
#10 De Benevolat bei Omega 90
Shownotes
Wat bedeit et, Benevole bei Omega 90 ze sinn? Wéi eng Aufgaben iwwerhuelen d'Benevollen a wéi ginn si op hiren Asaz virbereet a begleet? An dëser Episod vun Omega Talks begréisse mir d'Daphné Loos, Coordinatrice vum Service Benevolat bei Omega 90. Zesumme schwätze mir iwwer d'Roll vun de Benevollen an der Begleedung vu schwéierkranke Mënschen, Mënschen um Liewensenn an hire Familljen. Wien ka Benevole ginn? Wéi eng Eegenschaften a Fäegkeeten si wichteg? Wéi gesäit d'Formatioun aus a wou kënnen d'Benevollen agesat ginn? D'Daphné Loos erkläert och, wéi de Service Benevolat d'Fräiwëlleger bei hiren Aufgabe begleet an ënnerstëtzt, wéi d'Zesummenaarbecht mat de professionellen Ekippen an de Familljen ausgesäit a wéi d'Benevollen sech och bei verschiddene Projete vun Omega 90 abréngen. E Gespréich, dat en Abléck an de Benevolat bei Omega 90 gëtt a weist, wat hannert dësem Engagement stécht. 🌿 Intro: Aydio - Deltitnu