
Poterkëscht vum INLL
- Episódios
- 226
- Publicação
- semanal
- Último episódio
- 12 nov 2026
Sobre o podcast
Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.
Episódios 226
Interview mam Jackie Messerich (B2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut hu mir eng Enseignante aus dem INLL bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwer hir Aarbecht als Schrëftstellerin erzielt.D'Jackie liest eis zum Schluss och e klengen …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hu mir eng Enseignante aus dem INLL bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwer hir Aarbecht als Schrëftstellerin erzielt.
D'Jackie liest eis zum Schluss och e klengen Extrait aus sengem Buch ,,Pappendag'' vir.
Umellung fir de Schreifatelier am INLL: https://www.inll.lu/fr/event/ateliers-ecriture-creative-2/
Vill Spaass beim Nolauschteren!
Muss een ëmmer erreechbar sinn? (B2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi dräi Persounen doriwwer schwätzen, ob een ëmmer erreechbar muss sinn.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi dräi Persounen doriwwer schwätzen, ob een ëmmer erreechbar muss sinn.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Allerhellgen: Eng Traditioun, déi nach ëmmer wichteg ass? (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!De leschte Weekend war Allerhellegen - eng bekannt Traditioun zu Lëtzebuerg. Ob dës nach ëmmer wichteg ass, héiere mir am Episod vun haut.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
De leschte Weekend war Allerhellegen - eng bekannt Traditioun zu Lëtzebuerg. Ob dës nach ëmmer wichteg ass, héiere mir am Episod vun haut.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Halloween-Special 2026
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun enger onheemlecher Halloweennuecht erzielt.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Mara: Ech muss iech eppes erzielen. Ech hat …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun enger onheemlecher Halloweennuecht erzielt.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Mara: Ech muss iech eppes erzielen. Ech hat gëschter Owend déi komeschst Halloween-Nuecht vu mengem Liewen.
Lina: O, elo sinn ech awer gespaant. Wat ass geschitt?
Tom: Waart, looss mech roden: Du hues e Geescht gesinn?
Mara: Vläicht. Ech weess et selwer net. Ech war gëschter eleng doheem, well dir zwee jo ofgesot hat.
Lina: Sorry! Ech war wierklech midd. Mee wat ass geschitt?
Mara: Géint zéng Auer huet et un der Dier geklappt. Dräimol.
Tom: Warscheinlech Kanner, déi Séissegkeete wollten.
Mara: Dat hunn ech och geduecht. Ech hunn duerch de Spioun gekuckt an do stoung e klengt Kand mat engem wäisse Läinduch iwwer dem Kapp.
Lina: An du hues d’Dier opgemaach?
Mara: Ech hunn d’Dier e bëssen opgemaach, mee op eemol war d’Kand verschwonnen.
Tom: Dat kann net sinn. Vläicht ass et einfach fortgelaf.
Mara: Ech hunn och geduecht, ech hätt mech geiert. Mee dunn ass eppes nach méi Komesches geschitt.
Lina: Wat?
Mara: Mäi Computer huet op eemol eng Noriicht ugewisen.
Tom: Wat fir eng Noriicht?
Mara: Do stoung: „Maach d’Dier net op.“
Lina: Dat ass awer net méi witzeg.
Tom: Vläicht huet een dech einfach veräppelt. Konnts du net gesinn, vu wiem d’Noriicht koum?
Mara: Dat war jo de Problem. Ech hunn eng zweet Noriicht kritt: „Ech sinn nach ëmmer dobaussen.“
Lina: Ech kréien elo schonn Héngerhaut.
Tom: A wat hues du gemaach?
Mara: Ech hu meng Mamm ugeruff. Déi huet mech gefrot, ob ech sécher wier, datt ech eleng doheem wier.
Lina: Gutt, datt s de mat hir schwätze konnts, du waars de net esou eleng.
Mara: Jo, mee du war beemol d’Netz fort an ech konnt kee méi uruffen.
Tom: An dunn?
Mara: Sinn all d’Luuchten ausgefall.
Lina: Nee! Ech hätt direkt d’Haus verlooss.
Mara: Ech och. Mee dunn hunn ech e Geräisch héieren.
Tom: Virun der Hausdier?
Mara: Nee. Et huet aus dem Keller geklappt.
Lina: Aus dem Keller?
Mara: Jo. An dat Schlëmmst war: D’Kellerdier war op. Dobäi war déi zënter Méint schonn zougespaart.
Lina: Ech soen dir éierlech: Ech wier do net erofgaangen.
Mara: Ech och net. Mee ech hunn eng Luucht am Keller gesinn. Ech sinn e puer Schrëtt méi no gaangen an hunn en Telefon um Buedem gesinn.
Tom: Däin Telefon?
Mara: Nee, dat war dat Komescht. Ech hat mäin Telefon nach an der Hand.
Lina: Wat stoung um Telefon?
Mara: Eng Noriicht: „Ech hu gesot, du solls d’Dier net opmaachen.“
Tom: Dat ass wierklech grujeleg.
Mara: An dunn hunn ech eng Stëmm hannert mir héieren.
Lina: Wat huet si gesot?
Mara: „Du hues mech awer eragelooss.“
Tom: Ok... dat ass de Moment, wou ech definitiv fortgelaf wier.
Lina: Ech och! An hues du dech ëmgedréint?
Mara: Nee.
Tom: Firwat net?
Mara: Well ech Angscht hat, ze gesinn, wien hannert mir stoung.
Lina: A wat hues du du gemaach?
Mara: Ech hunn e bëssi gewaart a wéi alles roueg war, sinn ech a meng Kummer gaangen, hu mech agespaart an iergendwann sinn ech ageschlof.
Tom: A moies?
Mara: Moies war d’Kellerdier nees zou.
Lina: A soss?
Mara: Op mengem Kichendësch louch e klengen Ziedel.
Tom: Wat stoung drop?
Mara: „Merci fir d’Invitatioun. Déi nächst Kéier komme mir méi fréi.“
Lina: Dat ass net méiglech...
Tom: Du has eis jo fir Halloween invitéiert. An op denger Invitatioun stoung: „D’Party fänkt um 22 Auer un.“
Lina: Awer mir waren ni bei dir.
Mara: Ech weess.
Tom: Da war vläicht een aneren op denger Party...
Mara: ...an ech mengen, hien ass nach ëmmer do.
Beim Kiné: An der Praxis & Um Telefon (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir zwee Dialoger beim Kiné: fir d'éischt ass e Patient an der Praxis wéinst Réckwéi, an duerno en Telefonat mat dem Sekretariat wéinst engem Problem mat enger …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir zwee Dialoger beim Kiné: fir d'éischt ass e Patient an der Praxis wéinst Réckwéi, an duerno en Telefonat mat dem Sekretariat wéinst engem Problem mat enger Rechnung.
-
Transkript:
Beim Kiné
Kiné: Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen?
Patient: Moien. Ech hunn zënter e puer Deeg Réckwéi.
Kiné: Wou deet et wéi?
Patient: Am ënneschte Réck. Et deet virun allem wéi, wann ech mech no vir bécken.
Kiné: Wéi laang hutt Dir scho wéi?
Patient: Zënter véier Deeg.
Kiné: Hutt Dir Iech iergendwéi blesséiert?
Patient: Nee, ech mengen net. Mee ech hunn de leschte Weekend vill Sport gemaach.
Kiné: Wat fir e Sport maacht Dir?
Patient: Ech spillen zweemol d'Woch Tennis.
Kiné: Ok. Ech kucken elo Äre Réck. Maacht wgl. dës Beweegung.
Patient: Esou?
Kiné: Jo. An elo béckt Iech no vir.
Patient: Aua, do deet et wéi.
Kiné: Dir hutt warscheinlech eng kleng Muskelverspanung. Ech maachen e puer Übungen mat Iech, fir dass et besser gëtt.
Patient: Däerf ech elo eng Zäit laang kee Sport méi maachen?
Kiné: Genee, fir e puer Deeg, dat ass besser fir Iech, Dir sollt Äre Réck net ze vill belaaschten.
Patient: A kann ech doheem eppes maachen?
Kiné: Jo. Ech weisen Iech e puer einfach Übungen. Maacht se eemol oder zweemol den Dag.
Patient: Ok, merci.
Kiné: Gär. A wann de Wéi méi staark gëtt, gitt nach eemol bei Ären Dokter.
Patient: Maachen ech. Merci a bis d'nächst Kéier!
Kiné: Et ass gär geschitt. Bis d'nächst Kéier!
A2 – Eng Rechnung vum Kiné
Sekretärin: Gudde Moien, Praxis vum Kiné, wéi kann ech Iech hëllefen?
Cliente: Gudde Moien. Mäin Numm ass Sophie Weber. Ech hunn eng Rechnung vun Iech kritt, mee ech verstinn net, firwat.
Sekretärin: Kënnt Dir mir wgl. Äre Gebuertsdatum soen?
Cliente: Jo, de 14. Mäerz 1985.
Sekretärin: Merci. An ëm wéi eng Rechnung geet et?
Cliente: Et ass eng Rechnung iwwer 50 Euro. Do steet, datt ech bei engem Rendez-vous war. Mee ech war guer net bei Iech.
Sekretärin: Ech kucken dat kuerz no. Hat Dir dëse Mount e Rendez-vous bei eis?
Cliente: Jo, ech hat e Rendez-vous en Dënschdeg um 10 Auer.
Sekretärin: Dat stëmmt. Dir hat en Dënschdeg um 10 Auer e Rendez-vous beim Kiné.
Cliente: Jo, mee ech sinn net gaangen. Ech war krank a konnt net kommen.
Sekretärin: A, ech verstinn. Dat ass warscheinlech de Grond fir d’Rechnung.
Cliente: Firwat? Ech war dach net do!
Sekretärin: Jo, dat ass richteg. Mee wann een net op de Rendez-vous kënnt as sech net ofmellt, gëtt de Rendez-vous trotzdeem verrechent.
Cliente: Aha. Dat wousst ech net.
Sekretärin: Dat steet och an eise Reegelen. Wann een net komme kann, muss een eis am beschten esou séier wéi méiglech uruffen.
Cliente: Ech verstinn. Mee ech war deen Dag wierklech krank an ech hunn einfach net dru geduecht.
Sekretärin: Dat kann natierlech geschéien.
Cliente: Kann een do näischt maachen? Ech fannen 50 Euro zimmlech vill, wann ech guer net do war.
Sekretärin: Ech verstinn Iech. Ech schwätzen emol mam Kiné. Waart wgl. eng Minutt.
Cliente: Jo, kee Problem.
Sekretärin: Merci fir d’Waarden. Ech hu mam Kiné geschwat. Well et déi éischt Kéier war, datt Dir e Rendez-vous verpasst hutt, maache mir dës Kéier eng Ausnam.
Cliente: Wierklech? Dat ass ganz léif!
Sekretärin: Jo. Mir annuléieren d’Rechnung dës Kéier. Mee wann Dir nach eng Kéier net komme kënnt, musst Dir eis wgl. uruffen.
Cliente: Jo, dat maachen ech. Ech hunn elo verstanen, wéi et funktionéiert.
Sekretärin: Ganz gutt. A wann Dir wëllt, kënne mir Iech och direkt en neie Rendez-vous ginn.
Cliente: Jo, gär. Hutt Dir d’nächst Woch nach Plaz?
Sekretärin: Jo. Dir kënnt en Dënschdeg um 11 Auer oder en Donneschdeg um 15 Auer kommen.
Cliente: En Donneschdeg um 15 Auer passt gutt.
Sekretärin: Perfekt. Dann hunn ech Iech fir en Donneschdeg um 15 Auer opgeschriwwen.
Cliente: Super, merci fir Är Hëllef!
Sekretärin: Gär geschitt. An denkt drun: Wann Dir net kënnt, rufft eis wgl. un.
Cliente: Jo, dat maachen ech. Äddi!
Sekretärin: Äddi a bis en Donneschdeg!
Am Kleederbuttek & Falsch Online-Bestellung (A2-B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir zwee Dialoger. Am éischten Dialog ass eng Persoun am Kleederbuttek a wëll eng nei Jackett kafen. Am zweeten Dialog ass eng Persoun an engem Guichet, well si e …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir zwee Dialoger. Am éischten Dialog ass eng Persoun am Kleederbuttek a wëll eng nei Jackett kafen. Am zweeten Dialog ass eng Persoun an engem Guichet, well si e Problem mat enger Online-Bestellung huet.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Am Kleederbuttek
Client: Moien. Ech wéilt gär eng Jackett an der Gréisst M umoossen.
Verkeeferin: Moien. Wat fir eng Jackett wéilt Dir gär umoossen?
Client: Déi schwaarz Jackett do. Hutt Dir se nach an der Gréisst M?
Verkeeferin: Waart, ech kucken no. Leider ass d'Gréisst M ausverkaf.
Client: Schued. Hutt Dir da vläischt nach esou eng Jackett an enger anerer Faarf?
Verkeeferin: Jo, mir hunn déi Jackett nach am Bloen.
Client: Hutt Dir se dann och nach an der Gréisst M?
Verkeeferin: Jo, si ass nach an der Gréisst M do.
Client: Kann ech se wgl. uprobéieren?
Verkeeferin: Natierlech. D'Kabinne sinn do hannen.
Client: Merci. … O, si passt gutt. Wéi vill kascht se?
Verkeeferin: Si kascht 59 Euro.
Client: Ok, da kafen ech se.
Verkeeferin: Gär. Wëllt Dir mat der Kaart oder boer bezuelen?
Client: Mat der Kaart, wgl.
Verkeeferin: Merci. Hei ass Är Quittung.
Client: Merci fir Är Hëllef!
Verkeeferin: Gär geschitt!
Eng falsch Online-Bestellung
Client: Moien. Ech hunn e Problem mat menger Bestellung, déi ech online gemaach hunn.
Service: Moien. Wat ass da geschitt?
Client: Ech hunn d’Bestellung virun enger Woch gemaach. Haut ass de Pak ukomm, mee leider ass eppes falsch.
Service: Wat ass dann net an der Rei?
Client: Ech hat eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt. Am Pak ass awer eng blo Jackett an der Gréisst L.
Service: O, dat deet mir leed. Hutt Dir d’Bestellnummer dobäi?
Client: Jo, hei ass se. D’Nummer ass 45872.
Service: Merci. Ech kucken dat direkt no. Jo, ech gesinn, datt Dir tatsächlech eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt hat.
Client: Genee. Ech brauch d’Jackett fir d’nächst Woch, dofir ass et e bëssen dréngend.
Service: Ech verstinn. Mir kënnen Iech déi richteg Jackett nach eng Kéier schécken.
Client: Wéi laang dauert d’Liwwerung?
Service: Normalerweis zwee bis dräi Aarbechtsdeeg. Mir maachen d’Bestellung direkt fäerdeg.
Client: Dat wier super. A wat maachen ech mat der falscher Jackett?
Service: Dir kënnt se gratis zeréckschécken. Ech schécken Iech eng E-Mail mat engem Retourlabel.
Client: Muss ech de Porto bezuelen?
Service: Nee, natierlech net. Well de Feeler bei eiser Bestellung läit, ass de Retour gratis.
Client: Ok, dat ass gutt. A kréien ech eng Confirmatioun per E-Mail?
Service: Jo, Dir kritt direkt eng Confirmatioun mat allen Informatiounen.
Client: Super. Da waarden ech op d’E-Mail. Merci fir Är Hëllef!
Service: Gär geschitt. A nach eng Kéier Pardon fir de Feeler.
Client: Kee Problem. Äddi!
Service: Äddi an e schéinen Dag!
Eleng Reesen (B2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut geet et ëm d'Theema eleng reesen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut geet et ëm d'Theema eleng reesen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Zwee Problemer am Restaurant (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir zwou Situatiounen am Restaurant. Am éischten Deel kritt de Client déi falsch Bestellung. Am zweeten Deel gëtt et e Feeler mat der Rechnung.Vill Spaass beim …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir zwou Situatiounen am Restaurant. Am éischten Deel kritt de Client déi falsch Bestellung. Am zweeten Deel gëtt et e Feeler mat der Rechnung.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkipt:
Am Restaurant – Problem mat der Bestellung
Serveuse: Gudden Owend! Wëllt Dir eppes drénken?
Client: Jo, wannechgelift. Ech hätt gär en hallwe Liter Spruddelwaasser.
Serveuse: Jo, gär. Wësst Dir schonn, wat Dir iesse wëllt?
Client: Jo. Ech huelen d’Geméiszopp als Entrée, wannechgelift.
Serveuse: An als Haaptplat?
Client: Ech hätt gär den italienesche Sandwich, mee ouni Ham, wannechgelift. Ech si Vegetarier.
Serveuse: Jo, kee Problem. Wëllt Dir nach eppes dobäi? Eng kleng Zalot, oder eng Portioun Fritten?
Client: Hmm … jo, eng kleng Zalot, wannechgelift.
Serveuse: Gären. Ech bréngen Iech d’Gedrénks direkt. (...) Hei ass d’Gedrénks. An hei ass Är Zopp. Gudden Appetit!
Client: Merci! Eh… Entschëllegt …
Serveuse: Jo?
Client: Ech mengen, dat ass net meng Zopp.
Serveuse: Oh, wierklech? Wat hutt Dir bestallt?
Client: Ech hunn d’Geméiszopp bestallt. Dat hei ass eng Tomatenzopp.
Serveuse: A jo … Dir hutt Recht. Dat hei ass d’Zopp vun engem anere Client. Et deet mer leed!
Client: Kee Problem.
Serveuse: Ech bréngen Iech direkt déi richteg Zopp. Ee Moment, wannechgelift. (...) Sou, hei ass Är Geméiszopp. Entschëllegt nach eng Kéier.
Client: Kee Problem. Merci!
Serveuse: Gudden Appetit! (...) Sidd Dir fäerdeg?
Client: Jo. D’Zopp war wierklech gutt.
Serveuse: Dat freet mech. Hei ass Ären italieneesche Sandwich ouni Ham, an Är Zalot.
Client: Merci.
Serveuse: Kann ech Iech nach eppes bréngen?
Client: Nee, merci. Fir de Moment ass alles gutt.
Serveuse: Da wënschen ech Iech e gudden Appetit!
Client: Merci!
Eng falsch Rechnung am Restaurant
Cliente: Entschëllegt, ech mengen, hei ass e Feeler op der Rechnung.
Serveur: O, wierklech? Wat ass falsch?
Cliente: Mir haten zwou Zalote bestallt, awer hei stinn dräi Zaloten.
Serveur: A jo, Dir hutt Recht. Ech kucken direkt no.
Cliente: Merci. An de Jus ass och zweemol op der Rechnung.
Serveur: A jo, ech gesinn. Et deet mir leed.
Cliente: Kee Problem. Kënnt Dir d'Rechnung wgl. änneren?
Serveur: Natierlech. Ech maachen Iech eng nei Rechnung.
Cliente: Super, merci.
Serveur: Hei ass déi nei Rechnung. Kuckt wgl. nach eng Kéier, ob elo alles stëmmt.
Cliente: Jo, elo ass alles richteg.
Serveur: Ganz gutt. Wëllt Dir mat Kaart oder boer bezuelen?
Cliente: Mat Kaart, wann ech gelift.
Serveur: Gär. Hei ass Äre Reçu.
Cliente: Merci an e schéinen Dag!
Serveur: Merci, Iech och!
Ëffnungszäiten am Quartier (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer d'Ëffnungszäite vu verschiddene Plazen an hirem Quartier schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Ëffnungszäiten (A2) …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer d'Ëffnungszäite vu verschiddene Plazen an hirem Quartier schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Ëffnungszäiten (A2)
Nora: Ech muss iech eppes froen. Wéini ass bei iech eigentlech d’Post op? Ech wollt gëschter nach e Bréif fortschécken, mee wéi ech um fënnef Auer dohinner komm sinn, war se schonn zou.
Sophie: Um fënnef Auer? Dat ass komesch. Bei mir ass d’Post méindes bis freides vun hallwer néng bis zwielef op. An nomëttes ass se vun hallwer zwou bis sechs op.
Nora: Jo, genee! Bei mir mécht se och um hallwer zwou op, mee ech mengen, se ass just bis véier Auer op.
Marc: Bei mir ass d’Post nach méi laang op. Moies ass se vun aacht bis zwielef op an nomëttes vun zwou bis siwen.
Sophie: Bis siwen Auer?
Marc: Jo. Dat ass ganz praktesch, well ech dacks eréischt um sechs heemkommen.
Nora: Dat ass wierklech praktesch. Bei mir muss een d’Ëffnungszäite scho kennen, soss steet een einfach virun enger zouener Dier.
Sophie: Dat ass mir och scho geschitt. Ech war eng Kéier samschdes bei d’Post an hunn net dru geduecht, datt se zou ass.
Marc: Samschdes ass se bei iech zou?
Sophie: Jo, de Weekend ass se zou.
Nora: Bei mir och.
Marc: Bei mir ass d’Post samschdes moies vun néng bis zwielef op. Dat ass praktesch.
Sophie: A wéi ass et mat der Bäckerei bei iech?
Marc: Meng Bäckerei mécht ganz fréi op. Ëm sechs Auer. Ech ginn heiansdo virun der Aarbecht dohinner, fir Bréidercher ze kafen.
Nora: Bei mir mécht d’Bäckerei och um sechs op. A samschdes ass se och op. Vun aacht Auer moies bis sechs Auer owes.
Sophie: Bis sechs Auer? Bei mir mécht se samschdes schonn um eng Auer zou.
Nora: Dat ass awer e groussen Ënnerscheed!
Sophie: Jo. An ech hunn et schonn e puer mol vergiess. Ech wollt samschdes nomëttes nach e Kuch kafen. Ech war um dräi do – an d’Dier war zou.
Marc: Dat ass nerveg.
Sophie: Du sees et! Ech hunn du missen an de Supermarché goen.
Nora: An ass däi Supermarché de Weekend op?
Sophie: Jo, de Supermarché ass all Dag op. Méindes bis samschdes ass en zimlech laang op, bis aacht Auer. Sonndes mécht en awer méi fréi zou, um eng Auer.
Marc: Bei mir ass et ähnlech. Mee ech mengen, mäi Supermarché ass sonndes guer net op.
Nora: Seriö?
Marc: Jo. Ech war e Sonndeg do an hunn eréischt virun der Dier gemierkt, datt zou ass.
Nora: A Sonndes – wéi ass et do mat de Bäckereien?
Sophie: Meng Bäckerei ass sonndes zou.
Marc: Meng och.
Nora: Bei mir ass déi kleng Bäckerei am Quartier och zou. Mee et gëtt eng aner, e bëssen ausserhalb, déi Sonndes moies op ass.
Sophie: Dat ass gutt ze wëssen. Wéi laang?
Nora: Ech mengen, vu siwen bis zwielef.
Marc: Dat ass jo perfekt fir sonndes gemittlech mat frësche Bréidercher a Mëtsche Kaffi ze drénken.
Sophie: Jo, wann een net ze spéit opsteet. (laacht)
Nora: An de Metzler? Wéi ass et bei iech?
Marc: Bei mir ass de Metzler méindes zou. Dënschdes bis samschdes ass en op. Samschdes awer nëmme moies.
Nora: Bei mir ass de Metzler all Dag op, ausser sonndes.
Sophie: Bei mir ass et genee ëmgedréint: méindes ass en op, mee sonndes ass en zou. Samschdes ass en de ganzen Dag op.
Marc: Dat ass jo interessant. Also huet zu Lëtzebuerg jidderee seng eegen Ëffnungszäiten.
Sophie: Jo, ech hat eigentlech geduecht, datt d’Geschäfter hei all ongeféier déi selwecht Zäiten op- an zou wieren.
Nora: Ech och. Mee anscheinend ass dat guer net esou.
Marc: Et hänkt wuel och dovun of, wou ee wunnt.
Sophie: An dovun, wéi grouss d’Geschäft ass.
Nora: Jo. Mäin Supermarché ass zum Beispill vill méi grouss wéi deen am Nopeschduerf, an en ass vill méi laang op.
Marc: Dat stëmmt. Ech mengen, et ass wierklech an all Uertschaft e bëssen anescht.
Um Knuedler & Memberskaart fir d'Bibliothéik (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune sech iwwer déi verschidde Plazen um Knuedler ënnerhalen. Duerno héiere mir, wéi eng Fra eng Memberskaart fir d'Bibliothéik …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune sech iwwer déi verschidde Plazen um Knuedler ënnerhalen. Duerno héiere mir, wéi eng Fra eng Memberskaart fir d'Bibliothéik maache wëll.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Weebeschreiwung Gare & Am Guichet (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun Hëllef brauch, dee richtege Bus fir op d'Gare ze fannen. Duerno héiere mir, wéi d'Persoun op der Gare e Billjee fir op Amsterdam kafe …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun Hëllef brauch, dee richtege Bus fir op d'Gare ze fannen. Duerno héiere mir, wéi d'Persoun op der Gare e Billjee fir op Amsterdam kafe wëll.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
Weebeschreiwung op d’Gare
A: Entschëllegt, kënnt Dir mir hëllefen?
B: Jo, natierlech. Wat sicht Dir?
A: Ech sichen de Busarrêt fir de Bus Nummer 6.
B : Hmm… de 6 fiert mengen ech do hannen.
A: Do, bei der rouder Luucht?
B: Jo, genee. Dir gitt einfach riichtaus, an dann no riets.
A: Riets? (e bëssen erstaunt)
B: Jo, mee, ee Moment… ech kucke léiwer nach eng Kéier kuerz op der Mobilitéit-App no.
A: Merci.
B: O, ech gesinn, den Arrêt ass haut suppriméiert.
A: O nee… ech muss awer op d’Gare. Wéi kommen ech dann elo dohin?
B: Hmm, ech kucken op der App. Also, dir kënnt och eng Véierelstonn zu Fouss goen, an dann um Hamilius den Tram huelen. Deen hält direkt op der Gare.
A: O, eng Véierelstonn zu Fouss, am Reen… Fiert da kee Bus bis op den Hamilius?
B: Ech kucken… Nee, mee dir kënnt 5 Minutten zu Fouss bei d’Kierch goen, do kënnt an 10 Minutten den 12, deen hält op der Stäreplaz. Do kënnt Dir an den Tram ëmsteigen an direkt bis op d’Gare fueren.
A: O, ech hoffen dat geet duer. A wéi kommen ech bei d’Kierch?
B: Dat ass net komplizéiert. Dir gitt elo hei iwwer d’Strooss, an dann ongeféier 200 Meter riichtaus. De Busarrêt ass direkt vis-à-vis vun der Kierch.
A : Ech gesinn. An a wat fir eng Richtung muss ech de Bus huelen?
B: Richtung Kierchbierg. Dir klammt da bei der Stäreplaz eraus, gitt iwwer d’Strooss an huelt den Tram Richtung Stadion.
A: An der Rei, ech mengen, ech fannen dat. Villmools Merci fir Är Hëllef!
B: Et ass gär geschitt! Ech hoffen, dir kritt Ären Zuch nach!
-
En Zuchbilljee op Amsterdam kafen
Client: Moien. Ech hätt gär e Billjee fir op Amsterdam, wannechgelift.
Verkeefer: Moien. Jo, natierlech. Wéini wëllt Dir fueren?
Client: Muer de Mëtteg.
Verkeefer: Jo. Et gëtt en Zuch um 14 Auer.
Client: Wéi laang dauert d'Rees?
Verkeefer: D'Rees dauert ongeféier sechs Stonnen. Dir musst zu Bréissel ëmsteigen. Dir hutt ongeféier eng Stonn Waardezäit.
Client: A wéi vill kascht de Billjee?
Verkeefer: Den Ticket kascht 160 Euro.
Client: 160 Euro? Dat ass zimlech deier. Gëtt kee méi bëllegen Ticket?
Verkeefer: Dach, et ginn och nach aner Verbindungen, mee déi dauere méi laang.
Client: Nee, dann huelen ech léiwer dësen Zuch um 14 Auer. Ech wëll net ze laang ënnerwee sinn.
Verkeefer: Gär. Reest Dir léiwer éischt oder zweet Klass?
Client: Zweet Klass, wannechgelift.
Verkeefer: An der Rei. Dat mécht dann 160 Euro.
Client: Kann ech mat der Kaart bezuelen?
Verkeefer: Natierlech. Gitt wannechgelift Äre Code an. (…) Merci. Hei ass Ären Ticket.
Client: Merci! A wou muss ech den Zuch huelen?
Verkeefer: Den Zuch fiert normalerweis um Quai 4 fort. Kontrolléiert awer muer nach eng Kéier um groussen Ecran.
Client: Super, merci fir d'Informatioun!
Verkeefer: Gär geschitt. Ech wënschen Iech eng gutt Rees!
Client: Merci, an nach e schéinen Dag!
Eng 32-Stonne-Schaffwoch? (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir e puer Argumenter vir a géint eng 32-Stonne-Schaffwoch. Ausserdeem héiere mir, wéi eng Persoun vun hirer Erfarung domat erzielt.Vill Spaass beim …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir e puer Argumenter vir a géint eng 32-Stonne-Schaffwoch. Ausserdeem héiere mir, wéi eng Persoun vun hirer Erfarung domat erzielt.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
E Kannerzëmmer ariichten (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwee Elteren iwwer d'Kannerzëmmer vun hirem Puppelche schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-E Kannerzëmmer ariichten (B1)Mamm: Ech freeë mech scho …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwee Elteren iwwer d'Kannerzëmmer vun hirem Puppelche schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
E Kannerzëmmer ariichten (B1)
Mamm: Ech freeë mech scho richteg op eise klenge Butz.
Papp: Jo, ech freeë mech och. Mee mir mussen endlech d'Kannerzëmmer ariichten.
Mamm: Komm mir kucken eis Lëscht, déi mir gemaach hunn. Da vergiesse mir näischt.
Papp: Dat ass eng gutt Iddi. Wat brauche mir als éischt?
Mamm: Mir brauchen definitiv e Bett fir de Puppelchen.
Papp: Jo, an eng Matrass an e puer waasserfest Houssen, falls d’Pampers ausleeft.
Mamm: Effektiv! Mir brauchen och e Wéckeldësch.
Papp: Meng Schwëster huet nach e Wéckeldësch. Hatt sot, datt mir säi kënne kréien. Hatt an de Pit kréie jo keng Kanner méi.
Mamm: Dat ass super! Da musse mir keen neie kafen. Mir brauchen och nach onbedéngt sou eng speziell Poubelle fir d’Pamperssen, soss richt et net immens gutt am Zëmmer.
Papp: O, jo! Wéi ass et mam Bett? Solle mir en neit kafen?
Mamm: Mir ass et egal, et gëtt och gutt Second Hand Saachen.
Papp: Ech fanne Second Hand gutt, wann d'Bett nach sécher an an engem gudden Zoustand ass.
Mamm: Ech och. Da spuere mir alt do.
Papp: Wat steet nach op eiser Lëscht?
Mamm: E Kleederschaf fir seng Kleeder.
Papp: An e klengt Regal fir Bicher a Spillsaachen.
Mamm: Jo, a vläicht och e gemittleche Stull.
Papp: E Stull fir hien oder fir eis?
Mamm: (laacht) E Stull fir eis. Wann ech zum Beispill stëllen oder wa mer him eng Geschicht virliesen.
Papp: Brauche mir och eng Luucht?
Mamm: Jo, eng kleng Nuetsluucht wier flott. Et gëtt speziell Luuchte fir Puppelcher, déi net ze vill liichten an de Bëbee beim schlofen net stéieren.
Papp: Jo, esou eng hunn ech schonn am Online-Shop gespäichert. So, e Babyphone däerfe mir och net vergiessen.
Mamm: Richteg.
Papp: Wou solle mir d'Bett histellen?
Mamm: Ech géif et nieft d'Fënster stellen.
Papp: Ech weess net. Do kënnt vill Sonn eran.
Mamm: Dat stëmmt. Da stelle mir et léiwer un déi aner Mauer.
Papp: Dat ass eng besser Iddi.
Mamm: De Wéckeldësch kënnt niewent d'Dier stoen.
Papp: Jo, do hu mir genuch Plaz.
Mamm: An de Kleederschaf kënnt an den Eck.
Papp: Perfekt. Da bleift nach vill Plaz an der Mëtt vum Zëmmer.
Mamm: Do kënne mir, wann e méi grouss ass, eng Spilldecke leeën.
Papp: Dat wäert eisem Jong sécher gefalen.
Mamm: Wat fir Faarwe wëlls du am Zëmmer hunn?
Papp: Blo!
Mamm: Ech wosst et.. Ech fannen dat sou typesch. Ech géing gär eppes Aneres maachen. Zum Beispill hellgréng an da kënne mer ee froen, fir eis e puer léif Biller vun Déieren ze molen.
Papp: O, jo, dat kléngt ganz schéin. Dem Gilles seng Fra mécht dat jo, mir kënnen hatt jo froen.
Mamm: Jo! Hatt mécht ganz flott Saachen.
Papp: Mengs de mir brauchen en Teppech?
Mamm: Jo, ech denke schonn, dann ass et och méi mëll ënner der Spilldecken. Mir kéinten och e puer Stären un de Plaffong pechen.
Papp: O, nee, dat fannen ech Kitsch. Vläicht kënne mir einfach eng kleng Girland iwwer d'Bett oder de Wéckeldësch ophänken.
Mamm: Stëmmt, dat kléngt méi gemittlech.
Papp: Wou kënne mir déi Saachen da kafen?
Mamm: Komm mir ginn de Weekend mol an dee Buttek zu Féiz kucken an dann decidéiere mir ob mir et sur place oder online kafen.
Papp: Du hues Recht. Mir kënne jo och mam Buttek kucken, wéi dat funktionéiert, fir eng Wonschlëscht bei hinnen ze maachen, da kënnen eis Frënn a Famill sech do eppes eraussichen, wat se eis schenke sollen.
Mamm: Jo voilà, well mir brauche jo awer nach genuch Saachen, wéi eng Poussette, e Stull, eng Dro an ech si mir sécher, wa mir bis am Buttek sinn, dass eis dann nach aner Saachenafalen.
Papp: Bestëmmt! Ech géing just net iwwerdreiwen, well dono steet eis Wunneng voll mat Saachen, wéi dee Klenge mol net brauch.
Mamm: Jo, du hues Recht. Dat wëll ech och net.
Vun enger Summervakanz erzielen (A2) & Akafe goen (A1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir zwee Dialoger. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwou Persoune vun hirer Summervakanz erzielen. Duerno lauschtere mir, wéi zwou Persounen zesummen akafe ginn.Vill …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir zwee Dialoger. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwou Persoune vun hirer Summervakanz erzielen. Duerno lauschtere mir, wéi zwou Persounen zesummen akafe ginn.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vum haut héiere mir en Interview mat dem Directeur adjoint vum INLL, dem Luc Schmitz, an dem Kulturminister, dem Eric Thill, am Kader vum Dag vun der Lëtzebuergescher …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vum haut héiere mir en Interview mat dem Directeur adjoint vum INLL, dem Luc Schmitz, an dem Kulturminister, dem Eric Thill, am Kader vum Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
Link: www.dag.letzebuergesch.lu
De Biergerpakt (B1-B2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut schwätze mir mam Anne Franziskus vum Biergerpakt. Hei fannt dir méi Informatiounen zum Biergerpakt: https://biergerpakt.zesummeliewen.luVill Spaass beim Nolauschteren!
MOVLA-Coursen am INLL
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut erziele mir iech vun de MOVLA-Coursen am INLL.Vill Spaass beim Nolauschteren!
Tipps fir eng nei Sprooch ze léieren (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Tipps a Strategië schwätzen, fir eng nei Sprooch ze léieren.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Tipps a Strategië schwätzen, fir eng nei Sprooch ze léieren.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Dem Chloe seng Liewensgeschicht (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir en Interview mam Chloe. Hatt erzielt eis vu senger Liewensgeschicht.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir en Interview mam Chloe. Hatt erzielt eis vu senger Liewensgeschicht.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Tipps an der Hëtztwell (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mat iech iwwert de Phenomen vun der Hëtztwell. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Tipps an der Hëtztwell A: Salut Pol, du bass awer scho fréi …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mat iech iwwert de Phenomen vun der Hëtztwell. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Tipps an der Hëtztwell
A: Salut Pol, du bass awer scho fréi ënnerwee !
B : Moien Aurélie ! Jo, ech gi séier e puer Saachen akafen, éier déi déck Hëtzt kënnt.
A: Dat ass gutt! Et sinn elo scho bal 30 Grad, an et ass eréischt 9 Auer!
B: Du hues Recht. D’Hëtztwell dauert elo schonn eng Woch. Et ass wierklech ustrengend.
A: Jo, immens. Ech schlofen esou schlecht. Nuets ass et vill ze waarm am Schlofzëmmer.
B: Dat kennen ech. Dofir maachen ech owes all d’Fënsteren am Haus op. Dat hëlleft e bëssen.
A: Ech maachen dat och. Mee dagsiwwer bleiwen all d’Fënstere bei mir zou.
B: Wierklech? Firwat?
A: Ma, datt déi waarm Loft dobausse bleift. Wann d’Rollluede ganz erof sinn, bleift d’Wunneng méi kill.
B: Ok, dat stëmmt och erëm.
A: An ech hunn e Ventilator. Deen hëlleft och.
B: Ech hu kee Ventilator méi am Buttek kritt. Et ass zënter e puer Deeg iwwerall „Rupture de stock‘‘. Mee dofir hunn ech eng kleng mobil Klimaanlag vu mengen Eltere geléint, déi hëlleft e bëssen, mee just a klengen Zëmmere wéi am Büro.
A: Dat ass dach gutt! Drénks du och genuch?
B: Jo, natierlech. Ech drénken op d’mannst zwee Liter Waasser den Dag, heiansdo och méi.
A: Ech vergiessen dat heiansdo, mee dofir stellen ech mir dës Deeg ëmmer eng grouss Fläsch Wasser op den Dësch.
B: Dat ass eng gutt Strategie. Ech drénke wann et esou waarm ass och gär Kaffi – kal a mat Äis, natierlech!
A: Ech drénke léiwer Téi. Ech kachen en owes, loossen en ofkillen a stellen en dann iwwer Nuecht an de Frigo. Moies ass mäi kalen Téi prett, fir ze drénken.
B: Dat muss ech och emol testen. A wat ëss du an där Hëtzt? Ech hunn net vill Honger, wann et esou waarm ass.
A: Ech och net. Mee ech iesse vill Uebst – Waassermeloun, Äerdbier, Drauwen – dat ass liicht an huet och vill Waasser!
B: Dat ass richteg! Ech iessen den Ament moies e bësse méi, an dofir mëttes just eppes Klenges, wéi e puer Stécker Meloun oder eng Zalot aus Kornischongen an Tomaten.
A: Mmh, dat kléngt gutt! Ech maachen et och esou änlech. Owes iessen ech dann erëm e bësse méi, mee eréischt no 20 Auer, wann et net méi esou waarm ass.
B: A wéi méchs du et mat dengem Hond? Gees du bei deem Wieder vill spadséieren ?
A : Nee, guer net. Mir gi moies um 7 Auer an owes um 21 Auer spadséieren, an dotëscht loossen ech hie just kuerz op d’Wiss, fir datt hie säi Geschäft maache kann. Et muss een oppassen, wann een an därHëtzt mat Hënn eraus geet. Wann et iwwer 30 Grad sinn, huet de Buedem oft iwwer 50 Grad, an d’Hënn kënne sech hir Patte verbrennen!
B: O mei, dat wousst ech net, mee dat mécht Sënn. Ech ginn och heiansdo owes spadséieren, mee wéi s du sees, eréischt no 21 Auer. Virdrun ass et nach ze waarm.
A: A wéini gees du lafen?
B: Jo, dat ass de Moment och net esou einfach. Ech gi léiwer moies wéi owes lafen. Dofir stinn ech e bësse méi fréi op. Um 7 Auer geet et meeschtens nach.
A: Ech gi muer schwammen. Dat ass herrlech bei deem Wieder.
B: O, flott! Wuer gees du dann an d’Schwämm?
A: Op Gréiwemaacher. Do gëtt et eng oppe Schwämm fir Kanner mat enger Rutschban, awer och e Baseng fir Leit, déi richteg schwamme wëllen. Owes ass et do immens!
B: Jo, dat gleewen ech. Vläicht ginn ech de Weekend mat de Kanner dohin. Mee et wäerte bestëmmt vill Leit do sinn.
A: Jo. Et ass besser, du gees géint der Owend, also no 17 Auer. Dann ass net esou vill lass.
B: Merci fir den Tipp!
A: Gär! A so Bescheed, wann s de gees – vläicht gesi mer eis!
B: Maachen ech!
Nohalteg Reesen (A2-B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!-Transkript:A: Hues du scho Pläng fir de Summer? B: Jo, ech fuere mam Zuch an Italien. A: Mam Zuch? Dat dauert dach éiweg! B: Jo, du hues Recht, et dauert natierlech méi laang …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
-
Transkript:
A: Hues du scho Pläng fir de Summer?
B: Jo, ech fuere mam Zuch an Italien.
A: Mam Zuch? Dat dauert dach éiweg!
B: Jo, du hues Recht, et dauert natierlech méi laang wéi ze fléien. Mee ech wollt dëse Summer méi nohalteg reesen.
A: Dat héiert een an der leschter Zäit méi oft. Wat heescht dat da genee fir dech, nohalteg ze reesen?
B: Fir mech ass et wichteg, d’Ëmwelt esou mann wéi méiglech ze belaaschten. Dofir probéieren ech, manner ze fléien a méi op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen.
A: Dat kléngt verstänneg. Mee heiansdo ass e Fluch vill méi bëlleg wéi en Zuchbilljee!
B: Leider ass dat wouer. Dat fannnen ech och e bësse paradox.
A: D’lescht Joer sinn ech fir 40 € a Spuenie geflunn. Fir dee sewlechte Präis wier ech emol net bis a Frankräich komm.
B: Dat ass e seriöe Problem. Vill Leit géife gär méi ëmweltbewosst reesen, wann et net esou deier wier.
A: Warscheinlech. Anerersäits verstinn ech och d’Leit, déi nëmmen eng Woch an d’Vakanz fueren a keng Loscht hunn, zwanzeg Stonnen am Zuch ze verléieren.
B: Jo, dat kann ech novollzéien. Zäit spillt natierlech och eng Roll.
A: Wéi bass du eigentlech op d’Iddi komm, nohalteg ze reesen?
B: Viru Kuerzem hunn ech en Dokumentarfilm iwwer de Klimawandel gekuckt. Duerno hunn ech ugefaang, iwwer mäin eege CO2-Emissiounen nozedenken.
A: An zanterhier flitts du guer net méi?
B: Dach, heiansdo schonn. Mee definitiv manner wéi virdrun. Ech versichen einfach, méi bewosst z’entscheeden, wéi ech reesen.
A: Dat fannen ech e gudden Usaz. Vill Leit mengen, et misst een direkt alles perfekt maachen.
B: Jo, an dat muss ee jo net. Kleng Verännerunge maachen heiansdo scho vill aus.
A: Wou waars du da fir d’lescht an der Vakanz.
B: An Éisterräich.
A: A wéi war et?
B: Ganz flott! Et muss een net ëmmer wäit reesen, fir eppes Spezielles z’erliewen. D’Landschaft war immens schéin, an d’Rees mam Zuch war vill méi entspaant wéi e Fluch.
A: Wierklech? Ech fannen et ustrengend, mam Zuch ze reesen. Et weess een ni, ob en Zuch Verspéidung huet, a wann ee Pech huet, verpasst ee säin Uschloss.
B: Jo, mee mam Fléien ass et net anescht. Wann emol e Streik ass, falen dacks vill Flich aus.
A: Dat stëmmt och alt nees. Wéi kriss du d’Zäit am Zuch dann ëm?
B: Et kënnt drop un. Ech liesen, lauschtere Musek a kucken d’Landschaft.
A: Kléngt relax.
B: Jo, ass et och. Ausserdeem ass mir och opgefall, datt vill Leit an der Vakanz souwisou ëmmer dat selwecht maachen. An dofir muss een net wäit fléien.
A: Wéi mengs de dat?
B: Ma, vill Leit fléie bis op dat anert Enn vun der Welt, a verbréngen dann awer de gréissten Deel vun hirer Vakanz an der Schwämm vum Hotel.
A: Haha, do hues de Recht. Dat ass wierklech oft esou.
B: Jo, an dofir muss een net onbedéngt zwielef Stonnen am Fliger sëtzen.
A: Ech mengen, fir vill Leit ass et eng Manéier, dem Alldag z’entkommen.
B: Jo, mee dat kann een awer och méi no vu sengem Doheem maachen.
A: Ech well awer trotzdeem eng Kéier a Japan fléien.
B: Ech och!
A: Do gëtt et awer schwéier, nohalteg ze reesen…
B: Net onbedéngt. Ech fannen, et kann een och wait reesen, wann een e bëssen oppasst.
A: Wéi mengs de dat?
B : Et muss ee jo net all Joer eng Fernrees maachen. Wann ee sech eemol am Liewen e speziellen Dram erfëllt, ass dat eng aner Saach.
A : Jo, dat kléngt fair.
B : An op der Plaz selwer kann een och ëmweltbewosst handelen, an deem een zum Beispill a lokal Restauranten iesse geet, den ëffentlechen Transport benotzt oder kleng Hoteller ënnerstëtzt.
A: Dat ass wouer. Ech mengen, hautdesdaags denken d’Leit e bësse méi iwwer d’Auswierkunge vun hirem Reesen no. Fënns de net?
B: Dach, deen Androck hunn ech och.
A: Vläicht ass et an e puer Joer jo ganz normal, mam Zuch ze fueren. A vläicht gëtt et dann och méi bëlleg.
B: Dat wier mäin Dram!
A: Da kanns du och méi oft an Italie goen.
B: Genee. An iergendwann packen ech et vläicht och bis op Sizilie mam Zuch!
Beruffer: Informatiker/Informatikerin (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun hirem Beruff als Informatikerin erzielt.Vill Spass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun hirem Beruff als Informatikerin erzielt.
Vill Spass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Rotschléi fir eng Crèche ze fannen (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer d'Auwiel an d'Umellung vun enger Crèche schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer d'Auwiel an d'Umellung vun enger Crèche schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Donnerwiederen uechter d'Land (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Donnerwiedere schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptDonnerwiederen uechter d’Land A: Elo reent et schonn nees! B: Jo, de …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Donnerwiedere schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
Donnerwiederen uechter d’Land
A: Elo reent et schonn nees!
B: Jo, de Moment komme wierklech oft Schaueren erof. An de Noriichte melle se och nees Donnerwiedere fir den Owend.
A: Um wéi vill Auer?
B: Géint 20.00 Auer.
A: Ok, ech muss virdrun dann nach mam Hond eraus. Deen Aarme fäert d’Donnerwiederen enorm. En Dënschdeg war et krass. Ech hat Homeoffice an et huet jo e puer Mol den Dag gedonnert. Hien hat vill Angscht. Bei all Donner ass en opgestan an op eng aner Plaz gelaf. Hie konnt sech guer net berouegen. Et war wéi bei de Knupperten op Silvester...
B: Deen Aarmen. Ech muss soen, ech hunn esou Wiederen am Summer immens gär. Et ass zwar den Dag iwwer immens schmeier, mee wann et da sou richteg knuppt a wéi aus Eemere schëtt, da fannen ech dat immens gemittlech. Natierlech nëmmen, wann ech doheem sinn...
A: Ech haassen, wann et dompeg ass. Mir ass dann ëmmer schwindeleg. Ech verdroen d’Hëtzt an déi héich Fiichtegkeet an der Loft guer net gutt.
B: A, ok. Dat deet mer leed! En Dënschdeg war et och e bësse vill. De CGDIS hat vill Asätz uechter d’Land.
A: Jo, ech selwer hat Chance, mee a menger Noperschaft si vill Kelleren iwwerschwemmt ginn. Meng Nopere si staark betraff. Si hunn zënter Deeg Waasser am Keller.
B: O Nee! Bei menger Schwëster war et och schlëmm! A senger Strooss ass eng al Eech ëmgefall!
A: O mei! Ech hoffen, se ass net op en Haus oder op en Auto gefall! Ass ee blesséiert ginn?
B: Nee, et ass glécklecherweis kee blesséiert ginn. Se ass op d’Strooss gefall. Wéinst dem ville Reen war glécklecherweis keen dobaussen ënnerwee. D’Strooss ass allerdéngs nach ëmmer gespaart.
A: Ee Gléck ass kengem eppes Schlëmmes geschitt! Wéi geféierlech!
B: Jo, am ganze Land si vill Beem ëmgefall oder d’Äscht sinn ofgebrach an op d’Strooss oder och Autoe gefall.
A: Et sinn och vill an deelweis grouss Knëppelsteng gefall! Hues de d’Fotoe gesinn? Se ware sou grouss wéi Golfbäll oder esouguer Tennisbäll!
B: Jo! Ech hunn dat bei engem Kolleeg op Instagram gesinn! Hien huet elo lauter Téitschen am Auto. Mee léiwer dat wéi datt hie selwer vun engem Knëppelsteen getraff gouf... Aner Leit haten déi Chance net a koume mat Blessuren an d’Spidol.
A: Ma jo. Huet hie just Téitschen an der Karosserie oder och an der Glace?
B: Déi zwee. Hien ass bestëmmt net deen Eenzegen. D’Versécherungen an d’Autosgaragen hunn dëser Deeg och bestëmmt méi Aarbecht wéi soss.
A: Allerdéngs. Et gëtt och nach ëmmer vill Iwwerschwemmungen an de Stroossen. An de Peegel vun de Flëss ass och nach ze héich.
B: Jo, ech hunn d’Fotoe gesinn. Meng Tatta huet och Waasser am Haus, mee net am Keller. Bei hir ass d’Waasser duerch den Daach vum Haus gedrëpst. Hiren Daach ass ondicht a muss erneiert ginn.
A: Wéi nerveg! Dat gëtt eng deier! Bei mengen Elteren an der Gemeng ass de Stroum ausgefall. Et ass e Mast ëmgefall.
B: O! Ass dat scho gefléckt ginn?
A: Et soll anscheinend haut gefléckt ginn.
B: Gutt!
A: Den Trafick leit natierlech och bei deem Wieder. Et gëtt méi Accidenter op de Stroossen a wann d’Stroossen iwwerschwemmt sinn oder Beem an de Stroosse leien, da muss de ganze Verkéier ëmgeleet ginn. Et sinn och vill Zich ausgefall. Wat e Gedeessems!
B: Hoffentlech hält et geschwënn op mat reenen, da ka sech dat Ganzt emol berouegen. Et ass och all Dag esou däischter mat deenen donkelgroe Wolleken um Himmel. Ech hätt nees gäre Sonn a schéi sonneg Summerowenter dobaussen op enger Terrass...
A: Ech si kee Meteorolog, mee ech si mer sécher, datt dat geschwënn nees zeréckkënnt. D’Donnerwiederen am Summer sinn normal. D’Loft ass waarm a fiicht. Wann da kal Loft kënnt, dann entstinn déi staark Donnerwiederen. An heiansdo falen dann eeben och Knëppelsteng.
B: Ok. Dann drécke mer d’Daumen, datt et geschwë besser gëtt.
Sech fir en Job am INLL mellen (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun sech fir eng Aarbecht am INLL informéiert.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Sech fir en Job am INLL mellen A: Hallo, so du schaffs jo …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun sech fir eng Aarbecht am INLL informéiert.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Sech fir en Job am INLL mellen
A: Hallo, so du schaffs jo am INLL, gell?
B: Salut! Jo, genee, ech schaffe schonn zënter 6 Joer do. Firwat frees du?
A: Ech géif mech och gär do mellen, fir Däitsch z’enseignéieren. Ech weess awer net genee, wéi ech dat maache soll.
B: Hues du da scho gekuckt, ob se een am däitschen Departement sichen? Den INLL sicht heiansdo Leit fir verschidde Plazen. Net nëmmen Enseignanten, mee och an der Administratioun.
A: Nee, ech hunn nach net gekuckt, well ech net weess wou ech dat fannen. Ech weess just, dass déi puer Leit, déi ech kennen an déi do schaffen, immens zefridde sinn.
B: Jo, et ass jo och eng interessant Plaz a se ass och ganz ofwiesslungsräich. Also d’Aarbechtsannoncë fënnt ee meeschtens op hirem Site, also op www.inll.lu. Da muss du erofscrollen an da fënns de et ënner Eis lescht Neiegkeeten oder ganz ënne lénks, ënner der Rubrik Jobs. D’Plazen am Beräich Administratioun ginn awer och um Site www.govjobs.lu ausgeschriwwen.
A: A, gutt ze wëssen! An do muss een online kandidéieren oder muss ech dat per Post schécken?
B: Nee, du schécks eng digital Kandidatur op candidatures (at) inll.lu.
A: Waart, ech notéiere mir dat.... Ok, a wat muss ech do alles matschécken?
B: Et ass eigentlech änlech, wéi fir all anere Beruff. Du muss e CV, e Motivatiounsbréif a Kopië vun dengen Diplomer schécken.
A: Brauch een och e Sproochendiplom?
B: Dat hänkt dovun of. Heiansdo gëss de gefrot, wéi gutt s du aner Sproochen, wéi déi, déi s du enseignéiere wëlls, beherrschs.
A: A! Wéi eng Sprooche sinn da wichteg?
B: Déi wichtegst Sprooch ass Franséisch, déi muss du kënnen an déi aner Sprooche sinn natierlech e Plus.
A: A wat ass da wann ech zum Beispill kee Lëtzebuergesch kann?
B: Dat ass normalerweis net esou schlëmm.
A: Ok, ech verstinn. Mee ka jidderee Sproocheproff ginn?
B: Nee, natierlech net. Et brauch een normalerweis e Master an där Sprooch, déi een enseignéiere wëll an natierlech ass eng pädagogesch Ausbildung an Erfarung am Enseignement net vun Nodeel.
A: A, ok! Gëtt et dann och vill administrativ Plazen am INLL?
B: Jo, natierlech, ganz vill souguer. Et gëtt de Service des finances, de Bureau des cours, Bureau des examens, d’Ressource Humaines, de Service technique asw.
A: O, wow, ech hat wierklech keng Anung. Ech hunn eng Frëndin, dat en Job an der RH sicht. Ass d'Prozedur déi nämmlecht, wéi wann ee sech fir e Posten als Enseignant wëll mellen.
B: Dat muss een an der Deskriptioun, déi op GovJobs steet kucken. Normalerweis muss du e CV, e Motivatiounsbréif an Diplomer eraschécken. Ausser, dass de an der AdministratiounLëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätze muss.
A: Ok a muss de CV op Franséisch geschriwwe ginn?
B: Dat hänkt rëm dovun of, fir wat fir eng Aarbecht du dech bewerbs. Ech weess mol, dass de Motivatiounsbréif op där Sprooch, déi s du enseignéiere wëlls, muss sinn. Fir e Beruff an der Administratioun, soll en op enger vun eisen dräi administrativen Sprooche sinn.
A: Jo, dat kléngt logesch. A wat geschitt wann een op en Interview invitéiert gëtt?
B: Da soll ee gutt virbereet sinn.
A: Jo, vläicht kënne mir dat jo eng Kéier zesummen üben, falls ech fir en Entretien geruff ginn.
B: Ganz gär. Du kanns mir och eng Kéier däi CV an däi Motivatiounsbréif schécken, da kucken ech eng Kéier driwwer.
A: O, jo, dat wier mega fein! Merci fir deng Hëllef!
B: ‘t ass gär geschitt!
Eng emotional Achterbunnsfaart (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun engem ganz emotionale Moien erzielt. Déi aner Person gëtt hir e puer Rotschléi, fir mat der Situatioun ëmzegoen.Vill Spaass beim …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun engem ganz emotionale Moien erzielt. Déi aner Person gëtt hir e puer Rotschléi, fir mat der Situatioun ëmzegoen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Nationalfeierdag am Passé (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut erzielt eis eng Persoun, wéi si gëschter Nationalfeierdag verbruecht huet, a vergläicht hire Programm mam leschte Joer.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Salut …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut erzielt eis eng Persoun, wéi si gëschter Nationalfeierdag verbruecht huet, a vergläicht hire Programm mam leschte Joer.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Salut Marc! An, wat hues du gëschter Owend fir Nationalfeierdag gemaach?
B: Moie Sophie! Ma, ech hunn dëst Joer zur Ofwiesslung a mengem Duerf gefeiert.
A: Seriö? Ech hat gemengt, du géifs ëmmer an d’Stad goen.
B: Jo, dat stëmmt, normalerweis maachen ech dat och. D’lescht Joer hat ech zum Beispill Besuch vu Frënn aus dem Ausland. Ech war mat hinnen an der Uewerstad a mir hunn de ganzen Owend do verbruecht.
A: Wat hutt dir gemaach?
B: Fir d’éischt si mir e bëssen duerch d’Stad spadséiert. Et waren iwwerall vill Leit ënnerwee, an d’Stëmmung war super. Duerno hu mir dat grousst Freedefeier gekuckt.
A: O jo, d’Freedefeier an der Stad ass ëmmer impressionant.
B: Jo, et huet menge Frënn och gutt gefall. Duerno si mir nach op de Glacis gaang. Do hu vill international bekannt Museker an Dje gespillt, an et war gratis! Dat hu meng Frënn bal net gegleeft.
A: Jo, mir hu wierklech Chance. Ech war d’lescht Joer och do. Ech hunn d’Museker zwar net all kannt, mee et war awer flott, fir nei Musek z’entdecken. An et war eng gutt Ambiance, trotz e bësse Reen. Ech hu vill gedanzt.
B: Jo, mir och. Et war esou flott, datt mir eréischt moies fréi nees doheem waren!
A: Wow! A firwat bass du dëst Joer net an d’Stad feiere gaang?
B: Ech wollt et méi entspaant ugoen, a wollt emol gesinn, wat et esou bei mir am Duerf gëtt. Dofir sinn ech do bliwwen.
A: An, gouf et do och vill Feierlechkeeten?
B: Natierlech! D’Gemeng huet e Fest op der Duerfplaz organiséiert. Et waren och vill lokal Veräiner sur place, déi zum Beispill Grill- oder Gedrénksstänn haten.
A: Cool! Wat fir Iesse gouf dann zerwéiert?
B: Virun allem Gegrilltes, also Grillwurschten, Mettwurschten, Kotletten, Fritten… Mee och e puer vegetaresch Platë wéi Gromperekichelcher, an et gouf en asiatesche Foodtruck.
A: Wat fir Veräiner waren da present?
B: D’Fanfare aus dem Duerf huet gespillt, mee d’Scoute waren och do, esou wéi e puer Sportsclibb.
A: Du hues bestëmmt vill Kënneger gesinn.
B: Jo, e puer vu mengen Nopere waren do, an e puer aner Leit, déi een heiansdo begéint. Et war flott, esou konnt och och mat Leit schwätzen, déi ech eigentlech net oft gesinn.
A: Gouf et dann och en offiziellen Deel?
B: Jo, de Buergermeeschter huet eng kuerz Ried gehal. Duerno huet d’Gemeng en Éierwäin offréiert.
A: A jo, den traditionellen Éierwäin!
B: Genee. Mir hunn zesumme geprost, e bësse geschwat – et war wierklech flott.
A: Waren dann och vill jonk Leit do?
B: Jo, mee éischter méi spéit. Um 22 Auer huet en DJ op enger klenger Bün opgeluecht, an et hu vill Leit gedanzt. Et war natierlech net esou grouss opgezu wéi um Glacis, mee et war awer ganz flott.
A: A wéini waars de dës Kéier doheem?
B: Haha, net esou spéit. Ech war no Mëtternuecht am Bett.
A: Wat huet dir da besser gefall – Nationalfeierdag an der Stad oder am Duerf?
B: Éierlech gesot hu mir béid Feiere gutt gefall. An der Stad ass natierlech méi lass an e schéint Freedefeier, mee et sinn och immens vill Leit ënnerwee. Wann een dat net gär huet, ass et vläicht net sou flott. Am Duerf ass et méi gemitterlech, an et kann ee besser mat de Leit schwätzen.
A: Dat stëmmt. Da wënschen ech dir nach e schéinen Nationalfeierdag haut!
B: Merci gläichfalls!
Schimmel an der Wunneng (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Schimmel doheem schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Schimmel an der Wunneng A: O Nee! B: Wat ass lass? A: Komm mol an …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Schimmel doheem schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Schimmel an der Wunneng
A: O Nee!
B: Wat ass lass?
A: Komm mol an d’Schlofzëmmer!
A: Wat ass dat do uewen um Plaffong?
B: Wou?
A: Do am Eck! Gesäis de? Ass dat Schimmel?
B: Mengs de? Vun hei gesäit et aus wéi e puer Spawecken...
A: Quatsch! Hues de Tomaten op den Aen? Du muss méi no drun!
B: Ok, ech klamme mol op e Stull.
A: An? Wat gesäis de?
B: Du hues Recht! Et ass Schimmel un der Mauer! Ass es och an deenen aneren Ecker?
A: Moment...
An dësem Eck net, mee do beim Kleederschaf awer! Mengs de, et ass es och hannert dem Schaf?B: Et ka sinn...mee de Schaf ass ze schwéier fir en elo ze réckelen. Mir mussen e fir d’éischt ausraumen an da kënne mer e réischt vun der Mauer ewechréckelen. Dat maache mer awer net méi haut. Et ass schonn ze spéit. Ech géing gär geschwë schlofe goen.
A: Ech maache mer Suergen... Schimmel ass ganz schlecht fir d’Gesondheet! Vläicht schlofe mir scho säit Méint an engem Zëmmer voller Schimmel! Wéi fuerchtbar! Mir kréie bestëmmt Problemer mat der Ootmung!
B: Denk elo net direkt esou negativ! Mir stëbsen d’Ecker vum Plaffong reegelméisseg an et ass eis ni eppes opgefall. Dat ass bestëmmt nach net laang esou. A vläicht ass guer näischt hannert dem Schaf! Jo, et gëtt Schimmel, deen an der Mauer sëtzt, wa se ze fiicht ass, mee dat hei ass just e bëssen. Mir hunn am Wanter eventuell net oft genuch gelëft...
A: Jo, mee am Wanter ass et kal! Ech wëll do net ëmmer d’Fënster ophunn.
B: Sou soll et jo och net sinn, mee et soll ee reegelméisseg d’Fënster wärend e puer Minutten grouss opmaachen a lëften.
A: Am Dag si mir jo awer net heiheem...
B: Wichteg ass, datt een dat nom Opstoe mécht. An der Nuecht sammelt sech vill Fiichtegkeet an der Loft.
A: Dat maache mer jo awer! An owes virum schlofe goe lëfte mer och ëmmer.
B: Vläicht geet et net duer. Oder d’Wunneng huet e Problem mat Fiichtegkeet.
A: Vläicht ass iergendwou e Rouer geplatzt?
B: Hm... Muer raume mer emol de Kleederschaf aus a kucken, ob och Schimmel hannert der Mauer ass. Wann net, dann ass dat scho mol eng gutt Noriicht. Ech mengen, da geet et duer, wa mer e selwer vun der Mauer ewechmaachen.
A: Mat wat mécht een dat da fort?
B: Zum Beispill mat staarkem Alkohol, Esseg oder engem spezielle Produit. Dat sprayt ee fir d’éischt op de Schimmel, da léisst een et awierken an duerno reift een alles mat enger Biischt oder enger Fatz fort.
A: An dat geet duer?
B: Fir den Ufank, jo! Mir mussen d’Plazen awer am A behalen a kucken, wéi sech dat weiderentwéckelt.
Mee: muer kucke mer mol hannert de Schaf! Vläicht ass et méi schlëmm... Wann d’Mauer fiicht ass, da musse mer onbedéngt de Proprietaire kontaktéieren, soss kënnt de Schimmel ëmmer nees erëm. Da mussen Experten eis hëllefen.A: Ech maache scho mol Fotoen als Beweis.
B: Gutt Iddi! D’Fotoen hunn en Datum an dat kann an Zukunft och hëllefen. Maach och e klenge Video!
A: Ass gemaach.
Fënns de, datt et komesch heibanne richt?B: Ech richen näischt!
A: Dach! Et richt immens muffeg! Dat passt dach bei Schimmel! Wat e Misär! Hu mer net scho genuch aner Suergen...?!
B: Ech mengen, du bilts der dat elo an! Ech riche wierklech näischt!
A: Ech bilde mer dat net an! Ech riskéiere meng Gesondheet elo net méi! Ech informéieren de Proprietaire elo direkt! Soss kann ech hënt net schlofen! Ech schécken him direkt d’Fotoen an de Video.
B: Waart wannechgelift of, bis mer de Schaf geréckelt hunn! Da kënne mer him all d’Fotoe matenee schécken!
A: Ok ok... mee mir schlofen dës Nuecht net an dësem Zëmmer!
B: Averstan! Komm, mir rappen d’Fënstere mol all op a lëften déi ganz Wunneng fir e puer Minutten!
A muer gesi mer weider! Vläicht ass et net esou schlëmm!B: Merci, dass du esou roueg bleifs! Ech si wierklech grad um Enn mat mengen Nerven.
A: Dat ass verständlech! Mir fannen eng Léisung!
Schlof an den Handy (B1)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.Haut schwätze mir iwwer de Gebrauch vum Handy an den Effekt op de Schlof. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Joris, du gesäis haut awer midd aus. Hues de schlecht …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.
Haut schwätze mir iwwer de Gebrauch vum Handy an den Effekt op de Schlof. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Joris, du gesäis haut awer midd aus. Hues de schlecht geschlof?
B: Jo, leider. Ech konnt gëschter guer net aschlofen.
A: O nee. Has de e stressegen Dag?
B: Jo, och. Mee ech fäerten, den Handy ass och e Problem
A: Dat kennen ech. Ech huele mir all Owend vir, méi fréi schlofen ze goen, an da leien ech awer nach stonnelaang um Handy am Bett.
B: Genee dat geschitt mir och. Eigentlech wollt ech gëschter um 23 Auer schlofe goen, mee herno war et awer vill méi spéit…
A: Wat méchs du dann um Handy? Videoe kucken?
B: All Méigleches. Instagram, Noriichten, YouTube… heiansdo liesen ech och Kommentarer oder kucke Fussballsvideoen.
A: Bei mir ass TikTok de Problem. Déi kuerz Videoen halen einfach ni op!
B: Jo, an et seet ee sech ëmmer: ,,Just nach ee Video‘‘.
A: An eng Stonn méi spéit scrollt een awer nach.
B: Du sees et…
A : Et gëtt jo och ëmmer gesot, datt déi blo Luucht vum Handy schlecht fir de Schlof ass.
B: Stëmmt, dat hunn ech och schonn héieren. D’Gehier denkt da warscheinlech, datt et nach Dag ass.
A: Jo, an dofir fält et engem méi schwéier, anzeschlofen.
B: An esouguer wann ee schléift, schléift een och net richteg déif.
A: Interessant. Ech mierke wierklech, datt ech méi schlecht schlofen, wann ech laang um Handy sinn.
B: Ech och. Besonnesch wann ech virum schlofe goen nach eppes stresseges kucken.
A: Zum Beispill negativ Noriichten?
B: Jo, oder soss Diskussiounen um Internet. Duerno denken ech oft nach laang driwwer no.
A: Dat kennen ech. No sou eppes ass mäi Kapp och nach aktiv.
B: Genee. Fréier hunn ech virum Schlofen oft nach gelies. Haut kucken ech meeschtens op den Handy.
A: Eigentlech ass dat schued, fënns de net?
B: Dach, schonn. Liesen ass iergendwéi méi entspaanend.
A: Meng Frëndin mécht ëmmer en Handy-fräien Owend.
B: Wat ass dat da genee?
A: Ab néng Auer leet hatt säin Handy ewech a lauschtert Musek oder liest e Buch.
B: Dat kléngt gesond. Mee, éierlech gesot kéint ech dat net all Dag.
A: Ech warscheinlech och net. Et ass ee sou un den Handy gewinnt…
B: Virun allem, well et do alles gëtt: d’Noriichten, Musek, Videoen, de Kontakt mat Frënn…
A: An de Wecker!
B: Haha, jo, dat ass nach e Problem. Mäin Handy läit direkt nieft dem Bett.
A: Bei mir och. An esoubal ech nuets kuerz waakereg ginn, kucken ech automatesch drop.
B: Ech och! An da gesinn ech d’Auerzäit an denken: ,,O nee, ech muss a fënnef Stonnen opstoen!‘‘
A: Da kann ee scho guer net méi aschlofen.
B: Genee!
A: Hues du scho probéiert, den Handy an engem aneren Zëmmer leien ze loossen?
B: Nee, mee vläicht soll ech dat emol testen.
A: Mäi Brudder mécht dat zanter e puer Méint.
B: An, déngt et eppes?
A : Jo, anscheinend schonn. Hie seet, datt hie méi séier aschléift a moies méi roueg ass.
B: Interessant. Moies kucken ech nämlech ëmmer direkt op den Handy, wann ech erwächen.
A: Ech och. Et ass dat éischt, wat ech maachen…
B: An heiansdo gesinn ech dann direkt E-Mailen oder schlecht Noriichten. Dat ass kee gudde Start an den Dag!
A: Definitiv net. Fréier hunn d’Leit warscheinlech fir d’éischt a Rou Kaffi gedronk an eventuell dobäi d’Zeitung gelies.
B: Jo, bei mengen Elteren ass dat haut och nach esou. Mee eis Generatioun kuckt ëmmer direkt op den Ecran.
A: Scho geckeg, wann een esou doriwwer nodenkt.
B: Jo. Mee bon, anerersäits huet den Handy awer och vill Virdeeler.
A: Jo, zum Beispill Schlof-Apps oder Entspanungsmusek.
B: A Meditatiounen.
A: Richteg. Et muss een den Handy warscheinlech einfach méi bewosst benotzen. Vläicht solle mir zwee probéieren, owes e bësse manner online ze sinn.
B: Jo, kleng Schrëtt wiere scho gutt. Zum Beispill keng Videoe méi am Bett kucken.
A: Oder den Handy op d’mannst eng hallef Stonn virum schlofe goen ewechleeën.
B: Dat kléngt realistesch.
A: Mol kucken, ob mir dat packen.
B: Bestëmmt!
Ze spéit op der Aarbecht (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun op der Aarbecht erkläert, firwat se haut ze spéit komm ass.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei …
Notas do episódio
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun op der Aarbecht erkläert, firwat se haut ze spéit komm ass.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Aqui estão os 40 episódios mais recentes de 226. Os mais antigos estão no feed do podcast.
Podcasts parecidos
Mais podcasts de EducaçãoEste podcast é seu?
Confirme com uma entrada no seu feed: você recebe um código aqui, adiciona como podcast:txt no canal do seu feed e nós verificamos. Depois disso, seu podcast aparece como “verificado” no SoundNode.


