
S04E08 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Sally Wagner
Show notes
D’Sally Wagner ass Content Creator, net wierklech Influencerin, well, naja. Dir wësst schonn. Et ass net sou einfach an dem groussen Internet. Sécher ass, si schwätzt iwwer alles, wéi seet een esou schéin, iwwert Gott a Welt. Mol witzeg, mol net, mol iwwer perséinlech Erfarungen an oft weess si guer net sou genau wat si do sou mécht? Verschidde Situatioun ginn awer och mol séier eescht. An déi kennen dozou féieren, dass een e ganze Frëndeskrees verléiert. Wisou? Well engem net gegleeft gëtt. Wat ass do genau geschitt? De Luc Spada freet a senger Show Fiasko Fest no.