
Maja! Majo! A wien hätt dat geduecht?
Notes de l’épisode
Se gi vill gebraucht, mee keen denkt bewosst iwwer hir Bedeitung no. Gemengt sinn hei déi kleng Wierder „maja“ a „majo“, déi an allméigleche Situatiounen opdauchen a ganz ënnerschiddlech Emotioune kënnen ausdrécken. Wéi eng dat sinn, erkläert d’Josiane Boever vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch.