Zum Inhalt springen
Gamer Things

Gamer Things

NeuEpisod 134 - EA, Call of Duty, GTA: Gaming-Welt am Gespréich04.11.2026 · 1 Std. 21 Min.
Folgen
134
Erscheint
alle zwei Wochen
Letzte Folge
4. Nov. 2026

Über den Podcast

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

Folgen 134

  1. Episod 134 - EA, Call of Duty, GTA: Gaming-Welt am Gespréich

    1 Std. 21 Min.

    An dëser Episod vu Gamer Things stinn nees vill Diskussiounen um Programm! D'Jonge schwätzen iwwert d’News ronderëm EA, Bethesda a firwat Call of Duty aktuell fir Kontroverse suergt. Vill Theemen zu deene si …

  2. Episod 133 - Star Wars: Galactic Racer oder DLSS-5? Why not both?!

    1 Std. 15 Min.

    D'Jonge vu Gamer Things erfuersche Galactic Racer. Een hyperséiert, actionverpaakten, süchtegmaachend, adrenalinkickend, hecktegt a stressegt Star Wars Racing-Spill mat allem wat engem Rennspill- a Star …

  3. Episod 132 - GTA 6 News a STAR WARS Galactic Racer ass peak?

    1 Std. 16 Min.

    Et gi weider News zum Summer Blockbuster GTA 6, Star Wars: Galactic Racer ass schonn dat zweet gutt Star Wars-Spill hannerteneen, a WoW 4eva ass den Dram vun alle Gamer iwwer 30. Ass dat wierklech alles esou? …

  4. Episod 131 - Blizzcon 2026 weist wéi et geet! Do kann Nintendo just staunen

    1 Std. 4 Min.

    D'Jungs kënne just schwäermen iwwert wéi d'Blizzcon dëst Joer einfach de Leit d'Strëmp ausgedoen huet matt enger gudder Noriicht no der anerer. WoW Forever, Diablo 3, Starcraft FPS an Warcraft 3 DLC. Do staunen …

  5. Episod 130 - GAMESCOOOM a GTAAA

    1 Std. 18 Min.

    De Mike war op der Gamescom an huet vun do ganz vill Infos an Andréck matbruecht. Ausserdem ass et souwäit, mir liewe lo an enger Welt déi GTA 6 Gameplay gesin huet. Wat eis Nerds dozou soen an nach villes méi …

  6. Episod 129 - Vum Summerlach bis GTA 6

    1 Std. 15 Min.

    D’Hëtzt dréckt, d’PCe blosen an de Gaming-Kalenner fëllt sech: mir kucken, wat eis an de nächste Méint nach alles erwaart. Vun Blood of the Dawnwalker, Onimusha a Silent Hill: Townfall iwwer Marvel’s Wolverine …

  7. Episod 128 - Netflix Preview fir 6 Stonnen

    1 Std. 10 Min.

    Am Summerlach koum dach trotzdeem nach eng ganz ënnerhalsam News zum groussen Titel GTA6: nämlech, dass Netflix ee ganz gudden Deal gemaach huet a sechs Stonne laang ee Virrecht op de Contenu huet dee Rockstar …

  8. Episod 127 - Assassin's Creed Black Flag a lauter RED FLAGS

    1 Std. 4 Min.

    No e bësse Gepotert iwwert Assassins' Creed Black Flag a Resident Evil, maachen d'Jonge vu Gamer Things sech Gedanken iwwert d'Zukunft an de Fait, dass an noer Zukunft keng physesch Kopië vu Spiller méi an de …

  9. Episod 126 - GTA, Steam Machine a Memberships

    1 Std. 5 Min.

    Et geet deier hier an der Industrie! Egal ob et 1.000 Euro fir eng Steam Machine sinn oder 100 Euro fir GTA6, ee GTA Premium Membership fir Multiplayer oder den normalen Online Abo. Also ëmmer fläisseg Suen an …

  10. Episod 125 - NEE3 SEASON ASS DOOO

    1 Std. 18 Min.

    Wat fréier E3 geheescht huet, ass haut op lauter verschidde Präsentatiounen opgedeelt: Sony State of Play, Summer Games Fest, Xbox Showcase an Nintendo Treehouse. Mir hunn eis dës all ugekuckt a schnëssen iwwer …

  11. Episod 124 - JAMES BOND: First Light a PARALIVES

    1 Std. 8 Min.

    Ass Modern Warfare eng nei Luucht um Enn vum Tunnel vun onbeléifte Call of Doodies? Kann ee jonken James Bond d'Fans iwwerzeegen, dass et och emol anescht goe kann? Wéi ass et een James Bond-Film ze …

  12. Episod 123 - UFOS! Ah jo a Saros a Forza Horizon 6

    1 Std. 13 Min.

    Ongescript, onzenséiert an ongeplangt! D'Jonge vu Gamer Things schwätzen an der neitster Episod iwwer Ufoen. Iergendwann hunn si sech awer erëm drun erënnert wéi de Podcast eigentlech heescht an et gouf nees op …

  13. Episod 122 - SAROS ass do an AC BLACK FLAG kënnt zeréck!

    1 Std. 6 Min.

    Saros ou Saros pas? De Rahul Kohli Simulator vun Housemarque ass endlech do an de Marc huet villäicht spicy Take zum Spill? Mir freeën eis all iwwert d'Annonce vun Assassins Creed Black Flag Resynced an dem …

  14. Episod 121 - CRIMSON DESERT a PRAGMATA... mir iesse gutt!

    1 Std. 8 Min.

    De Petz huet fir sech en neit Doheem a Crimson Desert geschaf a wëll do net méi fort. Kuerz huet e säi Wee dann awer bei eis fonnt fir ze schwäermen. Dann ass mat Pragmata och en neie Banger um Marché an de …

  15. Episod 120 - Ass Crimson Desert gutt? Ass DLSS5 een AiSlop?

    1 Std. 9 Min.

    D'Jonge vu Gamer Things hunn dat laang erwaarte Crimson Desert gespillt a rätselen doriwwer, ob et dann esou gutt ass, wéi säi Ruff. Des Weideren hunn si sech d'Froe gestallt, wisou dann ëmmer méi Leit an der …

    Shownotes
    D'Jonge vu Gamer Things hunn dat laang erwaarte Crimson Desert gespillt a rätselen doriwwer, ob et dann esou gutt ass, wéi säi Ruff. Des Weideren hunn si sech d'Froe gestallt, wisou dann ëmmer méi Leit an der Gaming-Industrie endlos ginn an ob DLSS5 dann esou skandaléis ass, wéi jidderee seet. Wat denks du iwwert déi Saachen? A fënns du, dass den Hype ronderëm Crimson Desert berechtegt ass?
  16. Episod 119 - High Guard geet a MIDNIGHT kënnt

    1 Std. 12 Min.

    Komplett onerwaart, wéi aus heiterem Himmel, e reegelrechte Schock... si Sätz, déi een net wierklech mam Enn vun High Guard a Relatioun bréngt. World of Warcraft bréngt do dergéint mat Midnight eng nei …

    Shownotes
    Komplett onerwaart, wéi aus heiterem Himmel, e reegelrechte Schock... si Sätz, déi een net wierklech mam Enn vun High Guard a Relatioun bréngt. World of Warcraft bréngt do dergéint mat Midnight eng nei Erweiderung eraus, Resident Evil 9 schléit a wéieng Bomm a Marathon fënnt méi Uklang wéi erwaart. Vill Spaass a good game wënschen d'Jonge vu Gamer Things mat der neitster Episod.
  17. Episod 118 - PHIL SPENCER, STATE OF SONY a CRIMSON DESERT

    1 Std. 10 Min.

    De Phil Spencer geet an d'Pensioun an d'XBox a Richtung AI-Hell? Sony huet op der éischter Editioun vun hirem State of Play vun 2026 eng Rei Spiller gewisen a fir déi eng an aner Iwwerraschung gesuergt. A mat …

    Shownotes
    De Phil Spencer geet an d'Pensioun an d'XBox a Richtung AI-Hell? Sony huet op der éischter Editioun vun hirem State of Play vun 2026 eng Rei Spiller gewisen a fir déi eng an aner Iwwerraschung gesuergt. A mat Crimson Desert kënnt ganz geschwë vläit schonn de Main Contender fir d'Game of the Year eraus. Dat a villes méi, wéi gewinnt bei eise low-cortisol Gamer vu Gamer Things.
  18. Episod 117 - Ze vill Haass an der Gaming Welt

    1 Std. 20 Min.

    An dëser Episod geet et ëm de Schluss vun Ashes of Creation a wéi World of Warcraft weider um MMO-Troun sëtzt. Dann huet dat neit Spill Highguard nach fir Schlagzeile gesuergt a wat mécht AI elo nach alles an …

    Shownotes
    An dëser Episod geet et ëm de Schluss vun Ashes of Creation a wéi World of Warcraft weider um MMO-Troun sëtzt. Dann huet dat neit Spill Highguard nach fir Schlagzeile gesuergt a wat mécht AI elo nach alles an der Filmindustrie? Dat a villes Méi wéi gewinnt mat eise Jongen aus der Gaming-Zeen an der neier Episod vu Gamer Things.
  19. Episod 116 - FABLE kënnt an ARC RAIDERS geet?

    1 Std. 6 Min.

    Mir hunn eis d'XBOX Developer Direct vum Januar ugekuckt an u sech waren et mat FABLE, Forza Horizon 6, Beast of Reincarnation a KILN lauter Banger. De Marc huet awer mat enger schwéierer Trennung mat ARC …

    Shownotes
    Mir hunn eis d'XBOX Developer Direct vum Januar ugekuckt an u sech waren et mat FABLE, Forza Horizon 6, Beast of Reincarnation a KILN lauter Banger. De Marc huet awer mat enger schwéierer Trennung mat ARC RAIDERS ze kämpfen. Wat et domat op sech huet an ob hien elo trotzdeem nach offiziell als "Gamer" bezeechent dierft ginn, gëss du an dëser neier Episod vu Gamer Things gewuer. Mee natierlech gëtt et net nëmmen dat, mee et ginn nach vill méi Saachen z'entdecken. HAVE FUN!
  20. Episod 115 - Alles Guddes 2026

    1 Std. 20 Min.

    Dat neit Joer huet ugefaang a well dëst e Podcast mat mëttelale Männer ass, ass aus dem geplangte Preview op 2026 eng Jéimersessioun ginn... genuch gelaacht hu mer trotzdeem erëm an dat eent oder anert d'Spill …

    Shownotes
    Dat neit Joer huet ugefaang a well dëst e Podcast mat mëttelale Männer ass, ass aus dem geplangte Preview op 2026 eng Jéimersessioun ginn... genuch gelaacht hu mer trotzdeem erëm an dat eent oder anert d'Spill ass awer méi genee ënnert d'Lupp geholl ginn.
  21. Episod 114 - De Joresréckbléck 2025: Wat waren d'Highlights

    1 Std. 14 Min.

    2025 ass duerch an et war alles, mee just net langweileg. An dëser Episod vu Gamer Things kucke mir zeréck op d’Gaming-Joer 2025. Dat heescht mir kucken op déi gréissten Highlights, op déi Spiller, déi eis …

    Shownotes
    2025 ass duerch an et war alles, mee just net langweileg. An dëser Episod vu Gamer Things kucke mir zeréck op d’Gaming-Joer 2025. Dat heescht mir kucken op déi gréissten Highlights, op déi Spiller, déi eis komplett zerstéiert hunn an och op déi Titelen, déi eis positiv iwwerrascht hunn. Mir schwätzen iwwer Spiller, déi nei Standarde gesat hunn, iwwer staark Story-Momenter, süchteg Gameplay-Loopen an eng Technik, déi gewisen huet, wéi d’Rees an der Gaming-Welt an Zukunft wäert ausgesinn. Wat war Game of the Year-Material? Wat ass bei eis hänke bliwwen a wat éischter net?
  22. Episod 113 - THE GAME AWARDS 2025 & Réckbléck op 2025

    1 Std. 31 Min.

    D'Game Awards 2025 si laanscht an dat alt Joer geet och gläich op een Enn. D'Jonge vu Gamer Things hunn sech d'Awards genee ugekuckt, mee dat lescht Joer gouf awer och nach eemol genau ënnert d'Lupp geholl. Wéi …

    Shownotes
    D'Game Awards 2025 si laanscht an dat alt Joer geet och gläich op een Enn. D'Jonge vu Gamer Things hunn sech d'Awards genee ugekuckt, mee dat lescht Joer gouf awer och nach eemol genau ënnert d'Lupp geholl. Wéi ëmmer gëtt alles an enger nawell lëschteger Episod analyséiert. Mee wéi hunn deng Favoritten dann iwwerhaapt ofgeschnidden? A wéi huet däi Joer a Punkto Gaming ausgesinn? Schreif de Jonge vu Gamer Things gären ee Message mat denger Meenung an dengem Réckbléck.
  23. Episod 112 - GAME AWARDS SEASON ass eröffnet

    1 Std. 20 Min.

    Den Dezember huet ugefaang a soumat geet de Gaming-Endspurt an d'Startlächer. Mir kucken eis d'Nominatioune fir d'GAME AWARDS un, bedeelegen eis un den neie Gerüchter ronderëm d'Half Life 3 an de Petz huet een …

    Shownotes
    Den Dezember huet ugefaang a soumat geet de Gaming-Endspurt an d'Startlächer. Mir kucken eis d'Nominatioune fir d'GAME AWARDS un, bedeelegen eis un den neie Gerüchter ronderëm d'Half Life 3 an de Petz huet een Deel vu senger Séil verluer, well hien den neien Trailer fir Destiny 2 Renegades gekuckt huet.
  24. Episod 111 - COD: ee Black Flop 7 dofir ARC RAIDERS um Top?

    1 Std. 10 Min.

    Den neie Call of Duty ass endlech do an ass sengen Erwaardungen eigentlech zimmlech gerecht ginn an dat muss net onbedéngt eng gutt Saach sinn. Arc Raiders dogéint schéint anzeschloen, wéi eng Bomm an den …

    Shownotes
    Den neie Call of Duty ass endlech do an ass sengen Erwaardungen eigentlech zimmlech gerecht ginn an dat muss net onbedéngt eng gutt Saach sinn. Arc Raiders dogéint schéint anzeschloen, wéi eng Bomm an den Extraction Genre gëtt doduerch méi an de Mainstream gedréckt. Natierlech hunn d'Jonge vu Gamer Things sech och schonn hannert den neien ANNO 117 Pax Romana gesat. Des Weideren ass de Petz traureg, dass The Outer Worlds 2 net genuch gelueft gëtt. Dat a villes méi gëtt et wéi gewinnt am Podcast Gamer Things.
  25. Episod 110 - AI Spezial 2: Wat gëtt et Neies?

    1 Std. 16 Min.

    Haut gëtt et alt eemol erëm een Update aus der Welt vun der kënschtlecher Intelligenz. Et gëtt spekuléiert, assuméiert a philosophéiert an dat iwwert déi neitsten Updates, déi eis d'AI-Welt esou ze bidden huet …

    Shownotes
    Haut gëtt et alt eemol erëm een Update aus der Welt vun der kënschtlecher Intelligenz. Et gëtt spekuléiert, assuméiert a philosophéiert an dat iwwert déi neitsten Updates, déi eis d'AI-Welt esou ze bidden huet. Ass wierklech alles nëmme gudde Fortschrëtt oder sollte mir méi virsiichteg mat eiser Euphorie ëmgoen? Schwätz roueg mat!
  26. Episod 109 - BATTLEFIELD 6!

    1 Std. 11 Min.

    Back to Battlefield! Nom Release um 10. Oktober kennen d'Jonge vu Gamer Things (bal) nëmmen dovu schwäermen erëm zeréck an e Battlefield ze sprangen, dat sech och sou ufillt wéi ee Battlefield sech ufille soll …

    Shownotes
    Back to Battlefield! Nom Release um 10. Oktober kennen d'Jonge vu Gamer Things (bal) nëmmen dovu schwäermen erëm zeréck an e Battlefield ze sprangen, dat sech och sou ufillt wéi ee Battlefield sech ufille soll. Et gi knackege Sounds, Action am Iwwerfloss an ee risege Choix u Spaass. Mee d'Spill ass nach net ganz a sengem vollem Potential opgebléit! Lauschtert eran a schwätzt mat!
  27. Episod 108 - Moien BF a COD SHOWDOWN an Äddi EA?

    1 Std. 22 Min.

    De grousse Showdown steet bevir an nodeems mëttlerweil dann och COD seng Beta released huet kann ee spekuléiere wien d'Nues vir wäert huet. Dofir huet EA vun elo un hir Nues op anere Plazen an dës Entscheedung …

    Shownotes
    De grousse Showdown steet bevir an nodeems mëttlerweil dann och COD seng Beta released huet kann ee spekuléiere wien d'Nues vir wäert huet. Dofir huet EA vun elo un hir Nues op anere Plazen an dës Entscheedung wäert warscheinlech net dee beschte Geroch bei der Fancommunity hannerloossen. Mat Dësen a ville weideren Theeme beschäftegen sech eis Gamer nees fir dech. GG
  28. Episod 107 - SILKSONG kickt eis asses a BORDERLANDS 4 kickt hir Fans?

    1 Std. 10 Min.

    Elo nodeems mir e bëssen Zäit mat Silksong verbruecht hunn, ginn et zwou grouss Erkenntnisser. Et ass mega gäil... a mega schwéier. Wéi wäit si mir komm an huet schonn een opginn? A propos opginn: Borderlands 4 …

    Shownotes
    Elo nodeems mir e bëssen Zäit mat Silksong verbruecht hunn, ginn et zwou grouss Erkenntnisser. Et ass mega gäil... a mega schwéier. Wéi wäit si mir komm an huet schonn een opginn? A propos opginn: Borderlands 4 ass frësch um Marché, mee wat soen dann d'Kriticken? Dann huet Nintendo och nach eng laang Direct presentéiert, déi mir eis méi genee ënnert d'Lupp geholl hunn. GG a vill Spaass.
  29. Episod 106 - September ass Neijoerschdag!

    1 Std. 9 Min.

    Happy Rentrée, endlech gëtt et ee mol erëm News! Am September gouf endlech de laang erwaarden Titel Silksong vun TEAM CHERRY released. Kann ee säi Virgänger Hollowknight an de Schied stellen? De Remake vu Metal …

    Shownotes
    Happy Rentrée, endlech gëtt et ee mol erëm News! Am September gouf endlech de laang erwaarden Titel Silksong vun TEAM CHERRY released. Kann ee säi Virgänger Hollowknight an de Schied stellen? De Remake vu Metal Gear Solid3 huet de Mike sech natierlech schonn ugekuckt, woubäi kucke wierklech déi richteg Wuertwal ass! D'Updates an den Trailer vum neie James Bond-Game sinn och absolut derwäert an dowéinst schwätzen d'Jonge vu Gamer Things natierlech och dodriwwer. Komm gären däi Pefferkär dobäi leen!
  30. Episod 105 - Gamer Things op der Gamescom: Live aus Köln

    1 Std. 22 Min.

    An dëser Episod vu Gamer Things geet et ëm déi gréisste Gaming-Foire vun Europa: d’Gamescom 2025 zu Köln! Et ass also Zäit fir eng grouss Zesummefaassung 🎮 Zesumme schwätzen d'Jonge vu Gamer Things iwwer déi …

    Shownotes
    An dëser Episod vu Gamer Things geet et ëm déi gréisste Gaming-Foire vun Europa: d’Gamescom 2025 zu Köln! Et ass also Zäit fir eng grouss Zesummefaassung 🎮 Zesumme schwätzen d'Jonge vu Gamer Things iwwer déi spannendst nei Ukënnegungen, hir Highlight-Spiller, d’Stëmmung op der Foire an déi kleng Momenter, déi een nëmme matkritt, wann een op der Plaz ass.

Hier stehen die neuesten 40 von 134 Folgen. Ältere Folgen findest du im Feed des Podcasts.

Ist das dein Podcast?

Bestätige es mit einem Eintrag in deinem Feed: Du bekommst hier einen Code, trägst ihn als podcast:txt in den Kanal deines Feeds ein, und wir prüfen ihn. Danach steht dein Podcast als „verifiziert“ bei SoundNode.

Einstellungen

Darstellung

Sprache

Bestimmt, welche Sender dir auf der Startseite zuerst gezeigt werden.

Verlauf

Zuletzt gehörte Sender und Folgen und deine letzten Suchen liegen nur in diesem Browser.

Hinweise

Ein kurzer Hinweis, wenn ein Podcast, dem du folgst, eine neue Folge hat. Einzelne Podcasts stellst du über die Glocke auf ihrer Seite ab.

Konto

Favoriten speichern – in der App und auf der Website.

Tastenkürzel

/
Suche öffnen
Leertaste
Abspielen oder anhalten
← →
Im Player: 15 s zurück, 30 s vor (Folgen) · im Regal: nächste Kachel
↑ ↓
Im Regal: Ziel innerhalb der Kachel
Pos1 / Ende
Im Regal: erste bzw. letzte Kachel
Esc
Fenster oder Menü schließen
?
Diese Übersicht
Läuft gerade

Zur Senderseite

Als Nächstes

    Folgen mit „Als Nächstes“ vormerken – sie laufen nach der aktuellen Folge.