Saltar al contenido
Omega Talks
PodcastSalud y forma físicaFrancés

Omega Talks

Nuevo#10 De Benevolat bei Omega 9011 de noviembre de 2026 · 21 min
Episodios
11
Se publica
cada mes
Último episodio
11 Nov 2026

Sobre el podcast

Wëllkomm bei Omega Talks. De Podcast, deen iech am Liewe begleet – do, wou et ëm Krankheet, Doud a Trauer geet. All Episod invitéiert iech, Palliative Care aus enger neier Perspektiv z’entdecken: mat inspiréierende Gespréicher, beréierende Geschichten a prakteschen Tipps, fir dës wichteg Momenter am Liewe besser ze verstoen an ze meeschteren. Zesumme maache mir de Dialog op a fannen d’Wierder, déi dacks feelen.

Episodios 11

  1. #10 De Benevolat bei Omega 90

    21 min

    Wat bedeit et, Benevole bei Omega 90 ze sinn? Wéi eng Aufgaben iwwerhuelen d'Benevollen a wéi ginn si op hiren Asaz virbereet a begleet? An dëser Episod vun Omega Talks begréisse mir d'Daphné Loos …

    Notas del episodio
    Wat bedeit et, Benevole bei Omega 90 ze sinn? Wéi eng Aufgaben iwwerhuelen d'Benevollen a wéi ginn si op hiren Asaz virbereet a begleet? An dëser Episod vun Omega Talks begréisse mir d'Daphné Loos, Coordinatrice vum Service Benevolat bei Omega 90. Zesumme schwätze mir iwwer d'Roll vun de Benevollen an der Begleedung vu schwéierkranke Mënschen, Mënschen um Liewensenn an hire Familljen. Wien ka Benevole ginn? Wéi eng Eegenschaften a Fäegkeeten si wichteg? Wéi gesäit d'Formatioun aus a wou kënnen d'Benevollen agesat ginn? D'Daphné Loos erkläert och, wéi de Service Benevolat d'Fräiwëlleger bei hiren Aufgabe begleet an ënnerstëtzt, wéi d'Zesummenaarbecht mat de professionellen Ekippen an de Familljen ausgesäit a wéi d'Benevollen sech och bei verschiddene Projete vun Omega 90 abréngen. E Gespréich, dat en Abléck an de Benevolat bei Omega 90 gëtt a weist, wat hannert dësem Engagement stécht. 🌿 Intro: Aydio - Deltitnu
  2. #9 Palliative Care deemools an haut

    49 min

    Wéi huet sech d'Palliative Care iwwer d'Joren entwéckelt? Wat huet sech an der Medezin, an der Ausbildung an am Ëmgang mat Mënschen um Liewensenn verännert? An dëser Episod vun Omega Talks begréisse mir den Dr …

    Notas del episodio
    Wéi huet sech d'Palliative Care iwwer d'Joren entwéckelt? Wat huet sech an der Medezin, an der Ausbildung an am Ëmgang mat Mënschen um Liewensenn verännert? An dëser Episod vun Omega Talks begréisse mir den Dr Ben Thill, ee vun de Pionéier vu Palliative Care zu Lëtzebuerg. Zesumme kucke mir op d'Entwécklung vu Palliative Care an Europa an zu Lëtzebuerg zeréck. Den Dr Thill erzielt, wéi et deemools war, wat sech bis haut verännert huet a wéi eng Roll d'Ausbildung, d'Fuerschung an eng aner Haltung an der Medezin dobäi spillen. Mir schwätzen och iwwer Begeegnungen, déi hie besonnesch gepräägt hunn, a säi Buch Le concerto de Varsovie – ou le dernier voyage, an deem hie ville Mënschen an hire Geschichten eng Stëmm gëtt. E Gespréich iwwer d'Verännerungen an der Palliative Care a firwat et dobäi net nëmmen ëm d'Medezin, mee virun allem ëm de Mënsch geet. Intro: Aydio - Deltitnu
  3. #8 Kannertrauer: A wa mir mol driwwer schwätze géifen?

    36 min

    Mat engem Kand iwwer den Doud ze schwätzen ass fir vill Erwuessener eng vun de schwieregsten Aufgaben. Dobäi traueren och Kanner a brauche Wierder, déi hinnen hëllefen ze verstoen, wat si erliewen. An dëser …

    Notas del episodio
    Mat engem Kand iwwer den Doud ze schwätzen ass fir vill Erwuessener eng vun de schwieregsten Aufgaben. Dobäi traueren och Kanner a brauche Wierder, déi hinnen hëllefen ze verstoen, wat si erliewen. An dëser Episod vun Omega Talks begréisse mir d'Martine Hentges, Kannerpsychologin bei Omega 90. Zesumme schwätze mir iwwer déi vill Froen, déi Elteren a Familljen sech stellen, wann e Kand mat Krankheet, Liewensenn oder dem Doud vun engem Mënsch konfrontéiert gëtt. Wéi erkläert een engem Kand den Doud? Soll een ëmmer d'Wourecht soen? Däerf e Kand déi verstuerwe Persoun gesinn oder op e Begriefnis goen? A wéini ass et sënnvoll, Hëllef ze sichen? E Gespréich, dat hëlleft, Kannertrauer besser ze verstoen an ënnersträicht, wéi wichteg et ass, doriwwer ze schwätzen. Intro: Aydio - Deltitnu
  4. #7 Le deuil : briser le tabou

    37 min

    Le deuil fait partie de la vie, et pourtant il reste souvent un sujet tabou. Dans cet épisode de Omega Talks, nous recevons Catherine Majerus et René Langer, psychologues au Haus Omega. À travers leur …

    Notas del episodio
    Le deuil fait partie de la vie, et pourtant il reste souvent un sujet tabou. Dans cet épisode de Omega Talks, nous recevons Catherine Majerus et René Langer, psychologues au Haus Omega. À travers leur expérience auprès des patients et de leurs proches, ils abordent le deuil sous différents angles : son processus, ses manifestations, les questions qu’il soulève et les idées reçues qui l’entourent. Qu’est-ce que le deuil ? Est-ce une maladie ? Combien de temps dure-t-il ? Quand a-t-on besoin de soutien ? Et comment réagir face à une personne endeuillée ? Un échange sensible et authentique qui nous invite à parler du deuil sans jugement, avec humanité et bienveillance, et à briser un tabou qui nous concerne tous. Intro: Aydio - Deltitnu
  5. #6 Futility: Wéi hale mir d’ethesch Linn?

    26 min

    An dëser Episod geet et ëm d’Thema „Futility“. Wéini brénge medezinesch oder therapeutesch Moossnamen nach e reellen Notzen – a wéini riskéieren si, méi ze schueden ewéi ze hëllefen? Zesumme mam Nicole …

    Notas del episodio
    An dëser Episod geet et ëm d’Thema „Futility“. Wéini brénge medezinesch oder therapeutesch Moossnamen nach e reellen Notzen – a wéini riskéieren si, méi ze schueden ewéi ze hëllefen? Zesumme mam Nicole Weis-Liefgen, Directrice vun Omega 90, schwätze mir iwwer ethesch Grenzen an der Fleeg an an der Medezin, iwwer „therapeutesch Verbassenheet“ an d’Fro, wéi een tëscht méiglecher Behandlung a sënnvoller Behandlung ënnerscheet. Eng Reflexioun iwwer Verantwortung, Mënschlechkeet an Entscheedungen, déi net nëmmen d’Gesondheetspersonal, mee och Familljen an eis Gesellschaft betreffen. 🌿 Intro: Aydio - Deltitnu
  6. #5 L’alimentation en fin de vie : comprendre et accompagner

    31 min

    Que signifie manger et boire lorsque la vie touche à sa fin ? Dans cet épisode de Omega Talks, nous abordons une question délicate : l’arrêt de l’alimentation et de l’hydratation chez une personne en fin de …

    Notas del episodio
    Que signifie manger et boire lorsque la vie touche à sa fin ? Dans cet épisode de Omega Talks, nous abordons une question délicate : l’arrêt de l’alimentation et de l’hydratation chez une personne en fin de vie. Avec Dr Hélène Sarramagnan (Service Formation), nous parlons de ce que manger et boire représentent pour le patient et pour ses proches, du plaisir et des moments de partage liés à l’alimentation, mais aussi des différentes représentations culturelles autour de la nourriture. Un échange pour mieux comprendre et réfléchir à la manière d’accompagner ces situations avec respect et humanité. Intro: Aydio - Deltitnu 00:00 Bienvenue : Présentation du thème 03:09 La symbolique profonde de l'alimentation pour patients et proches 05:31 Comprendre le processus physiologique de l'arrêt de l'alimentation 09:28 Comment communiquer et soutenir les familles face à l'arrêt alimentaire 14:37 L'importance de l'anticipation et de la cohésion d'équipe soignante 17:47 Le rôle des observations objectives dans les décisions médicales 23:02 Stratégies pour soutenir les soignants et gérer le stress familial 27:26 L'avenir des soins palliatifs : un accompagnement naturel et humain
  7. #4 Mäi Wëllen: wien entscheet, wann ech et net méi kann?

    34 min

    An dëser Episod geet et ëm d’Fro: Wat geschitt, wann ech mech enges Daags net méi ausdrécke kann? Wien weess dann, wat ech wëll – a wat net? Wéi kann ech mäi Wëlle festhalen, a firwat ass et wichteg, fréi …

    Notas del episodio
    An dëser Episod geet et ëm d’Fro: Wat geschitt, wann ech mech enges Daags net méi ausdrécke kann? Wien weess dann, wat ech wëll – a wat net? Wéi kann ech mäi Wëlle festhalen, a firwat ass et wichteg, fréi driwwer nozedenken? Zesumme mam Marie-France Liefgen aus dem Service Formation schwätze mir iwwer d’Patienteverfügung, d’Roll vun der Vertrauenspersoun a wéi een dës auswielt. Eng Invitatioun, fréi nozedenken, Verantwortung ze iwwerhuelen – a senger eegener Stëmm Plaz ze ginn. Intro: Aydio - Deltitnu
  8. #3 Les soins palliatifs à travers les yeux de deux soignants

    46 min

    Dans ce troisième épisode, Moïra Piefonck et René Langer partagent leur expérience du terrain, leurs émotions et ce que leur métier représente pour eux au quotidien. Ensemble, ils parlent avec sincérité de …

    Notas del episodio
    Dans ce troisième épisode, Moïra Piefonck et René Langer partagent leur expérience du terrain, leurs émotions et ce que leur métier représente pour eux au quotidien. Ensemble, ils parlent avec sincérité de l’accompagnement en soins palliatifs, de la relation aux patients et aux proches, et de l’importance de l’humanité dans ces moments de vie sensibles. Intro: Aydio - Deltitnu
  9. #2 Wat ass Palliative Care?

    25 min

    An dëser zweeter Episod vun Omega Talks geet et ëm d’Fro: Wat ass Palliative Care? D'Marie-France Liefgen an d'Cilly Soragna aus dem Service Formation erklären, wéi sech d'Palliative Care zu Lëtzebuerg an de …

    Notas del episodio
    An dëser zweeter Episod vun Omega Talks geet et ëm d’Fro: Wat ass Palliative Care? D'Marie-France Liefgen an d'Cilly Soragna aus dem Service Formation erklären, wéi sech d'Palliative Care zu Lëtzebuerg an de leschte Joren entwéckelt huet, wat eigentlech den Ënnerscheed tëscht palliativ a kurativ ass, a firwat „palliativ“ net heescht, datt ee geschwë stierft. Si huelen iech och mat an den Alldag am Haus Omega, wou et net nëmmen ëm Ofschid geet – mee och ëm Liewen, Léift a Laachen. Intro: Aydio - Deltitnu
  10. #1 E Bléck hannert d’Kulisse vun Omega 90

    26 min

    Wéi gesäit d’Aarbecht hannert dem Numm Omega 90 aus? An dëser éischter Episod vun Omega Talks schwätzt d'Yolanda mam Nicole Weis-Liefgen a mam Fabian Weiser, der Direktioun vun Omega 90. Si ginn eis en Abléck …

    Notas del episodio
    Wéi gesäit d’Aarbecht hannert dem Numm Omega 90 aus? An dëser éischter Episod vun Omega Talks schwätzt d'Yolanda mam Nicole Weis-Liefgen a mam Fabian Weiser, der Direktioun vun Omega 90. Si ginn eis en Abléck an d’Geschicht, d’Missioun an déi verschidden Offeren a Servicer vun eiser Associatioun. Zesumme kucke mir, wéi d’Equipe schafft, wat eis Projeten esou eenzegaarteg mécht – a wéi mir als Organisatioun Mënsche begleeden, déi sech an enger schwéierer Liewenssituatioun befannen. Lauschtert eran, léiert eis kennen, an entdeckt, wat Omega 90 ausmécht. Intro: Aydio - Deltitnu
  11. Omega Talks - Trailer

    1 min

    Wëllkomm bei Omega Talks. De Podcast, deen iech am Liewe begleet – do, wou et ëm Krankheet, Doud a Trauer geet. All Episod invitéiert iech, Palliative Care aus enger neier Perspektiv z’entdecken: mat …

    Notas del episodio
    Wëllkomm bei Omega Talks. De Podcast, deen iech am Liewe begleet – do, wou et ëm Krankheet, Doud a Trauer geet. All Episod invitéiert iech, Palliative Care aus enger neier Perspektiv z’entdecken: mat inspiréierende Gespréicher, beréierende Geschichten a prakteschen Tipps, fir dës wichteg Momenter am Liewe besser ze verstoen an ze meeschteren. Zesumme maache mir de Dialog op a fannen d’Wierder, déi dacks feelen. Intro: Aydio - Deltitnu
¿Es tu podcast?

Confírmalo con una entrada en tu feed: aquí recibes un código, lo añades como podcast:txt en el canal de tu feed y nosotros lo comprobamos. Después tu podcast aparecerá como «verificado» en SoundNode.

Ajustes

Visualización

Idioma

Determina qué emisoras ves primero en la página de inicio.

Historial

Las emisoras y episodios escuchados recientemente y tus últimas búsquedas solo se guardan en este navegador.

Avisos

Un breve aviso cuando un pódcast que sigues tiene un episodio nuevo. Puedes desactivar pódcast concretos con la campana de su página.

Cuenta

Guarda tus favoritos: en la app y en la web.

Atajos de teclado

/
Abrir búsqueda
Espacio
Reproducir o pausar
← →
En el reproductor: 15 s atrás, 30 s adelante (episodios) · en una fila: siguiente tarjeta
↑ ↓
En una fila: destino dentro de la tarjeta
Inicio / Fin
En una fila: primera o última tarjeta
Esc
Cerrar ventana o menú
?
Este resumen
Reproduciendo ahora

Ir a la emisora

A continuación

    Añade episodios con «A continuación»: sonarán después del episodio actual.