
Diabetes: "Eng Krankheet, déi ëmmer präsent ass"
Notas do episódio
Zu Lëtzebuerg liewe méi wéi 35.000 Leit am Alter tëschent 20 an 79 Joer mat Diabetes. Dës Zuel geet aus dem Observatoire national de la santé ervir. Fënnef bis 10 Prozent vun hinnen hunn Diabetes Typ 1, wou de Kierper net oder kaum à même ass, Insulin ze produzéieren - dat liewenswichtegt Hormon mussen d’Patienten also selwer zou sech huelen, entweder iwwer Piqûren oder eng Insulinpompel.