
D’Neiegkeeten
- Episodes
- 31
- Released
- weekly
- Latest episode
- Nov 28, 2026
About the podcast
D'Noriichte fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mat den Neiegkeete gëss du all Samschdeg a manner wéi 3 Minutte gewuer, wat Lëtzebuerg beweegt. Mir benotzen eng einfach verständlech Sprooch a schwätzen e bësse méi lues, fir datt s du unhand vun der Realitéit däi Lëtzebuergesch kanns trainéieren.
Episodes 31
D'Neiegkeete vum 28. November 2026
Suitte vun den Dronen Een Thema ass de Suivi vun den Dronen, déi am September zu Lëtzebuerg solle gewiescht sinn. Mee waren et wierklech Dronen? Dat weess een net, soten elo de Premier Luc Frieden an den …
Show notes
Suitte vun den DronenEen Thema ass de Suivi vun den Dronen, déi am September zu Lëtzebuerg solle gewiescht sinn. Mee waren et wierklech Dronen? Dat weess een net, soten elo de Premier Luc Frieden an den Innenminister Léon Gloden. D’Observatioune vum September goufen nämlech ënnersicht. D’Conclusioun ass déi, datt um Fluchhafe kee Signal vun enger Fernsteierung konnt festgestallt ginn. Zu Miedernach awer goufen esou Signaler fonnt, mee déi konnten awer net mat engem Objet a Verbindung bruecht ginn. Am Kloertext heescht dat, dass et keng technesch Beweiser fir d’Drone ginn. D’Regierung wëllt elo mei bessert Material kafen, mat deem dann Dronen entdeckt an och ofgewiert kenne ginn.
GemengefusiounEt wëllen dann zwou weider Lëtzebuerger Gemenge fusionéieren. D‘Gemengeréit vu Bauschelt a vun der Stauséigemeng hunn dës Woch parallel majoritär fir de Fusiounsprojet gestëmmt. De 27. Juni d’nächst Joer sollen dann och d‘Awunner an engem Referendum hir Meenung soen. Wann d’Fusioun sech konkretiséiert, wier déi nei Fusiounsgemeng mat 4.000 Awunner flächeméisseg déi drëttgréisst Gemeng hei am Land
HandykonsumAll drëtte Lycéesschüler seet, e fir ofhängeg vum Handy. Dat ass d’Resultat vun enger Ëmfro. Ee vu véier Jonker sot do, datt en no der Schoul fënnef Stonnen a méi um Ecran ass. Verschiddener sinn esouguer 8 Stonnen drop.
Jonker zu SchraassegDa sinn dës Woch och erëm zwee Mannerjäreger vu 16 a 17 Joer an den Erwuesseneprisong op Schraasseg bruecht ginn. Et ass aktuell net genuch Platz an der Unisec zu Dräibuer. Si haten d‘lescht Woch zu Dummeldeng en Auto geklaut an de Chauffeur mat engem Messer an enger Waff bedreet. Si goufen erwëscht, wéi si d‘Nummereschëld vum Auto wollte wiesselen. Déi zwee waren der Justiz och scho bekannt, well si placéiert gi waren an aus där Institutioun awer fortgelaf waren.
D'Neiegkeete vum 21. November 2026
Guiden a Scouten: Chalet fir Treffe vun Neonazie gebraucht D‘Lëtzebuerger Guiden a Scoute sinn entsat iwwert e Bericht, dee weist, dass Neonazien de Scouten hire Chalet zu Wolz fir en Treffe gebraucht hunn …
Show notes
Guiden a Scouten: Chalet fir Treffe vun Neonazie gebrauchtD‘Lëtzebuerger Guiden a Scoute sinn entsat iwwert e Bericht, dee weist, dass Neonazien de Scouten hire Chalet zu Wolz fir en Treffe gebraucht hunn. Flamännesch an hollännesch Medien hunn doriwwer bericht.
D‘Guiden a Scouten haten hire Chalet zu Wolz, am Norde vum Land, un extern Persoune gelount. D‘Journalisten hate Kameraen am Bësch beim Chalet verstoppt. Si hunn dunn eng Reunioun vun Neonazie gefilmt. Do gesäit een eng 20 Leit, déi ronderëm e Feier stinn. Si ruffen Nazi-Parolen a si verbrenne Bicher vu jiddeschen Auteuren.
D‘Lëtzebuerger Guiden a Scouten huet eng Plainte bei der Police vu Wolz gemaach. Si soen, si wieren aus de Medien iwwert dat Neonazi Treffe gewuer ginn. Si betounen: Si géife fir demokratesch Wäerter, wéi Toleranz a géigesäitege Respekt stoen, a si géife sech ganz kloer vun der Neonazi Ideologie distanzéieren.
OKAJU: Vill Kanner spiere sech net sécher zu LëtzebuergEe Véierel vun de Kanner hei zu Lëtzebuerg fille sech net a Sécherheet. An dat virun allem an der Schoul. Dat steet am neie Rapport vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher - kuerz OKAJU.
Haaptstad: Keng Steier op eidele Wunnengen
Eng 1.500 Kanner a Jugendlecher ware fir dës Rapport gefrot ginn, wéi si sech spieren, a wat hinne besonnesch vill Suerge mécht. E Véierel vun hinne soten, dass si sech an der Schoul net ëmmer sécher spieren, virun allem wéinst dem Problem vum Mobbing. En nationale Plang géint de Mobbing gëtt den Ament ausgeschafft.An der Haaptstad vu Lëtzebuerg gëtt bis op Weideres keng Steier op eidele Wunnengen a Bauterrainen ageféiert. Am Stater Gemengerot hunn d‘Majoritéitsparteien DP an CSV, an d‘Oppositiounspartei ADR, géint eng sougenannte „Leerstandsteier“ gestëmmt. Als Grond hu si juristesch Bedenke genannt.
An där zweetgréisster Stad vum Land, zu Esch-Uelzecht, gouf rezent eng Steier op eidele Wunnengen an Terrainen ageféiert. Dat soll hëllefen, dass méi Wunnengen an Terrainen disponibel ginn.
Wéi vill Wunnengen zu Lëtzebuerg eidel stinn ass den Ament net kloer. Et gëtt keen nationale Wunnengsregëster.D'Neiegkeete vum 14. November
Héich Wunnengspräisser: Protester och zu Lëtzebuerg Och zu Lëtzebuerg protestéiere Jonker géint déi héich Wunnengspräisser. De Kollektiv "Logementskris", dee vu Jugendorganisatiounen an d‘Liewe geruff gouf …
Show notes
Héich Wunnengspräisser: Protester och zu LëtzebuergOch zu Lëtzebuerg protestéiere Jonker géint déi héich Wunnengspräisser. De Kollektiv "Logementskris", dee vu Jugendorganisatiounen an d‘Liewe geruff gouf, huet e weidere Protest an der Stad organiséiert. De Kollektiv fuerdert, datt d‘Regierung e Wunnengsnoutstand deklaréiert a Mesurë géint déi héich Präisser ëmsetzt. D‘Jugendorganisatioune soen, datt virun allem Jonker vun den héije Logementspräisser betraff sinn. De Logementsminister Claude Meisch vun der liberaler Partei DP, huet Vertrieder vum Kollektiv Logementskris empfaangen, fir iwwer hir Fuerderungen ze schwätzen. No deem Treffen huet de Kollektiv sech awer enttäuscht gewisen. De Minister hätt kéng konkret Zousoe ginn.
Elektromobilitéit: Subside bis 2030 verlängertDéi staatlech Subside fir d‘Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg gi bis 2030 verlängert. Nodeems d‘Chamber dofir gestëmmt hat, huet den Ëmweltminister Serge Wilmes vun der CSV nach eng Kéier Detailer virgestallt. Bis 2030 leet de Staat leet deemno weider 6.000 Euro bäi, fir méi kleng Elektroautoen. Fir méi staark Elektroautoe kritt een 3.000 Euro Hëllef.
Verluere Goldmedail: Lëtzebuerger Federatioun protestéiert
Nei ass de sougenannte Prefinanzement. Deen trëtt den 1. Januar a Kraaft. Dat bedeit, datt déi staatlech Subventioun direkt beim Kaf vun engem Elektroauto ofgezu gëtt. Bis elo huet een eng Demande misste maachen a krut déi Suen eréischt méi spéit. Elektroautoe ginn zu Lëtzebuerg ëmmer méi beléift. Si maachen de Moment ronn 10 Prozent vum Fuerpark aus. Bei den Autoen, déi am Oktober nei ugemellt goufen, ware 40 Prozent reng Elektroautoen.D‘Cyclocross-Europameeschterschaft vun de Fraen an Holland suergt fir ganz vill Diskussiounen. D‘Lëtzebuergerin Marie Schreiber war am Sprint als éischt iwwer d‘Arrivée gefuer. Mee eng hallef Stonn duerno huet d‘Jury d‘Marie Schreiber op déi zweete Plaz zeréckgesat. Dat, well si beim Sprint d‘Hollännerin Lucinda Brand behënnert hätt. D‘Marie Schreiber sot, déi Decisioun wier respektlos an onfair. Si krut vun nationaler an internationaler Säit de Réck gestäipt. Esouguer d‘Lucinda Brand, déi um Enn d‘Goldmedail krut, sot, d‘Marie Schreiber hätt am Sprint näischt falsch gemaach. D’Lëtzebuerger Cyclissem-Federatioun huet dowéinst offiziell bei der europäescher Cyclisten-Unioun UEC ee Protest ageluecht a gefuerdert, datt d‘Marie Schreiber als Gewënnerin misst festgehale ginn.
D'Neiegkeete vum 7. November 2026
Kongresswalen an den USA: Reaktiounen zu Lëtzebuerg Och zu Lëtzebuerg gouf et vill Reaktiounen op d‘Kongresswalen an den USA. Do hunn d‘Republikaner vum Donald Trump d‘Kontroll vum Kongress un d‘Demokrate …
Show notes
Kongresswalen an den USA: Reaktiounen zu LëtzebuergOch zu Lëtzebuerg gouf et vill Reaktiounen op d‘Kongresswalen an den USA. Do hunn d‘Republikaner vum Donald Trump d‘Kontroll vum Kongress un d‘Demokrate verluer.
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel vun der liberaler Partei DP, huet sech am 100,7 Interview erliichtert gewisen. An den USA gëtt et elo nees e Géigegewiicht zur Muecht vum Donald Trump, sot hien.
Och den DP-Europadeputéierte Charles Goerens huet am 100,7 Interview den Demokraten hir Victoire eng gutt Nouvelle fir Europa genannt. Hien hofft, datt doduerch och an Europa d‘Ënnerstëtzung fir rietsextreem Parteie ka gebremst ginn.
Automatesch Erkennung vun Autosplacken: Formell OppositiounDéi geplangten automatesch Erkennung vun Autosplacken zu Lëtzebuerg verstéisst méiglecherweis géint d‘Verfassung. Dat seet de Staatsrot, de Gremium, dee Gesetzestexter iwwerpréift. An engem Avis formuléiert de Staatsrot eng sougenannte "formell" Oppositioun. Doran heescht et: Eng automatesch Erkennung vun Autosplacke kéint zu enger permanenter Iwwerwaachung vum ganze Land féieren. De Gesetztext vum CSV-Inneminister Léon Gloden muss elo iwwerschafft ginn.
Ausbau vun Tanklageren: Weider KritikEt gëtt weidere Widderstand géint de Plang, fir d‘Tanklager um Hafe vu Mäertert op der Musel ze vergréisseren. Och déi däitsch Gemeng Temmels, déi just vis à vis op der däitscher Säit läit, wëllt juristesch dogéint virgoen. Op der Lëtzebuerger Säit hat virdrun och schonn d‘Gemeng Gréiwemaacher sech géint en Ausbau vun den Tanklager gestallt.
Aarbechtszäit: Nei Propos vum AarbechtsministerDen Aarbechtsminister Marc Spautz vun der CSV huet eng nei Propos virgestallt, fir d‘Aarbechtszäiten anescht ze organiséieren. Hie proposéiert, nëmmen nach véier Deeg d‘Woch ze schaffen, mee dofir 10 Stonnen den Dag.
Ob d‘Gewerkschaften an d‘Patronen domat averstane si bleift awer ofzewaarden. Et gouf laang Sträit tëschent hinnen iwwer dëse Sujet. Bei der gréisster Gewerkschaft OGBL sot d‘Presidentin Nora Back am 100,7 Interview: Dem Minister seng Propos kéint si eventuell akzeptéieren. Awer nëmmen dann, wann dat iwwer Kollektivverträg gereegelt gëtt, wou d‘Aarbechtskonditiounen a Rechter vun den Employéë kloer definéiert sinn.
D'Neiegkeete vum 31. Oktober 2026
Tripartite Mir bezuelen den Ament 5 Cent de Liter Bensinn an Diesel manner, wéi normal. Dat ass de sougenannten Tankrabatt. Dat leeft nach bis Enn Februar 2027 esou weider. Dann ass et awer eriwwer. All déi …
Show notes
TripartiteMir bezuelen den Ament 5 Cent de Liter Bensinn an Diesel manner, wéi normal. Dat ass de sougenannten Tankrabatt. Dat leeft nach bis Enn Februar 2027 esou weider. Dann ass et awer eriwwer. All déi aner Energie-Hëllefe fir Stroum, Mazout a Gas – déi och elo a Kraaft sinn – ginn awer fir dat ganzt nächst Joer nach verlängert. Dat hunn d’Regierung, d’Patronat an d’Gewerkschaften en Donneschdeg am Comité de suivi vun der Tripartie decidéiert. D’Verlängerung vun den Energie-Mesurë kascht de Staat 150 Milliounen Euro. D’Regierung hofft, datt domat d’Inflatioun gebremst gëtt. Hiert Zil ass et nämlech, datt d’nächst Joer nëmmen eng Indextranche erfält. Dat heescht, datt d’Paien an d’Pensiounen 2027 nëmmen eemol ëm 2,5 Prozent gehéicht ginn.
SteierreformDen 1. Januar 2028 trëtt bei eis eng Steierreform a Kraaft. D’Chamber huet déi e Mëttwoch gestëmmt. Nei ass, datt et an Zukunft nach just eng Steierklass gëtt, d’Steierklass U. Déi Reform soll méi Gerechtegkeet bei de Steiere bréngen, de System méi einfach maachen an och derfir suergen, datt generell méi Sue fir de Bierger iwwereg bleiwen. Domat gëtt déi sougenannten Individualiséierung agefouert – wat dann och bedeit, datt een als Koppel zwou Steiererklärunge muss maachen.
UntersuchungsprisongDe Prisong fir Untersuchungsprisonéier zu Suessem ass ze kleng, och wann en eréischt viru 4 Joer op gaangen ass. Dat gouf dës Woch aus dem Justizministère confirméiert. Et sinn esou vill Prisonéier do, datt Verschiddener vun hinnen zënter dem Summer op Matrassen um Buedem schlofen. Bis elo, Enn Oktober, sollen awer 20 Etagebetter an d‘Prisongszelle bei gesat ginn. Esou kënnen an Duebelzellen 3 Leit schlofen. D‘Kapazitéit vum Untersuchungsprisong klëmmt domat vu 417 op 437. D’Prisonéier bleiwen an der Moyenne iwweregens 3,6 Méint an Untersuchungshaft.
D'Neiegkeete vum 24. Oktober 2026
Tripartite D’Regierung, d’Gewerkschaften an d’Vertrieder vun de Patrone souzen dës Woch ronderëm den Dësch. Dat am Comité de suivi vun der Tripartite, wéi dat offiziell heescht. Si hunn driwwer diskutéiert, wéi …
Show notes
TripartiteD’Regierung, d’Gewerkschaften an d’Vertrieder vun de Patrone souzen dës Woch ronderëm den Dësch. Dat am Comité de suivi vun der Tripartite, wéi dat offiziell heescht. Si hunn driwwer diskutéiert, wéi d’Regierung soll bei den héijen Energiepräisser vum Ament hëllefen. Enn vum Joer ass et eriwwer mat den aktuelle Mesuren. An de Premier Luc Frieden sot no der Reunioun, datt d’Energiemesuren awer op iergendeng Manéier solle weiderlafen. Méi gouf bis elo net decidéiert. Mee d’nächst Woch ass schonn eng weider Reunioun.
QuadripartiteDa war dës Woch och d’Quadripartite: Do ginn Diskussioune gefouert, déi just ëm de Budget vun der Gesondheetskeess – der CNS - dréinen. An der Reunioun setze Ministeren, Gewerkschaften, Patronen a Prestatairë bei eneen. Si hunn e Mëttwoch festgehalen, datt d’Gesondheetskeess méi Suen ausgëtt, wéi se der era kritt. Dat muss sech awer änneren an dofir sollen elo Abuse bei Medikamenter zum Beispill bekämpft ginn. Mee och d’Beiträg vun de Salariéen a de Patrone wäerten an d’Luucht goen – nämlech ëm jee 0,125 Prozentpunkten an zwar op den 1. Januar. De Verwaltungsrot vun der CNS muss dat awer nach offiziell unhuelen.
Lëtzebuerger SproochSoll et dann obligatoresch gi fir Lëtzebuergesch ze léieren, wann ee fir eng laang Zäit hei am Land wunnt oder schafft? Dat war de Sujet vun enger Petitioun, déi dës Woch ëffentlech an der Petitiounskommissioun vun der Chamber diskutéiert gouf. An där Petitioun gouf ënner anerem kritiséiert, datt am Gesondheetssecteur esou vill Franséisch geschwat gëtt. Déi Petitioun ass esou awer net ugeholl ginn, wéinst dem Wuert "obligatoresch", wat dra steet. Dat wier nämlech net an der Realitéit ëmzesetzen an och rechtlech net méiglech, esou Vertrieder vun der Chamberkommissioun.
BluttspendenD’Rout Kräiz huet dës Woch erëm en dréngenden Appell gemaach fir Blutt ze spenden: Aktuell wieren d’Bluttreserven ënner deem Niveau, deen an den nächste Wochen an de Spideeler gebraucht gëtt. D’Rout Kräiz freet, datt jiddereen, dee kann, an den nächsten Deeg oder Woche dofir Blutt spende geet.
D'Neiegkeete vum 17. Oktober 2026
ILRES-Sondage Wann e Sonndeg bei eis eng nei Chamber géif gewielt ginn, wier déi rietspopulistesch Partei ADR ee grousse Gewënner: Si géifen iwwer 3 Prozentpunkte bäigewannen. Och d’DP, déi gréng an déi Lenk …
Show notes
ILRES-SondageWann e Sonndeg bei eis eng nei Chamber géif gewielt ginn, wier déi rietspopulistesch Partei ADR ee grousse Gewënner: Si géifen iwwer 3 Prozentpunkte bäigewannen. Och d’DP, déi gréng an déi Lenk géife méi oder manner gewannen. D’LSAP géif gläich bleiwen. Op där anerer Säit géif d’Piratepartei, mee virun allem och d’CSV Stëmme verléieren.
D’Sëtzverdeelung an der Chamber no Walen ass e bësse speziell: Am ganze ginn et 60 Sëtz an d’CSV géif der – der Ëmfro no - 6 verléieren. Fir d’Pirate wier et e Minus vun 2. D’LSAP an d’DP géifen ee Sëtz bäikréien, déi gréng an d’ADR jee 3. A Prozenter wier eeben awer d’ADR de grousse Gewënner. D’Resultater vun der Ëmfro weisen awer och, datt déi aktuell Regierungskoalitioun nach just 30 vu 60 Sëtz an der Chamber hätt. Dat wier keng Majoritéit méi.
Rentrée an der ChamberDës Woch war iwweregens d’Rentrée vun der Chamber no der Summervakanz. An den éischte Sëtzunge goufen dräi nei Deputéiert vereedegt: D’Josée Lorsché fir déi gréng, de Gary Diderich an d’Ana Correia fir déi Lenk. Si ass déi éischt kapverdianesch Fra, déi bei eis an d’Chamber kënnt.
PirateparteiD’Piratepartei war an de leschte Jore vill an der Press mat ënnerschiddleche Streidereien. An der leschter Legislaturperiod, tëschent 2018 a 2023, hu si Suen, déi si fir hir Aarbecht als Deputéierte kruten, net richteg agesat. An dofir goufe si elo gestrooft. D’Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen kréien elo hir Indemnitéite fir ee bis zwee Méint tëschent 25 an 30 Prozent gekierzt.
KannergeldAn der Chamber selwer gouf dës Woch eng Erhéijung vum Kannergeld gestëmmt. Vum 1. Januar u gëtt et 45 Euro méi pro Kand, 60 Euro esou guer fir Kanner vun 12 Joer un. D‘Hëllef fir d‘Schoulrentrée geet ëm 60, respektiv 90 Euro erop.
D'Neiegkeete vum 10. Oktober 2026
Budget 2027: "Fir d'Leit, fir Opschwong" De Finanzminister Gilles Roth vun der CSV huet an der Chamber de Gesetzprojet fir de Budget vum nächste Joer deposéiert a presentéiert. De Budget 2027 huet den Titel …
Show notes
Budget 2027: "Fir d'Leit, fir Opschwong"De Finanzminister Gilles Roth vun der CSV huet an der Chamber de Gesetzprojet fir de Budget vum nächste Joer deposéiert a presentéiert. De Budget 2027 huet den Titel: "Fir d‘Leit, fir Opschwong". De Finanzminister huet dat esou resuméiert: "Mir investéieren, mir entlaaschten. Mir stäerken d’Kafkraaft vun de Leit. Mir stäerken d’Betriber. A mir halen d’Staatsfinanzen ënner Kontroll."
D‘Zuele vum neie Budget gesinn esou aus: D‘Depensë vum Zentralstaat, also d‘Ausgaben, sollen op 35,8 Milliarden Euro klammen. An d‘Recetten, also d‘Einnamen, op 33,9 Milliarden Euro. Ënner dem Stréch ass domat en Defizit vun 1,9 Milliarden Euro fir d‘nächst Joer virgesinn.
"Lëtzebuerg ka sech dat erlaben, well d‘Recettë sech no uewen entwéckelen“, sot de Finanzminister. D‘Staatsschold soll bis 2030 dann och weider knapp ënner 30 Prozent vum Bruttoinlandprodukt bleiwen. Dat ass däitlech manner wéi a villen aneren EU Länner.
Budget 2027: Héich Investitiounen a steierlech EntlaaschtungenMir kucken de Budget 2027 nach e bësse méi am Detail: De Staat gëtt a ville Beräicher méi Suen aus. Fir Familljen, zum Beispill, gëtt d‘Kannergeld am Januar gehéicht. An de Mindestloun klëmmt d‘nächst Joer och, ëm 3,8 Prozent.
Ee vun de gréisste Poste bei den Ausgabe sinn d‘Personalkäschte beim Staat. Déi sollen 2027 op 5,5 Milliarden Euro klammen.
Och fir d‘Verdeedegung an d‘Sécherheet si vill Sue virgesinn. D‘Ausgabe fir d‘Verdeedegung sollen d‘nächst Joer op 1,4 Milliarden Euro klammen. A fir d‘Police si 600 Milliounen Euro virgesinn. D‘Police soll ënner anerem nei Equipementer an Anti-Drone-Systemer kréien.
D‘Investitioune sollen op en neie Rekord klammen, vun iwwer 4,5 Milliarden Euro.
Am Budget 2027 sinn och steierlech Entlaaschtunge fir d‘Betriber virgesinn. D‘Kierperschaftssteier – dat ass d‘Steier fir Betriber – soll fir grouss Entreprisë vu 16 op 15 Prozent erofgoen, a fir kleng a mëttelgrouss Betriber, vu 14 op 13 Prozent.
Budget: Kritik vun Oppositioun, OGBL a Mouvement écologiqueDéi politesch Oppositioun huet gréisstendeels kritesch op de Budget 2027 reagéiert. D‘LSAP zum Beispill huet fonnt, datt d‘Regierung zwar vill Suen ausgëtt. Mee si hätt keng kloer Strategie fir déi grouss Problemer am Land ze léisen, zum Beispill déi héich Wunnengspräisser, esou d‘LSAP. D‘ADR huet fonnt, et wier net gutt fir Lëtzebuerg, wann d‘Land weider Scholde mécht.
Och vun der Ëmweltorganisatioun Mouvement écologique gouf et Kritik. D‘Regierung géif weider op ekonomesche Wuesstem setzen a net genuch géint d‘Klimakris maachen.
D‘Gewerkschaft OGBL huet hirersäits kritiséiert, datt d‘Steiere fir d‘Betriber weider erofgesat ginn. Dat wier net fair vis à vis de Leit, well si nach ëmmer de gréissten Deel vun de Steiere géife bezuelen, esou den OGBL.
D'Neiegkeete vum 3. Oktober 2026
Déifferdeng krut 400.000 Euro geklaut D’Gemeng Déifferdeng huet 400.000 Euro geklaut kritt. Déii Sue sinn am Fréijoer op e falsche Kont iwwerwise ginn, wéi elo bekannt gouf. Den Ament gëtt zu Déifferdeng en …
Show notes
Déifferdeng krut 400.000 Euro geklautD’Gemeng Déifferdeng huet 400.000 Euro geklaut kritt. Déii Sue sinn am Fréijoer op e falsche Kont iwwerwise ginn, wéi elo bekannt gouf. Den Ament gëtt zu Déifferdeng en neit Gemengenhaus gebaut. An iwwer dem Architektebüro hat d’Baufirma der Gemeng eng Rechnung vu 400.000 Euro ginn. Et ass dunn enger onbekannter Persoun gelongen, Zougang zum Email-Verkéier tëschent deenen dräi Partner ze kréien. An déi Persoun huet sech dunn als Vertrieder vum Architektebüro ausginn. Si huet d’Gemeng gefrot, datt d‘Suen op en anere Kont – wéi deen normalen - sollen iwwerwise ginn. Wat d‘Gemeng och gemaach huet. An domat waren déi 400.000 Euro fort.
Chamber-RentréeD’Chamber kënnt no der Summervakanz ëmmer eréischt den zweeten Dënschdeg am Oktober zesummen. Dës Woch gouf et schonn eng Rentréespressekonferenz. De Chamberpresident Claude Wiseler huet ënner anerem do annoncéiert, datt d’Chamber an Zukunft méi Kënschtlech Intelligenz wëllt gebrauchen, fir de Service fir d’Bierger:innen ze verbesseren. Ënner anerem sollen esou Ënnertitele bei Live-Iwwerdrounge vu Chamberssitzungen erstallt ginn.
Neien ArméischefDéi Lëtzebuerger Arméi krut dës Woch en neie Chef: de Generol Claude Robinet huet vum Steve Thull iwwerholl, deen an d’Pensioun goung. D’Prioritéite vum neien Arméischef sinn ënner anerem d’Diversitéit vum Personal, mee och déi nei Technologien. D’Verteidegungsministesch Yuriko Backes sot nach, datt d’Regierung de militäresche Beruff méi attraktiv maache wëllt.
TourismusDe Summer ass eriwwer, et ass Zäit e Bilan vun der Touristesaison ze zeien. De Campingsecteur ass dee Beräich, deen dëst Joer am meeschte gewuess ass. Par rapport zum leschte Joer gouf et tëschent Januar a Juli eng Steigerung vun 13 Prozent. D’Hoteller an d’Jugendherbergen haten dogéint liicht manner Iwwernuechtunge wéi am selwechten Zäitraum 2025.
D'Neiegkeete vum 26. September 2026
Hybrid Menace: Dronen iwwer Lëtzebuerg Och zu Lëtzebuerg goufen an de leschten Deeg net-identifizéiert Drone gesinn. Dat och iwwer dem Flughafen. Dat huet vill Onsécherheet a Problemer verursaacht. De …
Show notes
Hybrid Menace: Dronen iwwer LëtzebuergOch zu Lëtzebuerg goufen an de leschten Deeg net-identifizéiert Drone gesinn. Dat och iwwer dem Flughafen. Dat huet vill Onsécherheet a Problemer verursaacht. De Fluchverkéier um Findel gouf zweemol gestoppt.
D‘Leit an d‘Medien hu sech vill Froen iwwer déi Drone gestallt. Zu Lëtzebuerg wëssen d‘Autoritéiten awer nach ëmmer net, wien hanner den Drone stécht. Dat sot de Premier Luc Frieden op enger Pressekonferenz. D‘Regierung kéint näischt soen, esou laang si net sécher weess, wie fir déi Drone responsabel ass, esou de Premier. Sécher ass awer: Et ware gréisser Dronen, déi een net esou einfach an engem Buttek ka kafen.
De Premier sot och: D‘Dronen hätte bis elo keng Gefor fir d‘Populatioun duergestallt.
Oppositioun: Kritik u Krisekommunikatioun vun der RegierungD‘Oppositioun huet der Regierung hire Krisekommunikatioun iwwer d‘Drone kritiséiert. Et misst ee sech froen, firwat d‘Regierung eng Pressekonferenz mat dräi Ministeren ofhält, wa si näischt Neies iwwer déi Drone soe kann, esou d’Oppositiounsparteien LSAP, déi gréng an ADR. D‘Regierung hätt domat d‘Leit net verséchert, mee nach méi Onkloerheet iwwertd‘Drone geschaf.
UNO-Vollversammlung: Ried vum Grand-Duc Guillaume
De Lëtzebuerger Grand-Duc Guillaume huet fir d‘éischte Kéier eng Ried virun der UNO-Vollversammlung zu New York gehalen. Virun him hat schonn ënner anerem den amerikanesche President Donald Trump op därselwechter Bün geschwat. Hien huet do seng "America First" Politik verdeedegt. De Grand-Duc Guillaume huet a senger Ried par contre de Multilateralismus an de Respekt virun internationalen Institutioune verdeedegt. Et wier wichteg, datt d‘Länner an d‘Mënschen sech nees méi vertrauen, sot de Grand-Duc Guillaume.
Ukrain: Kritik, well Oligarch vun EU-Sanktiouns-Lëscht gestrach goufDe russeschen Oligarch Michail Fridman gouf vun der EU hirer Sanktiouns-Lëscht erofgeholl. Lëtzebuerg hat sech dofir agesat, an d‘Ukrain huet dat schaarf kritiséiert.
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet déi Decisioun awer verdeedegt. Si wier am nationalen Interêt vum Land geholl ginn a géif näischt un der Lëtzebuerger Ënnerstëtzung vun der Ukrain änneren.
Et ass onkloer, ob déi Decisioun eppes mat der Klo vum Michail Fridman virun engem internationale Geriicht ze dinn huet. De Milliardär fuerdert ronn 15 Milliarden Euro vu Lëtzebuerg, well säi Verméigen hei am Land agefruer gouf.
Nieft dem Michail Fridman gouf och nach de russeschen Oligarch Alischer Osmanow vun der EU-Sanktiounslëscht gestrach. Dat op Wonsch vun der Slowakei a vu Frankräich.
D'Neiegkeete vum 19. September 2026
Schoulrentrée D’Vakanz ass definitiv eriwwer. Bei eis ginn elo erëm 120.000 Jonker an d’Schoul. Si hunn tëschent 3 an 18 Joer. Vun elo u muss een nämlech bis 18 Joer an der Schoul bleiwen. Dat ass eng vun den …
Show notes
Schoulrentrée D’Vakanz ass definitiv eriwwer. Bei eis ginn elo erëm 120.000 Jonker an d’Schoul. Si hunn tëschent 3 an 18 Joer. Vun elo u muss een nämlech bis 18 Joer an der Schoul bleiwen. Dat ass eng vun den Neierunge fir dëse Schoulufank. Nei ass awer och de sougenannte Projet ALPHA: Domat kënne kleng Kanner elo op Däitsch oder Franséisch léiere liesen a schreiwen. Bis elo gouf dat just op Däitsch gemaach. …D'Neiegkeete vum 12. September 2026
PISA-Etüd an de Schoulen: Schlecht Resultater fir Lëtzebuerg D‘Schoul fänkt elo nees un. Mee scho virun der Rentrée gouf vill iwwer d‘Schoul geschwat. An der PISA-Etüd 2025 iwwer d‘Schoulen huet Lëtzebuerg …
Show notes
PISA-Etüd an de Schoulen: Schlecht Resultater fir Lëtzebuerg D‘Schoul fänkt elo nees un. Mee scho virun der Rentrée gouf vill iwwer d‘Schoul geschwat. An der PISA-Etüd 2025 iwwer d‘Schoulen huet Lëtzebuerg nämlech schlecht ofgeschnidden. Dës Etüd vergläicht d’Leeschtunge vu Schülerinnen a Schüler aus 91 Länner vun der OECD – dat ass d‘Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung. …D'Neiegkeete vum 18. Juli 2026
Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Et ass déi lescht Episod virun der Summervakanz; den 12. September si mer nees mat enger neier Episod fir …
Show notes
Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Et ass déi lescht Episod virun der Summervakanz; den 12. September si mer nees mat enger neier Episod fir Iech do. Mäin Numm ass Diane Lecorsais. An dësen Neiegkeeten: D’Tramsstreck gëtt ausgebaut. Bis 2033 fiert den Tram vun der Stäreplaz bis bei den CHL. An: Fir op den Autobunnen an der Belsch ze fueren, brauch ee geschwënn eng Vignette. …D'Neiegkeete vum 11. Juli 2026
Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäi Numm ass Pit Beffort. An dësen Neiegkeeten: Ronn 200 Persoune wiere mat illegalen Dokumenter op …
Show notes
Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäi Numm ass Pit Beffort. An dësen Neiegkeeten: Ronn 200 Persoune wiere mat illegalen Dokumenter op Lëtzebuerg komm. An e Grupp vun Associatioune setzt sech fir méi bezuelbare Wunnraum an. Bedruchsaffär: De Parquet huet dës Woch eng gréisser Enquête ëffentlech gemaach. Ronn 200 Persounen aus Länner baussen der EU wiere mat illegalen Dokumenter a Lëtzebuerg agereest. …D'Neiegkeete vum 4. Juli 2026
Hëtztwell: Autoritéiten zéien de Bilan No der Hëtztwell Enn Juni hunn d‘Temperature sech ofgekillt. An d‘Autoritéiten hunn elo een éischte Bilan vun der Hëtztwell gezunn. D‘Rettungsdéngschter hate wärend der …
Show notes
Hëtztwell: Autoritéiten zéien de Bilan No der Hëtztwell Enn Juni hunn d‘Temperature sech ofgekillt. An d‘Autoritéiten hunn elo een éischte Bilan vun der Hëtztwell gezunn. D‘Rettungsdéngschter hate wärend der Hëtztwell vill ze dinn. Si hate 70 Prozent méi Asätz wéi zu normalen Zäiten. Och d‘Spideeler hunn déi héich Temperature gespiert. Et si vill méi Leit wéi soss an d‘Urgencë vun de Spideeler komm. Mee d‘Spideeler konnten d‘Situatioun awer meeschteren, sot de Gesondheetsministère. …D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026
Hëtztwell: Neien Temperaturrekord fir de Mount Juni Lëtzebuerg huet wéi vill aner europäesch Länner eng ganz Woch laang un enger extreem laanger an intensiver Hëtztwell gelidden. Schonn ugangs der Woch …
Show notes
Hëtztwell: Neien Temperaturrekord fir de Mount Juni Lëtzebuerg huet wéi vill aner europäesch Länner eng ganz Woch laang un enger extreem laanger an intensiver Hëtztwell gelidden. Schonn ugangs der Woch, méindes, hunn d‘Autoritéiten déi héchst Alarmstuf rout wéinst héijen Temperature vun iwwer 30 Grad ausgeruff. An den Deeg duerno gouf et dunn ëmmer méi waarm. An donneschdes, de 25. Juni, gouf och zu Lëtzebuerg den Temperaturrekord fir de Mount Juni gebrach. …D'Neiegkeete vum 20. Juni 2026
Klima: Zweet Hëtztwell banne kuerzer Zäit No der Hëtztwell am Mee ass Lëtzebuerg schonn nees mat extreem waarmen Temperature konfrontéiert. De Gesondheetsministère an de staatleche Wiederdéngscht Meteolux hunn …
Show notes
Klima: Zweet Hëtztwell banne kuerzer Zäit No der Hëtztwell am Mee ass Lëtzebuerg schonn nees mat extreem waarmen Temperature konfrontéiert. De Gesondheetsministère an de staatleche Wiederdéngscht Meteolux hunn alle béid déi zweethéchst Warnung wéinst Hëtzt erausginn. Gemellt ginn Temperature bis zu 36 Grad iwwer e puer Deeg. Och nuets sollen d‘Temperaturen net méi ënner 20 Grad falen. Dowéinst huet de Gesondheetsministère speziell Mesuren aktivéiert, fir eeler Leit iwwer 75 Joer ze schützen. …D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026
Intro Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Och dës Woch huet sech alles ronderëm d‘Mesurë gedréit, déi an der Tripartite decidéiert goufen, fir op …
Show notes
Intro Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Och dës Woch huet sech alles ronderëm d‘Mesurë gedréit, déi an der Tripartite decidéiert goufen, fir op d‘Konsequenze vum Krich am Noen Osten ze reagéieren. Wéinst deem Krich sinn och zu Lëtzebuerg d‘Energiepräisser an d‘Inflatioun geklommen. …D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026
Tripartite am Mëttelpunkt Dës Woch huet bei eis bal alles ëm d’Tripartite gedréit: dat ass d’Reunioun vun der Regierung mat de Gewerkschaften an de Patronen, déi a Krisesituatioune kann zesummegeruff ginn. Déi …
Show notes
Tripartite am Mëttelpunkt Dës Woch huet bei eis bal alles ëm d’Tripartite gedréit: dat ass d’Reunioun vun der Regierung mat de Gewerkschaften an de Patronen, déi a Krisesituatioune kann zesummegeruff ginn. Déi Kéier war et wéinst de Konsequenze vum Krich am Noen Osten, ënner anerem wéinst den héijen Energiepräisser. Et gouf dräi Deeg matenee verhandelt an en Donneschdeg gouf et e prinzipiellen Accord. Et si verschidde Mesurë fir 2 Joer decidéiert ginn. …D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026
Hëtztwell am Mee: Och zu Lëtzebuerg aussergewéinlech waarm A sämtlechen europäesche Länner goufen Temperaturrekorder fir de Mount Mee gebrach, zum Beispill a Frankräich an a Groussbritannien. Och zu Lëtzebuerg …
Show notes
Hëtztwell am Mee: Och zu Lëtzebuerg aussergewéinlech waarm A sämtlechen europäesche Länner goufen Temperaturrekorder fir de Mount Mee gebrach, zum Beispill a Frankräich an a Groussbritannien. Och zu Lëtzebuerg war et aussergewéinlech waarm fir e Mount Mee, mat Temperaturen iwwer 30 Grad. De staatleche Wiederdéngscht MeteoLux hat dowéinst fir e puer Deeg hannerteneen eng giel Warnung wéinst Hëtzt erausginn. Dat ass déi niddregst vun den dräi Warnstufen. …D'Neiegkeete vum 23. Mee 2026
Ried zur Lag vun der Natioun Hei am Land gouf d’Aktualitéit dës Woch vun der Ried zur Lag vun der Natioun dominéiert. Dat ass ëmmer e groussen Ament: de Chef vun der Regierung erkläert do, wéi d’Situatioun den …
Show notes
Ried zur Lag vun der Natioun Hei am Land gouf d’Aktualitéit dës Woch vun der Ried zur Lag vun der Natioun dominéiert. Dat ass ëmmer e groussen Ament: de Chef vun der Regierung erkläert do, wéi d’Situatioun den Ament ass a wat fir Projeten an den nächsten 12 Méint solle realiséiert ginn. Dës Kéier huet de Premier Luc Frieden annerhallef Stonn geschwat. Dobäi huet hien awer keng grouss Annoncë gemaach, mee virun allem e Bilan vun de leschten 12 Méint gezunn. …D'Neiegkeete vum 16. Mee 2026
Neiegkeeten vum 16.5.2026 Wëllkomm an der neier Episod vun den Neiegkeete vum Radio 100,7 fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäi Numm ass Sophie Morang. An enger Woch wéi dëser, mat engem Feierdag ass dacks …
Show notes
Neiegkeeten vum 16.5.2026 Wëllkomm an der neier Episod vun den Neiegkeete vum Radio 100,7 fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäi Numm ass Sophie Morang. An enger Woch wéi dëser, mat engem Feierdag ass dacks eng roueg Aktualitéit. Dat war déi Kéier anescht. En Dënschdeg war nämlech e Rendez-vous dee vu villen Säite genee suivéiert gouf, rieds ass vun der éischter Reunioun vun der Tripartite. …D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026
D’Aktualitéit hei am Land gouf des Woch vun engem schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf dominéiert, mee och vu schlechten Ëmfroe fir d’Regierung – an och vu Preparatiounsgespréicher fir …
Show notes
D’Aktualitéit hei am Land gouf des Woch vun engem schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf dominéiert, mee och vu schlechten Ëmfroe fir d’Regierung – an och vu Preparatiounsgespréicher fir d’Tripartite.D’Regierung huet do e Mëttwoch eenzel mat de Gewerkschaften an och eenzel mat de Patrone geschwat. An der Tripartite setzen déi dräi zesummen un engem Dësch. Déi éischt Reunioun do ass an der neier Woch den 12. Mee. …D'Neiegkeete vum 02. Mee 2026
Däitsch Grenzkontrollen: Net legal, seet e Geriicht Déi temporär däitsch Grenzkontrollen tëschent Lëtzebuerg an dem Saarland an Däitschland sinn net legal. Dat huet e Geriicht zu Koblenz decidéiert. E Mann …
Show notes
Däitsch Grenzkontrollen: Net legal, seet e Geriicht Déi temporär däitsch Grenzkontrollen tëschent Lëtzebuerg an dem Saarland an Däitschland sinn net legal. Dat huet e Geriicht zu Koblenz decidéiert. E Mann, deen an Däitschland wunnt, hat géint déi Grenzkontrolle geklot. Dat well hien no enger Visitt zu Lëtzebuerg op der däitscher Grenz kontrolléiert gouf. D'Geriicht zu Koblenz gouf him Recht. Dem Geriicht no verstoussen d‘Grenzkontrolle géint dat europäescht Recht. …D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026
Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäin Numm ass Pierre Reyland. Zwee Theemen hunn d‘Neiegkeeten dominéiert: Engersäits d‘Affär iwwert de …
Show notes
Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäin Numm ass Pierre Reyland. Zwee Theemen hunn d‘Neiegkeeten dominéiert: Engersäits d‘Affär iwwert de Lëtzebuerger Dokter Philippe Wilmes. Hien däerf weider keng Operatioune méi maachen. An de Premier Luc Frieden huet eng Tripartite-Krisesëtzung fir de Juni ugekënnegt fir op d‘Energiekris wéinst dem Krich am Noen Osten ze reagéieren. …D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026
Wëllkomm an der neier Episod vun den Neiegkeete vum Radio 100,7 fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäin Numm ass Sophie Morang. Dës Woch an den Neiegkeete waren ënner anerem zwee grouss Projeten, engersäits …
Show notes
Wëllkomm an der neier Episod vun den Neiegkeete vum Radio 100,7 fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäin Numm ass Sophie Morang. Dës Woch an den Neiegkeete waren ënner anerem zwee grouss Projeten, engersäits d’Vergréisserung vum Fluchhafen, an anerersäits de Bau vun 11 neie Lycéeën. Da war et och d’Nouvelle, dass d’Museksschoul Cavem elo emol nach zou bleift an d’Police huet Vitess kontrolléiert. …D'Neiegkeete vum 17. Oktober 2026
Ilres Sondage Wann e Sonndeg bei eis eng nei Chamber géif gewielt ginn, wier déi rietspopulistesch Partei ADR ee grousse Gewënner: Si géifen iwwer 3 Prozentpunkte bäigewannen. Och d’DP, déi gréng an déi Lenk …
Show notes
Ilres Sondage Wann e Sonndeg bei eis eng nei Chamber géif gewielt ginn, wier déi rietspopulistesch Partei ADR ee grousse Gewënner: Si géifen iwwer 3 Prozentpunkte bäigewannen. Och d’DP, déi gréng an déi Lenk géife méi oder manner gewannen. D’LSAP géif gläich bleiwen. Op där anerer Säit géif d’Piratepartei, mee virun allem och d’CSV Stëmme verléieren. D’Sëtzverdeelung an der Chamber no Walen ass e bësse speziell: Am ganze ginn et 60 Sëtz an d’CSV géif der – der Ëmfro no - 6 verléieren. …D'Neiegkeete vum 04. Abrëll 2026
Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäin Numm ass Pierre Reyland. Haut an den Neiegkeeten: Um Lëtzebuerger Fluchhafe goufen nees grouss …
Show notes
Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäin Numm ass Pierre Reyland. Haut an den Neiegkeeten: Um Lëtzebuerger Fluchhafe goufen nees grouss Quantitéiten Drogen entdeckt. Et gouf eng Cyberattack op d‘Lëtzebuerger Parlament. An de Prisongen zu Lëtzebuerg beschwéiert d‘Personal sech iwwer Gewalt. An d‘Gewerkschafte wëlle geschwënn nees op der Strooss protestéieren. …D'Neiegkeete vum 28. Mäerz 2026
Mindestloun Dës ganz Woch gouf iwwer ee grousst Theema gestridden: D’Erhéijung vum Mindestloun. E Freideg huet d’Regierung dunn tranchéiert: Et gëtt elo keng Erhéijung vum Mindestloun gemaach. Mee dee geet awer …
Show notes
Mindestloun Dës ganz Woch gouf iwwer ee grousst Theema gestridden: D’Erhéijung vum Mindestloun. E Freideg huet d’Regierung dunn tranchéiert: Et gëtt elo keng Erhéijung vum Mindestloun gemaach. Mee dee geet awer an d’Luucht. An zwar ëm 2,5 Prozent duerch eng Indextranche, mat där am Summer gerechent gëtt. Derbäi kënnt den normalen Ajustement vun 3,8 Prozent. Op deem Punkt wëllt d’Regierung Entreprisen ënnerstëtzen. Si iwwerhëlt 1,3 Prozentpunkte vun dëser Upassung. …D'Neiegkeete vum 21. Mäerz 2026
Sozial Medien: Lëtzebuerg wëllt Verbuet fir Jonker Och Lëtzebuerg wëllt Instagram, TikTok an aner Plattforme fir Kanner a jonk Leit verbidden, wa si nach net al genuch sinn. Dat huet den Educatiounsminister …
Show notes
Sozial Medien: Lëtzebuerg wëllt Verbuet fir Jonker Och Lëtzebuerg wëllt Instagram, TikTok an aner Plattforme fir Kanner a jonk Leit verbidden, wa si nach net al genuch sinn. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch an der Chamber annoncéiert. Wéini dee Verbuet kënnt sot hien net. De Minister huet och nach keen Alter genannt. An Australie muss ee 16 Joer al si fir d’Sozial Medien däerfen ze benotzen. Australien ass dat éischt Land op der Welt, wou dat decidéiert gouf. …
Similar podcasts
More News podcastsIs this your podcast?
Confirm it with an entry in your feed: you get a code here, add it as podcast:txt to the channel of your feed, and we check it. Your podcast is then shown as “verified” on SoundNode.







