
Buvette – De Fussballpodcast
- Folgen
- 226
- Erscheint
- wöchentlich
- Letzte Folge
- 4. Nov. 2026
Über den Podcast
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.
Folgen 226
Episod 222 - Hannerfrot Iech
Mir kucken erëm op de leschte Fussballweekend. Rouspert huet hir Power bei der Sauer gelooss, de Racing mengt et leeft vum selwen, Lëntgen huet eng komplett mëll Buvette an där een et sech gutt goe loosse kann …
Shownotes
Mir kucken erëm op de leschte Fussballweekend. Rouspert huet hir Power bei der Sauer gelooss, de Racing mengt et leeft vum selwen, Lëntgen huet eng komplett mëll Buvette an där een et sech gutt goe loosse kann, Biissen schwätz ganz oppen iwwert hir Suen an de Ben huet een Tipp un all Fussballer dobaussen. Wat soss nach esou lass war, an dëser Episod Buvette mam Titel Hannerfrot Iech.Episod 221 - Rasiert
Et war net alt ze vill lass am Lëtzebuerger Fussball an awer trëfft een sech an der Buvette. Rouspert sammelt wichteg Punkte géint Walfer, zu Déifferdeng goufe masseg Kaarte gesammelt an de Racing iwwerrennt …
Shownotes
Et war net alt ze vill lass am Lëtzebuerger Fussball an awer trëfft een sech an der Buvette. Rouspert sammelt wichteg Punkte géint Walfer, zu Déifferdeng goufe masseg Kaarte gesammelt an de Racing iwwerrennt Mondorf an der zweeter Hallschent komplett. Da kucke mir och nach op en Iwwerraschungsmatch an der Éierepromotioun, vill Goler an der 1. Divisioun an ee richteg schlechten Terrain zu Koplescht. All dat a nach vill méi an dëser Episod Buvette mam Titel "Rasiert".Episod 220 - Netto Spillzäit
Mir kucken erëm op de vergaangene Fussballweekend: Rouspert mécht et géint Déifferdeng nach eemol spannend, mee verléiert trotzdeem; ee Spiller vu Walfer nominéiert sech fir de Puskas Award; den Thomé huet wéi …
Shownotes
Mir kucken erëm op de vergaangene Fussballweekend: Rouspert mécht et géint Déifferdeng nach eemol spannend, mee verléiert trotzdeem; ee Spiller vu Walfer nominéiert sech fir de Puskas Award; den Thomé huet wéi et schéngt eppes géint de Frank Bourgnon; de Spiller vun Hesper bréngt den Handy mat op den Terrain an nach villes méi. Alles dat a nach méi Detailer wéi ëmmer an dëser Episod Buvette mam Titel Netto Spillzäit.Episod 219 - Wou geeeeees de?
Mir kucken nees op de Lëtzebuerger Fussball: Déifferdeng iwwerrennt Walfer, Stroossen ass nach ëmmer ouni Nidderlag am Championnat, de Ben leeft sengem Géigner fort a schéisst ee Gol. Ënnert anerem kucke mir …
Shownotes
Mir kucken nees op de Lëtzebuerger Fussball: Déifferdeng iwwerrennt Walfer, Stroossen ass nach ëmmer ouni Nidderlag am Championnat, de Ben leeft sengem Géigner fort a schéisst ee Gol. Ënnert anerem kucke mir awer och op d’Trainerwiessel am Fussball, Interviews am Gol an dem Ben säin ale Kolleeg de Rene Peters. All dat a nach méi an dëser Episod Buvette - Wou geeeees de?Episod 218 - D'Léiwen
No laangen zwou Woche Lännermatchpaus si mir nees do an et gëtt genuch ze beschwätzen. Wat hunn d’Rout Léiwen eis gewisen? Wéi huet d'U21 gespillt? Wat war déi läscht Wochen an der Éierepromotioun an an deenen …
Shownotes
No laangen zwou Woche Lännermatchpaus si mir nees do an et gëtt genuch ze beschwätzen. Wat hunn d’Rout Léiwen eis gewisen? Wéi huet d'U21 gespillt? Wat war déi läscht Wochen an der Éierepromotioun an an deenen ënneschte Lige lass? Alles dat nach villes méi an dëser Episod Buvette mam Titel "D'Léiwen".Episod 217 - Schwaarze Weekend fir Vogels
E schwaarze Weekend fir de Ben an den Dylan. Rouspert verléiert 5:0, Menster 4:0 a Kaiserslautern 3:0... Wat soll een do nach alles erzielen. Mir hunn trotzdeem gekuckt wat soss nach sou am Land lass war a …
Shownotes
E schwaarze Weekend fir de Ben an den Dylan. Rouspert verléiert 5:0, Menster 4:0 a Kaiserslautern 3:0... Wat soll een do nach alles erzielen. Mir hunn trotzdeem gekuckt wat soss nach sou am Land lass war a schwätzen iwwer de Spëtzematch Mondorf vs Stroossen, de Start an der 3. Divisioun a vill Goler n der Éierepromotioun.Episod 216 - D'Ballfëscher vum Camping
Fussballeresch ass dëse Weekend net vill geschitt mee ronderëm gëtt et genuch ze beschwätzen. Wee sinn d'Ballfëscher vum Camping, ween ass "das erstklassige Heilbad" a wat gëtt et bei der Tricolore op der …
Shownotes
Fussballeresch ass dëse Weekend net vill geschitt mee ronderëm gëtt et genuch ze beschwätzen. Wee sinn d'Ballfëscher vum Camping, ween ass "das erstklassige Heilbad" a wat gëtt et bei der Tricolore op der Internetsäit ze gesinn? Alles dat a nach vill méi onwichteg Saachen an dëser Episod Buvette 216 - D'Ballfëscher vum Camping.Episod 215 - Rout Kaarten iwwer rout Kaarten
Mir schwätzen erëm iwwer d'BGL Ligue a kucke wat bei den eenzelne Matcher lass war. Rouspert spillt ee gudde Match géint de Racing, Hesper verléiert leider erëm däitlech, Hueschtert huet de Golkipper vum …
Shownotes
Mir schwätzen erëm iwwer d'BGL Ligue a kucke wat bei den eenzelne Matcher lass war. Rouspert spillt ee gudde Match géint de Racing, Hesper verléiert leider erëm däitlech, Hueschtert huet de Golkipper vum Spilldag, Walfer huet den Toppscorer an da goufen et genuch rout Kaarte bei bal all Matcher. Da schwätze mir nach iwwer nei Transferten am Land a bewäerten de neien Trikot vun der FLF.Episod 214 - Dem Herbi säi klenge Brudder
4. Spilldag an der BGL Ligue, 2. Spilldag an der Éierepromotioun,1. Spilldag an der 1.Divisioun an elo gëtt et masseg ze beschwätzen. Rouspert hellt déi éischt Punkten an der Saison, Ettelbréck gëtt vum Trainer …
Shownotes
4. Spilldag an der BGL Ligue, 2. Spilldag an der Éierepromotioun,1. Spilldag an der 1.Divisioun an elo gëtt et masseg ze beschwätzen. Rouspert hellt déi éischt Punkten an der Saison, Ettelbréck gëtt vum Trainer als Ofsteiger betitelt a Stroossen huet nach kee Géigegol kasséiert. Zu Beggen gëtt et een Influencer am Gol, masseg rout Kaarten an der Éierepromotioun an eng gutt Stëmmung zu Menster. All dat a nach vill méi an dëser Episod Buvette 214 - Dem Herbi säi klenge Brudder.Episod 213 - Stade Brian Madjo
3. Spilldag an der Nationaldivisioun a Rouspert steet mat zwou aneren Ekippe mat 0 Punkten am Keller. De Ben erzielt e bëssi iwwert déi aktuell Lag, mir beschwätzen de neien Terrain zu Hueschtert a wat zu …
Shownotes
3. Spilldag an der Nationaldivisioun a Rouspert steet mat zwou aneren Ekippe mat 0 Punkten am Keller. De Ben erzielt e bëssi iwwert déi aktuell Lag, mir beschwätzen de neien Terrain zu Hueschtert a wat zu Käerjeng lass war. Dann ass och d'Éierepromotioun lass gaangen an där den Toni Luisi ee wansinneg schéine Gol geschoss huet. Och déi éischt Divisioune ginn an dëser Episod beschwat, an där Menster direkt mam Ostkracher géint Gréiwemaacher start an et gëtt ee Grond firwat de Racing iergendwann de Stadionnumm ännere muss. Alles dat a nach vill méi an der Episod 213 mam Numm Stade Brian Madjo.Episod 212 - Do si mir erëm
No enger laanger an erhuelsamer Summerpaus si mir erëm fir dech do. Mir kucken direkt op déi zwee éischt Matcher vu Rouspert, äusseren eis Wënsch fir d’Saisona kucke wou et e puer Baustelle ginn. Vu kommender …
Shownotes
No enger laanger an erhuelsamer Summerpaus si mir erëm fir dech do. Mir kucken direkt op déi zwee éischt Matcher vu Rouspert, äusseren eis Wënsch fir d’Saisona kucke wou et e puer Baustelle ginn. Vu kommender Woch u geet et dann nees mam ale gewinnte Programm virun: Nationaldivisioun, Éierepromotioun an sou weider.Episod 211 - Coupe Final
Wat een Dag! Ee vun deene Gréissten! De Ben huet an der Coupe Final gespillt an sou munches erlieft. Den Dylan huet den Dag a vollen Zich genoss a genee doriwwer schwätzen déi zwee an der neitster Episod vu …
Shownotes
Wat een Dag! Ee vun deene Gréissten! De Ben huet an der Coupe Final gespillt an sou munches erlieft. Den Dylan huet den Dag a vollen Zich genoss a genee doriwwer schwätzen déi zwee an der neitster Episod vu Buvette: Fanmarsch, Busrees, Match, Béierdusch, Stëmmung an nach villes méi. Dëst ass dann och déi lescht Episod fir dës Futtballsaison am August geet et dann nees weider. Vill Spaass mat der Episod: Coupe Final!Episod 210 - Wansinn
An dëser Episod geet et nëmmen ëm déi wichteg Saachen: Rouspert, Rouspert, Rouspert a nach e puer aner Detailer. Wéi huet de Ben déi lescht Woch erlieft, wat ass et fir e Gefill a wat erwaart eis? Natierlech …
Shownotes
An dëser Episod geet et nëmmen ëm déi wichteg Saachen: Rouspert, Rouspert, Rouspert a nach e puer aner Detailer. Wéi huet de Ben déi lescht Woch erlieft, wat ass et fir e Gefill a wat erwaart eis? Natierlech kucke ma dann awer och nach op de leschte Spilldag vun der BGL Ligue, der Éierepromotioun an deenen ënneschten Divisiounen. Ganz vill Detailer an dëser Episod vu Buvette.Episod 209 - Deen Ochs huet keng Hand fräi
De Ben an den Dylan kucken dës Kéier net nëmmen op de Fussball am Seniorsberäich, mee och op den Zuschauermagnéit schlecht hin: d’Coupe du Prince. Méi wéi 2.500 Spectateure bei de Junioren an nëmmen 800 am …
Shownotes
De Ben an den Dylan kucken dës Kéier net nëmmen op de Fussball am Seniorsberäich, mee och op den Zuschauermagnéit schlecht hin: d’Coupe du Prince. Méi wéi 2.500 Spectateure bei de Junioren an nëmmen 800 am Spëtzematch vun der BGL Ligue, wouru läit et? Des Weidere kucken d'Jongen awer nach op den Op- an Ofstigskrimi an den eenzelnen Ligen an drécken all den Ekippen d’Daumen.Episod 208 - No der Coupe ass virun der Coupe
Mir schwätzen erëm iwwert déi wichteg Saachen: BGL Ligue, Éierepromotioun, Coupe de Luxembourg an nach villes méi. Wien huet zu Kanech en neie Rekord opgestallt? Wie stoung an deene leschte Coupe-Finalen? Wat …
Shownotes
Mir schwätzen erëm iwwert déi wichteg Saachen: BGL Ligue, Éierepromotioun, Coupe de Luxembourg an nach villes méi. Wien huet zu Kanech en neie Rekord opgestallt? Wie stoung an deene leschte Coupe-Finalen? Wat war zu Bartreng lass? An et ass nach esou vill méi am Lëtzebuerger Fussball geschitt. Méi Detailer ginn et wéi gewinnt an der neitster Episod vun der Buvette.Episod 207 - Et gëtt gemunkelt
Mir sinn erëm fir dech do a kucke wat an der BGL Ligue, der Éierepromotioun, der 1. Divisioun an an de Reserve lass war! Menster léisst Punkte géint Izeg leien, Rouspert verléiert géint Déifferdeng an nach …
Shownotes
Mir sinn erëm fir dech do a kucke wat an der BGL Ligue, der Éierepromotioun, der 1. Divisioun an an de Reserve lass war! Menster léisst Punkte géint Izeg leien, Rouspert verléiert géint Déifferdeng an nach villes méi. Eng ganz schéi Geschicht gëtt et vun engem Match op der Grenz an der BGL Ligue z'erzielen, den Dylan schwäermt vun der klenger Buvette zu Uewerkuer a nach villes méi gëtt et an dëser Episod Buvette mam Titel "Et gëtt gemunkelt".Episod 206 - Bläifouss
De Benno gewënnt de Match am Ofstigskampf, Péiteng klappt Rodange, Käerjeng sammelt no laanger Zäit keng Punkten an et ass e verdammt grousst Lach an der Tabelle. U wiem läit dat? Wat ass an der Éierepromotioun …
Shownotes
De Benno gewënnt de Match am Ofstigskampf, Péiteng klappt Rodange, Käerjeng sammelt no laanger Zäit keng Punkten an et ass e verdammt grousst Lach an der Tabelle. U wiem läit dat? Wat ass an der Éierepromotioun lass gewiescht? Wat ass zu Menster geschitt a firwat muss den Dylan erëm op d’Bänk? Wien ass de Bläifouss zu Leideleng a kënns du och schonn sou lues a WM-Féiwer? Alles a nach méi an dëser Episod Buvette mam Titel Bläifouss.Episod 205 - Wat ass dann nëmme lass?
No zwou Woche Paus ass d’Buvette erëm do. D’Batterien si no de Lännermatcher erëm opgetankt an et ass vill geschitt. Mir kucken op déi aktuell Tabellesituatioun an der BGL Ligue, der Éierepromotioun an awer och …
Shownotes
No zwou Woche Paus ass d’Buvette erëm do. D’Batterien si no de Lännermatcher erëm opgetankt an et ass vill geschitt. Mir kucken op déi aktuell Tabellesituatioun an der BGL Ligue, der Éierepromotioun an awer och bei de Reserven. Natierlech kucke mir och op déi kommend Wochen, déi spannend ginn. Wie steigt op? Wie gëtt dann elo Meeschter? Wat kennt alles op eis zou? All dat a villes méi gëtt et an dëser Episod vu Buvette mam Titel 'Wat ass dann nëmme lass?'.Episod 204 - Force à Yannis
An der BGL Ligue wackelt et un der Tabellespëtzt an am Keller leeft et. Rouspert a Käerjeng sammele ganz wichteg Punkten a probéieren do ënnen eraus ze kommen, fir sou séier wéi méiglech d’Vakanzen ze buchen …
Shownotes
An der BGL Ligue wackelt et un der Tabellespëtzt an am Keller leeft et. Rouspert a Käerjeng sammele ganz wichteg Punkten a probéieren do ënnen eraus ze kommen, fir sou séier wéi méiglech d’Vakanzen ze buchen. An der Éierepromotioun gëtt et schon erëm een neie Spëtzereider a soss war et grondsätzlech zimmlech roueg. Wat et dann nach Schéines zu Mamer an der Buvette gëtt, gëss du wéi gewinnt an der Buvette mat der Episod Force àYannis gewuer.Episod 203 - WhatsApp
Zu Rouspert gouff an der Song no enger Victoire géint Bissen gewonnen an de Ben ass ganz vir mat dobäi. Péiteng fällt nom Ofpaff ëm wéi d’Keelen am Café an Déifferdeng ass am Kapp lo schonn am Match géint …
Shownotes
Zu Rouspert gouff an der Song no enger Victoire géint Bissen gewonnen an de Ben ass ganz vir mat dobäi. Péiteng fällt nom Ofpaff ëm wéi d’Keelen am Café an Déifferdeng ass am Kapp lo schonn am Match géint Diddeleng an zwou Wochen. Wat nach esou op eisen Terrain lass war, wéi ëmmer hei an der Buvette - WhatsApp.Episod 202 - Firwat am Fong ëmmer Fussball?
Rouspert verléiert 0:2 géint den UNK a kee vun de Vogels war an der Buvette... pardon dofir. Trotzdeem kucke mir wat an der BGL Ligue leeft, wie wichteg Punkten an der Éierepromotioun geholl huet a wat zu …
Shownotes
Rouspert verléiert 0:2 géint den UNK a kee vun de Vogels war an der Buvette... pardon dofir. Trotzdeem kucke mir wat an der BGL Ligue leeft, wie wichteg Punkten an der Éierepromotioun geholl huet a wat zu Sandweiler sou besonnesch war. Et geet, wéi et sech och gehéiert, méi ëm déi Saachen niewent dem Terrain wéi um Terrain. D' Episod 202 vun der Buvette befaasst sech och mam Theema firwat et am Fong ëmmer ëm Fussball geet.Episod 201 - Iwwerraschungen
Iwwerraschungen an der BGL Ligue: Rouspert gewënnt 2:1 géint Nidderkuer, Mamer suergt dofir, dass Diddeleng den Trainer erausgeheit a Munneref gewënnt géint Bissen. De Laurent Jans ass schonn opgestigen, zu …
Shownotes
Iwwerraschungen an der BGL Ligue: Rouspert gewënnt 2:1 géint Nidderkuer, Mamer suergt dofir, dass Diddeleng den Trainer erausgeheit a Munneref gewënnt géint Bissen. De Laurent Jans ass schonn opgestigen, zu Munneref sinn d’Supporter ze haart an d’Terraine sinn iwwerall eng Katastroph. Wat nach sou lass war, gëtt et wéi gewinnt hei an der Buvette an dat mat lauter Iwwerraschungen.Episod 200 - Weider geet et
D'Jonge vun der Buvette sinn nees do a feieren hir 200. Episod! Rouspert hëlt ee Punkt zu Stroossen, Bisse wënnt den Toppmatch géint Diddeleng an am ganze Land goufen déi orange Bäll nees erausgekroopt. An der …
Shownotes
D'Jonge vun der Buvette sinn nees do a feieren hir 200. Episod! Rouspert hëlt ee Punkt zu Stroossen, Bisse wënnt den Toppmatch géint Diddeleng an am ganze Land goufen déi orange Bäll nees erausgekroopt. An der BGL Ligue an an der Éierepromotioun rullt de Ball nees a wat alles soss nach sou geschitt ass, gëtt et wéi gewinnt an dëser Episod Buvette - Weider geet et also!Episod 199 - Ab an d'Wanterpaus
Eng ganz Hironn ass schonn erëm am Lëtzebuerger Land eriwwer. Mir kucken op e puer eenzel Matcher vum Weekend, gratuléieren engem ganz besonneschen Torschützen an zéien de Bilan vun den Tabellen an der …
Shownotes
Eng ganz Hironn ass schonn erëm am Lëtzebuerger Land eriwwer. Mir kucken op e puer eenzel Matcher vum Weekend, gratuléieren engem ganz besonneschen Torschützen an zéien de Bilan vun den Tabellen an der Réckronn. Dat alles wëlls du net verpassen, da lauschter dir déi 199 Episod vun der Buvette un.Episod 198 - Maske-Ben
Virun enger Woch war deelweis ee fräie Fussballsweekend an elo gouf awer erëm gespillt. De Ben spillt eventuell mat Mask, den Dylan hat Bulli um Schung hänken, Bissen gewënnt weiderhin an Äischdall kann sech no …
Shownotes
Virun enger Woch war deelweis ee fräie Fussballsweekend an elo gouf awer erëm gespillt. De Ben spillt eventuell mat Mask, den Dylan hat Bulli um Schung hänken, Bissen gewënnt weiderhin an Äischdall kann sech no engem zéie Kampf leider net belounen. Wat nach esou lass war wéi ëmmer an dëser Episod Buvette mam Titel Maske-Ben.Episod 197 - Päifen, Pech a Pannen
Et war Lännermatchpaus a genee iwwert déi schwätzen d'Jonge vun der Buvette an der neitster Episod. Lëtzebuerg geet mat 0 Punkten aus dem Match, mee et gi genuch positiv Saachen, déi ee mathuele kann a mat …
Shownotes
Et war Lännermatchpaus a genee iwwert déi schwätzen d'Jonge vun der Buvette an der neitster Episod. Lëtzebuerg geet mat 0 Punkten aus dem Match, mee et gi genuch positiv Saachen, déi ee mathuele kann a mat deenen et och méiglech sollt si fir géint Malta ze gewannen. An der Éierepromotioun enttäuschen déi éischt 4 Ekippe net a genee sou wéineg och déi Beggener an déi Réimecher. Wat soss nach esou lass war, gëtt et an dëser Episod vum Podcast Buvette.Episod 196 - Alaaf
Coupe Weekend zu Lëtzebuerg an 11.11. zu Köln, wat gëtt et Schéineres? Rouspert gewënnt zu Monnerech mat enger motivéierter Buvette, Bissen klappt Diddeleng, dräi Ekippen aus der 2.Divisioun kommen an der Coupe …
Shownotes
Coupe Weekend zu Lëtzebuerg an 11.11. zu Köln, wat gëtt et Schéineres? Rouspert gewënnt zu Monnerech mat enger motivéierter Buvette, Bissen klappt Diddeleng, dräi Ekippen aus der 2.Divisioun kommen an der Coupe FLF weider an den Dylan war zu Uespelt ënnerwee. Et ass nees vill geschitt a de ganzen Detail gëtt et wéi gewinnt ëmmer an der neitster Episod Buvette - Alaaf.Episod 195 - Der frühe Vogel
Et ass moies frei an de Ben an den Dylan huele beim Kaffi eng nei Episod op. Um Programm steet wéi ëmmer de Lëtzebuerger Fussball, mee dës Kéier awer och eng Rees Auswäerts op Düsseldorf, een Äishockeymatch vu …
Shownotes
Et ass moies frei an de Ben an den Dylan huele beim Kaffi eng nei Episod op. Um Programm steet wéi ëmmer de Lëtzebuerger Fussball, mee dës Kéier awer och eng Rees Auswäerts op Düsseldorf, een Äishockeymatch vu Rosenheim an normal Kaffisgespréicher. Et gëtt driwwer geschwat wien an der BGL Ligue déi meeschte Kaarten huet, wou et geflaamt huet an nach villes méi wéi ëmmer an dëser Episod Buvette.Episod 194 - Fetzerei
D'Jonge vun der Buffet sinn nees fir dech do! No zwou laange Woche Paus kucke mir nach eemol op de Lännermatch zu Sinsheim, schwätzen iwwer dem Dylan säi Comeback am Lëtzebuerger Fussball a kucke wat leschte …
Shownotes
D'Jonge vun der Buffet sinn nees fir dech do! No zwou laange Woche Paus kucke mir nach eemol op de Lännermatch zu Sinsheim, schwätzen iwwer dem Dylan säi Comeback am Lëtzebuerger Fussball a kucke wat leschte Weekend alles esou an eise Lige lass war. Goler, giel Kaarten, Kläppereien an nach villes méi an dëser Episod vu Buvette.
Hier stehen die neuesten 40 von 226 Folgen. Ältere Folgen findest du im Feed des Podcasts.
Ähnliche Podcasts
Mehr Freizeit-PodcastsIst das dein Podcast?
Bestätige es mit einem Eintrag in deinem Feed: Du bekommst hier einen Code, trägst ihn als podcast:txt in den Kanal deines Feeds ein, und wir prüfen ihn. Danach steht dein Podcast als „verifiziert“ bei SoundNode.

