Pular para o conteúdo

28. Schrëftsteller am "Kräizverhéier": De Jean Schoos, 26/06/2024

26 de junho de 2024

Notas do episódio

"Gudde Gendaarm - béise Gendaarm" Mat "Attentat", dem 5ten a leschte Fall fir de Sûreté-Offizéier René Fischbach, geet déi beléifte Krimi-Serie op en Enn.

1983. De Fischbach ass zënter 20 Joer am Déngscht an huet de Rang vum Majouer erreecht. Säin Idealismus ass am Laf vun de Joren allerdengs op der Streck bliwwen. En Attentat, eng Erpressung, an, net zulescht, eng Läich am Stauséi, stëppelen awer säi Virwëtz. War deen Doudegen mam Cric um Fouss wierklech just en harmlosen däitsche Journalist deen e Buch iwwer d'Lëtzebuerger Schwäiz schreiwe wollt? Bei senger Enquête stéisst de Fischbach nees op säin éiwege Géigespiller, de Lacaf, an den Dickweiler Krees ass natierlech och net wäit. Mä de Fischbach beweegt sech op dënnem Äis...
An dëser Episode vum Podcast RTL BicherLies enquêtéieren de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip an natierlech huelen si den Haaptverdächtegen, den Auteur Jean Schoos, an d'Kräizverhéier! Hie verréit hinnen wou seng Faszinatioun fir Krimien hirkënnt, wéi ee Konzept hannert der Serie "Gudde Gendaarm - béise Gendaarm" stécht, an wat hien als nächst schreiwe wëll, elo wou den Dossier Fischbach ofgeschloss ass.

Iwwer dës Bicher an Auteuren gëtt soss nach am Podcast geschwat:
D'Maj Sjöwall (1935-2020) an de Per Wahlöo (1926-1975) waren eng schwedesch Schrëftsteller-Koppel déi als Pionéier vum skandinavesche Krimi gëllen. Hire Roman-Zyklus an 10 Bänn dréit den Titel: "Roman über ein Verbrechen".
Och den US-amerikanesche Schrëftsteller Ed McBain (1926-2005) gehéiert zu de grousse Virbiller vum Jean Schoos.
Den Horst Bosetzky huet seng Krimien deelweis ënnert dem Pseudonym "-ky" geschriwwen
Orlando Figes: "Krimkrieg. Der letzte Kreuzzug" (Berlin Verlag, 2011)
Herfried Münkler: "Welt in Aufruhr: Die Ordnung der Mächte im 21.Jahrhundert" (Rowohlt Berlin 2023)
Christopher R.Browning: "Ordinary Men: Reserve Police Battalion 101 and the Final Solution in Poland" (Harper Perennial, 1998)

Todos os episódios de RTL – BicherLies

Configurações

Exibição

Idioma

Define quais estações você vê primeiro na página inicial.

Histórico

As rádios e episódios ouvidos recentemente e suas últimas buscas ficam só neste navegador.

Avisos

Um aviso rápido quando um podcast que você segue tem um episódio novo. Desative podcasts individuais pelo sino na página deles.

Conta

Salve favoritos – no app e no site.

Atalhos de teclado

/
Abrir busca
Espaço
Reproduzir ou pausar
← →
No player: voltar 15 s, avançar 30 s (episódios) · na fileira: próximo bloco
↑ ↓
Na fileira: alvo dentro do bloco
Home / End
Na fileira: primeiro ou último bloco
Esc
Fechar janela ou menu
?
Esta visão geral
Tocando agora

Ir para a estação

A seguir

    Adicione episódios com “A seguir” – eles tocam depois do episódio atual.