Zum Inhalt springen
Status 5 – De CGDIS Podcast

Status 5 – De CGDIS Podcast

Neu8#KOMPAKT - Iwwert eng aussergewéinlech Gebuert13.11.2026 · 11 Min.
Folgen
9
Erscheint
alle zwei Wochen
Letzte Folge
13. Nov. 2026

Über den Podcast

E Podcast vum CGDIS? Absolut! Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast? Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi: - Asätz vum CGDIS - Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS - Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën - Rekrutement vu Beruffspompjeeën - a Villes méi Lauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen! A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.

Folgen 9

  1. 8#KOMPAKT - Iwwert eng aussergewéinlech Gebuert

    11 Min.Staffel 1 · Folge 8

    En Noutruff kënnt an der Noutruffzentral 112 eran. Eng Famill mat enger héichschwangerer Fra ass ënnerwee an d’Spidol, mee d’Zäit geet net duer. D’Mamm bréngt d’Kand am Auto, op der Autobunn op d’Welt.Wéi geet …

    Shownotes

    En Noutruff kënnt an der Noutruffzentral 112 eran. Eng Famill mat enger héichschwangerer Fra ass ënnerwee an d’Spidol, mee d’Zäit geet net duer. D’Mamm bréngt d’Kand am Auto, op der Autobunn op d’Welt.


    • Wéi geet d’Noutruffzentral CSU 112 a sou Fäll vir?
    • Wéi eng onkonventionell Léisung haten d’Operateuren an dësem Fall?
    • Wéi eng Roll hat den Officier Santé hei?


    An dëser KOMPAKT-Episod erzielt eis den Andrea Salis, Officier Santé um CSU 112, vun dësem aussergewéinlechen Asaz, deen sech den 11. November 2026 hei am Land ofgespillt huet. Den Andrea hat deen Owend nämlech Schicht an der Noutruffzentral 112 a kann eis mathuelen an de Beruff vum Officier Santé a mat wéi enger Iddi si komm si fir der Famill schnellstméiglech ze hëllefen.

  2. 7 - Iwwert d’Feierprouf vum CGDIS (mam Guy Bernar)

    18 Min.Folge 7

    Wéi gouf den éischte Groussbrand vum CGDIS ofgeschafft?U wat muss bei esou Asätz geduecht ginn?Wéi gesäit d'Kommandostruktur vum CGDIS aus?An dëser Status5-Episod hate mir Besuch vum Guy Bernar, fréiere Chez de …

    Shownotes
    • Wéi gouf den éischte Groussbrand vum CGDIS ofgeschafft?
    • U wat muss bei esou Asätz geduecht ginn?
    • Wéi gesäit d'Kommandostruktur vum CGDIS aus?


    An dëser Status5-Episod hate mir Besuch vum Guy Bernar, fréiere Chez de zone vun der Zone de secours Sud.

    Just 2 Deeg no der Grënnung vum CGDIS, gëtt seng fonkelnei Kommandostruktur schonn op d’Prouf gestallt. E Groussbrand zu Esch, bei deem de Guy Bernar den Asazleeder war, verlaangt de Pompjeeën Villes of. Wéi den Asaz ofgelaf ass, wat d’Schwieregkeete bei deem Asaz waren a ob d’Kommandostruktur dann elo och esou funktionéiert wéi virgesinn zielt de Guy eis an dëser Episod.

  3. 6 - Iwwert d'Organisatioun wärend der Canicule (mam Sven Viktor)

    21 Min.Folge 6

    Wat ass de CGO?Wéi preparéiert de CGDIS sech op eng Canicule?Ginn et wärend enger Canicule tatsächlech méi Asätz fir de CGDIS?An dëser Status5-Episod hu mir eis mam Sven Viktor, Chef de département Bâtiment …

    Shownotes
    • Wat ass de CGO?
    • Wéi preparéiert de CGDIS sech op eng Canicule?
    • Ginn et wärend enger Canicule tatsächlech méi Asätz fir de CGDIS?


    An dëser Status5-Episod hu mir eis mam Sven Viktor, Chef de département Bâtiment zesummegesat. Hie war wärend der Canicule am Juni 2026 de Coordinateur vum CGO. Hien zielt eis wéi de CGDIS sech op dës aussergewéinlech Situatioun virbereet huet, wéi eng Demarchen an d'Weeër geleet goufen an, dass de Fonctionnement vum CGDIS, grad wärend enger Canicule, net nëmmen duerch Pompjeeë garantéiert gëtt.

  4. 5#KOMPAKT - Iwwert de Fonctionnement vun engem CIS (mam Annick Baustert a Serge Steffes)

    9 Min.Folge 5

    Wat gesäit d'Aarbecht an engem CIS aus?Wéi ass d'Struktur vun engem CIS opgebaut?Wéi kann een sech als Pompjee an engem CIS weiderentwéckelen?An dëser KOMPAKT-Episod hu mir d'Annick Baustert, zukünfteg Chef vum …

    Shownotes
    • Wat gesäit d'Aarbecht an engem CIS aus?
    • Wéi ass d'Struktur vun engem CIS opgebaut?
    • Wéi kann een sech als Pompjee an engem CIS weiderentwéckelen?


    An dëser KOMPAKT-Episod hu mir d'Annick Baustert, zukünfteg Chef vum CIS Luxembourg an de Serge Steffes, Chef vum CIS Echternach invitéiert. Béid erklären eis wéi d'Aarbecht an engem CIS ausgesäit, wéi en CIS iwwerhaapt funktionéiert a wéi e Pompjee sech an engem CIS ka weiderentwéckelen. Do dernieft gi mer och dem Annick säi perséinleche Parcours gewuer a wéi hat zum Poste vum Chef CIS komm ass.

  5. 4#KOMPAKT - Iwwert de Parcours vun engem Stagiaire (mam Luciano Da Conceiçâo)

    8 Min.Folge 4

    Wéi gesäit den Alldag vun engem Pompjeesstagiaire aus?Wéi vill Praxis ass wierklech um Programm?Wat mécht e Stage an engem CIS aus?...An dëser KOMPAKT-Episod huet de Luciano Da Conceição, Pompjeesstagiaire am …

    Shownotes
    • Wéi gesäit den Alldag vun engem Pompjeesstagiaire aus?
    • Wéi vill Praxis ass wierklech um Programm?
    • Wat mécht e Stage an engem CIS aus?
    • ...

    An dëser KOMPAKT-Episod huet de Luciano Da Conceição, Pompjeesstagiaire am éischte Joer, eis iwwert säi perséinleche Parcours gezielt a wéi heen déi éischt Deeg an der Ausbildung erlieft huet. Doriwwer eraus gi mir vun him gewuer, wéi e praktesche Stage an engem Centre d'incendie et de secours (CIS) ausgesäit a wat hie bis elo alles a senger Ausbildung konnt léieren.

  6. 3#KOMPAKT - Iwwert de Rekrutement vum Beruffspompjee (mam Jeff Zanussi a Sébastien Gemmer)

    8 Min.Folge 3

    Wat brauch et fir Beruffspompjee ze ginn?Wéi leeft déi ganz Rekrutementsprozedur of?Wat stécht hannert dem psychometreschen Test?An dëser KOMPAKT-Episod erklären eis de Jeff Zanussi, Recruteur beim CGDIS an de …

    Shownotes
    • Wat brauch et fir Beruffspompjee ze ginn?
    • Wéi leeft déi ganz Rekrutementsprozedur of?
    • Wat stécht hannert dem psychometreschen Test?


    An dëser KOMPAKT-Episod erklären eis de Jeff Zanussi, Recruteur beim CGDIS an de Sébastien Gemmer, Chef de service vum Développement RH beim CGDIS wéi d'Rekrutementsprozedur ausgesäit fir Beruffspompjee ze ginn, wéi eng Qualifikatiounen ee muss matbréngen a wéi een dann och kandidéiert.

  7. 2#KOMPAKT - Iwwert d'Ausbildung vum Beruffspompjee (mam Yves Legil)

    9 Min.Folge 2

    Wéi laang dauert d'Ausbildung zum Beruffspompjee?A wéi enge Beräicher gëtt de Stagiaire ausgebilt?Ass et just dréchene Theorie-Unterrecht?...An dëser KOMPAKT-Episod ass den Yves Legil, Chef de Département …

    Shownotes
    • Wéi laang dauert d'Ausbildung zum Beruffspompjee?
    • A wéi enge Beräicher gëtt de Stagiaire ausgebilt?
    • Ass et just dréchene Theorie-Unterrecht?
    • ...

    An dëser KOMPAKT-Episod ass den Yves Legil, Chef de Département Formation de base vum CGDIS, bei eis am Studio. Heen hëlt eis mat hannert d'Kulisse vun der Ausbildung, déi all Beruffspompjee muss duerchgoen. Wéi déi Ausbildung ausgesäit, op wéi eng Situatiounen de Pompjeesstagiaire virbereet gëtt a wéi Asätz beim CGDIS kënnen ausgesinn, gitt der an dëser Episod gewuer.

  8. 1#KOMPAKT - Iwwert de CGDIS (mam Claude Frantzen)

    9 Min.Folge 1

    Wat ass de CGDIS iwwerhaapt a wat si seng Missiounen?Wéi koum et zur Kreatioun vum CGDIS?Wéi eng Beruffer ginn et beim CGDIS?...An dëser KOMPAKT-Episod schwätze mir mam Claude Frantzen, Directeur administratif …

    Shownotes
    • Wat ass de CGDIS iwwerhaapt a wat si seng Missiounen?
    • Wéi koum et zur Kreatioun vum CGDIS?
    • Wéi eng Beruffer ginn et beim CGDIS?
    • ...


    An dëser KOMPAKT-Episod schwätze mir mam Claude Frantzen, Directeur administratif et financier vum CGDIS, iwwert de CGDIS allgemeng a seng Beruffer an awer och iwwert d'Kreatioun vum nationale Feier- a Rettungscorps a wéi et dozou koum, dass Lëtzebuerg eng Entitéit gebraucht huet, déi déi verschidden Acteuren aus dem Rettungswiesen ënnert een Hutt bréngt.

  9. Introduktioun zum Podcast

    2 Min.Bonus

    An dëser Introduktioun gitt dir gewuer wat et mam "Status 5 - De CGDIS Podcast" op sech huet, wat iech an den zukünftegen Episoden erwaart an firwat de Podcast iwwerhaapt "Status 5" heescht.Hutt dir Froen zum …

    Shownotes

    An dëser Introduktioun gitt dir gewuer wat et mam "Status 5 - De CGDIS Podcast" op sech huet, wat iech an den zukünftegen Episoden erwaart an firwat de Podcast iwwerhaapt "Status 5" heescht.


    Hutt dir Froen zum CGDIS, déi nach ëmmer beäntwert wollt hu bzw. hutt Propose fir zukünfteg Theme fir de Podcast?

    Da schreift eis eng Email op [email protected]

    Mir freeën eis op äre Retour!

Ist das dein Podcast?

Bestätige es mit einem Eintrag in deinem Feed: Du bekommst hier einen Code, trägst ihn als podcast:txt in den Kanal deines Feeds ein, und wir prüfen ihn. Danach steht dein Podcast als „verifiziert“ bei SoundNode.

Einstellungen

Darstellung

Sprache

Bestimmt, welche Sender dir auf der Startseite zuerst gezeigt werden.

Verlauf

Zuletzt gehörte Sender und Folgen und deine letzten Suchen liegen nur in diesem Browser.

Hinweise

Ein kurzer Hinweis, wenn ein Podcast, dem du folgst, eine neue Folge hat. Einzelne Podcasts stellst du über die Glocke auf ihrer Seite ab.

Konto

Favoriten speichern – in der App und auf der Website.

Tastenkürzel

/
Suche öffnen
Leertaste
Abspielen oder anhalten
← →
Im Player: 15 s zurück, 30 s vor (Folgen) · im Regal: nächste Kachel
↑ ↓
Im Regal: Ziel innerhalb der Kachel
Pos1 / Ende
Im Regal: erste bzw. letzte Kachel
Esc
Fenster oder Menü schließen
?
Diese Übersicht
Läuft gerade

Zur Senderseite

Als Nächstes

    Folgen mit „Als Nächstes“ vormerken – sie laufen nach der aktuellen Folge.