Skip to content
Invité:e vum Dag
PodcastNewsLB

Invité:e vum Dag

NewMichel-Edouard Ruben, Economiste vun IDEANovember 13, 2026
Episodes
50
Released
daily
Latest episode
Nov 13, 2026

About the podcast

Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.

Episodes 50

  1. Michel-Edouard Ruben, Economiste vun IDEA

    D'Staatsfinanze sinn amgaang an ee méi laangfristegen Desequiliber ze rutschen - deen zukünfteg Regierunge riskéiere mussen auszeläffelen, sou d'Analys vum Ekonomiste.

  2. Liam Bremer, President vum Jugendrot

    Mir froen hien, wéi et de Jugendlechen zu Lëtzebuerg geet tëschent Wunnengsnout, internationale Krisen an enger onsécherer Zukunft

  3. Georges Krombach, Verkafsdirekter vun Heintz van Landewyck

    Wat bedeit déi geplangten Hausse op den Accise vum Tubak fir de Lëtzebuerger Zigarettefabrikant? A wéi kritt een d'Interesse vum Secteur mat der Gesondheetspolitik conciliéiert?

  4. Marc Spautz, CSV-Aarbechtsminister

    Méi flexibel schaffen - ass d'Propose vum Aarbechtsminister eng "fausse bonne idée"? Donieft schwätzte mir iwwer d'Plattformaarbecht: Lëtzebuerg muss d'EU-Direktiv dréngend ëmsetzen.

  5. Paul Galles

    Haut ass zu Antalya an der Tierkei den Optakt vun der Klimakonferenz COP31. 10 Joer nom Paräisser Ofkommes kommen do Delegéiert aus bal 200 Länner zesumme fir iwwer d'Klimapolitik ze diskutéieren. Wat erwaard …

    Show notes

    Haut ass zu Antalya an der Tierkei den Optakt vun der Klimakonferenz COP31. 10 Joer nom Paräisser Ofkommes kommen do Delegéiert aus bal 200 Länner zesumme fir iwwer d'Klimapolitik ze diskutéieren. Wat erwaard sech de President vun der Klima-Chamberkommissioun Paul Galles?

  6. Mike Schaltz, Direkter vum Service d'Accompagnement Tutelaire

    D'SAT ASBL këmmert sech ëm Leit, déi ënner Tutelle gestallt ginn, mee si brauch dréngend méi Sue fir ze iwwerliewen. Hire Chargé de direction erkläert firwat.

  7. Charles Goerens, DP-Europadéputéierten

    Ass d'Défaite vum Donald Trump senge Republikaner eng gutt Nouvelle fir Europa? Déi Fro stelle mir dem DP-Europadéputéierten.

  8. Robert Harmsen, amerikanesche Politolog op der Uni.lu

    Mir froen de Politikwësseschaftler, wat den Ausgang vun den amerikanesche Kongresswale fir dem Donald Trump seng Presidentschaft bedeit.

  9. Mike Schwebag, Médiateur de la santé

    De Gesondheetsmediateur gëtt ageschalt, wann et e Konlikt gëtt tëschent Patient an Dokter - oder ëmgedréint. 2025 huet de Service iwwer 100 Dossiere méi registréiert, wéi 2024. Mir froen no, wou déi staark …

    Show notes
    De Gesondheetsmediateur gëtt ageschalt, wann et e Konlikt gëtt tëschent Patient an Dokter - oder ëmgedréint. 2025 huet de Service iwwer 100 Dossiere méi registréiert, wéi 2024. Mir froen no, wou déi staark Hausse hierkënnt.
  10. Jeromin Zettelmeyer, Direkter vum Think Tank Bruegel

    Däitschland a Frankräich fuerdere Lockerungen bei de Klimaziler an der Auto-Industrie a méi e staarke Schutz fir d’Produktioun an der EU. Déi wiertschaftspolitesch Denkfabrik vu Bréissel gesäit dee Virstouss …

    Show notes
    Däitschland a Frankräich fuerdere Lockerungen bei de Klimaziler an der Auto-Industrie a méi e staarke Schutz fir d’Produktioun an der EU. Déi wiertschaftspolitesch Denkfabrik vu Bréissel gesäit dee Virstouss kritesch a warnt, datt déi europäesch Automobilindustrie doduerch kéint den Zuch verpasse bei der Energietransitioun.
  11. Lex Delles, Wirtschafts- an Energieminister (DP)

    D'Regierung an d'Sozialpartner hu sech op eng Verlängerung vun den Energiemesuren aus dem Resilienzpak gëeenegt. Wéi frou ass de Lex Delles, datt och den Tankrabatt weider gëllt?

  12. Bauke Baumann, Expert fir den Noen Osten

    Wéi geet et virun no de Walen an Israel? Froen un den Expert vun der Heinrich-Böll-Stiftung, déi der grénger Partei an Däitschland nosteet.

  13. Xavier Bettel, Ausseminister (DP)

    No de Walen an Israel, Brasilien a Serbien an no senger aussepolitescher Deklaratioun an der Chamber: Froen un de Lëtzebuerger Ausseminister.

  14. Laurent Zahles, President vum Retail Banking Cluster vun der ABBL

    No enger kuerzer Reprise 2025 notéieren d'Guichetsbanken fir 2026 nees e Ralentissement um Immobiliemaart. Besonnesch de VEFA kënnt net un d'Rulle. Wat kann een do maachen?

  15. Richard Graf, woxx

    De fréiere Journalist an haitege Member vum Verwaltungsrot erkläert, firwat déi rezent Adaptatioun vun der Pressehëllef net duergeet fir d'Wochenzeitung um Liewen ze halen.

  16. Paul Philipp, President vun der Fussball-Federatioun

    De Paul Philipp ass muer um Kongress zu Wëntger den eenzege Kandidat fir seng eegen Nofolleg als President vun der FLF. Et gëtt säi 7. Mandat un der Spëtzt vum Verband.

  17. Martine Deprez, CSV-Sozialministesch

    No der Hierscht-Quadripartite vu gëscht: Wat gëtt gemaach, fir de chroneschen Defizit vun der CNS an de Grëff ze kréien?

  18. Nora Back, Presidentin vum OGBL

    D'nächst Woch gëtt an der Tripartite weider verhandelt. Mir froen d'OGBL-Presidentin, wat si sech vun der Regierung erwaart.

  19. Marc Lauer, President vun der Union des Entreprises (UEL)

    Mir froen den UEL-President mat wéi enge Fuederungen d'Patronat haut an d'Tripartite geet.

  20. Claude Robinet, neie Lëtzebuerger Arméichef

    De neie Generol iwwerhëllt eng Arméi déi séier wiisst. Mir froen hien wat déi gréisst Erausfuederunge sinn, déi an de nächste Joren op hien duerkommen.

  21. Dr Claude Braun, President vu Luxembourg Transplant

    Am Virfeld vum internationalen Dag vun den Organspenden maache mir de Point zu der Situatioun zu Lëtzebuerg. 2025 goufen nëmmen zwee Spender hei am Land registréiert.

  22. Alexandra Schoos, ADR-Parteipresidentin

    Bei der Sonndesfro vun Ilres am Optrag vum Lëtzebuerger Wort an RTL schneit d’ADR esou gutt of ewéi nach ni. Wouru mécht d’Partei deen Erfolleg fest?

  23. Marc Reiners, President vum Produzentecomité bei Luxlait

    D'Luxlait iwwerhëlt temporär 50 fréier Ekabe-Produzenten, kann deenen hir Mëllech awer net hei am Land verschaffen. Wat bedeit dat fir déi Concernéiert a fir d'Molkerei selwer?

  24. Marc Schoentgen, Co-Direkter vun der Stëftung ZpB

    Den Zentrum fir politesch Bildung feiert 10 Joer. Eng Zäit, an där Desinformatioun a Politikverdrossenheet allgemeng zougeholl hunn. Wéi geet een dogéint vir?

  25. Guy Bley, Haut-Comissaire à la protection nationale

    Wat ass d'Zil vun der neier Campagne fir 72 Stonnen Autonomie vun de Bierger bei nationale Krisen? A wéi prett sinn d'Autoritéite wann déi "nächst Kris bestëmmt kënnt"?

  26. Patrick Michaely, Direkter vum Naturmusée

    Virun 30 Joer ass den MNHN vum Fëschmaart an de Gronn geplënnert. Wéi huet e sech zënterhir entwéckelt? A wéi soll e sech nach weider entwéckelen?

  27. Gilles Roth, CSV-Finanzminister

    Froen iwwer de Budgetsprojet fir 2027, dee gëschter an der Chamber déposéiert a virgestallt ginn ass.

  28. Dr. Emile Bock, President vun der SLMUC

    Wat ass d'Zil vun där neier “Société Luxembourgeoise de Médecine d’Urgence et de Catastrophe”? Dat froe mir hire President.

  29. Marc Wagener, Generaldirekter vun der Croix-Rouge

    Den 1. August huet de fréieren UEL-Direkter d'Nofolleg vum Michel Simonis un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Roude Kräiz iwwerholl.

  30. Astrid de Leeuw, Ligue Santé Mentale

    Haut ass den Optakt vun der 5. Semaine de la santé mentale. Si steet ënner der Iwwerschrëft "On a tous un bagage. Ensemble, avançons plus légers!".

These are the latest 40 of 50 episodes. You’ll find older episodes in the podcast’s feed.

Similar podcasts

More News podcasts
Is this your podcast?

Confirm it with an entry in your feed: you get a code here, add it as podcast:txt to the channel of your feed, and we check it. Your podcast is then shown as “verified” on SoundNode.

Settings

Display

Language

Decides which stations you see first on the home page.

History

Recently played stations and episodes and your latest searches are only stored in this browser.

Notifications

A short notice when a podcast you follow has a new episode. Turn off single podcasts with the bell on their page.

Account

Save favorites – in the app and on the website.

Keyboard shortcuts

/
Open search
Space
Play or pause
← →
In the player: back 15 s, forward 30 s (episodes) · in a row: next tile
↑ ↓
In a row: target within the tile
Home / End
In a row: first or last tile
Esc
Close window or menu
?
This overview
Now playing

Go to station page

Play next

    Add episodes with “Play next” – they play after the current episode.