
Studio 2
- Episodios
- 4
- Se publica
- cada dos semanas
- Último episodio
- 12 Nov 2026
Sobre el podcast
All zweeten Donneschdeg diskutéieren Invitéen iwwer aktuell Themen aus Politik a Gesellschaft.
Episodios 4
Prisong am Fokus: Plazproblemer, Erausfuerderungen, Perspektiven, 12/11/2026
De Prisong Uerschterhaff ass no just 4 Joer u senge Limitten. Firwat ass den Untersuchungsprisong esou voll?
Tripartite: Tëscht Energieschock a Klimakris, 29/10/2026
D'Regierung huet de Sozialpartner versprach, datt d’Energiehëllefen, déi den 31. Dezember auslafen, "op déi eng oder aner Manéier" verlängert ginn. Et ass kloer, datt déi ablécklech geopolitesch Tensiounen an …
Notas del episodio
D'Regierung huet de Sozialpartner versprach, datt d’Energiehëllefen, déi den 31. Dezember auslafen, "op déi eng oder aner Manéier" verlängert ginn.
Et ass kloer, datt déi ablécklech geopolitesch Tensiounen an d'Kricher am Mëttleren Osten an an der Ukrain sou séier net wäerten op en Enn goen an den Drock op d’Energiepräisser an d'Präisser am Allgemenge bis wäit an d’nächst Joer eran héich wäert bleiwen. D’Regierung steet kloer ënnert dem Androck vun de schreckleche Biller vun den Debordementer a Frankräich an dem Walerfolleg vun der AfD an Däitschland a wëll dat onbedéngt verhënneren. Zu Lëtzebuerg soll dowéinst de soziale Fridde weider grouss geschriwwe ginn.
Mä zu wéi engem Präis? Fir de Statsbudget op där enger Säit, an awer och d'Versuergungssécherheet an natierlech och d'Klima op där anerer Säit.Kënschtlech Intelligenz: Fortschrëtt oder Risiko?, 15/10/2026
Tëscht grousse Chancen a Risiken, déi sech schwéier viraussoe loossen: Wéi eng Zukunft erwaart eis mat der KI?
PISA: Wéi komme mer endlech aus der Datz?, 01/10/2026
PISA soll net séier laanschtzéien, mä zum Diskussiounsthema ginn, sot den Educatiounsminister Claude Meisch bei der Presentatioun vun den neiste PISA-Resultater D'Zuelen aus der leschter PISA-Etude mussen engem …
Notas del episodio
PISA soll net séier laanschtzéien, mä zum Diskussiounsthema ginn, sot den Educatiounsminister Claude Meisch bei der Presentatioun vun den neiste PISA-Resultater
D'Zuelen aus der leschter PISA-Etude mussen engem schonn ze denke ginn, wa bal 40% am Liesen an an der Mathé mol net den niddregsten Niveau erreechen. Firwat kritt de Lëtzebuerger Schoulsystem ëmmer rëm eng Datz am internationale Verglach? Et ass jo net, datt déi lescht Joren näischt geännert hätt. Wat muss elo nieft dem méi strikten Handyverbuet lo kommen? Och fir endlech de sozialen Ongläichheeten bäizekommen. Doriwwer wëlle mer mam Educatiounsminister a Vertrieder vun der ganzer Lycéescommunautéit schwätzen.
Podcasts similares
Más podcasts de Cultura y sociedad¿Es tu podcast?
Confírmalo con una entrada en tu feed: aquí recibes un código, lo añades como podcast:txt en el canal de tu feed y nosotros lo comprobamos. Después tu podcast aparecerá como «verificado» en SoundNode.



