
3#KOMPAKT - Iwwert de Rekrutement vum Beruffspompjee (mam Jeff Zanussi a Sébastien Gemmer)
Shownotes
- Wat brauch et fir Beruffspompjee ze ginn?
- Wéi leeft déi ganz Rekrutementsprozedur of?
- Wat stécht hannert dem psychometreschen Test?
An dëser KOMPAKT-Episod erklären eis de Jeff Zanussi, Recruteur beim CGDIS an de Sébastien Gemmer, Chef de service vum Développement RH beim CGDIS wéi d'Rekrutementsprozedur ausgesäit fir Beruffspompjee ze ginn, wéi eng Qualifikatiounen ee muss matbréngen a wéi een dann och kandidéiert.