Zum Inhalt springen
Moiesstudio
PodcastNachrichtenLB

Moiesstudio

NeuEditioun vum Weekend14.11.2026
Folgen
50
Erscheint
täglich
Letzte Folge
14. Nov. 2026

Über den Podcast

Besser informéiert an den Dag

Folgen 50

  1. Editioun vum Weekend

    D'Press vum Weekend kuckt op d'Logementspolitik an op d'Flexibiliséierung vun den Arbechtszäiten.

  2. 500 Fréigebuerten pro Joer: Wéi kënnen d'Familjë besser ënnerstëtzt ginn?

    Mir froen d'Presidentin vun der neier Associatioun "Esou kleng, esou staark", d'Dr. Stéphanie Thein.

  3. Wann "Herzschmerz" Realitéit gëtt

    Et gëtt ee Lien tëscht psychesche Krankheeten an Häerzproblemer. Mir schwätzen driwwer mam Rainer Schubmann, Expert an der Psychokardiologie. Hien hält haut eng Konferenz am CHL.

  4. 40 Joer Cattenom, 40 Joer Protest

    Viru 40 Joer, den 13. November 1986 ass de Reakterblock Nummer eent vu Cattenom un d’Netz gaangen. Trotz ville Protester aus Lëtzebuerg a Frankräich lafen di véier Reakteren och haut nach an eng weider …

    Shownotes
    Viru 40 Joer, den 13. November 1986 ass de Reakterblock Nummer eent vu Cattenom un d’Netz gaangen. Trotz ville Protester aus Lëtzebuerg a Frankräich lafen di véier Reakteren och haut nach an eng weider Lafzäitverlängerung ass an der Maach. De Jacques Ganser huet sech di ganz Entwécklung iwwer d’Joren nach eemol fir eis ugekuckt an Témoignagen zesumme gestallt.
  5. Presserevue vun 08:15

    E Portrait vum Paul Galles, d'Logementskris an zwee Skeletter am Zuch, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue

  6. EU-Emissaire fir Russland: Wéi wichteg ass et, datt d'EU sech eens gëtt?

    Wéi soll d’EU um Verhandlungsdësch tëscht Russland an der Ukrain vertruede sinn? A wou sollen d’Suen fir de finanzielle Support fir d’Ukrain hirkommen ? dat sinn zwou Froen, iwwert déi um Freideg zu Dublin …

    Shownotes
    Wéi soll d’EU um Verhandlungsdësch tëscht Russland an der Ukrain vertruede sinn? A wou sollen d’Suen fir de finanzielle Support fir d’Ukrain hirkommen ? dat sinn zwou Froen, iwwert déi um Freideg zu Dublin diskutéiert gëtt. No der Reunioun vu gëschter vu ronn 50 Staats- a Regierungscheffen d'Reunioun vun der sougenannter “Europäescher Politescher Communautéit”, ass haut an der irescher Haptstad een informellen EU-Sommet, mat wéi gewinnt de 27 Staats- a Regierungscheffen aus der Europäescher Unioun. Just een Deel vun hinne gouf nieft dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskij gëschter am spéiden Owend nach vun den zwee amerikaneschen Emissairen Witkoff an Kushner doriwwer gebrieft, wat bei hirer Entrevue zu Moskau mam russesche President erauskoum. Wéi eng Konsequenzen ginn doraus gezunn? Explikatiounen vun Dublin, vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber .
  7. Michel-Edouard Ruben, Economiste vun IDEA

    D'Staatsfinanze sinn amgaang an ee méi laangfristegen Desequiliber ze rutschen - deen zukünfteg Regierunge riskéiere mussen auszeläffelen, sou d'Analys vum Ekonomiste.

  8. Diabetes: "Eng Krankheet, déi ëmmer präsent ass"

    Zu Lëtzebuerg liewe méi wéi 35.000 Leit am Alter tëschent 20 an 79 Joer mat Diabetes. Dës Zuel geet aus dem Observatoire national de la santé ervir. Fënnef bis 10 Prozent vun hinnen hunn Diabetes Typ 1, wou de …

    Shownotes
    Zu Lëtzebuerg liewe méi wéi 35.000 Leit am Alter tëschent 20 an 79 Joer mat Diabetes. Dës Zuel geet aus dem Observatoire national de la santé ervir. Fënnef bis 10 Prozent vun hinnen hunn Diabetes Typ 1, wou de Kierper net oder kaum à même ass, Insulin ze produzéieren - dat liewenswichtegt Hormon mussen d’Patienten also selwer zou sech huelen, entweder iwwer Piqûren oder eng Insulinpompel.
  9. Presserevue vu 07:15

    E Portrait vum Paul Galles, keen interessi fir d'Logemenstkriis an e schéine, neie Logo, dat sinn d'Theemen an der Presserevue

  10. Postkaart aus Istanbul: Iwwerliewen

    De Schrëftsteller Guy Helminger ass fir dräi Méint op Istanbul geplënnert, wou alles immens deier ginn ass, och fir d’Touristen, mee virun allem fir d’Tierke selwer. Munchereen wunnt illegal an engem ale …

    Shownotes
    De Schrëftsteller Guy Helminger ass fir dräi Méint op Istanbul geplënnert, wou alles immens deier ginn ass, och fir d’Touristen, mee virun allem fir d’Tierke selwer. Munchereen wunnt illegal an engem ale, baufällegen Holzhaus. Mee och déi mat engem Job, wëssen deelweis net wéi se iwwer d’Ronne komme sollen.
  11. D'Demande fir Anäscherungen geet erop: Ausgebaute Crematoire gouf ageweit

    De Crematoire zu Hamm huet sech misste vergréisseren, well ëmmer méi Mënsche sech fir eng Anäscherung decidéieren. Wouru läit dat? Mir froen de President vum zoustännege Syndikat, de Réiser Buergermeeschter Tom Jungen.

  12. Attacken op Frigoen: Wéi kann Europa sech besser schützen?

    Mir froen den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen.

  13. Presserevue vun 08:15

    Wunnen als Recht an eng ëmgebaute Fussballnationalekipp: Dat sinn d'Themen an der Presserevue

  14. Filmtipp: "Wild Horse Nine"

    Batterbéise Frëndschaftsdrama ëm déi existenziell Ouschterinsel-Eskapad vun zwee CIA-Killeren (John Malkovitch a Sam Rockwell) kuerz virum Pinochet-Coup. Dem Michel Delage säin aktuelle Kinotipp!

  15. Liam Bremer, President vum Jugendrot

    Mir froen hien, wéi et de Jugendlechen zu Lëtzebuerg geet tëschent Wunnengsnout, internationale Krisen an enger onsécherer Zukunft

  16. Vun der BGL Ligue an d'Nationalekipp vu Madagaskar

    Am Lëtzebuerger Championnat spille si virun e puer honnert Spectateuren, mat der Nationalekipp vu Madagaskar a grousse Stadione géint international Topspiller. De Roman Ferber an de Clément Couturier erzielen …

    Shownotes
    Am Lëtzebuerger Championnat spille si virun e puer honnert Spectateuren, mat der Nationalekipp vu Madagaskar a grousse Stadione géint international Topspiller. De Roman Ferber an de Clément Couturier erzielen, wéi si mat iwwer 30 Joer nach Nationalspiller goufen a firwat si elo vun enger Participatioun um Afrika-Cup dreemen.
  17. Presserevue vun 07:15

    Komplizléiert Buslinnen, dréche Biedem an onzefridde Patronen: Dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue

  18. Nei am Kino

    Wéi eng Filmer lafen haut nei un? Den Iwwerbléck vun der aktueller Programmatioun mam Michel Delage.

  19. Emile Vanolst: Sëlwermedail, an awer e bëssen enttäuscht

    De jonke Lëtzebuerger Triathlet gouf d'lescht Woch bei de Youth Olympic Ganmes am Senegal den Zweeten. Mee et huet e besse gedauert, bis hie sech doriwwer freeë konnt.

  20. Orange amplaz blo: Le Quotidien presentéiert sech am neie Look

    Fir d’Lieser vum Quotidien gouf et gëschter Moien eng gréisser Iwwerraschung, wéi si d’Zeitung aus der Boite geholl oder online opgeruff hunn: Déi franséischsproocheg Dageszeitung huet nämlech eng ganz nei …

    Shownotes
    Fir d’Lieser vum Quotidien gouf et gëschter Moien eng gréisser Iwwerraschung, wéi si d’Zeitung aus der Boite geholl oder online opgeruff hunn: Déi franséischsproocheg Dageszeitung huet nämlech eng ganz nei Opmaachung. De Logo ass net méi blo, mee orange. Firwat dee Faarfwiessel no 25 Joer entscheet gouf, dat hu mir de Frank Schmit gefrot, den Direkter vum Quotidien.
  21. Presserevue vun 08:15

    D'Gefor vu Cyberattacken, Geld mat Zigarette verdéngen an de Stellewert vum Cycloscross, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.

  22. Claude Meisch: "An den Zilsetzunge ware mir eis eens"

    Dem Kollektiv "Logementskris" géif just net séier genuch goen: Dat wär déi eenzeg wierklech Divergenz, esou de Logementsminister no der Réunioun gëscht mat Vertrieder vum Kollektiv.

  23. Georges Krombach, Verkafsdirekter vun Heintz van Landewyck

    Wat bedeit déi geplangten Hausse op den Accise vum Tubak fir de Lëtzebuerger Zigarettefabrikant? A wéi kritt een d'Interesse vum Secteur mat der Gesondheetspolitik conciliéiert?

  24. Nei EU-Mindeststeier op Zigaretten: Fondation Cancer enttäuscht

    D'Directrice vun der Fondatioun Margot Heirendt erkläert, firwat 82 Cent méi Accisen op engem Pak Zigaretten bis 2036 kaum ee vum Fëmme wäerten ofhalen. D'Tubakspräisser missten un déi zum Deel vill méi héich …

    Shownotes
    D'Directrice vun der Fondatioun Margot Heirendt erkläert, firwat 82 Cent méi Accisen op engem Pak Zigaretten bis 2036 kaum ee vum Fëmme wäerten ofhalen. D'Tubakspräisser missten un déi zum Deel vill méi héich aus den Nopeschlänner ugeglach ginn.
  25. Presserevue vun 07:15

    Handwierkelch Feeler bei der Kameraiwwerwaachung, wiele goe vu 16 Joer un an schlecht Aarbecht vun der Autorité de la concurrence, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.

  26. Booker Prize 2026: And the winner is ...

    Gëscht ass dee renomméierte Literaturpräiss - ee vun de wichtegste weltwäit - vergi ginn. De Jeff Schinker verréit, wéi ee Roman dëst Joer ausgezeechent gëtt.

  27. Filmer, Noriichten, Websäiten: wéi geet dat ouni Barrièren?

    Persoune mat enger Beanträchtegung solle Medieplattforme besser kënnen notzen, seet eng EU-Direktiv. Ass déi och an der Praxis ukomm? Froen un de François Engels, Direkter vum OSAPS (Office de la surveillance …

    Shownotes
    Persoune mat enger Beanträchtegung solle Medieplattforme besser kënnen notzen, seet eng EU-Direktiv. Ass déi och an der Praxis ukomm? Froen un de François Engels, Direkter vum OSAPS (Office de la surveillance de l’accessibilité des produits et services), deen zesumme mat der Medienopsiicht ALIA eng Konferenz iwwer d'Thema organiséiert huet.
  28. Schüler-Protester a Frankräich gii weider

    A Frankräich ruffen d'Schüler a Schülerinnen haut nees dozou op ze streiken an géint d'Spuermoossname vun der Regierung ze protestéieren. Och soll et nees zu Blockagen an de Lycéeë kommen. Zanter mëttlerweil …

    Shownotes
    A Frankräich ruffen d'Schüler a Schülerinnen haut nees dozou op ze streiken an géint d'Spuermoossname vun der Regierung ze protestéieren. Och soll et nees zu Blockagen an de Lycéeë kommen. Zanter mëttlerweil bal zwee Méint ginn déi Jonk fir hir Revendicatiounen op d'Stroossen. En Enn vun dëser Mobilisatioun ass net a Siicht. Gëschter hat de Premier Sébastien Lecornu Schüler- a Studenteverbänn op eng Reunioun invitéiert. Dës haten d'Entrevue aus Protest awer fréizäiteg verlooss. D'Situatioun spëtzt sech also zou. Wat fir Optioune bleiwen der Regierung a wéi eng Problemer stellen sech fir déi Jonk? Doriwwer schwätzen ech elo mat eisem Paräisser Korrespondent Max Tholl.
  29. Presserevue vun 08:15

    D'OGBL-Presidentin Nora Back steet, trotz Divergenze beim Tankrabatt, zu der Gewerkschaftsunioun mam LCGB, "zesumme méi staark" ass hire Motto

  30. ILRES-Etude: Et gëtt nees méi Zeitung gelies

    Méi wéi 50 % vun de Résidenten a Frontalieren huelen all Dag eng Lëtzebuerger Zeitung an de Grapp. D'Michelle Cloos, d'Generaldirektesch vum Grupp Editpress, freet sech doriwwer.

Hier stehen die neuesten 40 von 50 Folgen. Ältere Folgen findest du im Feed des Podcasts.

Ist das dein Podcast?

Bestätige es mit einem Eintrag in deinem Feed: Du bekommst hier einen Code, trägst ihn als podcast:txt in den Kanal deines Feeds ein, und wir prüfen ihn. Danach steht dein Podcast als „verifiziert“ bei SoundNode.

Einstellungen

Darstellung

Sprache

Bestimmt, welche Sender dir auf der Startseite zuerst gezeigt werden.

Verlauf

Zuletzt gehörte Sender und Folgen und deine letzten Suchen liegen nur in diesem Browser.

Hinweise

Ein kurzer Hinweis, wenn ein Podcast, dem du folgst, eine neue Folge hat. Einzelne Podcasts stellst du über die Glocke auf ihrer Seite ab.

Konto

Favoriten speichern – in der App und auf der Website.

Tastenkürzel

/
Suche öffnen
Leertaste
Abspielen oder anhalten
← →
Im Player: 15 s zurück, 30 s vor (Folgen) · im Regal: nächste Kachel
↑ ↓
Im Regal: Ziel innerhalb der Kachel
Pos1 / Ende
Im Regal: erste bzw. letzte Kachel
Esc
Fenster oder Menü schließen
?
Diese Übersicht
Läuft gerade

Zur Senderseite

Als Nächstes

    Folgen mit „Als Nächstes“ vormerken – sie laufen nach der aktuellen Folge.