Pular para o conteúdo
LGS Zeltgepëspers
PodcastLazerLB

LGS Zeltgepëspers

NovoZeltgepëspers #19 - Operatioun Fräiheetsfonken1 de novembro de 2026 · 1 h 29 min
Episódios
20
Publicação
mensal
Último episódio
1 nov 2026

Sobre o podcast

Du kriss net ëmmer mat wat bei den LGS esou leeft oder wéilts gäre wëssen, wéi et hannert de Kulissen ausgesäit? Eis ass et genee d'selwecht gaangen an dofir hate mir d'Iddi een LGS Podcast ze grënnen. Mir si 6 Chef an hunn et eis zum Zil gesat, Guiden a Scouten, Chef a souguer Elteren aus dem ganze Land ze informéieren an hinnen ze weisen, dass d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten aus méi besti wéi nëmmen de Versammlungen. D’Resultat: LGS Zeltgepëspers Ab elo kanns du ëmmer den 1. Dag vum Mount eng nei Folleg vun eisem Podcast lauschteren. Villmools Merci un d'Ronja fir eise flotte Logo <3

Episódios 20

  1. Zeltgepëspers #19 - Operatioun Fräiheetsfonken

    1 h 29 minTemporada 1 · Episódio 19

    An dëser 19. Episod vum LGS Zeltgepëspers geet et em d‘Filmer déi d‘Mierscher Guiden a Scouten zesumme mat de Geschichtsfrënn vu Miersch dréinen. Dës Filmer sollen d‘Geschicht vu Mierscher Leit déi am 2 …

    Notas do episódio

    An dëser 19. Episod vum LGS Zeltgepëspers geet et em d‘Filmer déi d‘Mierscher Guiden a Scouten zesumme mat de Geschichtsfrënn vu Miersch dréinen. Dës Filmer sollen d‘Geschicht vu Mierscher Leit déi am 2. Weltkrich em d‘Liewe komm sinn erzielen fir dësen ze gedenken an un déi Zäit ze erënneren.

    Ënnert follgendem Link kënnt dir d‘Filmer kucken:

    https://youtube.com/@mierscherennertsech?si=PJnaPhem-IA-FA6a


    An hei fannt dir dann och d‘Musek iwwert déi am Podcast geschwat gëtt:

    https://open.spotify.com/intl-de/artist/3wkBvh0W6JRn0v7ixkpitb?si=FnjxfTYdT26hwLkCmttSrQ


    Den Umeldungsformulaire fir de Quizowend vun de Réiserbänner Guiden a Scouten fannt dir hei:

    https://reiser.lgs.lu/quizowend


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.


    Mir freeën eis :)




    (00:00) Intro + Réckspigel

    (05:23) Interview mat de Mierscher

    (01:24:42) Ausbléck

    (01:26:12) Scoutsfakt vum Mount + Outro

  2. Zeltgepëspers #18 - Vu Musék zu Mandater

    1 h 28 minTemporada 1 · Episódio 18

    An dëser 18. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir als Podcast Ekipp um Wisefestival zu Eschduerf ënnerwee. Mir krute vu verschiddene Leit aus dem Organisatiounscomité erkläert, wéi esou e Festival zustan kennt …

    Notas do episódio

    An dëser 18. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir als Podcast Ekipp um Wisefestival zu Eschduerf ënnerwee. Mir krute vu verschiddene Leit aus dem Organisatiounscomité erkläert, wéi esou e Festival zustan kennt a mat wéi engen Challenge si konfrontéiert waren. Och mat verschiddene Bands a Visiteure konnte mir eis iwwer hiren Androck vum Festival austauschen an esou ganz verschidden Abléck fir iech afänken. Jiddereen deen et den 12. September et dohi gepackt huet, kritt hei op alle Fall e flotten Abléck vun dësem 25. Gebuertsdag vun den Eschduerfer Guiden a Scouten.

    Och um Kongress a Chefdag ware mir nees mam Feldmikro ënnerwee fir verschidden Andréck anzefänken. Do si mir net nëmmen dem Luc Frieden, mee och ganz villen engagéierte Cheftainen a Chef begéint. Déi Lampertsbierger konnten em déi 450 Guiden a Scouten empfänken an hunn dëse Kongress a Chefdag duerch déi wonnerbar Organisatioun zu engem wierklech flotte Start vum Scoutsjoer gemaach.


    Wann dir fir är nächst Scoutskiermes nach eng Band sicht, déi richteg gutt Musek a Stëmmung matbréngt, kennt dir iech iwwert déi follgend Plaze bei Nemesys mellen, déi des Joer och um Wisefestival vertruede waren a vir eng genial Stëmmung gesuergt hunn:

    www.nemesys-lux.lu

    Instagram: Nemesys

    Facebook: Nemesys


    Méi Informatiounen zum Albatross Weekend zu Beggen fannt dir ënnert:

    https://chefbox.lgs.lu/event/albatrossen-weekend-2027/


    Méi Informatiounen zum RaRo Lancement fannt dir op:

    https://chefbox.lgs.lu/event/ragnarok-is-coming-weekend-de-lancement/


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.


    Mir freeën eis :)




    Intro + Réckspigel (00:00)

    Wisefestival 2026 (05:04)

    Kongress & Chefdag (57:38)

    Ausbléck + Outro (01:23:56)

  3. Zeltgepëspers #17 - Blå oder Rød?

    1 h 29 minTemporada 1 · Episódio 17

    An dëser 17. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir ennert anerem d’Nathalie, d‘Sophie an de Bossche bei eis op Besuch. Déi dräi ware Campchef vum nationale CaraPio Camp, Blårød, deen dest Joer an Dänemark …

    Notas do episódio

    An dëser 17. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir ennert anerem d’Nathalie, d‘Sophie an de Bossche bei eis op Besuch. Déi dräi ware Campchef vum nationale CaraPio Camp, Blårød, deen dest Joer an Dänemark stattfonnt huet. Si hunn eis erklärt wéi et dozou koum, dass si Campchef gi sinn, wat alles esou zur Organisatioun dozou gehéiert huet an dann zu gudder Lescht och, wéi de Camp verlaf ass.

    Mir haten awer net nemmen d’Campchef am Podcast, mee och d’CaraPio selwer, déi am Kader vun engem Atelier um Camp hier Iddie konnte mat abréngen a selwer en Deel vum Podcast konnten ophuelen. Dës Episod ass voller spannender Geschichten an Erzielunge vum nationale CaraPio Camp a perfekt fir jiddereen dee schonn ëmmer eng Kéier wësse wollt wéi esou e grousse Camp op d‘Been gestallt gëtt.


    Am Ausbléck schwätze mer iwwert de Kongress an de Chefdag, déi dëst Joer den 20. September stattfannen. Et ass och erem esou wäit an et gëtt en neit Team, respektiv en neien Conseil d‘administration, gewielt. Umelde kennt dir iech ennert folgendem Link: https://chefbox.lgs.lu/desk/chefdag-kongress/


    De Wisefestival vun den Eschduerfer Guiden a Scoute steet virun der Diir! Si feieren dest Joer hiere 25. Gebuertsdag an dofir gëtt et den 12. September zu Eschduerf vill ze erliewen. Hei fannt dir hei all d‘Informatiounen zum Wisefestival: https://www.wisefestival.lu



    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.


    Mir freeën eis :)





    Intro + Réckspigel (00:00)

    Feldinerviews Deel 1 (05:37)

    Campchef vum Blårød (16:37)

    Feldinterviews Deel 2 (01:16:55)

    Ausbléck + Outro (01:23:49)

  4. Zeltgepëspers #16 - Spiri, wat ass dat amfong?

    53 minTemporada 1 · Episódio 16

    An dëser 16. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir d'Sonja an de Fabi vun der EAS Ekipp zu Besuch. Si hunn eis erkläert wéi eng Plaz d'Spiritualitéit bei de Guiden a Scouten huet an op wéi eng verschidden Aart …

    Notas do episódio

    An dëser 16. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir d'Sonja an de Fabi vun der EAS Ekipp zu Besuch. Si hunn eis erkläert wéi eng Plaz d'Spiritualitéit bei de Guiden a Scouten huet an op wéi eng verschidden Aart a Weisen een se a seng Aktivitéiten abaue kann. Ausserdeem hunn si eis erzielt wéi eng Aktivitéite si als Ekipp am Joer esou plangen. Dës Episod ass voller spannender Erkenntnisser zum Thema Spiritualitéit bei den LGS a perfekt fir jiddereen dee schonn ëmmer eng Kéier méi dozou wësse wollt.


    Fir méi Infos kënnt dir gäeren eng Mail op [email protected] machen.


    Bei Interessi fir de Spiri for Kids kënnt dir iech op [email protected] mellen.


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.


    Mir freeën eis :)

  5. Zeltgepëspers #15 - Tëscht Foulard a Krawatt

    35 minTemporada 1 · Episódio 15

    An dëser 15. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir op zwee ganz speziellen Eventer ënnerwee. Den 23. Juni hate mir d'Chance fir am Sënn vum Nationalfeierdag op der Receptioun an der Philharmonie dobäi gewiescht …

    Notas do episódio

    An dëser 15. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir op zwee ganz speziellen Eventer ënnerwee. Den 23. Juni hate mir d'Chance fir am Sënn vum Nationalfeierdag op der Receptioun an der Philharmonie dobäi gewiescht ze sinn. Mat eisem Mikro hu mir eis do op d'Sich no anere Guiden a Scoute gemaach a konnten niewebäi nach e puer Gespréicher mat ganz spannende Perséinlechkeeten afänken.

    Den 29. Juni hate mir d'Éier als Podcast-Ekipp op der Gaardeparty vun eisem Chefscout, dem Grand-Duc Guillaume dobäi gewiescht ze sinn. Och hei hu mir probéiert iech e puer Andréck anzefänken, och wa sech dat op dësem Event als e bësse méi schwiereg erausgestallt huet. Villmools Merci dass mir un dësen zwee Eventer deelhuele konnten <3


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.

    Mir freeën eis :)


    Intro + Réckspigel (00:00)

    Nationalfeierdag an der Philharmonie (09:21)

    Gaardeparty beim Grand-Duc (25:42)

    Ausbléck + Outro (27:54)

  6. Zeltgepëspers #14 - Neies vum Bealtaine a Mini Grupperot

    46 minTemporada 1 · Episódio 14

    An dëser 14. Episod vum LGS Zeltgepëspers huele mir iech mat op zwee Eventer déi an dësem Mount am, a ronderëm d'Keltenhaus um Neihaische stattfonnt hunn.Um Mini Grupperot Austausch hu mir mat ville Jonken a …

    Notas do episódio

    An dëser 14. Episod vum LGS Zeltgepëspers huele mir iech mat op zwee Eventer déi an dësem Mount am, a ronderëm d'Keltenhaus um Neihaische stattfonnt hunn.

    Um Mini Grupperot Austausch hu mir mat ville Jonken a Chef, déi de Mini Grupperod bei sech am Grupp ëmsetze, geschwat a mat hinnen ausgeschafft, wat den aktuellen IST an de SOLL Zoustand vum Mini Grupperod ass a wéi een dëse ganz konkret an Zukunft verbessere kann.

    Och um Bealtaine hu mir eis ënnert déi bal 3.000 Visiteure gemëscht fir iech flott Abléck an d'Stëmmung an de verschiddenen Atelieren a Workshops um Bealtaine ze ginn.


    Ausbléck:

    13. Juni - Repair Café zu Oberanven. Méi Infos op https://chefbox.lgs.lu/event/repair-cafe-2026/

    13. Juni - Nationalen Albatrossentreff an der Géisserei https://chefbox.lgs.lu/event/nationalen-albatrossentreff-epatt-beim-georges/

    27./28. Juni - Scoutskiermes zu Käl

    8. Juli - Erënnerungsfeier vun der EAS Ekipp. Umeldung mat Mail op [email protected]


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.


    Mir freeën eis :)



    Intro + Réckspigel (00:00)

    Mini Grupperot Austausch (04:02)

    Bealtaine (35:09)

    Ausbléck + Outro (44:01)

  7. Zeltgepëspers #13 - Wat hunn d'Kelten um Neihaische verluer?

    1 h 2 minTemporada 1 · Episódio 13

    An dëser 13. Episod vum LGS Zeltgepëspers kucke mir eis zesumme mam Tom a mam Alex vun der Native Village Ekipp ënner anerem un, wéi d'Keltenhaus deemools um Neihaischen entstanen ass, wat alles hannert dem …

    Notas do episódio

    An dëser 13. Episod vum LGS Zeltgepëspers kucke mir eis zesumme mam Tom a mam Alex vun der Native Village Ekipp ënner anerem un, wéi d'Keltenhaus deemools um Neihaischen entstanen ass, wat alles hannert dem grousse Bealtaine Festival stécht, a wat d'Ekipp ronderëm den Native Village soss nach alles sou mécht.

    Wann dir interesséiert sidd bei engem vun de ville Beräicher vum Native Village matzehëllefen, kënnt dir iech gäre beim Tom Lahr ([email protected]) oder op [email protected] mellen. Weider Informatiounen zum Bealtaine fannt dir op https://bealtaine.lgs.lu


    Mat dëser 13. Episod vum Podcast feiere mir dann och eist eejäregt Jubiläum vum LGS Zeltgepëspers. Mir soe jidderengem en décke Merci, deen eis am leschte Joer ënnerstëtzt huet an all Mount fläisseg eise Podcast lauschtert <3


    Weider Informatiounen zum LGS Second Hand fannt dir op https://chefbox.lgs.lu/event/3-lgs-second-hand/

    A wann dir motivéiert sidd als Reparateur beim Repair Café vun der Nohaltegkeetsaarbechtsgrupp mat ze hëllefe kënnt dir iech gären op [email protected] mellen.


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.


    Mir freeën eis :)





    Intro + Réckspigel (00:00)

    Interview mam Tom an Alex (05:45)

    Ausbléck + Outro (54:38)

  8. Zeltgepëspers #12 - Duty to others: Zesumme Brécke bauen

    53 minTemporada 1 · Episódio 12

    An dëser 12. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir um Aktivitéitsdag vun der Scouts4Refugees Ekipp. Si hunn eis ënnert anerem gewise wéi si eemol am Mount Aktivitéite fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg …

    Notas do episódio

    An dëser 12. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir um Aktivitéitsdag vun der Scouts4Refugees Ekipp. Si hunn eis ënnert anerem gewise wéi si eemol am Mount Aktivitéite fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg organiséieren a si hunn eis erzielt, wéi een als Lokale Grupp bei dësen Aktivitéite mathëllefe kann. Wann dir als lokale Grupp interesséiert sidd, eng Aktivitéit fir Scouts4Refugees ze organiséieren, Kichelcher ze baken, oder souguer an der Ekipp matzehëllefen, kënnt dir iech gäre per Mail op [email protected] mellen.


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.


    Mir freeën eis :)




    Intro + Réckspigel (00:00)

    Interview mam Tun a Marc (03:35)

    Feldinterviews (39:19)

    Ausbléck + Outro (48:05)

  9. Zeltgepëspers #11 - Staark wéi e Bam

    1 h 20 minTemporada 1 · Episódio 11

    An dëser 11. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir dee ganzen Dag um Thinking Day 2026 um Geesseknäppchen ënnerwee fir iech esou vill wéi méiglech Andréck anzefänken. An dëser Episod schwätze mir ënner anerem …

    Notas do episódio

    An dëser 11. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir dee ganzen Dag um Thinking Day 2026 um Geesseknäppchen ënnerwee fir iech esou vill wéi méiglech Andréck anzefänken. An dëser Episod schwätze mir ënner anerem mam Georges Christen iwwer seng Zänndoktesch a seng ganz Optrëtter, déi hien iwwert d'Joren hat, mam Chris iwwer d'Zesummenaarbecht vun den LGS mam SNJ, mat verschiddene Participanten a Staff iwwer d'Odysseeën a mat ganz ville Kanner a Chef iwwert hir Highlights vum Thinking Day 2026.


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.

    Mir freeën eis :)



    Intro + Réckspigel (00:00)

    Georges Christen (05:50)

    Feldinterviews (21:09)

    Chris vum SNJ (38:09)

    Feldinterviews (45:21)

    Odysseeën (55:26)

    Ausbléck + Outro (01:12:32)

  10. Zeltgepëspers #10 - Bewosst keng Spueren hannerloossen

    38 minTemporada 1 · Episódio 10

    An dëser 10. Episod vum LGS Zeltgepëspers schwätze mir mam Arbechtsgrupp Nohaltegkeet iwwert hir Aarbecht fir e méi nohaltege Scoutismus. Si zielen eis enner aanerem vun hierem Poster, dee bestemmt deen een …

    Notas do episódio

    An dëser 10. Episod vum LGS Zeltgepëspers schwätze mir mam Arbechtsgrupp Nohaltegkeet iwwert hir Aarbecht fir e méi nohaltege Scoutismus. Si zielen eis enner aanerem vun hierem Poster, dee bestemmt deen een oder aanere Grupp bei sech am Home hänken huet a vun hirer nohaltegkeets Checklëscht mat där een als Chefekipp säi Weekend oder Camp méi nohalteg gestalte kann. Méi Informatiounen zu desem Aarbechtsgrupp fannt dir an der Chefbox am Desk ennert dem Kapitel "Nohaltegkeet". Bei Iddiën a Froen oder wann ee bei hinne matmaache wëllt, kann ee sech ganz gäre per Mail bei hinne mellen: [email protected]


    Tickets fir den Theater vun de Réimecher Guiden a Scooute fannt dir op https://theater.remich.lgs.lu


    Weider Informatiounen zum Wisefest vun den Eschduerfer Guiden a Scouten fannt dir op https://www.wisefestival.lu


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären emmer bis den 20. Dag vum Mount matdeelen. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis emmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.

    Mir freeën eis :)



    Intro + Réckspigel (00:00)


    Aarbechtsgrupp Nohaltegkeet (04:16)


    Ausbléck + Outro (33:16)

  11. Zeltgepëspers #09 - Challenge accepted: Mérite Jeunesse

    38 minTemporada 1 · Episódio 9

    An dëser 9. Episod vum LGS Zeltgepëspers beschäftege mir eis mam Mérite Jeunesse. Zesumme mam Roxane kucke mir wat de Mérite Jeunesse genau ass a wéi ee sech domat zum Beispill säin Engagement a Benevolat …

    Notas do episódio

    An dëser 9. Episod vum LGS Zeltgepëspers beschäftege mir eis mam Mérite Jeunesse. Zesumme mam Roxane kucke mir wat de Mérite Jeunesse genau ass a wéi ee sech domat zum Beispill säin Engagement a Benevolat zertifizéiere loosse kann. Mam Sara vu Leideleng a mam Kevin vu Beetebuerg schwätze mir dann nach doriwwer, wéi de Mérite Jeunesse an der Praxis ausgesi kann a kréien domat e puer Ablécker an hier Expeditioun an Engagementer.

    Wann iech d'Thema Mérite Jeunesse interesséiert an dir motivéiert sidd fir matzemaache kennt dir iech ganz gäre per Mail direkt beim Roxane Fijean ([email protected]) oder op [email protected] mellen.


    Kontakt fir de Simply Scouting:

    [email protected]

    [email protected]


    All d'Informatioune fir de Wanterhike vun de Réimecher CaraPio fannt dir am Discord vun der Regionalekipp CaraPio Süden.


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.

    Mir freeën eis :)



    Intro + Réckspigel (00:00)


    Mérite Jeunesse (02:27)


    Ausbléck + Outro (33:55)

  12. Zeltgepëspers #08 - D'Zukunft gehéiert eis

    59 minTemporada 1 · Episódio 8

    An dëser 8. Episod vum LGS Zeltgepëspers tauche mir eng Kéier e bëssi méi déif an d'Thema Participatioun bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten an. Zesumme mam Tom Ketter vum ZpB schwätze mir iwwer déi verschidde …

    Notas do episódio

    An dëser 8. Episod vum LGS Zeltgepëspers tauche mir eng Kéier e bëssi méi déif an d'Thema Participatioun bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten an. Zesumme mam Tom Ketter vum ZpB schwätze mir iwwer déi verschidde Piliere vu Participatioun, wéi ee Kanner a Jugendlecher sënnvoll matbestëmme loosse kann a wat fir Virdeeler aus fréien Erfarunge mat Participatioun entstinn. No dëser méi theoretescher Aféierung an d'Thema schwätze mir dono mam Julie vun Ettelbréck iwwer seng Erfarunge mam Mini-Grupperot a kucken eis u wéi Participatioun bei hinnen am Grupp gelieft gëtt.


    Mir wënschen iech all ganz schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer. Mir héieren eis nees pünktlech mam Start vum Joer 2026.


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.

    Mir freeën eis :)




    Intro + Réckspigel (00:00)


    Den Tom Ketter iwwer Participatioun (05:02)


    D'Julie iwwert de Mini-Grupperot (43:14)


    Ausbléck + Outro (54:14)

  13. Zeltgepëspers #07 - Eis RaRo an der ganzer Welt verdeelt

    25 minTemporada 1 · Episódio 7

    An dëser 7. Episod schwätze mir mat engem RaRo an engem Clanchef iwwer de RaRo Lancement an iwwer déi verschidden Odysseeën, déi nächst Joer stattfanne wäerten. Zousätzlech dozou kritt dir nach e klengen …

    Notas do episódio

    An dëser 7. Episod schwätze mir mat engem RaRo an engem Clanchef iwwer de RaRo Lancement an iwwer déi verschidden Odysseeën, déi nächst Joer stattfanne wäerten. Zousätzlech dozou kritt dir nach e klengen Iwwerbléck ëm wat et bei dësen Odysseeën amfong geet a wéi se vum World Thinking Day ënnerstëtzt ginn.

    Och de Jules war am Juli nees mat sengem Mikro ënnerwee an huet sech um Mystaria ëmhéieren.


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.

    Mir freeën eis :)




    Intro + Réckspigel (00:00)


    Lancement an Odysseeën (02:36)


    Mystaria Feldinterview (10:15)


    Ausbléck + Outro (21:16)

  14. Zeltgepëspers #06 - Tëscht Politik a Benevolat

    57 minTemporada 1 · Episódio 6

    An dëser 6. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir d'Méiglechkeet mam Minister Claude Meisch iwwer Benevolat an de Wäert vum Scoutismus zu Lëtzebuerg ze schwätzen. Heen huet eis ënner anerem erkläert wat seng …

    Notas do episódio

    An dëser 6. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir d'Méiglechkeet mam Minister Claude Meisch iwwer Benevolat an de Wäert vum Scoutismus zu Lëtzebuerg ze schwätzen. Heen huet eis ënner anerem erkläert wat seng Aufgaben als "Guiden a Scoutsminister" sinn a wéi d'Scoutsbeweegung vun uewen erof ënnerstëtzt gëtt. Zousätzlech dozou hu mir mam Marc a mam Angelique iwwer hier Zäit als Commissaire Generaux geschwat a krute gezielt, wéi eng Aufgaben een an dësem Amt huet a wéi si hier Zäit als CoGe empfonnt hunn. Och de Jules war an dëser Episod nees ënnerwee an huet eis um STAP zu Bilschdref e puer Andréck agefaangen.


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.

    Mir freeën eis :)


    Intro + Réckspigel (00:00)

    STAP Feldinterview (06:47)

    Interview mam Claude Meisch (18:48)

    Interview mat de Commissaire Generaux (31:14)

    Ausbléck + Outro (54:35)

  15. Zeltgepëspers #05 - 750 Wëllefcher am Häerz vu Stroossen

    24 minTemporada 1 · Episódio 5

    An dëser 5. Episod vum LGS Zeltgepëspers hu mir eis mat de Campcheftaine vum Nationale Wëllefcherscamp "Mystaria" ennerhalen. Si hunn eis e puer méi genau Abléck an déi ganz Organisatioun ronderëm de Camp ginn …

    Notas do episódio

    An dëser 5. Episod vum LGS Zeltgepëspers hu mir eis mat de Campcheftaine vum Nationale Wëllefcherscamp "Mystaria" ennerhalen. Si hunn eis e puer méi genau Abléck an déi ganz Organisatioun ronderëm de Camp ginn an eis erzielt wéi dëst nationaalt Event mat ongeféier 750 Wëllefcher ofgelaf ass.


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.

    Mir freeën eis :)


    Intro + Réckspigel (00:00)

    Interview Mucky an Anne (01:45)

    Ausbléck + Outro (21:53)

  16. Zeltgepëspers #04 - Zäitrees mam Jéiss: Erzielungen aus senger Zäit als Scout

    24 minTemporada 1 · Episódio 4

    An dëser 4. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir e ganz interessant Gespréich mam Jos Loos, genannt de Jéiss, deen eis e puer flott Geschichten aus senger laanger Zäit als Scout erzielt huet. Vun Theme wéi dem …

    Notas do episódio

    An dëser 4. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir e ganz interessant Gespréich mam Jos Loos, genannt de Jéiss, deen eis e puer flott Geschichten aus senger laanger Zäit als Scout erzielt huet. Vun Theme wéi dem internationale Camp JUBICA, bis zu Erzielungen aus senger Zäit als internationale Commissaire war alles dobäi.


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.

    Mir freeën eis :)


    Intro + Réckspigel (00:00)

    Interview Jéiss (02:29)

    Ausbléck + Outro (22:18)

  17. Zeltgepëspers #03 - Andréck vum AbsurdCup an FAQ mat de Programmcommissairen

    41 minTemporada 1 · Episódio 3

    Fir déi drëtt Episod vum Zeltgepëspers ware mir op den AbsurdCup zu Ettelbréck e puer Andréck afänken wouvu mir iech e Best-of presentéieren. Mir hunn AvEx, hier Chef an d'Ekipp interviewt fir iech en …

    Notas do episódio

    Fir déi drëtt Episod vum Zeltgepëspers ware mir op den AbsurdCup zu Ettelbréck e puer Andréck afänken wouvu mir iech e Best-of presentéieren. Mir hunn AvEx, hier Chef an d'Ekipp interviewt fir iech en authenteschen Androck vum Dag ze bidden. Zousätzlech hu mir d'Cathy an de Charel aus der Programmekipp op Besuch, déi eis Froe wéi: "Firwat brauchen d'LGS eng Programmekipp?", oder "Wat ass de Minigrupperod?" beäntwert hunn.


    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentaren matdeelen.

    Mir freeën eis :)

  18. Zeltgepëspers #02 - Tëscht Trëppeltier an Trophäen

    52 minTemporada 1 · Episódio 2

    An dëser zweeter Episod vum Zeltgepëspers kritt Dir e ganz exklusive Bléck hannert d'Kulisse vu 4 nationalen Aktivitéiten, déi sech am leschte Mount bei den LGS ofgespillt hunn. Am Interview hu mir de Georges …

    Notas do episódio

    An dëser zweeter Episod vum Zeltgepëspers kritt Dir e ganz exklusive Bléck hannert d'Kulisse vu 4 nationalen Aktivitéiten, déi sech am leschte Mount bei den LGS ofgespillt hunn. Am Interview hu mir de Georges an den JJ, déi eis eppes iwwert den Oflaf vun der dësjäreger Special Edition vum IronScout erzielen, wéi och d'Jil, den Hugo, d'Chloe an de Max, déi eis jeeweils hier Erliefnisser vun der JoCapi, dem Bibertreff an dem Wëllefchersrallye erzielen.
    Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum LGS Podcast kënnt dir eis ab elo per Mail op [email protected] matdeelen. Mir freeën eis :)

  19. Zeltgepëspers #01

    12 minTemporada 1 · Episódio 1

    Episode 1

  20. Zeltgepëspers #00

    4 minTemporada 1

    Prolog

Podcasts parecidos

Mais podcasts de Lazer
Este podcast é seu?

Confirme com uma entrada no seu feed: você recebe um código aqui, adiciona como podcast:txt no canal do seu feed e nós verificamos. Depois disso, seu podcast aparece como “verificado” no SoundNode.

Configurações

Exibição

Idioma

Define quais estações você vê primeiro na página inicial.

Histórico

As rádios e episódios ouvidos recentemente e suas últimas buscas ficam só neste navegador.

Avisos

Um aviso rápido quando um podcast que você segue tem um episódio novo. Desative podcasts individuais pelo sino na página deles.

Conta

Salve favoritos – no app e no site.

Atalhos de teclado

/
Abrir busca
Espaço
Reproduzir ou pausar
← →
No player: voltar 15 s, avançar 30 s (episódios) · na fileira: próximo bloco
↑ ↓
Na fileira: alvo dentro do bloco
Home / End
Na fileira: primeiro ou último bloco
Esc
Fechar janela ou menu
?
Esta visão geral
Tocando agora

Ir para a estação

A seguir

    Adicione episódios com “A seguir” – eles tocam depois do episódio atual.