
7 - Iwwert d’Feierprouf vum CGDIS (mam Guy Bernar)
Notas do episódio
- Wéi gouf den éischte Groussbrand vum CGDIS ofgeschafft?
- U wat muss bei esou Asätz geduecht ginn?
- Wéi gesäit d'Kommandostruktur vum CGDIS aus?
An dëser Status5-Episod hate mir Besuch vum Guy Bernar, fréiere Chez de zone vun der Zone de secours Sud.
Just 2 Deeg no der Grënnung vum CGDIS, gëtt seng fonkelnei Kommandostruktur schonn op d’Prouf gestallt. E Groussbrand zu Esch, bei deem de Guy Bernar den Asazleeder war, verlaangt de Pompjeeën Villes of. Wéi den Asaz ofgelaf ass, wat d’Schwieregkeete bei deem Asaz waren a ob d’Kommandostruktur dann elo och esou funktionéiert wéi virgesinn zielt de Guy eis an dëser Episod.