
RTL – Lecture vun heiheem
- Episodes
- 100
- Released
- monthly
- Latest episode
- Oct 21, 2026
About the podcast
Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.
Episodes 100
Ado Rinnen: E Liewe fir d'Fräiheet 1924-1944, 21/10/2026
Mat dësem Buch éiert d'Gemeng Beetebuerg de Resistenzler Ado Rinnen deen 1944 vun den Nazien higeriicht gouf Eng ganz idyllesch Zeen mécht den Ufank vun dëser Episod vun eiser Lecture vun heiheem. De Pit …
Show notes
Mat dësem Buch éiert d'Gemeng Beetebuerg de Resistenzler Ado Rinnen deen 1944 vun den Nazien higeriicht gouf
Eng ganz idyllesch Zeen mécht den Ufank vun dëser Episod vun eiser Lecture vun heiheem. De Pit Hoerold liest en Text deen hie fir d’Buch Ado Rinnen: E Liewe fire d’Fräiheet geschriwwen huet. E Jong dee fësche geet, sech op d’grouss Vakanz freet an dobäi vu senger Zukunft dreemt. Wat kéint e méi Schéines ginn?
En Idyll dat ganz abrupt en Enn fënnt. Den Ado Rinnen huet 16 Joer wéi den zweete Weltkrich ugeet, mat grad emol 17 Joer engagéiert en sech an der Resistenz. E jonkt Liewen dat op d’Kopp gehäit gëtt an dat no 20 Joer schonn eriwwer ass. Awer de Jong vun Hunchereng ass net vergiess: d’Gemeng Beetebuerg huet him mat dësem Buch e Denkmal gesat. Am Interview erzielt den Auteur Pit Hoerold firwat et him perséinlech esou wichteg war fir dem Ado Rinnen seng Geschicht z’erzielen.A wann ee seng Problemer einfach ëmtausche kéint?, 22/09/2026
"D'Problemsbourse" vum Lynn Berchem "Mir versuergen Är Suergen", dat ass d'Verspriechen vun der Problemsbourse, bei der Kanner, souzesoen am Schlof, hir Problemer kënnen ofginn. Den Hoke bei der Saach? Fir all …
Show notes
"D'Problemsbourse" vum Lynn Berchem
"Mir versuergen Är Suergen", dat ass d'Verspriechen vun der Problemsbourse, bei der Kanner, souzesoen am Schlof, hir Problemer kënnen ofginn. Den Hoke bei der Saach? Fir all Problem deen een ofgëtt, kritt een en Neien aplaz. An et weess ee wat een ofgëtt, mä et weess een ni wat ee kritt...
Dat ass d'Ausgangssituatioun vun der Lynn Berchem hirem éischte Kannerbuch. Fir dës Erzielung huet si eng Dramwelt geschaaf, déi vun de Probbien bevëlkert gëtt, klenge Männercher déi d'Tauschgeschäft mat de Kanner hire klengen a mëttelgrousse Problemer organiséieren. De Carlo Schneider huet dës Dramwelt illustréiert, an et kann een sech d'Geschicht och iwwer QR-Coden am Buch virliese loossen. Am Interview erzielt d'Lynn Berchem wéi "D'Problemsbourse" entstanen ass a wat d'Iddi dohanner ass.Alldag zu Lëtzebuerg: net alldeeglech!, 09/09/2026
"Das Leben zwischen Arbeit und Leidenschaft" vum Jean-Marie Backes De Jean-Marie Backes seet vu sech selwer dass e virwëtzeg ass. Hie reest- meeschtens mam ëffentlechen Transport - duerch ganz Lëtzebuerg …
Show notes
"Das Leben zwischen Arbeit und Leidenschaft" vum Jean-Marie Backes
De Jean-Marie Backes seet vu sech selwer dass e virwëtzeg ass. Hie reest- meeschtens mam ëffentlechen Transport - duerch ganz Lëtzebuerg, schwätzt mat de Leit an interesséiert sech fir déi Geschichten déi en anere géif als banal ugesinn. Mä hannert dem Alldeegleche verstoppt sech dacks dat Ongewéinlecht, Spannend oder souguer Skurrilt. Dat geet vum Ausfluch vum "Biisser Blumme Veräin" am Joer 1968 iwwer den Alldag vun de Leit op dem net alldeeglechen Datum vum Trounwiessel bis bei d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Stolindustrie déi de Jean-Marie Backes aus verschiddene Bléckwénkele beliicht.
Wéi war et am Schied vun der HADIR zu Déifferdeng opzewuessen? A wie war de Feierstëppler, dee mir vun den ale Lëtzebuerger Mënze kennen? A wat géif e Méi-Roboter eis soen, wann en da schwätze kéint? Eng Äntwert op all déi (an nach vill aner) Froen gëtt et an dësem Episod vum Podcast "Lecture vun heiheem".Jemp Schuster, Michèle Turpel: Spawecken als Verbindung zur Vergaangenheet, 12/07/2026
De Jemp Schuster schwätzt iwwer säin neie Roman "Spawecken" Mat "Bluttsëffer" huet de Jemp Schuster 2020 säin éischte Roman virgeluecht , deen em net nëmmen de Lëtzebuerger Buchpräis, mä och en enorme Succès …
Show notes
De Jemp Schuster schwätzt iwwer säin neie Roman "Spawecken"
Mat "Bluttsëffer" huet de Jemp Schuster 2020 säin éischte Roman virgeluecht , deen em net nëmmen de Lëtzebuerger Buchpräis, mä och en enorme Succès bei de Lieser bruecht huet. Och an dem neie Roman "Spawecken" dréint sech nees alles ëm eng Famill, dës Kéier d'Schmaddsfamill aus dem fiktiven Dierfche Schëldref. An natierlech ëm den Ampeljong, deen décken Nëssert deen zënter Jorhonnerten alles matkritt wat a Schmadds geschitt. Säi Geheimnis wäert eréischt 1988 un d'Liicht kommen, wéi den Ampeljong duerch e Blëtz gespléckt gëtt. Wat genee et domat op sech huet, dofir muss ee wäit an d'Vergaangenheet siche goen, bis an d'17.Jorhonnert, an d'Zäit vum Drëssegjärege Krich. Am Interview schwätzt de Jemp Schuster iwwer déi Verännerungen mat deene seng Personnage zu verschiddenen Zäite konfrontéiert sinn, sief et an der zweeter Halschent vum leschte Jorhonnert oder matzendran am Horror vum Drëssegjärege Krich. Et geet awer och ëm d'Lëtzebuerger Sprooch als Handwierksgeschier vum Auteur, den Auteur als Wuert-Schmadd souzesoen. An der Schmëtt kennt sech och dem Jemp Schuster seng Fra, d'Actrice Michèle Turpel, beschtens aus. Si kënnt aus enger Schmadds-Famill an dat war och eng Inspiratioun fir dat eent oder anert Element dat am Roman erëmzefannen ass.
"Spawecken" vum Jemp Schuster ass bei Kremart Edition erauskomm.Vu Katastroph(en) an Happy End(s): De Schrëftsteller Roland Meyer am Interview, 21/06/2026
Am Interview schwätzt de Roland Meyer iwwer seng zwee nei Bicher: "Um Horizont" a "Betty- Die Geschichte eines jüdischen Mädchens" Mat iwwer 400 Säiten ass "Um Horizont" dat déckste Buch dat de Roland Meyer bis …
Show notes
Am Interview schwätzt de Roland Meyer iwwer seng zwee nei Bicher: "Um Horizont" a "Betty- Die Geschichte eines jüdischen Mädchens"
Mat iwwer 400 Säiten ass "Um Horizont" dat déckste Buch dat de Roland Meyer bis elo geschriwwen huet. Am Interview verréit hien, firwat et nach vill méi déck hätt kéinte ginn! Wann an dësem Roman d'Grenzen tëscht Wouerecht a Fantasie verschwammen, dann huet een am Kannerbuch "Betty - Die Geschichte eines jüdischen Mädchens" déi traureg Gewëssheet: esou wéi d'Betty Hirschbein hir Geschicht Jorzéngte méi spéit erzielt, sou ass et tatsächlech geschitt. Kann et no der Katastroph nach en Happy End ginn? Fir d'Betty war dat de Fall, bei de Personnagen aus dem Roman "Um Horizont" ass dat net esou sécher.
Och fir de Verlag Op der Lay, bei dem de Roland Meyer seng Bicher zënter laange Jore verëffentlecht, gëtt et leider keen Happy End. Op den 31.Juli mécht hire Webshop zou, no iwwer 30 Joer an der Lëtzebuerger Verlagslandschaft. Och als Museker a Kabarettist huet de Roland Meyer vill Pläng a Wënsch fir d'Zukunft... geschwënn eng Kéier e Concert zu Esch ze spillen, steet ganz uewen op der Wonschlëscht! Ka säi Wonsch an Erfëllung goen? A wäert e säi Kannerbuchprojet ronderëm dee klengen Här Bellibimbam mat engem neie Verlag verwierkleche kënnen? Op déi Froe gëtt et (nach) keng Äntwert.
"Um Horizont" ass am Verlag Op der Lay erauskomm, "Betty, die Geschichte eines jüdischen Mädchens" ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.Eng historesch Recherche iwwer jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg, 26/05/2026
Den Denis Scuto an de Ben Fayot am Interview iwwer d'Buch "Parcours de vie: Les Juifs du Luxembourg et la Shoah" an dee grousse Recherche-Projet dohanner Wéi en Afloss hat en Hollywood-Film op d'Recherche iwwer …
Show notes
Den Denis Scuto an de Ben Fayot am Interview iwwer d'Buch "Parcours de vie: Les Juifs du Luxembourg et la Shoah" an dee grousse Recherche-Projet dohanner
Wéi en Afloss hat en Hollywood-Film op d'Recherche iwwer d'Shoah zu Lëtzebuerg? Wie war d'Pianistin Dina Grossvogel a wat huet si mat eisem Land verbonnen? A wourop mussen Historiker bei hire Recherchen oppassen? Dat si just e puer vun de Froen déi den Historiker Denis Scuto an den Auteur a fréieren Deputéierte Ben Fayot am Interview beäntweren.
"Parcours de vie: Les Juifs du Luxembourg et la Shoah" ass e Buch dat sech an de Kontext vum Luxembourg Mémorial de la Shoah aschreift, an un dem net manner wéi 20 Auteur(inne) matgeschafft hunn.
Op iwwer 300 Säite suivéiert dëst Wierk jiddesch Familljen an hiert Schicksal an de Krichsjoren. Hannert all Numm verstoppt sech eng Geschicht, déi am Wuert an am Bild erzielt gëtt. Texter, Familljefotoen an Zäitdokumenter beleeën d'Liewe vu Mënschen déi ëmbruecht goufen, an déi awer bis haut Spueren hannerlooss hunn. D'Buch baséiert op enger minutiéiser Recherche, déi ëmmer nach amgaangen ass, an déi dacks och onkamoud Wouerechten un d'Liicht bréngt. E wichtegt Wierk an en Thema dat och haut näischt vu senger Aktualitéit verluer huet.Bal 105 Joer an nach laang net midd!, 21/02/2026
De Pe'l Schlechter iwwer säin neit Buch "Fabelen vum Jean de la Fontaine, nei verzielt vum Pe'l Schlechter" De Pe’l Schlechter, bekannt als Auteur, Grafiker an Zeechner, huet sech mat de Fabelen vum Jean de la …
Show notes
De Pe'l Schlechter iwwer säin neit Buch "Fabelen vum Jean de la Fontaine, nei verzielt vum Pe'l Schlechter"
De Pe’l Schlechter, bekannt als Auteur, Grafiker an Zeechner, huet sech mat de Fabelen vum Jean de la Fontaine befaasst an der eng ganz Rëtsch op Lëtzebuergesch iwwersat. Mat vill Sensibilitéit an Humor huet en de Protagonisten vun deene kuerze Parabelen aus der Déierewelt eis Sprooch an de Mond geluecht. Déi Fabelen déi de Jean de la Fontaine am 17te Jorhonnert nei entdeckt an zu engem Klassiker vun der franséischer Literatur gemaach huet, hu Wuerzelen déi nach vill méi wäit an der Zäit zeréckreechen. Den Aesop (vun deem een bis haut net weess, ob hien tatsächlech existéiert huet) soll schonn am 7te Jorhonnert viru Christus seng Fabelen opgeschriwwen hunn. An déi sinn haut nach grad esou aktuell wéi virun 2700 Joer!
De Pe’l Schlechter, deen am Abrëll 2026 säin 105.Gebuertsdag feiert, war schonn als Kand faszinéiert vun de Fabelen. Am Interview erzielt hie vu senger Freed un de Sproochen an um Iwwersetzen, hie verréit firwat ee vun den Texter am Buch fir hien eng ganz perséinlech Bedeitung huet an hie stellt sengem Public eng Fro, op déi et just eng eenzeg Äntwert gëtt!
"Jean de la Fontaine- Fabelen - nei verzielt vum Pe'l Schlechter" ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.Vum Vulleparlament am Gréngewald bis bei d'Maus Ketti, 18/02/2026
"Déierefabelen" aus der Serie "Allerhand" vum SCRIPT De literaresche Genre vun der Déierefabel ass iwwer 2000 Joer al. Och an der Lëtzebuerger Literatur spillt en eng wichteg Roll. D'Elise Schmit kennt een als …
Show notes
"Déierefabelen" aus der Serie "Allerhand" vum SCRIPT
De literaresche Genre vun der Déierefabel ass iwwer 2000 Joer al. Och an der Lëtzebuerger Literatur spillt en eng wichteg Roll.
D'Elise Schmit kennt een als Autorin vu Kuerzgeschichten an Theaterstécker. An dëser Episod vum Podcast Lecture vun heiheem geet et awer net ëm hir eege Bicher, mä villméi ëm e Recueil vu Fabelen un dem si matgeschafft huet an dee beim SCRIPT, also dem Service de Coordination de Recherche et de l'Innovation Pédagogique et Technologique vum Unterrechtsministère erauskomm ass. De Band "Déierefabelen" schreift sech an d'Serie "Allerhand" an. Dës Serie riicht sech an éischter Linn u Lycées-Schüler, ass awer och fir aner interesséiert Lieser zougänglech. Am Interview erzielt d'Elise Schmit wéi ee Stellewäert besonnesch d'Déierefabelen an der Lëtzebuerger Literatur vum 19. a fréien 20.Jorhonnert hunn a wéi dës Texter d'Geschicht vun eisem Land erëmspigelen."Boy Overboard" vun der Isabelle Marinov, 18/01/2026
Dräi Frënn op der Sich nom Schatz vum réimesche Keeser Diokletian An "Boy Underground" (2023) hunn den Hugo, den Alex an d'Julie an de Katakombe vu Paräis eng ënnerierdesch Welt entdeckt. Wat si do zesummen …
Show notes
Dräi Frënn op der Sich nom Schatz vum réimesche Keeser Diokletian
An "Boy Underground" (2023) hunn den Hugo, den Alex an d'Julie an de Katakombe vu Paräis eng ënnerierdesch Welt entdeckt. Wat si do zesummen erlieft hunn, huet déi dräi Frënn zesummegeschweesst. Wéi elo an dem neie Roman "Boy Overboard" d'Iddi opkënnt, fir an engem Tauchcamp un der Küst vu Kroatien d'Vakanz ze verbréngen, sinn si direkt Feier a Flam! An natierlech dreemen si dovun, d'Schëffswrack ze fannen, an dem der Legend no d'Kroun vum Keeser Diokletian verstoppt ass. Mä wat du geschitt, dat haten si sech net erwaart!
Am Interview erzielt d'Isabelle Marinov vun hirer Faszinatioun mat der Ënnerwaasserwelt, vu Muschelen déi bis zu 30 Joer al kënne ginn, vun engem Palais an dem ee spadséiere goe kann, vun engem Tëntefësch deen ëmmer mat dobäi ass a vun zwee Filmer déi an der Maach sinn.
"Boy Overboard" vun der Isabelle Marinov ass bei Sweet Cherry Publishing erauskommWat ka kënschtlech Intelligenz wierklech? (A wat net), 10/01/2026
"Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" Interview mat der Informatik-Professorin a Bestseller-Autorin Prof.Dr. Katharina Zweig D'Katharina Zweig ass KI-Expertin an Informatik-Professorin un der RTPU …
Show notes
"Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" Interview mat der Informatik-Professorin a Bestseller-Autorin Prof.Dr. Katharina Zweig
D'Katharina Zweig ass KI-Expertin an Informatik-Professorin un der RTPU Kaiserslautern-Landau wou si och d'Fach "Sozioinformatik" an d'Liewe geruff huet. Fir hir Aarbecht huet si schonn e sëllege Präisser gewonnen, a gouf rezent mam Bundesverdienstkreuz ausgezeechent. Zum Thema kënschtlech Intelligenz huet si dräi Bicher verëffentlecht, déi sech un de grousse Public adresséieren. Dat Neist dovun, mam Titel "Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" ass am Hierscht 2025 erauskomm a gouf op der Frankfurter Buchmesse virgestallt. An dësem Interview, deen am Oktober 2025 zu Frankfurt opgeholl gouf, erkläert si wat eng KI alles kann - a wat net. Ausserdeem verréit si, firwat si hir Reese léiwer selwer plangt aplaz sech dofir op KI ze verloossen, a wéi e Séipäerdchen déi kënschtlech Intelligenz zolidd an d'Laberente brénge kann.
Déi dräi Bicher "Ein Algorithmus hat kein Taktgefühl" (2019) , "Die KI war's" (2023) an "Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" (2025) sinn am Heyne Verlag erauskomm."Vum Buedem ofhiewen a fléien, fir vum Bësch z'erzielen", 27/12/2025
Interview mat der prominenter spuenescher Schrëftstellerin Rosa Montero D'Rosa Montero, 1951 zu Madrid gebuer, huet als Journalistin eng 2000 bekannt Perséinlechkeeten interviewt, si ass awer och als …
Show notes
Interview mat der prominenter spuenescher Schrëftstellerin Rosa Montero
D'Rosa Montero, 1951 zu Madrid gebuer, huet als Journalistin eng 2000 bekannt Perséinlechkeeten interviewt, si ass awer och als Schrëftstellerin bekannt.
No engem Studium an de Beräicher Psychologie a Journalismus huet d'Rosa Montero 1976 hir Aarbecht bei der grousser spuenescher Dageszeitung El País opgeholl, wou si eng Zäit laang och Chefredaktesch vun der Sonndesbäilag war. Berümt ginn ass si haaptsächlech duerch hir Interviewen, mat engen 2000 weltbekannte Perséinlechkeeten, dorënner de Yassir Arafat an de Paul McCartney, huet si sech ënnerhalen. Dernieft schreift si och Bicher: eng 20 Romaner si bis elo erauskomm, awer och Kuerzgeschichten, Biografien a Kannerbicher. Verschiddener vun hiren Texter si fir den Theater oder fir de Kino adaptéiert ginn, sou zum Beispill hire Roman "La bonne chance" (La buena suerte) deen am Juni 2025 a Spuenien op de groussen Ecran komm ass (Dëse Film vun der Realisatrice Gracia Querejeda wäert iwwregens de 17.Januar 2026 am Kader vum spuenesche Filmfestival hei zu Lëtzebuerg gewise ginn) Oder "L'inconnue du port", e Buch dat si zesumme mam Olivier Truc geschriwwen huet, an dat amgaangen ass vun Netflix verfilmt ze ginn. D'Serie soll ënnert dem Titel "La desconocida" (l'inconnue) am Laf vum Joer 2026 erauskommen.
D'Lëscht mat de Präisser déi si an hirer Carrière gewonnen huet, ass laang, souwuel als Journalistin wéi och als Autorin.
An hire Bicher léisst si keen Thema aus an et kann een si och net op en eenzege Genre festléën. An "L'idée ridicule de ne plus jamais te revoir" ( "La ridícula idea de no volver a verte" 2013) verschafft si de fréien Doud vun hirem Mann. An "Le roi transparent" ("Historia del rey transparente" 2005) ass d'Haaptfigur dat jonkt Leola, dat sech an der Aquitaine vum 12te Jorhonnert als Ritter verkleede muss, fir z'iwwerliewen. Ganz beléift ass och hire futuristesche Romanzyklus ronderëm d'Replikantin Bruna Husky, deen am 22ste Jorhonnert spillt. Dräi Bänn si bis elo schonn op Franséisch erauskomm, dee véierten a leschte Band soll am Fréijoer 2026 bei hirem franséische Verlag éditions Métailié publizéiert ginn.
Am Mee war si zu Lëtzebuerg op Besuch, wou si bei enger Konferenz an der Abtei Neimënster vun hirer Aarbecht erzielt huet.
Am Interview verréit si wéi eng Interviewpartner si an hirer laanger Karriär besonnesch beandrockt hunn, wéi no hir futuristesch Romaner un eis Realitéit erukommen a firwat et heiansdo gutt deet, e ganz e wéineg "verréckt" ze sinn.Do rëselt eist Wopendéier de Kapp: "De Léiw gëtt rout" vum Jean-Paul Maes, 26/12/2025
7 Personnagen a 7 Kuerzgeschichten De Charel, d'Bianca, d'Madamm Wilmes, de Wangerts, d'Michèle, d'Madamm Kugeler oder de Jean-Luc: hannert all deenen Nimm verstoppt sech net just eng Persoun, mä och eng Liewes …
Show notes
7 Personnagen a 7 Kuerzgeschichten
De Charel, d'Bianca, d'Madamm Wilmes, de Wangerts, d'Michèle, d'Madamm Kugeler oder de Jean-Luc: hannert all deenen Nimm verstoppt sech net just eng Persoun, mä och eng Liewes -Realitéit déi heiansdo méi duerch Illusioune verdeckt gëtt wéi et de Protagoniste bewosst ass. D'Geschichte sinn traureg, tragesch, hoffnungsvoll a virun allem: aus dem Liewe gegraff. An iwwerall ass och eng Grëtz Humor dobäi. Ob fräiwëlleg oder onfräiwëlleg, déi 7 Held(inn)e bréngen eis zum Laachen.
De Jean-Paul Maes ass haaptsächlech als Acteur an Theater-Auteur bekannt, huet awer mat "Rehaugen" (2021) och e Roman erausbruecht. Ënnert deene sëlleche Rollen déi en a senger laanger Carrière gespillt huet, ass och déi vum Erni Tendo an "De Superjhemp retörns" (2018). Am Interview erzielt de Jean-Paul Maes vu senge siwe Personnagen, an hie verréit wat de Léiw (an och de Renert) mat all dem ze dinn huet.
"De Léiw gëtt rout" vum Jean-Paul Maes ass bei Kremart Edition erauskomm.Den neie Xavier-Kieffer-Krimi an de Filmprojet "Droneland", 19/12/2025
Ugangs Dezember war den Tom Hillenbrand zu Lëtzebuerg an huet sech och Zäit geholl fir en Interview an der RTLCity Dass den Tom Hillenbrand all neie Xavier-Kieffer-Krimi (an och déi meescht vu sengen anere …
Show notes
Ugangs Dezember war den Tom Hillenbrand zu Lëtzebuerg an huet sech och Zäit geholl fir en Interview an der RTLCity
Dass den Tom Hillenbrand all neie Xavier-Kieffer-Krimi (an och déi meescht vu sengen anere Bicher) op Lëtzebuerg virstelle kënnt, ass schonn Traditioun. Och aus dem neie Buch "Verhängnisvoller Champagner" huet hien op verschiddene Plazen am Land gelies. Leider sinn déi Liesungen déi am Interview ernimmt ginn, schonn eriwwer. Fir d'Xavier-Kieffer-Trëppeltier déi den LCTO organiséiert, kann een sech awer nach umellen! Ausserdeem däerf een sech elo schonn op de Start vun der Tëleesserie "Droneland" fréeën dee fir den Hierscht 2026 virgesinn ass, a, wie weess, villäicht dauert et jo guer net méi sou laang bis de Xavier Kieffer och op der Tëlee ze gesinn ass...Zu Mondorf gouf 1945 e Stéck Geschicht geschriwwen, 23/11/2025
"Die Dolmetscherin" vum Titus Müller Den Titus Müller schreift historesch Romaner. An "Die Dolmetscherin" geet et ëm d'Nürnberger Prozesser déi virun 80 Joer ugefaangen hunn. Mat senger Berlin-Trilogie ("Die …
Show notes
"Die Dolmetscherin" vum Titus Müller
Den Titus Müller schreift historesch Romaner. An "Die Dolmetscherin" geet et ëm d'Nürnberger Prozesser déi virun 80 Joer ugefaangen hunn.
Mat senger Berlin-Trilogie ("Die fremde Spionin", "Das zweite Geheimnis" an "Der letzte Auftrag") huet sech den Auteur, deen 1977 zu Leipzig gebuer gouf, en Numm gemaach. An dëse Spionage-Thrilleren kommen och real Figuren, wéi den Erich Honecker, de Willy Brandt oder de Wladimir Putin vir. Grad esou wéi a sengem neitste Roman "Die Dolmetscherin" deen deelweis zu Mondorf spillt. Am Virfeld vun den Nürnberger Prozesser goufen héichrangeg Nazi-Krichsverbriecher wéi zum Beispill den Hermann Göring 1945 am Mondorfer Palace-Hôtel festgehalen a verhéiert. An dësem "Camp Ashcan" (wiertlech iwwersat "Camp Dreckseemer", sou gouf et deemools genannt) kënnt eng jonk Fra un, déi als Dolmetscherin mat den amerikaneschen Ermëttler zesummeschaffe soll. Mä d'Asta huet e Geheimnis...
Den 20.November 2025 waren et genee 80 Joer zënter dem Ufank vun den Nürnberger Prozesser. Am Interview erzielt den Titus Müller ënner anerem wat hien dozou bewegt huet, fir dës historesch Evenementer a sengem Roman ze verschaffen.
"Die Dolmetscherin" vum Titus Müller ass am Heyne Verlag erauskomm.En Nobelpräis-Laureat kënnt op Lëtzebuerg!, 20/11/2025
Den Abdulrazak Gurnah krut 2021 de Literatur-Nobelpräis Mat der Swetlana Alexijewitsch war 2016 fir d'lescht eng Literatur-Nobelpräis-Laureatin zu Lëtzebuerg. Bal 10 Joer duerno ass et elo nees esou wäit …
Show notes
Den Abdulrazak Gurnah krut 2021 de Literatur-Nobelpräis
Mat der Swetlana Alexijewitsch war 2016 fir d'lescht eng Literatur-Nobelpräis-Laureatin zu Lëtzebuerg. Bal 10 Joer duerno ass et elo nees esou wäit. D'Nathalie Jacoby, Direktesch vum Nationale Literaturarchiv zu Miersch, wäert sech den 28.November am Institut Pierre Werner beim beléifte Literatur-Format "Das Blaue Sofa" mam Abdulrazak Gurnah iwwer säi Wierk, a ganz besonnesch iwwer säin neiste Roman mam Titel "Diebstahl" ënnerhalen. Am Virfeld war si bei eis am Studio fir iwwer dem Abdulrazak Gurnah säi Wierk ze schwätzen. Dobäi huet si och verrooden, wéi een sech op esou en Evenement virbereed.
Wien den 28.November am Institut Pierre Werner wëll dobäisinn, ka sech um Site www.ipw.lu nach umellen. D'Gespréich (op Englesch) fänkt um 19h00 un.Memoiren aus dem Ënnergrond (1942-1944):, 12/11/2025
"Fir Heemecht a Fräiheet" vum Romain Schmit "De Jonktem lieft am Krich an e stierft och am Krich. Wat wär e Krich ouni Jonktem?" (Romain Schmit) Iwwerfäll op Zich, Liewen am Ënnergrond, wëll Verfollgungsjuegten …
Show notes
"Fir Heemecht a Fräiheet" vum Romain Schmit
"De Jonktem lieft am Krich an e stierft och am Krich. Wat wär e Krich ouni Jonktem?" (Romain Schmit)
Iwwerfäll op Zich, Liewen am Ënnergrond, wëll Verfollgungsjuegten a permanent Liewesgefor: wat sech unhéiert wéi d'Dréibuch vun engem Action-Film, dat sinn d'Memoiren vum Romain Schmit. De gebiertegen Ëlwenter (Joergang 1920) huet nom Krich seng Erënnerungen u seng Zäit an der Resistenz zu Pabeier bruecht. Dobäi hat hien ni geplangt fir seng Opzechnungen als Buch erauszebréngen. Eréischt elo, 80 Joer méi spéit, huet säi Jong Norbert Schmit sengem Papp seng Memoire redigéiert a verëffentlecht, ënnert dem Titel: "Fir Heemecht a Fräiheet". Wéi et dozou komm ass, a wat dee jonke Maquisard deemools erlieft huet, dat erzielt den Norbert Schmit am Interview.E poetesche Bléck op d'Natur vun Island: "Hraun" vum Florent Toniello, 08/11/2025
Dem Florent Toniello säi Lyrik-Band ass op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 Wéi géif eng ausserierdesch Liewesform eis Äerd wouerhuelen? Déi Fro huet sech de Florent Toniello gestallt an op enger …
Show notes
Dem Florent Toniello säi Lyrik-Band ass op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025
Wéi géif eng ausserierdesch Liewesform eis Äerd wouerhuelen? Déi Fro huet sech de Florent Toniello gestallt an op enger Rees an Island huet hien sech vun der eenzegaarteger Landschaft vun der "Insel aus Feier an Äis" inspiréiere gelooss. Am Interview erzielt hien wéi hien a senge Texter mat der Sprooch spillt a wéi d'Fotoen vum Thomas Fleckenstein seng Lyrik ergänzen.
"Hraun" vum Florent Toniello ass bei Michikusa Publishing erauskommMënschen an der digitaler Welt: "Die Sperber-Bussard-Frage" vum Nora Wagener, 02/11/2025
An 13 Kuerzgeschichten erfuerscht d'Nora Wagener wéi Mënschen a Relatiounen sech an der digitaler Welt verännert hunn Vun Online-Shopping iwwer Dating bis bei Gespréicher mat engem Chatbot: déi nei Technologien …
Show notes
An 13 Kuerzgeschichten erfuerscht d'Nora Wagener wéi Mënschen a Relatiounen sech an der digitaler Welt verännert hunn
Vun Online-Shopping iwwer Dating bis bei Gespréicher mat engem Chatbot: déi nei Technologien sinn an all Beräich vun eisem Liewe präsent. Am Interview erzielt d'Nora Wagener wéi dës Technologien net nëmmen den Inhalt, mä och d'Form vun der mënschlecher Kommunikatioun veränneren.
"Die Sperber-Bussard-Frage" vum Nora Wagener ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.Op der Sich no Spiritualitéit an der japanescher Biergwelt, 26/10/2025
"Yamabushi - La sagesse des montagnes" vum Robert Weis Mat "Retour à Kyoto" (Transboréal, 2023) huet de Robert Weis eis schonn eng Kéier mat a Japan geholl. E Land mat zwee Gesiichter: op der enger Säit déi …
Show notes
"Yamabushi - La sagesse des montagnes" vum Robert Weis
Mat "Retour à Kyoto" (Transboréal, 2023) huet de Robert Weis eis schonn eng Kéier mat a Japan geholl. E Land mat zwee Gesiichter: op der enger Säit déi modern Metropol Tokyo, op der anerer Säit dat Japan dat op eng jorhonnertelaang Geschicht zeréckkuckt. Eng räich Traditioun déi de Robert Weis op senge Reesen an d'Land vun der opgoender Sonn kennegeléiert huet. A sengem neie Buch "Yamabushi - La sagesse des montagnes" erzielt hien vun de Yamabushi, Mënchen déi an ofgeleeëne Biergregiounen eng déif spirituell Verbindung mat der Natur fleegen.
"Yamabushi - la sagesse des montagnes" vum Robert Weis ass bei Transboréal erauskomm.Gléck ass e Choix: Interview mat der Schrëftstellerin Julia Holbe, 20/10/2025
D'Duechter vum Rainer Holbe huet hiren neie Roman "Man müsste versuchen, glücklich zu sein" op der Frankfurter Buchmesse 2025 virgestallt. Am Interview erzielt d'Julia Holbe wéi eng Roll hir eege Famill an …
Show notes
D'Duechter vum Rainer Holbe huet hiren neie Roman "Man müsste versuchen, glücklich zu sein" op der Frankfurter Buchmesse 2025 virgestallt.
Am Interview erzielt d'Julia Holbe wéi eng Roll hir eege Famill an hirem Buch spillt a si erënnert sech un de leschten Owend mat hirem Papp, deen am August 2025 verstuerwen ass. Ausserdem verréit si firwat hir Lëtzebuerg ëmmer nach wichteg ass, obwuel si haut nees an hirer Gebuertsstad Frankfurt lieft.
"Man müsste versuchen, glücklich zu sein" vun der Julia Holbe ass am Penguin Verlag erauskomm.Wann den Eeschtfall antrëtt: "Quick and Dirty" vum Roger Roth, 12/09/2025
Gewalt an Drogenhandel um Schoulhaff - a sengem Roman "Quick and Dirty" gräift de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth Tabuthemen op D'Schoul ass eng Plaz op der jonk Mënschen léieren, sech …
Show notes
Gewalt an Drogenhandel um Schoulhaff - a sengem Roman "Quick and Dirty" gräift de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth Tabuthemen op
D'Schoul ass eng Plaz op der jonk Mënschen léieren, sech weiderbilden, Frëndschafte schléissen a sech entwéckele kënnen. Leider ginn et awer och däischter Säiten, Gewalt, Drogenhandel a Kriminalitéit ginn allze dacks mat op de Schoulhaff geschleeft. An den absoluten Albdram vun alle Schüler, Enseignanten an Elteren: en Amoklaf an der Schoul. D'Biller vu Minneapolis sinn eis alleguer nach frësch an Erënnerung, mä esou genannte "School Shootings" ginn et net just an den USA. A sengem Roman "Quick and Dirty" beschäftegt sech de de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth mat dësen Tabuthemen. D'Handlung fänkt op engem ganz gewéinleche Méindegmoien un. Deen Dag steet ënner anerem e Conseil de Discipline um Programm, dräi Schüler riskéieren wéinst onentschëllegten Absencen vun der Schoul ze fléien. Mä kéint do nach méi dohannerstiechen? Sinn déi dräi gemobbt oder souguer intimidéiert ginn? Am Laf vun den nächsten 10 Deeg wäert sech doraus eng Geschicht entwéckelen an der net nëmmen de Bandechef Arnaud sech eppes virzegeheien huet. Méi doriwwer am Interview mam Auteur Roger Roth.
"Quick and Dirty" vum Roger Roth ass am Selbstverlag erauskomm. ISBN 978 9995909932Och negativ Gefiller kënne positiv Energie fräisetzen: "Roserei", 12/08/2025
De Cosimo Suglia kennt een als Poetry Slammer oder Matgrënner vun der Plattform "Aner Welten" Elo ass säin éischte Roman mam Titel "Roserei" erauskomm Dräi jonk 13èmes-Schüler déi hire Wee an d'Zukunft sichen …
Show notes
De Cosimo Suglia kennt een als Poetry Slammer oder Matgrënner vun der Plattform "Aner Welten" Elo ass säin éischte Roman mam Titel "Roserei" erauskomm
Dräi jonk 13èmes-Schüler déi hire Wee an d'Zukunft sichen, dräi Afen am Kostüm, e Manifest dat ee kritesch hannerfroe sollt, eng Statu déi en eegene Wëllen huet an e mysteriéise Personnage deen als Lycéesproff optaucht: am Cosimo Suglia sengem éischte Roman gëtt et villes auszepaken. "Roserei" ass e Buch iwwer Jonker, fir Jonker an Erwuessener. Erwuesse Lieser dierften awer mat dem engen oder anere Wuert hir Schwieregkeeten hunn. Zum Beispill: wat ass "moshen"? Am Interview gëtt et d'Äntwert!
"Roserei"
Cosimo Suglia
Sprooch: Lëtzebuergesch
Erauskomm bei Op der Lay
ISBN 978-2-87967-281-6
144 Säiten
17,90€De Pierre Decock schreift Bicher fir Kanner an Erwuessener, 09/08/2025
"10 mystères à résoudre" oder "10 Kriminalfälle zum Lösen"" ass e Krimi an dem d'Kanner selwer Detektiv spille kënnen De Pierre Decock ass Historiker, Schrëftsteller an Illustrateur. Ënner aneren huet hien …
Show notes
"10 mystères à résoudre" oder "10 Kriminalfälle zum Lösen"" ass e Krimi an dem d'Kanner selwer Detektiv spille kënnen
De Pierre Decock ass Historiker, Schrëftsteller an Illustrateur. Ënner aneren huet hien d'Comic-Figuren Tun a Frunnes gezeechent, déi an den 1990er Joren an der Kannerzäitschrëft Zack opgetruede sinn. Seng grouss Passioun sinn awer Krimien an hien ass Matbegrënner vum Verlag crime.lu. A sengem neie Buch "10 mystères à résoudre" oder "10 Kriminalfälle zum Lösen" verbënnt hie seng Léift zum Krimi mat sengem Talent als Illustrateur. An als Bopa vun 10 Enkelkanner weess hie ganz genee wat déi Jonk gäre liesen!
Am Interview erzielt hien wéi de Verlag crime.lu sech an de leschte Joren entwéckelt huet, wéi eng Bicher si fir e jonke Public ubidden a wéi hie selwer a senge Bicher nei an onkonventionell Weeër geet.
"10 mystères à résoudre"
Texte et illustrations de Pierre Decock
77 pages
8-12 ans
14,50€
"10 Kriminalfälle zum Lösen"
Illustrationen: Pierre Decock
Deutsche Übersetzung: Gaston Zangerlé
77 Seiten
8-12 Jahre
14,50€
Weider Krimien aus der Fieder vum Pierre Decock a Krimien fir Kanner fënnt een op der Websäit vum Verlag crime.luPsssst! Geheimtipp!, 24/07/2025
Lëtzebuerg op eng ganz nei Manéier entdecken: "111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss" vum Susanne Jaspers Eng Geeschter-Arméi, en Hexentuerm oder eng Schwemm a Form vun engem Kürbis: nee, et ass net …
Show notes
Lëtzebuerg op eng ganz nei Manéier entdecken: "111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss" vum Susanne Jaspers
Eng Geeschter-Arméi, en Hexentuerm oder eng Schwemm a Form vun engem Kürbis: nee, et ass net Halloween! An dat sinn och just dräi vun am ganzen 111 Plazen, déi een uechter d'Land entdecke kann. Et ass schonn dat zweet Buch iwwer Lëtzebuerg an der Serie "111 Orte..." vum Kölner Emons Verlag, mä dës Kéier geet et net just ëm d'Stad Lëtzebuerg, mä ëm dat ganzt Land. Dat Besonnescht dorun: et sinn net déi bekannten Touristenattraktiounen déi fir d'X-te Kéier beschriwwe ginn, mä déi onbekannten Ecker aus eisem Ländchen, schéin, skurril, interessant, onheemlech an ëmmer onerwaart! Zu Mäerzeg oder Minsbech, zu Walfer oder Wolz, kommt mat a loosst Iech iwwerraschen!
D'Susanne Jaspers, Editrice, Romanautorin a Reesschrëftstellerin, verréit am Interview wéi si alleguer déi Plaze fonnt huet a wat si dorun faszinéiert.
"111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss"
Susanne Jaspers
Emons Verlag
240 Säiten
18,95€
N.B.: "111 Orte in Luxemburg die man gesehen haben muss" (Luxemburg-Stadt) vum Joscha Remus ass 2020 erauskomm an och ëmmer nach op Franséisch an Däitsch disponibelOpruff un all jonk Schrëftsteller(innen), 27/06/2025
Wie schreift déi beschte Kuerzgeschicht op Englesch? Du hues Spaass um Schreiwen an dreems schonn ëmmer dovun, dass eng vun denge Geschichten an engem Buch verëffentlecht gëtt? Dann ass dat hei fir dech! …
Show notes
Wie schreift déi beschte Kuerzgeschicht op Englesch?
Du hues Spaass um Schreiwen an dreems schonn ëmmer dovun, dass eng vun denge Geschichten an engem Buch verëffentlecht gëtt? Dann ass dat hei fir dech! D'Alannah Meyrath vun RTL Today erkläert am Interview mam Bea Kneip wat et mam Kids and Teens Writing Contest op sech huet.Logbuch vun engem Fraenheld: "Les carnets de Gaspar" vum José Luís Correia, 24/06/2025
Déi erotesch Opzeechnungen vum Gaspar W. sinn am portugieseschen Original ënnert dem Titel "Os Cadernos do Gaspar" erauskomm Vun Ana bis Zélia, iwwer Nadia, Sandrine a Valérie: De Gaspar huet e gutt gefëlltent …
Show notes
Déi erotesch Opzeechnungen vum Gaspar W. sinn am portugieseschen Original ënnert dem Titel "Os Cadernos do Gaspar" erauskomm
Vun Ana bis Zélia, iwwer Nadia, Sandrine a Valérie: De Gaspar huet e gutt gefëlltent Adressbuch an en ass ëmmer op der Sich no neien Eruewerungen. Dobäi investéiert hie keng Gefiller, Fraebekanntschafte si fir hien just en Zäitverdreif. Dee jonke Portugies mat dem hollännesche Familljennumm léisst keng Geléeënheet aus, scho guer net wann en se um sëlwerne Plateau zervéiert kritt. Zum Beispill wéi en aus der Vakanz erëmkënnt a gewuer gëtt, dass seng Sekretärin duerch e méi jonke Modell ersat ginn ass.
Och wann een op den éischte Säiten en aneren Androck kréie kann, "Les carnets de Gaspar" ass méi wéi just eng Reiefolleg vun eroteschen Aventüren vun engem a sech selwer verléifte Fraenheld. No an no gëtt et dem Gaspar kloer, dass hien sech hannerfroe muss. An dass dat Spillchen dat hie spillt, net ongeféierlech ass.
De José Luís Correia huet de Personnage vum Gaspar Weytjens ugangs an engem Blog optriede gelooss. 2020 koum e Buch op Portugiesesch eraus, elo, 5 Joer méi spéit, déi franséisch Iwwersetzung. Am Interview erzielt den Auteur wéi et dozou koum. D'Gespréich kënnt awer och op säi grousst Virbild, den US-Schrëftsteller Henry Miller, an op déi schwiereg Balance wann een sech zu Lëtzebuerg an a Portugal gläichermoossen doheem fillt.
[attachment id="106981533" __caption="Cover les carnets de Gaspar"]
"Les carnets de Gaspar - Journal érotique d'Alexandre Gaspar W."
vum José Luís Correia
Aus dem Portugieseschen iwwersat vum Carlos de Jesus
erauskomm bei: D'Bréck
392 Säiten
ISBN 9 789998 799554
25€Wann et deene béisen Noperen net gefällt, 24/05/2025
"Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini An hirem autofiktionale Roman "Le Sud n'aime pas les anges" erzielt d'Isabelle Costantini wéi aus hirem Liewesdram en Alpdram gouf. 2013 ass d'Isabelle …
Show notes
"Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini
An hirem autofiktionale Roman "Le Sud n'aime pas les anges" erzielt d'Isabelle Costantini wéi aus hirem Liewesdram en Alpdram gouf.
2013 ass d'Isabelle Costantini zesumme mat hierer Duechter vun 10 Joer a Südfrankräich geplënnert. Déi erfollegräich Actrice, Regisseurin a Reitsportlerin wollt do mat hire Päerd trainéieren a sech ëm Déiere bekëmmeren. Si hat och séier hiert Dramhaus fonnt, e bëssen ofgeleeën, op engem groussen Terrain. Do konnt eigentlech näischt méi schifgoen...oder dach? Am Interview erzielt d'Isabelle Costantini wéi vill Steng si an de Wee geluecht krut...ausgerechent vun hiren Noperen.
"Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini ass am Verlag "Les trois colonnes" erauskomm.
Eng offiziell Buchvirstellung ass den 19te Juni am Restaurant Mesa Verde an der StadWat gelift? Wann ee schlecht héiert: "Tomaten auf den Ohren" vum Jillian Petry, 08/05/2025
"Das "Wie bitte?"-Leben einer Schwerhörigen" sou den Ënnertitel vun dësem Buch an dem eng jonk Lëtzebuergerin iwwer hir Erfarunge schreift An dëser Episod vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm "net …
Show notes
"Das "Wie bitte?"-Leben einer Schwerhörigen" sou den Ënnertitel vun dësem Buch an dem eng jonk Lëtzebuergerin iwwer hir Erfarunge schreift
An dëser Episod vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm "net héieren" an "net verstoen". An dat ass net dat selwecht! Dass d'Jillian Petry net gutt héiert, dat gouf duerch en Zoufall entdeckt, wéi si 4 Joer hat. Am Interview erzielt si, wéi et sech ufillt, mat enger onsiichtbarer Behënnerung ze liewen, déi bei hire Matmënschen net ëmmer op Versteesdemech stéisst. Dovun huet si sech awer net dovun ofbrénge gelooss, hiert Liewen esou ze gestalten wéi si et fir gutt fënnt, sief et als Enseignante oder als Autorin vu Romantasy-Bicher. "Tomaten auf den Ohren" ass hiren Témoignage.Vill Mier a vill Tréinen, 16/04/2025
Mam Gedichtband "Salztage + zurück" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Prix Servais 2025 Ugangs sollt de Gedichtband "Alltage + zurück" heeschen, "Salztage" trëfft et awer besser. Vill Mier a vill …
Show notes
Mam Gedichtband "Salztage + zurück" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Prix Servais 2025
Ugangs sollt de Gedichtband "Alltage + zurück" heeschen, "Salztage" trëfft et awer besser.
Vill Mier a vill Tréinen stiechen dodran, sou d'Carla Lucarelli iwwer hire Gedichtband "Salztage + zurück". Fir d'Schrëftstellerin déi (no 2022 mat hirem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir") eng zweete Kéier op der Shortlëscht vum Prix Servais steet, ass dëst Wierk keng Feel-good-Lecture. Et ass awer och net onbedéngt en Ausdrock vu Pessimismus. Villméi dréckt et eng gewëss Maturitéit aus, déi mat der Naivitéit an den Illusioune vun der Jugend opgeraumt huet. Wat bleift, ass e geschäerfte Bléck deen och Schéinheet an deene klengsten Detailer erkenne kann.
"Salztage + zurück" vum Carla Lucarelli ass bei den éditions Phi erauskomm."Stein schreiben", 08/03/2025
Am Kader vun der Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée hu bekannte Lëtzebuerger Auteuren sech mam Thema Steen beschäftegt. De Robert Weis ass Paläontolog am Naturmusée, Schrëftsteller a Matgrënner …
Show notes
Am Kader vun der Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée hu bekannte Lëtzebuerger Auteuren sech mam Thema Steen beschäftegt.
De Robert Weis ass Paläontolog am Naturmusée, Schrëftsteller a Matgrënner vum Verlag Michikusa Publishing. Zesumme mam Davide Sapienza huet hien d'Buch "Rocklines. Un voyage géopoétique à travers la Minett UNESCO Biosphere" (éditions Phi, 2022) erausbruecht. A sengem aktuelle Buch "Yamabushi - La sagesse des montagnes" (Transboréal, 2025) erzielt hien vun enger vu senge Reesen a Japan.
D'Ulrike Bail schreift Gedichtbänn déi sech all Kéiers mat spezifeschen Themen beschäftegen. Fir hire Lyrikband "wie viele faden tief" den ronderëm d'Thema "bitzen" opgebaut ass, krut si 2021 de Prix Servais. Dëse Band ass elo ganz rezent och op Franséisch iwwersat ginn, mam Titel "point invisible" (Les éditions Blancs Volants, 2025) Hiren neitste Gedichtband dréit den Titel "im halblichten geäst deines atems" (Conte Verlag, 2023)
De Bernd Marcel Gonner ass e Lëtzebuerger Schrëftsteller deen an Däitschland lieft a schafft. Fir säi Kannerbuch "Pirat oder Seeräuber sterben nie" krut hien 2017 deen éischte Präis am nationale Literaturconcours. 2021 gouf hie mam "Deutscher Preis für Nature Writing" ausgezeechent. Säin neitst Wierk ass d'Lauschterbuch fir Kanner "Allerhand! Frosch und Fant". (cclive 4 Kids)
D'Elise Schmit krut fir hiren Erzielband "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" 2019 de Prix Servais. Si ass och Iwwersetzerin, Literaturkritikerin a schreift fir den Theater. Bei eisem Gespréich konnt si leider net dobäisinn, si huet awer um Event "Stein schreiben" dat de 4te Mäerz vum Naturmusée an Zesummenaarbecht mam CNL organiséiert gouf, deelgeholl an huet eng Auswiel vun onverëffentlechte Gedichter ronderëm d'Thema "Steen" virgedroen.
Wien sech d'Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée ukucke wëll, dee muss sech allerdéngs begannen, si ass just nach bis de 16te Mäerz ze gesinn!
These are the latest 40 of 100 episodes. You’ll find older episodes in the podcast’s feed.
Similar podcasts
More Arts podcastsIs this your podcast?
Confirm it with an entry in your feed: you get a code here, add it as podcast:txt to the channel of your feed, and we check it. Your podcast is then shown as “verified” on SoundNode.
