Aller au contenu
FJD presents: Business Bistro

FJD presents: Business Bistro

NouveauFJD Business Bistro S3#9 - Gérard Thein11 octobre 2026 · 1 h 5 min
Épisodes
30
Parution
mensuelle
Dernier épisode
11 Oct 2026

À propos du podcast

D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.

Épisodes 30

  1. FJD Business Bistro S3#9 - Gérard Thein

    1 h 5 min

    FJD Business Bistro - Zesummen mam Gérard Thein Gérard Thein An dëser - vläicht leschter Episod vum FJD Business Bistro hu mir keen anere wéi den nach President vun der FJD am Studio: De Gérard Thein. Hien ass …

  2. FJD Business Bistro S3#8 - Xin Yuan

    1 h 35 min

    FJD Business Bistro - Zesummen mam Xin Yuan Xin Yuan Hannert d’Kulisse vun Amazon Lëtzebuerg Dëse Mount gëtt et ganz international beim FJD Business Bistro. Mir sinn immens frou d’Xin Yuan ob Besuch ze hunn …

  3. S3#7 - Maxim Straus

    1 h 34 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Maxim Straus Maxim Straus Straus oder Strauss – that’s the question. Mir fänken dësen FJD Business Bistro mat der grousser Fro u firwat de Georges esou midd ausgesäit. Wann …

  4. S3#6 - Caroline Mart

    1 h 31 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Caroline Mart Caroline Mart Wat huet Jurassic Parc mat FJD ze dinn? An dëser Episod vum FJD Business Bistro hu mir déi grouss Chance d’Grande Dame oder wéi si sech och mol …

  5. S3#5 - Alexa Ballmann

    1 h 27 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Alexa Ballmann Alexa Ballmann Vum Manzilian bis zum Mindestloun – d’Kinnigin vun der Schéinheet zu Lëtzebuerg bei eis um Dësch. Dir wollt schonn ëmmer wëssen, wat e Manzilian …

  6. S3#4 - Joé Schmit & Steve Vermeer

    1 h 13 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Joé Schmit & Steve Vermeer Steve Vermeer & Joé Schmit Immobilien zu Lëtzebuerg —Vum Goldrausch zur Kaffispaus? Dir erënnert iech nach un déi Zäiten, wou all Gaarde-Schapp zu …

  7. S3#3 - Chris Haentges

    1 h 25 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Chris Haentges Episod 4 vum FJD Business Bistro zesumme mam Chris Haentges vum Asport an Omonia. Des Episod huet d’Carole an de Georges richteg un d’schweesse bruecht. Si …

  8. S3#2 - Laurent Loschetter

    1 h 33 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Laurent Loschetter D’Saison 3 vum FJD Business Bistro gëtt ënnerstëtzt vun der FJD hiren 3 Gold-Partner: Arnold Kontz Group, Félix Giorgetti a Goeres Horlogerie. D’ Saison 3 …

  9. S3#1 - Benji Kontz

    1 h 20 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Benji Kontz Fir d'Saison 3 gëtt dëse Podcast ënnerstëtzt vun der FJD hiren 3 Gold-Partner: Arnold Kontz Group, Félix Giorgetti a Goeres Horlogerie. Endlech si mer zeréck mat …

  10. S2#9 - Catherine Wurth

    1 h 7 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Catherine Wurth Déi lescht Episode vun der Saison 2 fir den FJD Business Bistrot Podcast. Eng lescht Episode am Kader vum Thema “Navigating Extremes”. Des Kéier geet et em …

  11. S2#8 - Claude Wagner

    1 h 38 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Claude Wagner D’Summerpaus ass eriwwer a mir sinn zeréck. Des Kéier mam “archétype du multi-entrepreneur” – dem Claude Wagner. Ir et bei de Claude geet, geet et beim Georges …

  12. S2#7 - Luc Frieden

    1 h 19 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Luc Frieden Déi lescht Episode virun der Mini-Summer Paus an des huet et natierlech a sech. Mir schwätze mat kengem anere wéi mam wichtegste Mann vu Lëtzebuerg – eisem …

    Notes de l’épisode
    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Luc Frieden

    Déi lescht Episode virun der Mini-Summer Paus an des huet et natierlech a sech. Mir schwätze mat kengem anere wéi mam wichtegste Mann vu Lëtzebuerg – eisem Premier Minister Luc Frieden. De Georges an d’Carole goufen ob d’Place Clairefontaine invitéiert wou si mam Mann vun der Natioun iwwer d’Aktualitéit schwätzen: Pensioune, Depense, Spuermesure, Lëtzebuerg am international Kontext an d’Zukunft vun der Politik. Natierlech hu mir et eis awer och net huele gelooss fir bësse mei locker Themen unzeschwätzen a wann dir wësse wëllt wat dem M. Frieden seng kleng Caprice sinn, wei eng kleng Saachen hie frou maachen oder ween hien an eng Rees an de Weltall mathuele géing, da lauschtert eran.

    Am Intro Deel – schwätzen de Georges an d’Carole des Kéier net iwwer Statistike mee iwwer Iechternach, wei een ee Kaweechelchen ob Iechternachech nennt an iwwert hir Lecture vum Summer. Vill Spaass a schéine Summer iech all.

    **Book Tip 1: **Jonathan Haidt - The anxious generation (Generation Angst) https://www.ernster.com/en/detail/ISBN-9781802063271/Haidt-Jonathan/The-Anxious-Generation

    **Book Tip 2: **Olson Parmy - Supremacy https://www.ernster.com/en/detail/ISBN-9781035038244/Olson-Parmy/Supremacy?bpmctrl=bpmrownr.1%7Cforeign.245423-1-0-0

    **Book Tip 3: **David Robert Grimes - The irrational Ape

  13. S2#6 - Anne Kaiffer

    1 h 9 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Anne Kaiffer 1 Carnivore, 1 Metzler an 1 Vegetarier an engem Raum ob engem Méinde Moien – dat kann nëmmen interessant ginn. An dat ass et och. De Georges an d’Carole …

    Notes de l’épisode
    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Anne Kaiffer

    1 Carnivore, 1 Metzler an 1 Vegetarier an engem Raum ob engem Méinde Moien – dat kann nëmmen interessant ginn. An dat ass et och. De Georges an d’Carole lancéieren den Episod an deem's si iwwert dem Georges seng Rees ob Istanbul schwätzen, d’Türkei, d’Business Mentalitéit, der Türkei hire gréisste Start Up Succès an natierlech och iwwer Kebab an Döner. Dëst als smoothen Iwwergang zu hirem Gaascht : dem Anne Kaiffer: Metzlermeeschtesch (déi eenzeg aus dem Land), Patronne vu Boucherie Kaiffer – engem Familljebetrib a 4ter Generatioun – Mamm, Jeeër, Presidentin vun der Liewensmëttel Federatioun an och nach politesch aktiv an der Stater Gemeng. Eng absolut Powerfra also. Mir schwätzen iwwert de Fleeschkonsum zu Lëtzebuerg, d’Kafverhale vun de Léit, firwat d’Léit mei Wëllschwäi Carpaccio iesse sollen an awer och firwat mir d’Staat rëm mei gréng maache solle. Ganz spannend Episod- lauschtert eran.

  14. S2#5 - Carole Muller

    1 h 13 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Carole Muller 2 Carole an engem Studio – daat kann nemmen gutt gin. Mir sin ganz frou fir d’Carole Muller och nach bekannt als “la personnalité économique la plus influente …

    Notes de l’épisode
    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Carole Muller

    2 Carole an engem Studio – daat kann nemmen gutt gin. Mir sin ganz frou fir d’Carole Muller och nach bekannt als “la personnalité économique la plus influente de l’année” bei eis am Studio ze begréissen an schwätzen mat him iwwert de Retail zu Lëtzebuerg, de Discours iwwert d’Öffnungszäiten oder awer och nach iwwer seng verschidden Kaapen. D’Carole ass nämlech net just CEO vun Fischer an Présidentin vun der Luxembourg Confederation, hatt ass och nach a verschidden Conseils an Mamm vun 2 Kanner. Mee och ob d’Fro ob daat als Fra mei oder manner Schwéier ass oder war, gin mer an an brengen den Georges a bessen un d’Rudderen. Wei dem Carole seng politesch Aspiratioune sin, wei hatt zu Trends wei Dubaï Chocolate steet an ob hatt sech eng Kéier als Poopst gesait, hun mir natierlech och geschwat.

    Am Intro schwätzen den Georges an d’Carole iwwert d’Wahl vum nächste Poopst, d’Chance fir Lëtzebuerg an gin awer och ob e puer Zuelen aus dem Luxembourg Retail Report an. Lauschtert eran.

  15. S2#4 - Jean-Paul Olinger

    1 h 9 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Jean-Paul Olinger Alles wat dir schonn ëmmer iwwert är Steiererklärung wësse wollt a villes méi… dorëm geet et an der neier Episode vum FJD Business Bistrot. Leider ass den …

    Notes de l’épisode
    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Jean-Paul Olinger

    Alles wat dir schonn ëmmer iwwert är Steiererklärung wësse wollt a villes méi… dorëm geet et an der neier Episode vum FJD Business Bistrot. Leider ass den Intro an Outro wéinst technesche Problemer net opgeholl ginn dohier muss dir des Kéier ob déi normal Statistiken, Gossip an dem Carole seng Meenung zum Katy Perry sengem Weltall Ausfluch verzichten. Mee keng Angscht - d'Haaptepisod huet et och a sech. D'Carole an de Georges hunn de Jean-Paul Olinger op Besuch an zesumme schwätzen si iwwer dem Jean-Paul säi Challenge fir d'Lëtzebuerger Steierverwaltung bis 2028 ze digitaliséieren. Mir gi gewuer firwat een sou ee Challenge unhellt a wei een dat ugeet. Et geet awer och iwwer Kultur an dëser Episod a mir gi gewuer wéini d'Steierverwaltung hir éischte BeachParty "AED Plage" organiséiert. Wann dir dann och nach wësse wëllt wéini de Georges an d'Carole dann normalerweis hir Steiererklärungen era ginn - da lauschter eran.

  16. S2#3 - Fernand Ernster, Annick Ernster Jaaques & Paul Ernster

    1 h 35 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Fernand Ernster, Annick Ernster Jaaques & Paul Ernster Déi 3t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. An eng Premiere: 3 Léit aus enger Famill an enger Episod. Mir hun net …

    Notes de l’épisode
    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Fernand Ernster, Annick Ernster Jaaques & Paul Ernster

    Déi 3t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. An eng Premiere: 3 Léit aus enger Famill an enger Episod. Mir hun net 1, net 2 mee ganzer 3 Persounen aus der bekanntester Bicherfamill vu Lëtzebuerg zu Besuch: De Fernand Ernster, d'Annick Ernster-Jaaques an de Paul Ernster. Eng Famill wéi keng aaner déi et fäerdeg bruecht huet elo schon an der 5ter Generatioun de Maart vum Buch, Papeterie, Editioun souwei och Kanner Spillsaachen emmer rem nei ze erfannen. Een Marché deen et a sech huet an wou et u Konkurrenz vun allen Saïten net feelt. Mir kucken mat hinnen driwwer wei alles ugefaang huet, wou si elo stin an wou et higeet.

    Ir dei grouss Nimm aus der Lëtzerbuerger Bicherszene an den Studop kommen schwätzen de Georges an d'Carole awer natierlech och nach iwwer sou wichteg Theme wei de Fréijoersufank zu Steesel, Skivakanze bei der Chiceria, d'Oscars an hir Gewenner a Verléierer souwei och iwwert waat si dann am Moment esou liesen an firwaat. E puer Statistiken zum globalen Bichermaart dierfen natierlech och net feelen.

    Lauschtert eran -- a geneisst.

    Oscar Trailer Anora

    https://www.youtube.com/watch?v=GuPkfvxmtdw

    Dem Georges seng Reading List

    https://www.ernster.com/en/detail/ISBN-9782813216458/Kishimi-Ichiro/Avoir-le-courage-de-ne-pas-etre-aime

    https://www.ernster.com/en/detail/ISBN-9780099511663/Atwood-Margaret/The-Handmaids-Talemen>

  17. S2#2 - Aline Bourscheid & Clovis Degrave

    1 h 7 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Aline Bourscheid & Clovis Degrave Déi 2t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. Och des Kéier schwätze mir rëm iwwer "Business as usual" mee mat zwee ganz atypesche Léit …

    Notes de l’épisode
    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Aline Bourscheid & Clovis Degrave

    Déi 2t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. Och des Kéier schwätze mir rëm iwwer "Business as usual" mee mat zwee ganz atypesche Léit: dem Aline Bourscheid an dem Clovis Degrave - the rising stars vun der Lëtzebuerger Gastronomie's Szene. De Georges an d'Carole froen si alles vun doriwwer wei déi 2 sech kennegeléiert hunn, wat si moies opstoe léisst bis zu wéi eng nei Projete vläicht scho rëm am gaange sinn…. An natierlech probéiert de Georges och eng fix Plaz am Chef's Table fir sech ze kréien…

    Am Ufanks Catch up schwätzen de Georges an d'Carole iwwer d'Gastronomie's Branche - Trends a Challenge mee awer och iwwer sou wichteg Saache wei dem David Beckham seng nei Reklamm fir Boss, déi bewierkt dass de Phil Collins abeemol rëm iwwerall gelauschtert gëtt an duerch déi vill aner 49- järeg Männer hire bis dato akzeptéierte "Dad Bod" a Fro stelle musse.

    Lauschtert eran - a loosst Iech inspiréieren.

    Restaurants vum Aline & Clovis

    https://maisonb.lu

    https://hdg.lu

    https://gct.lu

    David Beckham for Boss

    https://www.youtube.com/watch?v=w7JwgJw36_Y

    https://www.instagram.com/reel/DFe04-8osrN/?igsh=MTN6d3JwOG80eHp1bQ%3D%3D

    https://www.theguardian.com/lifeandstyle/2025/jan/30/david-beckham-is-modelling-in-his-pants-again-will-he-not-think-of-his-fellow-middle-aged-men

  18. S2#1 - Launch Season 2 - Extremes

    1 h 5 min

    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Stéphanie Damgé, der neier Präsidentin vun der FJD. Et huet e bësse gedauert mee elo geet et endlech weider: déi éischt Episode vun der Saison 2 vum FJD Business Bistro - De …

    Notes de l’épisode
    FJD Business Bistrot - Zesummen mam Stéphanie Damgé, der neier Präsidentin vun der FJD.

    Et huet e bësse gedauert mee elo geet et endlech weider: déi éischt Episode vun der Saison 2 vum FJD Business Bistro - De Podcast vun der FJD wou de Georges an d'Carole all Mount mat engem oder mei Gäscht iwwer "Business as usual" hei zu Lëtzebuerg bleiwen. Fir de Launch vun der 2ter Saison hunn si keen anert wéi d'Präsidentin vun der FJD - d'Stéphanie Damgé - an de Studio ob Steesel invitéiert. Zesumme mam Stéphanie schwätzen si iwwert d'FJD Thema vum Joer "Extremes" an a wéi enge Beräicher d'Entreprise zu Lëtzebuerg dëst am Moment iwwerall spieren. D'Stéphanie zielt ausserdeem e bëssen iwwert säin professionelle Parcours, an seng Iddie fir säin FJD Joer.

    Also klenge Special Launch Cadeau hunn de Georges an d'Carole och nach een Interview mam Benedikt Böhm gemaach - dem interessanten an extreme Keynote Speaker vun der FJD AG.

    Lauschtert eran - a maacht Iech mat eis ob de Wee an eng erfollegräich Season 2.

    Benedikt Böhm: https://www.benediktboehm.de https://www.youtube.com/watch?v=j1PDWqwFCuU https://www.instagram.com/benediktboehm/?hl=en https://open.spotify.com/episode/1hmslBTFrCXy6E8QSd6GxV?si=0095cbbf85f34983

    Georges seng Christmas Playlist: https://open.spotify.com/playlist/37i9dQZF1DX7pYJHz6u9GC?si=deae4819811e419f

  19. #11 - Special: AI - Kënschtlech Intelligenz

    46 min

    FJD Special Edition - Zesummen mat de GDT 2023-2024 schwätze mir iwwer Thema: Kënschtlech Intelligenz An dëser leschter Episod vun der Saison 1 vum FJD Business Bistro Podcast hunn de Georges an d'Carole rëm 2 …

    Notes de l’épisode
    FJD Special Edition - Zesummen mat de GDT 2023-2024 schwätze mir iwwer Thema: Kënschtlech Intelligenz An dëser leschter Episod vun der Saison 1 vum FJD Business Bistro Podcast hunn de Georges an d'Carole rëm 2 Special Guests ob Besuch - de Paul Konsbrück vu LuxConnect an de Patrick Malget vun taxx.lu a salaray.lu. Mat hinne schwätzen si iwwert d'Thema wou momentan keen dolaanscht kennt: d'AI oder Kënschtlech Intelligenz. Et geet em d'Vir-an Nodeeler, AI an der Educatioun an awer och wat dat un Date Volume duerstellt a wei Lëtzebuerg sech kéint als Virreider ob deem Marché établéieren. Am Comptoirsgespréich schwätzen d'Carole an de Georges iwwert de Skoda Tour du Luxembourg an iwwert dem Carole seng Bilanz vu sengem Joer als FJD Presidentin 2023-2024. Lauschtert eran - et ass wei ëmmer der Wäert.
  20. #10 - Special: Ekonomesch Instabilitéit & Neo-Ökologie

    1 h 1 min

    FJD Special Edition - Zesummen mat de GDT 2023-2024 schwätze mir iwwer Themen: Ekonomesch Instabilitéit + Neo-Ökologie. Déi éischt vun 2 Special Edition Shows vum FJD Business Bistro. Der FJD hiert Joer stoung …

    Notes de l’épisode
    FJD Special Edition - Zesummen mat de GDT 2023-2024 schwätze mir iwwer Themen: Ekonomesch Instabilitéit + Neo-Ökologie. Déi éischt vun 2 Special Edition Shows vum FJD Business Bistro. Der FJD hiert Joer stoung dëst Joer ganz ënnert dem Thema “Transformatioun”. Déi nei Memberen hunn als Tâche kritt sech zu verschiddenen Themen déi am Moment Transformatioun dreiwen, méi ze informéieren an ze kucke wei des Drivers Lëtzebuerg a besonnesch eisen Ecosystem an eis Betriber an Entreprise affectéieren. An dëser éischter “Special” Episod schwätze mir zesumme mam Michel Weckering deen eis méi zum Thema Ekonomesch Instabilitéit erzielt an dem Dean Kauffmann an Norman Adler déi eis hiert Wëssen zum ganz vasten Thema Neo-Ökologie ze vermëttele probéieren.
  21. #9 - Georges Zahlen (Axiomatic)

    1 h 14 min

    Episod 9 vum FJD Business Bistro - zesumme mam Georges Zahlen vun Aximotic. Am Comptoirsgespréich geet et des Kéier beim Georges a Carole em d’Olympesch Spiller an hir Vakanzen Destinatioune. E puer Zuele a …

    Notes de l’épisode
    Episod 9 vum FJD Business Bistro - zesumme mam Georges Zahlen vun Aximotic. Am Comptoirsgespréich geet et des Kéier beim Georges a Carole em d’Olympesch Spiller an hir Vakanzen Destinatioune. E puer Zuele a Statistiken sin natierlech och rem dobei. Am Deep Dive geet et mam CEO a Matgrënner vun Axiomatic, dem Georges Zahlen, iwwert den Tissue économique vu Lëtzebuerg, d’Périnnitéit vun de Lëtzebuerg Betriber an och iwwert déi grouss Défise an Opportunitéiten déi an den nächste Joer ob eis duerkomme wäerten. Desweidere gitt der gewuer wei lukrativ ee Business ronderëm Dreckskëschte ka sinn. Et lount sech also wéi ëmmer fir eran ze lauschteren – Prost ob de FJD Business Bistro.
  22. #8 - Mike Koedinger (Maison Moderne)

    1 h 12 min

    An der Episod 8 vum FJD Business Bistro geet et em d'Mediewelt an dest mat dem Mediemogul https://www.nexus2050.com https://paperjam.lu

  23. #7 - Laurent Schonckert (Cactus)

    1 h 13 min

    An der Episod 6 geet et ëm dem Lëtzebuerger seng Love Brand par excellence : de Cactus. Edeka Xmas Spot: https://www.youtube.com/watch?v=V6-0kYhqoRo

  24. #6 - Marc Thein (Socom)

    1 h 9 min

    Den FJD Business Bistro schléit et des Kéier an den déiwe Süden - an zwar ob Féiz bei de Marc Thein - Direkter a President vum Conseil vun der Socom. Am Deep Dive schwätzen de Georges an d’Carole zesumme mam …

    Notes de l’épisode
    Den FJD Business Bistro schléit et des Kéier an den déiwe Süden - an zwar ob Féiz bei de Marc Thein - Direkter a President vum Conseil vun der Socom. Am Deep Dive schwätzen de Georges an d’Carole zesumme mam Marc iwwert seng Aventuren an der éischter Lëtzebuerger Photovoltaik-Produktiounsfirma, doriwwer wei een op d’Iddi kënnt sech mat esou eppes als Konkurrenz zu den asiatesche Produiten ze lancéieren, mä och iwwert dem Marc seng vill Hobbyen a Passiounen déi vu Sport, iwwert kachen an engem eegene Wäibuttek alles couvréieren. Virdru gëtt et e Comptoirsgespréich an d’Statistike vum Energieverbrauch beim Normalnotzer, sou wéi déi eng oder aner, méi oder manner interessant Lavomat-Experienze vum Georges oder Carole. Lauschtert eran a genéisst!
  25. #5 - Betty Fontaine (Brasserie Simon) & Carole Bentz (Domaine Claude Bentz)

    1 h 1 min

    Comptoirsgespréich mat 2 Frae vum Fach - Carole Bentz a Betty Fontaine - an e Bléck op dem Lëtzebuerger seng wäertvollst Vakanz: d’Schivakanz An der 5ter Episod vum FJD Business Bistro schwätzen de Georges an …

    Notes de l’épisode
    Comptoirsgespréich mat 2 Frae vum Fach - Carole Bentz a Betty Fontaine - an e Bléck op dem Lëtzebuerger seng wäertvollst Vakanz: d’Schivakanz An der 5ter Episod vum FJD Business Bistro schwätzen de Georges an d’Carole iwwert d’Zukunft vum Schisport a ginn e puer interessant Zuelen zum Alkoholkonsum an Europa. Am Deep Dive waren d’Betty Fontaine vun der Brasserie Simon an d’Carole Bentz vum Domaine Viticole Claude Bentz op Besuch. Vun der Zukunft vum Béier, respektiv Wäin a Cremant, iwwert d’Opportunitéiten am Alkoholbusiness, der Positioun vu Lëtzebuerg, bis zur Thematik vu Fraen an engem dach mei traditionelle Männerdomaine war alles dobäi - en absolutte Must fir eranzelauschteren. Am Beschte mat engem Béier oder enger Kippchen am Grapp.
  26. #4 - Misch Strotz (Neon Internet)

    51 min

    Comptoirsgespréich duerch d’Lëns vum neien Apple Vision Pro an AI Deep Dive zesumme mam Misch Strotz. An der 4ter Episod vum FJD Business Bistro schwätzen de Georges an d’Carole iwwert hir Fues-Experienzen an …

    Notes de l’épisode
    Comptoirsgespréich duerch d’Lëns vum neien Apple Vision Pro an AI Deep Dive zesumme mam Misch Strotz. An der 4ter Episod vum FJD Business Bistro schwätzen de Georges an d’Carole iwwert hir Fues-Experienzen an den neien Apple Vision Pro Brëll. Am Deep Dive war de Misch Stroz vun Neon Internet op Besuch. Zesumme mat him schwätzen eis 2 Hosts iwwert d’Opportunitéiten , d’Challengen an d’Zukunft vun a mat der kënschtlecher Intelligenz. Lauschtert eran.
  27. #3 - Patrick Hoffmann (Floreal) & Philippe Wagener (Philippe Loschetter)

    56 min

    E Comptoirsgespréich iwwert een Affekot deen zum Lego Artist a Sammler gëtt an een Deep Dive iwwert Karriärswiesselen. An der 3ter Episode vum Business Bistro schwätzen de Georges Krombach an d’Carole Retter …

    Notes de l’épisode
    E Comptoirsgespréich iwwert een Affekot deen zum Lego Artist a Sammler gëtt an een Deep Dive iwwert Karriärswiesselen. An der 3ter Episode vum Business Bistro schwätzen de Georges Krombach an d’Carole Retter iwwert hiere Joreswiessel an treffen am Deep Dive ob de Philippe Wagener an de Patrick Hoffmann. 2 Business Männer déi allen 2 hire gréngen Daum entdeckt hunn an dëst elo als Haaptkarriär verfollegen. Desweideren zielt de Georges e bëssen iwwert d’FJD Theaterstéck - De Knéckjang - eng absolut Première zu Lëtzebuerg.
  28. #2 - François Mousel (Managing Partner PwC)

    59 min

    Gen Z Comptoirsgespréich an Deep Dive op der Cloche d'Or An der 2. Episod vum Business Bistro mécht d’Carole e klenge Recap vu senger Aventure um Chrëschtmaart an de Georges vun engem Staminee mat der GenZ …

    Notes de l’épisode
    Gen Z Comptoirsgespréich an Deep Dive op der Cloche d'Or An der 2. Episod vum Business Bistro mécht d’Carole e klenge Recap vu senger Aventure um Chrëschtmaart an de Georges vun engem Staminee mat der GenZ. Ausserdeem waren déi 2 op e Business Deep Dive bei de Managing Partner vun PwC, François Mousel, fir säin interessante Wee dohinner ze beliichten a mat him iwwert d’Challenges an d’Opportunitéiten am Recrutement an vun der AI ze schwätzen.
  29. #1 - Marc Lauer (CEO Foyer Group)

    54 min

    Gossip vun der Luxembourg Art Week & Deep Dive zu Leideléng An dëser éischter Episod treffen d'Carole an de Georges de Marc Lauer, CEO vum Foyer Group, op e Business Deep Dive an de Georges vu senger Aventure …

    Notes de l’épisode
    Gossip vun der Luxembourg Art Week & Deep Dive zu Leideléng An dëser éischter Episod treffen d'Carole an de Georges de Marc Lauer, CEO vum Foyer Group, op e Business Deep Dive an de Georges vu senger Aventure op der Luxembourg Art Week. A lass, mam éischte Business Bistro!
  30. #0 - Trailer

    2 min

    Business Bistro - De Podcast vun der FJD D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun …

    Notes de l’épisode
    Business Bistro - De Podcast vun der FJD D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.
C’est votre podcast ?

Confirmez-le avec une entrée dans votre flux : vous recevez ici un code, vous l’ajoutez comme podcast:txt dans le canal de votre flux, et nous le vérifions. Votre podcast apparaît ensuite comme « vérifié » sur SoundNode.

Paramètres

Affichage

Langue

Détermine les stations affichées en premier sur la page d’accueil.

Historique

Les stations et épisodes écoutés récemment et tes dernières recherches sont seulement enregistrés dans ce navigateur.

Notifications

Un court message quand un podcast que tu suis publie un nouvel épisode. Désactive un podcast précis avec la cloche sur sa page.

Compte

Enregistrez vos favoris – dans l’app et sur le site.

Raccourcis clavier

/
Ouvrir la recherche
Espace
Lecture ou pause
← →
Dans le lecteur : 15 s en arrière, 30 s en avant (épisodes) · dans une rangée : tuile suivante
↑ ↓
Dans une rangée : cible dans la tuile
Début / Fin
Dans une rangée : première ou dernière tuile
Esc
Fermer la fenêtre ou le menu
?
Cet aperçu
En cours de lecture

Voir la station

À suivre

    Ajoutez des épisodes avec « À suivre » – ils seront lus après l'épisode en cours.