
D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026
Shownotes
Hëtztwell am Mee: Och zu Lëtzebuerg aussergewéinlech waarm A sämtlechen europäesche Länner goufen Temperaturrekorder fir de Mount Mee gebrach, zum Beispill a Frankräich an a Groussbritannien. Och zu Lëtzebuerg war et aussergewéinlech waarm fir e Mount Mee, mat Temperaturen iwwer 30 Grad. De staatleche Wiederdéngscht MeteoLux hat dowéinst fir e puer Deeg hannerteneen eng giel Warnung wéinst Hëtzt erausginn. Dat ass déi niddregst vun den dräi Warnstufen. …