
Zeenewiessel
- Episodes
- 38
- Released
- weekly
- Latest episode
- Nov 9, 2026
About the podcast
Den 100,7-Doku-Podcast. Spannend a seriell verzielt.
Episodes 38
Portrait 02: Paule
D’Paule Kremer huet sech den Defi gesat fir als éischt Lëtzebuergerin duerch 7 Mieres-Engten ze schwammen. Dräi huet si scho gepackt: Hir ass et gelongen a 14 Stonne vun England duerch den Äermelkanal a …
Show notes
D’Paule Kremer huet sech den Defi gesat fir als éischt Lëtzebuergerin duerch 7 Mieres-Engten ze schwammen. Dräi huet si scho gepackt: Hir ass et gelongen a 14 Stonne vun England duerch den Äermelkanal a Frankräich ze schwammen. Och d’Strooss vu Gibraltar tëschent Spuenien a Marokko huet si gemeeschtert, grad ewéi de Catalina-Kanal a Kalifornien. Mee dann, am August 2025, ass bei enger Qualifikatioun op eemol näischt méi gaangen. No 10 Minutte klëmmt si aus dem Waasser a si weess: Zeréck an d’Waasser wëllt si net méi.
Am neien Zeenewiessel-Portait geet et ëm Stuerheet, Identitéit an ëm d’Fro: Wat kann een aus enger perséinlecher Kris léieren?
Realisatioun, Opnam, Montage a Mix: Jamie Reinert.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jo Diseviscourt, Ingo Dumlich, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany an Tessy Troes.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Portrait 01: Cédric
Dier Äscht, doudeg Krounen a verdréchent Blieder: De Bësch huet dëse Summer staark ënner der Hëtzt gelidden. Am éischten Zeenewiessel Portrait kucke mir engem jonke Fierschter iwwer d’Schëlleren. De Cédric …
Show notes
Dier Äscht, doudeg Krounen a verdréchent Blieder: De Bësch huet dëse Summer staark ënner der Hëtzt gelidden. Am éischten Zeenewiessel Portrait kucke mir engem jonke Fierschter iwwer d’Schëlleren. De Cédric Farinon ass a sengem Alldag konstant domadder konfrontéiert, datt Beem krank sinn oder stierwen. Hie gesäit de Bësch awer net als Patient, mee als een Ierwen, dat iwwer Joerhonnerte weider gereecht gëtt. Seng Léift fir de Bësch huet de Cédric och geierft. Vu sengem Papp, dee rezent gestuerwen ass.
Realisatioun, Opnam, Montage a Mix: Jamie Reinert.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jo Diseviscourt, Ingo Dumlich, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany an Tessy Troes.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S04E06: Wéi ee Saumon an der Uelzecht
An den 1950er gouf hei am Land de leschte Saumon gesinn. Fréier konnt een dëse Wanderfësch tonneweis an der Uelzecht fänken. Kéint e Retour vum Saumon geléngen, wa Lëtzebuerg seng waasserpolitesch Hausaufgaben …
Show notes
An den 1950er gouf hei am Land de leschte Saumon gesinn. Fréier konnt een dëse Wanderfësch tonneweis an der Uelzecht fänken. Kéint e Retour vum Saumon geléngen, wa Lëtzebuerg seng waasserpolitesch Hausaufgaben erleedegt?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S04E05: Ugezaapt
Schonn 2040 kéint et zu Lëtzebuerg am Summer knapp gi mam Drénkwaasser. Wuesstum a Klimawandel verstäerken de Risiko vu Waasserknappheet. A wéi de Projet vum geplangten Datenzenter vu Google zu Biissen weist …
Show notes
Schonn 2040 kéint et zu Lëtzebuerg am Summer knapp gi mam Drénkwaasser. Wuesstum a Klimawandel verstäerken de Risiko vu Waasserknappheet. A wéi de Projet vum geplangten Datenzenter vu Google zu Biissen weist, ass d'Land net gutt opgestallt, fir Verdeelungskämpf ëm d'Waasser nohalteg ze reegelen. Bleift genuch Waasser fir d'Uelzecht iwwreg?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei:
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S04E04: Stad, Land, Floss
De Flëss méi Plaz loosse gëllt als Win-win fir Mënsch an Natur: eng Renaturéierung verbessert d'Gewässerqualitéit a kann zum Héichwaasserschutz bäidroen. Mee Plaz ass knapp am Uelzechtdall: Terraine sinn och …
Show notes
De Flëss méi Plaz loosse gëllt als Win-win fir Mënsch an Natur: eng Renaturéierung verbessert d'Gewässerqualitéit a kann zum Héichwaasserschutz bäidroen. Mee Plaz ass knapp am Uelzechtdall: Terraine sinn och fir Landwirtschaft a Wunnengsbau wäertvoll. Een Immobilieprojet zu Walfer weist, wéi schwiereg et ass un Terraine fir d'Renaturéierung vun der Uelzecht ze kommen.
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S04E03: Ugepifft!
Zënter den 1960er huet d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg sech op Mëllech- a Fleeschproduktioun spezialiséiert. Elo ginn et am Land eng 180.000 Ranner. Mam Resultat, datt enorm Quantitéite Gülle als Dünger op de …
Show notes
Zënter den 1960er huet d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg sech op Mëllech- a Fleeschproduktioun spezialiséiert. Elo ginn et am Land eng 180.000 Ranner. Mam Resultat, datt enorm Quantitéite Gülle als Dünger op de Felder lant. An ze vill Dünger dréit dozou bäi, datt Flëss a Baachen erstécken. Muss de Véibestand reduzéiert ginn?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S04E02: Gekläert?
Laang huet Lëtzebuerg wéineg a Kläranlagen investéiert a krut dowéinst och eng Milliounestrof vun der EU. Elo sinn d'Anlagen EU-konform, mee fir d'Uelzecht nach ëmmer eng ze grouss Belaaschtung …
Show notes
Laang huet Lëtzebuerg wéineg a Kläranlagen investéiert a krut dowéinst och eng Milliounestrof vun der EU. Elo sinn d'Anlagen EU-konform, mee fir d'Uelzecht nach ëmmer eng ze grouss Belaaschtung. D'Flosspartnerschaft Uelzecht huet sech dowéinst géint de Bau vun enger Jugurtsfabrik zu Beetebuerg gewiert. Déi griichesch Molkerei Fage ass schlussendlech net komm. Mee et muss ëmmer méi kommunaalt Ofwaasser traitéiert ginn. Wéi vill Kläranlage packt d'Uelzecht nach?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S04E01: De Präis vum Fortschrëtt
Vum Mëttelalter bis an d’19. Joerhonnert war d'Uelzecht mat hire Millen ee Wuesstemsmotor. Mat der Industrialiséierung lant ëmmer méi Knascht am Waasser, d'Uelzecht gëtt zu enger Kloak. Mee d'Zäiten ännere …
Show notes
Vum Mëttelalter bis an d’19. Joerhonnert war d'Uelzecht mat hire Millen ee Wuesstemsmotor. Mat der Industrialiséierung lant ëmmer méi Knascht am Waasser, d'Uelzecht gëtt zu enger Kloak. Mee d'Zäiten ännere sech: An den 1960er, bei engem Geriichtsprozess ëm d’Schwämm op der Gantebeensmillen, steet d’Uelzecht op eemol am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen. Gestridde gëtt iwwer eng Fro, déi bis haut relevant ass: Muss een déi negativ Konsequenze vum Wuesstem a Kaf huelen?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S04E00: Trailer
D'Uelzecht ass an engem schlechten Zoustand. Si fléisst eemol queesch duerch Lëtzebuerg a kritt zimmlech alles ze spieren, wat hei geschitt. A Lëtzebuerg soll seng Gewässer bis Enn 2027 eigentlech an ee gudden …
Show notes
D'Uelzecht ass an engem schlechten Zoustand. Si fléisst eemol queesch duerch Lëtzebuerg a kritt zimmlech alles ze spieren, wat hei geschitt. A Lëtzebuerg soll seng Gewässer bis Enn 2027 eigentlech an ee gudden Zoustand bréngen.
Wéi kann d'Uelzecht dat Zil jee erreechen, wa Bevëlkerung a Wirtschaft weider wuessen? Dëse Froe ginn d'Charlotte Bruneau an d'Pia Oppel a 6 Episoden no. "Iwwerfloss" heescht eis nei Serie am Zeenewiessel.
Zeenewiessel gëtt produzéiert mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound-Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S03E05: Chefsaach
De Gerard Anduyan dreemt haut nach dovunner, als Independant ze schaffen a säin eegene Chef ze sinn. Mee amplaz ass hien an eng Geriichtsaffär mat enger Plattform verwéckelt, fir déi hien als Livreur geschafft …
Show notes
De Gerard Anduyan dreemt haut nach dovunner, als Independant ze schaffen a säin eegene Chef ze sinn. Mee amplaz ass hien an eng Geriichtsaffär mat enger Plattform verwéckelt, fir déi hien als Livreur geschafft huet. Dës Affär weist, wéi schwiereg et fir Plattformaarbechter:inne ka sinn, hir Rechter ze verteidegen. Wëllt Lëtzebuerg de legale Kader veränneren, fir datt dat an Zukunft méi einfach gëtt? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielen d’Charlotte Bruneau an de Léonardo Kahn a fënnef Episoden, all Méindeg eng. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu De ganzen Transkript vun der Episod fannt Dir hei.S03E04: Nei Spillreegelen
An der EU schaffen ëmmer méi Leit fir digital Plattformen. An dat deels ënner prekäre Conditiounen. Dorunner soll sech mat enger neier Direktiv elo eppes änneren. Mee wéinst gréisserem Widderstand gouf dëse …
Show notes
An der EU schaffen ëmmer méi Leit fir digital Plattformen. An dat deels ënner prekäre Conditiounen. Dorunner soll sech mat enger neier Direktiv elo eppes änneren. Mee wéinst gréisserem Widderstand gouf dëse Projet staark verwässert. Wat mécht déi nei Reegele fir d’Plattformekonomie esou ëmstridden? A ginn d’Rechter vu Plattformaarbechter:innen elo gestäerkt?
"Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielen d’Charlotte Bruneau an de Léonardo Kahn a fënnef Episoden, all Méindeg eng.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes, Danièle Weber a Chris Zeien.
Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Den Transkript vun der ganzer Episod fannt dir hei.
S03E03: Uber-raschung
Digital Plattformen, déi iwwer eng App Servicer ubidden, hunn net ëmmer Succès mat hirem Geschäftsmodell. An engem wichtege Secteur krute si sech zu Lëtzebuerg bis haut net duerchgesat: D’Taxiwiesen. An dat …
Show notes
Digital Plattformen, déi iwwer eng App Servicer ubidden, hunn net ëmmer Succès mat hirem Geschäftsmodell. An engem wichtege Secteur krute si sech zu Lëtzebuerg bis haut net duerchgesat: D’Taxiwiesen. An dat obwuel d’Taxi-App Uber scho virun zéng Joer versicht huet, sech hei ze lancéieren. Aus strategesche Grënn, wéi intern Dokumenter vun der Firma, déi sougenannt "Uber Files", weisen.
"Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielt de Léonardo Kahn a fënnef Episoden, all Méindeg eng.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
Zeenewiessel um Prix Europa
De Radio 100,7 ass dëst Joer fir de Prix Europa nominéiert. Als éischte Lëtzebuerger Medium iwwerhaapt. Eis Zeenewiessel-Serie “Carambolage” iwwer d’Caritas-Affär ass fir de Präis vun der beschter europäescher …
Show notes
De Radio 100,7 ass dëst Joer fir de Prix Europa nominéiert. Als éischte Lëtzebuerger Medium iwwerhaapt. Eis Zeenewiessel-Serie “Carambolage” iwwer d’Caritas-Affär ass fir de Präis vun der beschter europäescher Audio-Investigatioun am Rennen. Zesumme mat Produktioune vun der BBC, der RTBF, der ARD a vun enger Dosen aneren ëffentlech-rechtleche Medien.
D’Pia Oppel mellt sech aus dem Runfunkhaus vum Sender RBB zu Berlin aschwätzt mam Jean-Claude Franck doriwwer wéi d’Presentatioun vun eiser Podcast-Serie virum Jury ofgelaf ass. A wéi eng aner spannend Produktiounen nominéiert sinn. An et gëtt ee kuerzen Update, wou d’Caritas-Affär den Ament drun ass.
S03E02: Fräie Fall
Bei de Liwwerplattforme kann een net nëmme séier eng Aarbecht fannen. Et kann ee se och séier nees verléieren. Wéi d’Elena Mendichi vun der Plattform Wolt gespaart gëtt, wëllt si sech wieren. Mee si fënnt keen …
Show notes
Bei de Liwwerplattforme kann een net nëmme séier eng Aarbecht fannen. Et kann ee se och séier nees verléieren. Wéi d’Elena Mendichi vun der Plattform Wolt gespaart gëtt, wëllt si sech wieren. Mee si fënnt keen, dee si dobäi ënnerstëtzt. Wéi enge Risike sinn d’Leit ausgesat, déi fir Liwwerplattforme schaffen? A wie fänkt si op, wa si struewelen? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielt de Léonardo Kahn a fënnef Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.S03E01: Schéin nei Aarbechtswelt
D’Plattformekonomie lieft vun engem Verspriechen: Hei kann ee séier an onkomplizéiert Sue verdéngen. Genee dat huet den Ibrahim Alibrahim motivéiert sech bei der Plattform Wolt unzemellen. Hie liwwert Iesse bei …
Show notes
D’Plattformekonomie lieft vun engem Verspriechen: Hei kann ee séier an onkomplizéiert Sue verdéngen. Genee dat huet den Ibrahim Alibrahim motivéiert sech bei der Plattform Wolt unzemellen. Hie liwwert Iesse bei Clienten, déi hir Bestellungen iwwer eng App maachen.
Den 32 Joer ale Syrer ass mat senger Famill op Lëtzebuerg geflücht. An der éischter Episod vun “Ausgeliwwert” begleet de Léonardo Kahn hien a sengem Aarbechtsalldag. Een Alldag, dee markéiert ass vun der Hoffnung awer e bësse méi ze verdénge wéi de Mindestloun.
“Ausgeliwwert”, eng Recherche iwwer d’Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg, ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel.
Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien.
Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
S03E00: Trailer
Ëmmer méi Liwwerplattformen etabléiere sech zu Lëtzebuerg. Hanner deene puer Klicken, déi et brauch, fir iwwer eng App e Burger ze bestellen, verstoppt sech eng nei Aarbechtsrealitéit fir Honnerte vu Leit hei …
Show notes
Ëmmer méi Liwwerplattformen etabléiere sech zu Lëtzebuerg. Hanner deene puer Klicken, déi et brauch, fir iwwer eng App e Burger ze bestellen, verstoppt sech eng nei Aarbechtsrealitéit fir Honnerte vu Leit hei am Land.
Schafe Liwwerplattforme prekär Aarbechtskonditiounen? A wéi verännert déi digital Plattformekonomie méi generell d'Aarbechtswelt? Dëse Froe geet de Leonardo Kahn a fënnef Episoden no. “Ausgeliwwert” heescht eis drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel.
Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien.
Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Schlechte Schüler E06: Net vu schlechten Elteren
Op der Stater Gare gëtt iwwer d'Schoul gestridden. A besser situéiert Elteren huelen Afloss. Wéi geet d'Politik mat deenen Tensiounen a méi generell mat der sozialer Segregatioun an eise Schoulen ëm? An eiser …
Show notes
Op der Stater Gare gëtt iwwer d'Schoul gestridden. A besser situéiert Elteren huelen Afloss. Wéi geet d'Politik mat deenen Tensiounen a méi generell mat der sozialer Segregatioun an eise Schoulen ëm?
An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-6-1684060030
Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
Schlechte Schüler E05: Am Speckgürtel
Déi sozial Ënnerscheeder sinn zu Lëtzebuerg grouss. A Kanner aus besser situéierte Famille schneiden am Schoulsystem däitlech besser of. Kann d'Schoul an deenen deiere Gemenge ronderëm d'Stad also bleiwen, wéi …
Show notes
Déi sozial Ënnerscheeder sinn zu Lëtzebuerg grouss. A Kanner aus besser situéierte Famille schneiden am Schoulsystem däitlech besser of. Kann d'Schoul an deenen deiere Gemenge ronderëm d'Stad also bleiwen, wéi se ass?
An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/article/aktualiteit/schlechte-schuler-transkript-vun-der-episod-5
Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
Schlechte Schüler E04: En français, s'il te plaît
Zu Schëffleng léiert vun der Rentrée 2022 un, eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut …
Show notes
Zu Schëffleng léiert vun der Rentrée 2022 un, eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden?
An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-4
Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
Schlechte Schüler E03: Esch international
D'Sara sollt fir d'zweet sëtze bleiwen. Elo geet hat an eng ëffentlech Europaschoul. Kënnen dës nei Schoulen him hëllefen an d'Problemer vun eisem Schoulsystem léisen? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" …
Show notes
D'Sara sollt fir d'zweet sëtze bleiwen. Elo geet hat an eng ëffentlech Europaschoul. Kënnen dës nei Schoulen him hëllefen an d'Problemer vun eisem Schoulsystem léisen?
An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-3
Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
Schlechte Schüler E02: Zeréck an d'Zukunft
An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an …
Show notes
An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-2-1625279074
Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
Schlechte Schüler E01: Op den Ufank kënnt et un
Am éischten Deel vun eiser Podcast-Serie iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem geet et ëm d'Fro: Firwat scheitere vill Kanner schonn esou fréi an hirem Schoulparcours? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus …
Show notes
Am éischten Deel vun eiser Podcast-Serie iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem geet et ëm d'Fro: Firwat scheitere vill Kanner schonn esou fréi an hirem Schoulparcours?
An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-1
Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
Schlechte Schüler: Trailer
Déi franséisch Alphabetisatioun soll vun der Rentrée 2026 un an alle Grondschoulen ugebuede ginn. Dee Projet geheit Froen op. Froen, op déi Dir an eiser Podcast-Serie "Schlechte Schüler" eng ganz Rei äntwerte …
Show notes
Déi franséisch Alphabetisatioun soll vun der Rentrée 2026 un an alle Grondschoulen ugebuede ginn. Dee Projet geheit Froen op. Froen, op déi Dir an eiser Podcast-Serie "Schlechte Schüler" eng ganz Rei äntwerte fannt. Dës Serie aus dem Joer 2022 ass haut nach grad esou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem?
A wann Dir Leit kennt, déi sech fir de Sujet interesséieren, mee kee Lëtzebuergesch verstinn, de "Mauvais Elève" gëtt op och Franséisch. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
The Caritas Affair
Hutt Dir Kollegen, mat deenen Dir bis elo net iwwer d’Hannergrënn vun der Caritas-Affär diskutéiere konnt, well se kee Lëtzebuergesch schwätzen? Ma da sot hinne gäre Bescheed, well et gëtt elo och eng Versioun …
Show notes
Hutt Dir Kollegen, mat deenen Dir bis elo net iwwer d’Hannergrënn vun der Caritas-Affär diskutéiere konnt, well se kee Lëtzebuergesch schwätzen? Ma da sot hinne gäre Bescheed, well et gëtt elo och eng Versioun mat engleschen Ënnertitelen. Deelt dëse Link also gäre mat jidderengem, dee kéint interesséiert sinn. Den Zeenewiessel-Team seet Merci!
S02E08: Net just ee Bedruch
An de Méint virum Milliounebedruch ass d’Caritas och schonn am Viséier vun Arnaqueuren. Firwat huet d’Finanzdirektesch dann tëschent Februar a Juli 2024 trotzdeem 125 Virementen a Spuenie gemaach? A wiem hunn …
Show notes
An de Méint virum Milliounebedruch ass d’Caritas och schonn am Viséier vun Arnaqueuren. Firwat huet d’Finanzdirektesch dann tëschent Februar a Juli 2024 trotzdeem 125 Virementen a Spuenie gemaach? A wiem hunn déi spuenesch Konten eigentlech wierklech gehéiert?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
"Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel.
Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel.
Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S02E07: International Konsequenzen
Mëtt September 2024 ass kloer: D'Caritas muss hir international Aktivitéite stoppen. Dausende Mënschen an deenen äermste Länner op der Welt spieren d'Konsequenze vum Milliounebedruch. Eng 100 Leit am Laos an am …
Show notes
Mëtt September 2024 ass kloer: D'Caritas muss hir international Aktivitéite stoppen. Dausende Mënschen an deenen äermste Länner op der Welt spieren d'Konsequenze vum Milliounebedruch. Eng 100 Leit am Laos an am Südsudan verléieren hiren Job. Firwat gouf anescht wéi bei den nationalen Aktivitéite vun der Caritas keng Léisung fonnt?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
"Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel.
Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel.
Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S02E06: Politesch Decisiounen
Mat hirer Decisioun der Caritas an der Suite vum Milliounebedruch bis op Weideres keng Sue méi ze iwwerweisen, huet d'Regierung am Summer 2024 de Kader gesat. An de Caritas-Krisecomité huet doropshin ënner …
Show notes
Mat hirer Decisioun der Caritas an der Suite vum Milliounebedruch bis op Weideres keng Sue méi ze iwwerweisen, huet d'Regierung am Summer 2024 de Kader gesat. An de Caritas-Krisecomité huet doropshin ënner groussem Zäitdrock no Léisunge gesicht. Sinn déi richteg Decisioune geholl ginn?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
"Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel.
Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel.
Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S02E05: De Bistum
Am Summer 2024 muss d'Kierch entscheeden, ob si d'Caritas ka retten. No éischte Versich an d'Krisegestioun anzegräifen, léisst de Kardinol Jean-Claude Hollerich déi kathoulesch Hëllefsorganisatioun falen …
Show notes
Am Summer 2024 muss d'Kierch entscheeden, ob si d'Caritas ka retten. No éischte Versich an d'Krisegestioun anzegräifen, léisst de Kardinol Jean-Claude Hollerich déi kathoulesch Hëllefsorganisatioun falen. Firwat?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
"Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel.
Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel.
Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S02E04: De Verwaltungsrot
De 16. Juli deposéiert d'Caritas eng Plainte, well 61 Milliounen Euro op spuenesch Konte verschwonne sinn. De Schock sëtzt déif, mee et musse séier Entscheedunge getraff ginn. De Verwaltungsrot iwwerhëlt …
Show notes
De 16. Juli deposéiert d'Caritas eng Plainte, well 61 Milliounen Euro op spuenesch Konte verschwonne sinn. De Schock sëtzt déif, mee et musse séier Entscheedunge getraff ginn. De Verwaltungsrot iwwerhëlt d'Krisegestioun a verléiert eng Woch méi spéit d'Kontroll. Wat leeft schif un der Spëtzt vun der Caritas?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
"Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel.
Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel.
Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S02E03: D'Direktioun
Den 8. Juli 2024 ass de Generaldirekter Marc Crochet no bal 6 Woche Pilgerrees zeréck um Büro. 59 Milliounen Euro feele schonn, an et ginn nach weider Sue geklaut. Déi véier Direktiounsmemberen diskutéieren déi …
Show notes
Den 8. Juli 2024 ass de Generaldirekter Marc Crochet no bal 6 Woche Pilgerrees zeréck um Büro. 59 Milliounen Euro feele schonn, an et ginn nach weider Sue geklaut. Déi véier Direktiounsmemberen diskutéieren déi Woch e puermol iwwer déi schwiereg Finanzlag vun der Caritas. Trotzdeem dauert et néng Deeg bis d'Fraude opflitt. Wéi ass dat méiglech?
Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
"Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel.
Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Similar podcasts
More News podcastsIs this your podcast?
Confirm it with an entry in your feed: you get a code here, add it as podcast:txt to the channel of your feed, and we check it. Your podcast is then shown as “verified” on SoundNode.







