Skip to content

Zeltgepëspers #18 - Vu Musék zu Mandater

October 1, 2026 · 1 h 28 min

Show notes

An dëser 18. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir als Podcast Ekipp um Wisefestival zu Eschduerf ënnerwee. Mir krute vu verschiddene Leit aus dem Organisatiounscomité erkläert, wéi esou e Festival zustan kennt a mat wéi engen Challenge si konfrontéiert waren. Och mat verschiddene Bands a Visiteure konnte mir eis iwwer hiren Androck vum Festival austauschen an esou ganz verschidden Abléck fir iech afänken. Jiddereen deen et den 12. September et dohi gepackt huet, kritt hei op alle Fall e flotten Abléck vun dësem 25. Gebuertsdag vun den Eschduerfer Guiden a Scouten.

Och um Kongress a Chefdag ware mir nees mam Feldmikro ënnerwee fir verschidden Andréck anzefänken. Do si mir net nëmmen dem Luc Frieden, mee och ganz villen engagéierte Cheftainen a Chef begéint. Déi Lampertsbierger konnten em déi 450 Guiden a Scouten empfänken an hunn dëse Kongress a Chefdag duerch déi wonnerbar Organisatioun zu engem wierklech flotte Start vum Scoutsjoer gemaach.


Wann dir fir är nächst Scoutskiermes nach eng Band sicht, déi richteg gutt Musek a Stëmmung matbréngt, kennt dir iech iwwert déi follgend Plaze bei Nemesys mellen, déi des Joer och um Wisefestival vertruede waren a vir eng genial Stëmmung gesuergt hunn:

www.nemesys-lux.lu

Instagram: Nemesys

Facebook: Nemesys


Méi Informatiounen zum Albatross Weekend zu Beggen fannt dir ënnert:

https://chefbox.lgs.lu/event/albatrossen-weekend-2027/


Méi Informatiounen zum RaRo Lancement fannt dir op:

https://chefbox.lgs.lu/event/ragnarok-is-coming-weekend-de-lancement/


Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.


Mir freeën eis :)




Intro + Réckspigel (00:00)

Wisefestival 2026 (05:04)

Kongress & Chefdag (57:38)

Ausbléck + Outro (01:23:56)

All episodes of LGS Zeltgepëspers

Settings

Display

Language

Decides which stations you see first on the home page.

History

Recently played stations and episodes and your latest searches are only stored in this browser.

Notifications

A short notice when a podcast you follow has a new episode. Turn off single podcasts with the bell on their page.

Account

Save favorites – in the app and on the website.

Keyboard shortcuts

/
Open search
Space
Play or pause
← →
In the player: back 15 s, forward 30 s (episodes) · in a row: next tile
↑ ↓
In a row: target within the tile
Home / End
In a row: first or last tile
Esc
Close window or menu
?
This overview
Now playing

Go to station page

Play next

    Add episodes with “Play next” – they play after the current episode.