
#201: Du mëss mech fäerdeg — Mobbing an der Schoulzäit
Show notes
Vill Leit erliewen wärend hirer Schoulzäit Mobbing, entweder direkt oder kréien et zumindest an der Klass mat. Dobäi kënnen sech Leit, déi gemobbt ginn, oft eleng fillen. De Joël, Lynn a Robin erzielen an dëser Episod vun hiren Erfarungen, wat dat längerfristeg mat hinne gemaach huet a wat hinne gehollef huet.
D Rubrik gëtt et wéi (neierdéngs) gewinnt d nächste Freiden.
Ulafstellen: Kanner-Jugendtelefon (Anonym Berodung per Telefon oder Chat) Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires – CePAS BEE SECURE Helpline (bei Cybermobbing) Centre national pour les victimes de violences (jo, och bei psychescher Gewalt!) Violence.lu Mobbing asbl (bei Mobbing ob der Aarbecht)