Skip to content

D'Neiegkeete vum 28. November 2026

November 28, 2026 · 3 min

Show notes

Suitte vun den Dronen

Een Thema ass de Suivi vun den Dronen, déi am September zu Lëtzebuerg solle gewiescht sinn. Mee waren et wierklech Dronen? Dat weess een net, soten elo de Premier Luc Frieden an den Innenminister Léon Gloden. D’Observatioune vum September goufen nämlech ënnersicht. D’Conclusioun ass déi, datt um Fluchhafe kee Signal vun enger Fernsteierung konnt festgestallt ginn. Zu Miedernach awer goufen esou Signaler fonnt, mee déi konnten awer net mat engem Objet a Verbindung bruecht ginn. Am Kloertext heescht dat, dass et keng technesch Beweiser fir d’Drone ginn. D’Regierung wëllt elo mei bessert Material kafen, mat deem dann Dronen entdeckt an och ofgewiert kenne ginn.

Gemengefusioun

Et wëllen dann zwou weider Lëtzebuerger Gemenge fusionéieren. D‘Gemengeréit vu Bauschelt a vun der Stauséigemeng hunn dës Woch parallel majoritär fir de Fusiounsprojet gestëmmt. De 27. Juni d’nächst Joer sollen dann och d‘Awunner an engem Referendum hir Meenung soen. Wann d’Fusioun sech konkretiséiert, wier déi nei Fusiounsgemeng mat 4.000 Awunner flächeméisseg déi drëttgréisst Gemeng hei am Land

Handykonsum

All drëtte Lycéesschüler seet, e fir ofhängeg vum Handy. Dat ass d’Resultat vun enger Ëmfro. Ee vu véier Jonker sot do, datt en no der Schoul fënnef Stonnen a méi um Ecran ass. Verschiddener sinn esouguer 8 Stonnen drop.

Jonker zu Schraasseg

Da sinn dës Woch och erëm zwee Mannerjäreger vu 16 a 17 Joer an den Erwuesseneprisong op Schraasseg bruecht ginn. Et ass aktuell net genuch Platz an der Unisec zu Dräibuer. Si haten d‘lescht Woch zu Dummeldeng en Auto geklaut an de Chauffeur mat engem Messer an enger Waff bedreet. Si goufen erwëscht, wéi si d‘Nummereschëld vum Auto wollte wiesselen. Déi zwee waren der Justiz och scho bekannt, well si placéiert gi waren an aus där Institutioun awer fortgelaf waren.

All episodes of D’Neiegkeeten

Settings

Display

Language

Decides which stations you see first on the home page.

History

Recently played stations and episodes and your latest searches are only stored in this browser.

Notifications

A short notice when a podcast you follow has a new episode. Turn off single podcasts with the bell on their page.

Account

Save favorites – in the app and on the website.

Keyboard shortcuts

/
Open search
Space
Play or pause
← →
In the player: back 15 s, forward 30 s (episodes) · in a row: next tile
↑ ↓
In a row: target within the tile
Home / End
In a row: first or last tile
Esc
Close window or menu
?
This overview
Now playing

Go to station page

Play next

    Add episodes with “Play next” – they play after the current episode.