Pular para o conteúdo
Vill am Kapp
PodcastEducaçãoLB

Vill am Kapp

NovoHéichbegabung an ADHS (zesumme mam CDA)30 de outubro de 2026 · 45 min
Episódios
5
Publicação
irregular
Último episódio
30 out 2026
SiteFeed RSS

Sobre o podcast

„Vill am Kapp“ ass de Podcast fir all déi, déi sech fir d’Thema Héichbegabung interesséieren – egal ob Elteren, Professioneller oder Mënsche mat engem Kapp voller Froen. Mir ginn Ablécker an d’Aarbecht vum Zentrum, deelen Erfarungen aus der Praxis (souwuel Elteren, wéi och Kanner a Jugendlecher) a schwätze mat Expert*innen iwwert Chancen, Erausfuerderungen a Virurteeler ronderëm d’Héichbegabung. Eist Zil: Informéieren, inspiréieren an Äntwerte ginn. Egal ob s du selwer betraff bass, berufflech domat ze dinn hues oder einfach nëmme virwëtzeg bass – hei bass du richteg.

Episódios 5

  1. Héichbegabung an ADHS (zesumme mam CDA)

    45 minTemporada 1 · Episódio 4

    E Kand ka séier denken an awer Saache vergiessen. Et ka vill Potenzial hunn an trotzdeem am Schoulalldag u seng Grenze kommen. Wat geschitt, wann Héichbegabung an ADHS (Aufmerksamkeitsdefizit- / …

    Notas do episódio

    E Kand ka séier denken an awer Saache vergiessen. Et ka vill Potenzial hunn an trotzdeem am Schoulalldag u seng Grenze kommen. Wat geschitt, wann Héichbegabung an ADHS (Aufmerksamkeitsdefizit- / Hyperaktivitätsstörung) zesummekommen?

    An dëser Episod schwätze mir zesumme mam Miriam Hale vum CEJHP an dem Manuelle Schank vum CDA (Centre pour le développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa) doriwwer, wéi sech déi zwee Profiller géigesäiteg maskéiere kënnen, firwat si heiansdo eréischt spéit erkannt ginn, firwat dat immens komplex ass a wéi mir Kanner mat dësem Profil an der Schoul besser ënnerstëtze kënnen.

    Mir deele konkret Iddien an Adaptatioune fir de Klassesall – mam Zil, d’Bedierfnesser vum eenzele Kand ze erkennen a säi Wuelbefannen an de Mëttelpunkt ze stellen.

    Méi Informatiounen an Iddie fir d'Klass:

  2. Héichbegabung a motoresch Entwécklung

    33 minTemporada 1 · Episódio 3

    Notiz: An dëser Episod benotze mir dacks de Begrëff "neurotypesch". Domat si Mënsche gemengt, deenen hir neurologesch Entwécklung a Veraarbechtung am Beräich vun deem läit, wat allgemeng als typesch ugesi gëtt …

    Notas do episódio

    Notiz: An dëser Episod benotze mir dacks de Begrëff "neurotypesch". Domat si Mënsche gemengt, deenen hir neurologesch Entwécklung a Veraarbechtung am Beräich vun deem läit, wat allgemeng als typesch ugesi gëtt. De Begrëff gëtt dacks am Zesummenhang mat Neurodivergenz benotzt, zum Beispill bei Autismus, ADHS oder Héichbegabung. Dobäi geet et ëm verschidden Aarte vu Fonctionnement, ouni Bewäertung oder Hierarchie.


    Wat huet d'Motorik mat Héichbegabung ze dinn? Vill méi, wéi een op den éischte Bléck mengt. An dëser Episod vu Vill am Kapp schwätze mir mam Psychomotoriker Guillaume Rodrigues iwwert de spannende Lien tëscht Héichbegabung an der motorescher Entwécklung.

    Mir erklären, wat motoresch Entwécklung iwwerhaapt bedeit a firwat munch Kanner mat engem heterogenen Héichbegabungsprofil och motoresch Schwieregkeeten kënnen hunn.

    Ausserdeem geet et ëm déi éischt Signaler, op déi Elteren a Fachleit oppasse kënnen, an ëm konkret Recommandatiounen, wéi d'motoresch Entwécklung am Alldag an an der Schoul gezielt ënnerstëtzt ka ginn – vun einfache Beweegungsaktivitéiten iwwer kreativ Handaarbechte bis hin zu koordinative Spiller.

  3. Underachievement

    50 minTemporada 1 · Episódio 2

    An dëser Episod schwätze mir doriwwer, firwat Héichbegabung net automatesch héich Schoulleeschtung bedeit. Vill héichbegaabte Kanner weisen net ëmmer dat, wat eigentlech an hinne stécht – heiansdo wéinst …

    Notas do episódio

    An dëser Episod schwätze mir doriwwer, firwat Héichbegabung net automatesch héich Schoulleeschtung bedeit. Vill héichbegaabte Kanner weisen net ëmmer dat, wat eigentlech an hinne stécht – heiansdo wéinst Langweil, Demotivatioun oder anere Facteuren aus hirem Ëmfeld.

    Zesumme mam Laurence Di Letizia, Enseignante-ressource am CEJHP, kucke mir méi genee op dat Phänomen vum Underachievement. Mir erklären, wéi Facteuren ewéi Stress, Motivatioun, Selbstvertrauen oder d’Léierëmfeld d’Leeschtung beaflosse kënnen, wéi een éischt Warnzeechen erkennt a wéi d'Schoulen an d'Elteren d'Kanner gezielt ënnerstëtze kënnen.

    Zum Schluss gëtt kloer: Leeschtung reflektéiert net automatesch Potenzial. Nolauschteren, Verstoen an individuell Ënnerstëtzung si wichteg Schrëtt, fir Kanner an hirer Entwécklung ze stäerken.

  4. Wat bedeit Héichbegabung?

    34 minTemporada 1 · Episódio 1

    An dëser Episod schwätze mir iwwert d’Fro, wat Héichbegabung eigentlech bedeit – a firwat de Begrëff sou dacks falsch verstan gëtt. Eisen Invité Danielle Rod erkläert op verständlech Aart a Weis, wéi sech …

    Notas do episódio

    An dëser Episod schwätze mir iwwert d’Fro, wat Héichbegabung eigentlech bedeit – a firwat de Begrëff sou dacks falsch verstan gëtt. Eisen Invité Danielle Rod erkläert op verständlech Aart a Weis, wéi sech fachlech Definitioune vun den Alldaagsvirstellungen vun Elteren an Enseignanten ënnerscheeden. Mir klären heefeg Mythen a Froen, déi am Kontext Héichbegabung opkommen, a ginn Abléck an d’Praxis. Och d’Roll vun der Famill an der Schoul kënnt zur Sprooch, sou wéi konkret Beispiller aus dem Alldag. Zum Schluss huele mir mat: Héichbegabung ass vill méi wéi héich Leeschtung – a Versteesdemech ass de wichtegste Startpunkt.

  5. Em wat geet et bei "Vill am Kapp"?

    1 minTrailer

    Teaser

Este podcast é seu?

Confirme com uma entrada no seu feed: você recebe um código aqui, adiciona como podcast:txt no canal do seu feed e nós verificamos. Depois disso, seu podcast aparece como “verificado” no SoundNode.

Configurações

Exibição

Idioma

Define quais estações você vê primeiro na página inicial.

Histórico

As rádios e episódios ouvidos recentemente e suas últimas buscas ficam só neste navegador.

Avisos

Um aviso rápido quando um podcast que você segue tem um episódio novo. Desative podcasts individuais pelo sino na página deles.

Conta

Salve favoritos – no app e no site.

Atalhos de teclado

/
Abrir busca
Espaço
Reproduzir ou pausar
← →
No player: voltar 15 s, avançar 30 s (episódios) · na fileira: próximo bloco
↑ ↓
Na fileira: alvo dentro do bloco
Home / End
Na fileira: primeiro ou último bloco
Esc
Fechar janela ou menu
?
Esta visão geral
Tocando agora

Ir para a estação

A seguir

    Adicione episódios com “A seguir” – eles tocam depois do episódio atual.