
Héichbegabung an ADHS (zesumme mam CDA)
Notas del episodio
E Kand ka séier denken an awer Saache vergiessen. Et ka vill Potenzial hunn an trotzdeem am Schoulalldag u seng Grenze kommen. Wat geschitt, wann Héichbegabung an ADHS (Aufmerksamkeitsdefizit- / Hyperaktivitätsstörung) zesummekommen?
An dëser Episod schwätze mir zesumme mam Miriam Hale vum CEJHP an dem Manuelle Schank vum CDA (Centre pour le développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa) doriwwer, wéi sech déi zwee Profiller géigesäiteg maskéiere kënnen, firwat si heiansdo eréischt spéit erkannt ginn, firwat dat immens komplex ass a wéi mir Kanner mat dësem Profil an der Schoul besser ënnerstëtze kënnen.
Mir deele konkret Iddien an Adaptatioune fir de Klassesall – mam Zil, d’Bedierfnesser vum eenzele Kand ze erkennen a säi Wuelbefannen an de Mëttelpunkt ze stellen.
Méi Informatiounen an Iddie fir d'Klass:
- Héichbegabung: cc-cejhp.lu
- ADHS: tdah.lu an cc-cda.lu