Skip to content

S2#9 - Catherine Wurth

October 15, 2025 · 1 h 7 min

Show notes

FJD Business Bistrot - Zesummen mam Catherine Wurth

Déi lescht Episode vun der Saison 2 fir den FJD Business Bistrot Podcast. Eng lescht Episode am Kader vum Thema “Navigating Extremes”. Des Kéier geet et em Extreme Job Changes zesumme mam Catherine Wurth. D’Catherine huet virun engem Joer decidéiert seng Karriär als Head of Sustainability an enger grousser Finanzinstitutioun opzeginn an an ee komplett aneren Domaine ze wiesselen – dee vun der Economie Sociale. Hatt ass haut Directrice Adjointe vu Co-Labor. Wat Co-Labor ass, wei säin Alldag changéiert huet, firwat hatt wollt eppes ganz Neies maachen, wat seng Kanner dovun haale a wat Stol mat deem ganzen ze dinn huet, dat gitt dir an dëser Folleg gewuer. Am Intro schwätzen de Georges an d’Carole iwwer d’Jobcalypse, den Impakt vun AI ob den Aarbechtsmarché, dem Georges säin neie Meeting Outil an natierlech geet et och em den Trounwiessel an d’Monarchie souwéi dorëm dass 2 vun de 4 Chambellane Membere vun der FJD sinn. Lauschtert eran a mir freeën eis iech an der Saison 3 rëmzefannen. D’Summerpaus ass eriwwer a mir sinn zeréck. Des Kéier mam “archétype du multi-entrepreneur” – dem Claude Wagner. Ir et bei de Claude geet, geet et beim Georges a Carole iwwert all méiglech Sujet - vum Axl Rose iwwert Sportswear bbis zu Cargo Bikes an der Staat a an de Gemenge. Dono schwätzen si mam Claude iwwert seng Escher Hierkonft, seng vill Betriber, säi Wee dohinner, d’Challenge a wei een et mécht fir iwwer 1100 Léit ze managen an trotzdeem nach bal all Mënsch mam Numm ze kennen. Mir schwätzen awer och iwwert dem Claude seng Passioun fir Ultratrails a wéini hien nach Zäit fënnt fir ze trainéieren. Ee sympatheschen an immens inspiréierende Business Talk deen een net verpasse soll. Als kleng Recommandatioun gëtt de Georges iech des Kéier dëst Buch mat ob de Wee: https://www.ernster.com/en/detail/ISBN-9782073061195/Chapoutot-Johann/Les-irresponsables---Qui-a-porté-Hitler-au-pouvoir-?bpmctrl=bpmrownr.1%7Cforeign.276570-1-0-0

All episodes of FJD presents: Business Bistro

Settings

Display

Language

Decides which stations you see first on the home page.

History

Recently played stations and episodes and your latest searches are only stored in this browser.

Notifications

A short notice when a podcast you follow has a new episode. Turn off single podcasts with the bell on their page.

Account

Save favorites – in the app and on the website.

Keyboard shortcuts

/
Open search
Space
Play or pause
← →
In the player: back 15 s, forward 30 s (episodes) · in a row: next tile
↑ ↓
In a row: target within the tile
Home / End
In a row: first or last tile
Esc
Close window or menu
?
This overview
Now playing

Go to station page

Play next

    Add episodes with “Play next” – they play after the current episode.