dem Diddy seng al Assistentin, d'Johanne an de Fioré. Natierlech ginn et och an de besonnesch feierleche Stonne vum Joer wichteg Froen ze klären: Wien trauert mat Pyrotechnik? Ass de Supermarché déi nei Disco? Si mir de neie "Marc Thoma"? An ass de Ben Olinger "das Beziehungsomen"?#170 Dee mam bloe Fuedem
Léif Dammen, Hären a non-binary friends... D'Joer geet dem Enn zou an d'Maria an de Jesus aus der Podcastszeen ("Lux"-edition) si prett fir d'Chrëschtdeeg esou besënnlech ewéi méiglech ze maachen: vu réierenden …
Notas del episodio
Léif Dammen, Hären a non-binary friends... D'Joer geet dem Enn zou an d'Maria an de Jesus aus der Podcastszeen ("Lux"-edition) si prett fir d'Chrëschtdeeg esou besënnlech ewéi méiglech ze maachen: vu réierenden Doppelmaus-Momenter iwwer ëffentleche Liebesbekundungen bis hin zu spaassegen Aufgabe fir är Adventszäit ass alles mat dobäi! Dir musst d'Land net verloossen, fir internationale Feeling ze kréien, well mir sinn Europa a Podcastform: Haut gëtt et italieenesch Riviera mat Chrëschtdagshannergrond, d'ëmwerfend polnesch Sprooch, Mënschenhaass zu Paräis a finnish people (hello hello)! Et bleift just nach ze klären: Ween ass de Berghain vu Lëtzebuerg? Wat leeft donneschdes owes am "Melu"? A wat ass e "social ninja"?#169 Dee mam "Not Claire in Luxembourg"
Get ready for a very special "Kaffiskränzchen" because Luxembourg's meme queen has finally knokk-ed on our door: "Not Claire in Luxembourg" will be dropping AND spilling the T in a new "Paus."! The future grand …
Notas del episodio
Get ready for a very special "Kaffiskränzchen" because Luxembourg's meme queen has finally knokk-ed on our door: "Not Claire in Luxembourg" will be dropping AND spilling the T in a new "Paus."! The future grand duchess talked to Gillian and the man with many fans about Luxembourg lore, possible lawsuits, famous followers and bisexual icons. In this multilingual episode your new favourite throuple chats about the "Lëtzebuerger Filmpräis", similarities between the Grand Duchy and Ireland, period shaming and the "Polvermillen" black hole. The ingredients of a good meme, the Luxembourgish word of the year and the difference between "expat" and "immigrant" are also on the agenda. Plus: the Mandela effect, "Guinness" insider knowledge, memin' and dreamin' in Delululand and possible future dating partners. Will Rosalía x "Philharmonie Lëtzebuerg" be happening? What's a gúna? And why do we hate Liechtenstein? LETZ figure it out!#168 Dee mat der musikalescher Offenbarung
Null-sechs-neun!! Babahaft! Hildegard! Berghain! D'Britt an de Ricky si nees do, vläicht sinn et awer och d'Fräulein Knüppelkuh an de Ralph Wiggum – egal wéi ginn et haut nei Geschichte vum Schlësselroman …
Notas del episodio
Null-sechs-neun!! Babahaft! Hildegard! Berghain! D'Britt an de Ricky si nees do, vläicht sinn et awer och d'Fräulein Knüppelkuh an de Ralph Wiggum – egal wéi ginn et haut nei Geschichte vum Schlësselroman ënnert de Lëtzebuerger Podcasts: Mir gi bei d'Metzlersmeedercher, iesse Bulletten am Bus a riichten eng Petanquespist an der Stuff op. D'Mme vu Losch, d'Mme Pieppieppiep an dat klengt Tendinite sinn och mat dobäi, genee esou wéi den éischte Gay-Crush an "Dolce & Gabbana" aus der Filmbranche. Et geet ausserdeem em "Eggnog"-Fans (feat. Toni), eiser aller Buergermeeschter, Ofstëmme mat Riets a Rap-Doku-Pläng mam "Filmfong". Gëtt et en neit "Girls"? Wien disst säin Ex zu Walz-Musik? A wie gëtt hei beim Sport gefilmt? Falls dir genuch Sëtzlieder op den Ouere gutt, gitt dir et elo gewuer.#167 Dee mam grousse "Cactus"-Seenen
Allerhellegen ass schonn eriwwer a Chrëschtdag steet an de Startlächer... dat ass QUÉISI!!!!! Hei gëtt fir d'éischt awer emol nach d'Fréijoer gespuert a sech no vir gedréckt fir eng nei Episod vun ärem …
Notas del episodio
Allerhellegen ass schonn eriwwer a Chrëschtdag steet an de Startlächer... dat ass QUÉISI!!!!! Hei gëtt fir d'éischt awer emol nach d'Fréijoer gespuert a sech no vir gedréckt fir eng nei Episod vun ärem Liblings-Podcast. Et gi Supermarché struggles, "british pettiness", eng Attack vun der Plüschwuerzel a "Shawshank Redemption", mee och "Paus. and friends" mam Luc an onerkannten Halloween-Geschwëster. De Line-up ass haut extra fantastesch, well mat dobäi sinn den Oskar, d'Buergermeeschtesch vun der Welt, de Yannick am Heterosexuellen, Honken vun der ADEM de Michel Sardou (feat. "Escher Musik"). Do bleift just nach ze froen: Wat ass en "Chicken Tachycardien"? Huet "Paus." de "Yungblud"-Concert ausverkaf? A natierlech: Wer stiehlt mir den TEQUILA!?#166 Dee mam Beth Ditto sengem Brownie
Déi least relatable people on earth berichten haut quasi live vum 30-järege Jubiläum vun hirem zweeten Doheem alias "Den Atelier": War den James do? Wee krut op de Fouss getrëppelt? Wéi ass de Backstage? All …
Notas del episodio
Déi least relatable people on earth berichten haut quasi live vum 30-järege Jubiläum vun hirem zweeten Doheem alias "Den Atelier": War den James do? Wee krut op de Fouss getrëppelt? Wéi ass de Backstage? All dat kritt dir an enger mëtternuechtlech-midd-dommer Episod geliwwert. Mee CALN ZHOWN, well et gëtt nach méi: Mir sëtze mam Forrest a mam Lana op der Bänk, schwätzen iwwer spawnende Lipödem, "Mister Bear"-Gossip a Fässer, déi ni zou sinn. An dëser Folg ginn et ausserdeem nach FOMO bei der "Luxlait", Fächeren am Kaffi an dat anert coolt Claire, mee och K-Pop Demon Hunters, e Mäerder bei der Police, eng Männerkleeder-Moudenikon an de sixpackegste Musikvideo vun allen Zäiten.#165 Dee mat der Welttour zu Wickreng
Um Weekend vum Trounwiessel hunn de lëtzebuergesche Serj Tankian an d'Emo-Mrs.Doubtfire net just eng Laachkris mat Houschtufall (Erkältungszäit, dir wësst Bescheed) dobäi, mee och Content Creator-Kloertext, e …
Notas del episodio
Um Weekend vum Trounwiessel hunn de lëtzebuergesche Serj Tankian an d'Emo-Mrs.Doubtfire net just eng Laachkris mat Houschtufall (Erkältungszäit, dir wësst Bescheed) dobäi, mee och Content Creator-Kloertext, e Kollektiv am Kino a Kriisemanagement an der Branche. D'Crème de la crème (an d'Jill) huet sech versammelt, fir tëscht milkafaarwege Kleeder an iwwerwältegendem Botter déi längste Fëmmpaus ever ze maachen. Déi schéinst Krausel vun der Welt, dem Yannick seng aner Schrëftaart, d'Lady Gaia, d'Whitney an d'Mariah, Romeo a Julia am "Ernster" a natierlech och S.A.R. – jiddereen ass op dësem besonnegen Dag mat dobäi. On top: Tourismus am eegene Land, eng Misswahl mam Elsa, e katastrophale Brunch a Stanniol – wou fannt dir dat alles beieneen, wann net an ärem Nummer 1 Business-Podcast?! Dofir lauschtert vive vive vive eran!
Aquí están los 40 episodios más recientes de 245. Los anteriores están en el feed del podcast.
Podcasts similares
Más podcasts de Comedia







¿Es tu podcast?
Confírmalo con una entrada en tu feed: aquí recibes un código, lo añades como podcast:txt en el canal de tu feed y nosotros lo comprobamos. Después tu podcast aparecerá como «verificado» en SoundNode.