
#14 Dem Ken säi Kalzong an de perfekten Dag
Notes de l’épisode
Wat ass méi deeeier de Playmobil oder LEGO? Firwat ass dem Ken säi Kalzong iwwerhaapt en Thema? Mir klären déi wierklech wichteg Froen am Liewe mee mir ginn och e bësse méi déif: Firwat setzt keen sech méi richteg fir deen aneren an? Ass fir d’Carole an de Restaurant goen en absolutten No-Go? A wat dierf op kee Fall feelen um Marylène sengem perfekte fräien Dag? Vill Froen, e puer ganz wichteg Äntwerten an natierlech och nees genuch gelaber.